Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » "Deng Foto as net ugehol gin" » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (5): « erste ... « vorherige 2 3 [4] 5 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen "Deng Foto as net ugehol gin"  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Scorpius
Jungspund


Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18

Themenstarter Thema begonnen von Scorpius
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

War lo eng Zeit nemi heiran kuke kom, an das fill geschuat gin wei ech gesin, wat jo ansech gut as wan jidereen seng Mehnung seet bzw Firschleih mecht.
Well lo net rem dei beschuaten Sachen rem opwullen well desenThread och sou schons grouss genuch as denken ech an "klinke" mech mol einfa un dei läscht Sätz dei hei geschriw gouwen.

Ech stemmen dem Gaga senger Remark zou, das de Forum dei enzeg Platz as wou een sech äusseren kann wat d'Refuen vun Fotoen ugeet. Dass een eng Mail un de Comité mache kann wousst ech och net. An fannen et och en ganz gudde Firschlach fir un de refus eng Meiglechkeet dobai ze setzen eng direkt Mail un d'Jury ze schecken (euni lo mussen onbedengt d'Email ze weisen fir spam ze vermeiden natielech Augenzwinkern ).

Verstin och wan den Johnny dan seet "jo me mir maan dat freiwelleg an mir hun schliesslech och nach e Liewen an schaffen och", well jo dan bal jidereen deen e refus krit eng Mail mecht an eng Entwert well. Ok, me ob een lo eng mail un de commité mecht oder en direkten Maillink dohin setzt, kennt jo bal op dat selwecht eraus just das net jidereen dat wees mat der Mail un de commité.

Fir mech perseinlech fannen ech dat eng gut Idee, NET fir ze "meckeren" nee, ech lueden meng Fotoen erop well ech gär well leieren mech Fotografesch auszefalten(fannen hun dat lo schein gesot Zunge raus ). An wan ech eng Foto eroplueden an se get ugehol an jidfereen seet "wau" an "super" an "gefallt" mir, leiert een 0 bai. Wann een awer lo eng negativ Kritik oder en Tipp krit wei een seng Foto hät keinte besser maan, dan denken ech huet een mei dovuner. An dat as och genau de Grond wisou ech desen Thread opgemeet hun.

Ech krut an der lecht eng Serie refuseiert, wou et geheecht huet ech hät mer net genuch gedanke gemeet gehat iert ech dei Serie gemeet hun (obwuel an der Beschreiwung stung das se Spontan wär). Wat waneschgelift soll ech dorauser schleissen ? Ech hun mech einfach un een gewandt deen och bei der Jury dobai as, me hien selwer war et net deen se refuseiert huet an konnt mer och net wieklech soen wat an wou...hun also net wieklech epes draus geleiert, wat schued as.

Bon lo gin ech awer och rem weider schaffen Augenzwinkern

LG
18.02.2011 09:40 Scorpius ist offline E-Mail an Scorpius senden Beiträge von Scorpius suchen Nehmen Sie Scorpius in Ihre Freundesliste auf
gunman
Mitglied


Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien,

Also mein Pefferkär: Ech fannen déi ganz Diskussioun iwert ugeholl Photoen oder net total iwerflesseg !!

Ech lueden eng Photo erop, an et sinn kompetent Leit do déi soen si gett ugeholl oder net ! Waat get et doo nach ze diskutéIeren ? Daat ass allgemeng haut en Problem, dass keen sech méi mat eppes well offannen wann et him net an den Krom passt.

Wann se net ugeholl get, dann brauch ech keng 100 Erklärungen dofier, sie wor einfach net gutt genuch. Wann ech an der leschter Zeit gesinn waat hei fier Photen ugeholl ginn, dann kann ech net soen, dass déi Responsabel Déideuren zevill streng Mosstäb ugeluegt hun, au contraire, et sin Photoen derbei, déi ech net ugeholl hätt (fier mech woren daat "Allerweltsphotoen" an soss guer neischt).

Neischt fier ongutt, mais daat ass meng Meenung.
26.02.2011 21:56 gunman ist offline E-Mail an gunman senden Beiträge von gunman suchen Nehmen Sie gunman in Ihre Freundesliste auf
Quaffit Quaffit ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech fannen och net dass den Mossstaw fir d'Fotoen hei ze héich läid. Et as nun emol net esou einfach den Spagat ze maan tescht kënschtlerech héichwärtegen Fotoen an Allerweltsfotoen, well schliesslech soll den Site jo och eng Plattform sin, wou een sech austausche kann, folglech muss een och iwert schlecht Fotoen diskutéieren können, an daat geet am beschten wann een der Community se weist. Dofir dass net all Schrott erakent - well all Foto déi ugeholl get helt schliesslech Resourcen - muss et eben eng gewessen Grenz gin. Ech fannen déi Grenz net ze héich.

Secher zitt sech engem de Mô zeseummen wann een eng Foto verworf kritt déi een selwer gudd font huet, awer et sollt een dach och emmer kritesch mat sech selwer sin, an sech dann d'Fro stellen, waat net gudd drun as, an versichen daat ze verbesseren. Wann d'Foto net hei ugeholl gouf an een trotzdem onbedéngt Meenungen wessen wellt, kann een se jo och nach op eng privat Gallerie setzen, wéi iDisk oder Picasa, an hei am Forum no Meenungen froen. Oder?

Ausserdem gehéieren Digitalfotografie an digital Bildbearbechtung zesummen wéi de Gaul an de Souedel well aus enger schlechter Foto kann een mat Geschéck um Computer emmer nach eng gudd Foto maan. Daat as mir eréischt esou richteg bewosst gin, wéi ech virun enger Zäitchen emol gelies hun dass déi perfekt Foto net an der Camera, sondern um Computer entsteht. Ech kennen awer nach genuch Leit, déi digital fotograféieren, awer vun Bildbearbechtung näischt wëssen wëllen.

Desweideren sin ech der Meenung dass een sech nemmen dann weiderentwéckelen kann, wann een bereed as Kritik unzehuelen. Bis elo huet et mir vill bruecht mech hei registéiert ze hun, well ech kann eppes bäiléieren schons aleng wann ech aneren hier Aarbechten kucken.

Gast ;-)
27.02.2011 11:01 Quaffit ist offline E-Mail an Quaffit senden Homepage von Quaffit Beiträge von Quaffit suchen Nehmen Sie Quaffit in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Quaffit anzeigen
Scorpius
Jungspund


Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18

Themenstarter Thema begonnen von Scorpius
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ gunman & Quaffit :
Et geet awer net drem das "d'Grenz" ze heich oder ze deiw leit, mee et geet dorems das wan eng Foto net ugehol gouw, een mechtens eben grad keng Kritik krit ausser souepes wei am style "deng foto as net gut genuch" Augenzwinkern

Ech perseinlech sin ganz dofir das dei Kontroll gemeet get well et eichtens verhenert das de site an enger Fotoflut enner geet an zweetens das de gro vun "net sou gudde fotoen" erausgefiltert get.

An wan meng Foto eben net ugehol get, an weilt se awer gär eropluede kënnen aus weiengem Grond och emer, dan geng ech se jo eventuel sou emänneren das se ugehol get (soufern dat iwerhapt meiglech as wan dfoto net schon schlecht aus dem Aparat kennt Augenzwinkern ) Me euni epes Konkretes geet dat awer net sou gut.

LG
01.03.2011 16:30 Scorpius ist offline E-Mail an Scorpius senden Beiträge von Scorpius suchen Nehmen Sie Scorpius in Ihre Freundesliste auf
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@scorpius : dito!
01.03.2011 18:39 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Scorpius: Nee et geet mol net just dorëm, et sinn och genuch Leit déi einfach mengen mer géinge maache wéi mer Loscht hunn an hier Fotoen wiren all genial Augenzwinkern

Et däerf och net Kritik mat Verbesserungsvirschléi verwiesselt ginn, déi gi mer effektiv seelen.

Mä bon, wann ech Zäit hu soll jo ëmmer nach dat bëssen geännert ginn :/

__________________
404 - Not found
01.03.2011 21:20 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Nagarjuna
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Johny an Scorpius: Ech sinn op engem aneren Site ugemellt wou d'Lat extrem héich läit. Bei deenen Fotoen déi net ugeholl ginn kennt einfach "Not Approved" stoen an ech kréien soss keng Reckmeldung, an bei déi Fotoen déi "Approved" sinn kréien ech een Email fir mir ze Felicitéieren dass meng Foto ugeholl ginn ass an un Site gewisen gëtt. Op dem Site gëtt just nëmmen (statistesch gesinn) all fënneft Foto ugeholl, also 20% vun all dem wat eropgelueden gëtt. Ech empfannen et souguer positiv keng Réckmeldung ze kréien wann eng Foto do refuséiert gëtt well dat mech dozou dreift selwer erauszefannen wat un menger Foto net stemmt an ech war nach ni rosen iwwert den Admin well ech net kann behaapten dass ech net senger Meenung wier, eben just well ech d'Beweggrënn fir den Refus selwer muss erausfannen. Ech denken dass op PG villäicht schon den Kommentar vum Admin dozou bäidréit dass sou Diskussiounen entstinn, well just dann kann een sech opreegen an soen "Den Admin huet gesot ech sollt mir e bëssi Gedanken maachen", etc. etc.
Dat ass mol just sou eng Idee vun mir. Et huet awer och vill domat ze dinn wéi gutt een sech selwer aschätzt an wéi vill excellent Fotoen een schon gesinn huet fir kennen een Refus anzestiechen well déi eegen Foto eben Mängel huet.
02.03.2011 03:12
Quaffit Quaffit ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Nagarjuna - ech sin do voll Denger Meenung. Wann een seng Fehler diskutéiere wellt, kann een seng refuséiert Foto jo och op iDisk oder Picasa setzen, an heim am Forum no Meenungen vun aneren froen andems een de Link post. Oder?
Daat mat der Kommunikatioun as esou eng Saach... Muench Leit fillen sech emmer direkt getrëppelt, egal wéivill Smilien een hannert en Text setzt, an egal waat een seet. An et as och mir schons virkomm, dass ech en geschriwend Wuert anescht verstan hun wéi et gemengt war. Dofir halen ech et och vir besser wann eben näischt vum Admin gesot get, dann seet en och näischt Falsches ;-).
02.03.2011 07:23 Quaffit ist offline E-Mail an Quaffit senden Homepage von Quaffit Beiträge von Quaffit suchen Nehmen Sie Quaffit in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Quaffit anzeigen
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

bon, ech hu mer dat hei lo alles ugekuckt, et ass jo eng diskussioun déi ëmmer rëm kënnt...

d'une manière générale, gin et e puer remarquen ze maan (an dat ass lo meng interpretatioun an perséinlëch menung, an ech baséiren dat wat ech lo soen d odrop dass ech all daag ageloggt sin an mer zimlëch all fotoen ukucken)

ech gesin an der lescht vill fotoen, wou ech géif soen, dat ass facebook-niveau...
zu den kommentaren, ech gesin och nët méi vill comments déi géifen hëllefen, me an villen fäll sin et cliquen wou een dem aaneren seet :saugutt, super etc, also och facebook-niveau.
soss hun ech an main kommentar geschriwwen (wann ech nët sëcher war): sot mer wat der denkt...
well seet keen méi eppes, et gët ropgelueden an dann war et dat bis op déi vill "flott" asw-comments eben

ech kann keng kloer linn bei der aktivatioun erkennen (dat wier jo dann d'responsabilitéit vun den admins), an mol ugeholl eng foto gët nët refuséiert me se as "fehlerhaft an der technik oder compo oder wat och ëmmer" , gin och keng sënnvoll comments méi gemeet (dat concernéiert jo dann d'useren). Nach méi schlëmm, vill sin der beleidegt wann een kritësch ass an et kritt een léif pn-en geschëckt....

lo mol éierlëch, (@gaga etc), ech haalen et fir praktësch onméiglëch dass all foto déi refuséiert gët och nach detaillert soll kommentéiert gin, dat ass zaitlëch nët machbar fir déi leit déi en charge sin, e stëchwuert? ok, misst dran sin me dann sin der och rëm vill nët zefridden...

ech hun lo hei déi eng oder aaner saach déi naischt mam sujet ze din hun gemëscht, well et iergentwéi awer zesummengehéiert well ech fannen dass e puer saachen déi fréier gutt funktionéiert hun, guer nët méi funktionéieren, an wat fréier e site fir hobby-fotografen wor, gët ëmmer méi zum social network.
Dat fänkt bei der aktivatioun un an hällt eben bei den kommentarer op. mir perséinlëch huet dat d'flemme agedriwwen. an ech wëll nët falsch verstaanen gin, ech sin mer bewosst dass mer keng profien sin oder künstler, me dat ganzt sollt jo awer matt fotografie an fotoschoul ze din hun oder?


als lescht remarque, ech hun matt schrecken gelies dass et leit gin déi der menung sin, dass een matt photoshop aus enger schlechter foto eng gutt kann maan, an genee déi remarque huet mëch dozou bewegt hei lo e roman ze schreiwen, well dat ass am moment een vun den problemer op pg.

meng menung...
xav
02.03.2011 09:25
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ xaph32: amen! Ech mengen et geet villen Leit sou.

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
02.03.2011 09:36 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dem Nagarjuna säi Kommentar ass ganz interessant, dem xaph säin awer elo méi smile

Mir kënnen och méi streng ginn soudass net méi esou vill Fotoen ze kommentéiere sinn, soudass d' Wahrscheinlechkeet méi grouss dass sech Zäit geholl gëtt fir en anstännege Kommentar ze schreiwen. Ech bezweifelen awer iergendwéi dass dat geet well menger Meenung no kommen déi Facebook Kommentarer zustan duerch, et kléngt zwar domm mee ass esou: Facebook! D' Leit gin ëmmer méi gewinnt eppes kuerzes ze schreiwen ouni richtegen Inhalt, an dat wenden se op all Site un. D' Zäiten sinn eriwwer wou ee sech nach op Säiten erëm gedriwwen huet mat héigem Niveau.

Wat awer jo sollt gemaach ginn nach ass dass kloer Riichtlinnen kommen wat aktivéiert gëtt, soudass mir just soueng z.B. mussen uklicken beim refuséieren an dann ass dat kee Kommentar vun engem Admin, mee eng fest Riichtlinn wou mer dann Tipps derbäi ginn wat ee kéint falsch gemaach hunn. Et spuert eis Zäit an et ass méi eng Linn an allem.

Dass et Leit gin déi mengen mam PS kéint een aus enger schlechter Foto eng gutt maachen, gesi mir jo alleng beim Aktivéieren / Refuséieren Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
02.03.2011 09:46 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

he, he, et wier vlait en excellenten sujet fir e phototalk ;-)
02.03.2011 10:07
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

OK während déi eng dann Bulle maachen den Owend, diskutéieren déi aner iwwert déi méi sérieux Saachen Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
02.03.2011 10:10 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
JohnJ
Eroberer


Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 54

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mir perseinlech gefällt dei Idee ganz gutt dass einfach eng Standard Äntwert kennt
wei zb. deng Foto ass net ungeholl gin...ann dann e Puer Standard Erennerungen waat eng Foto soll hun.. ann "Basta cosi
Dann kann keen Mensch sech mei perseinlech an senger Eeer verletzt fillen
Ann geif soen dass d'Admi e bessi manner Aarbech doduerch kreien...
Voila daat wuar dann elo mein Pefferkär zu der Saach.
02.03.2011 12:34 JohnJ ist offline E-Mail an JohnJ senden Beiträge von JohnJ suchen Nehmen Sie JohnJ in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ass nawell interessant dass der vill och esou denken an anerer verlaangen se géifen eng méi détailléiert Beschreiwung kréie vum Grond. Dat sinn 2 Extremer wou sech awer iergendwéi, mengen ech, schwéier en Kompromëss fanne léisst.

__________________
404 - Not found
02.03.2011 13:57 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Scorpius
Jungspund


Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18

Themenstarter Thema begonnen von Scorpius
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech perseinlech keint domat liewen wan winstens dan sou eng richtlinn dobei wier sou das een dan selwer kan rausfannen u waat et keint leien.
Das just wan dan sou e satz do steet "net gut genuch" oder "hues der net fill gedanke gemeet iers de dfoto gemach hues" woumat een net fill kan ufänken Augenzwinkern
02.03.2011 14:17 Scorpius ist offline E-Mail an Scorpius senden Beiträge von Scorpius suchen Nehmen Sie Scorpius in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

De grond deen am meeschten kënnt ass "Du hues der net genuch Gedanke gemaach virun der Foto" - dat ass wann eng Foto ausgesäit ewéi geknipst, amplaz fotograféiert Augenzwinkern (40% Hausdéieren, 40% Blummen, 20% de Recht)

__________________
404 - Not found
02.03.2011 14:23 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Scorpius
Jungspund


Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18

Themenstarter Thema begonnen von Scorpius
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Effektiv, dat hat ech 1 mol bis lo gesot krit wou ech eng kaatz "geknipst" haat Zunge raus
02.03.2011 14:28 Scorpius ist offline E-Mail an Scorpius senden Beiträge von Scorpius suchen Nehmen Sie Scorpius in Ihre Freundesliste auf
Quaffit Quaffit ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun mir lo mol déi lescht Kommentaren all durchgelies awer leider keng Zäit méih fir vill ze äntweren well ech schaffe goe muss...
Ech well just zum Thema PhotoShop soen dass daat keng Erkenntnis vun mir as dass een aus enger schlechter Foto eng gudd ka maan, sondern vun sougenannten Experten - an daat sin jo dann wouel keng - déi an diversen Zäitschrëften schreiwen wou et emt Bildbearbechtung geet. Do hun ech mol gelies dass déi perfekt Foto eréischt am Computer entsteht, net am Aparat. A wann een déi professionell Plakater mat all dene flotten Modler drop gesäit, da wees een och dass déi ALL ausnahmslos mat PS verbessert goufen. Wann et also net richteg as, dass een aus enger schlechter Foto mat PS eng gudd Foto kann maachen, dann as et och net richteg dass een aus enger professionell gudder Foto eng besser ka maachen. Esou gesin echt daat.
Och wann een vill Talent an Erfahrung huet fir de richtegen Moment auszeléisen, mam richtegen Bildausschnëtt an der richteger Perspektiv kann een mat Software emmer nach eppes verbesseren. Oder nët? Bis elo hun ech just angefleeschten Anaolog-Fotografen héieren soen dass sie daat net gudd fannen mat Software eng gudd Foto aus enger schlechter ze maan well se der Meenung sin dass een jo dann net méi fotograféieren ze könne braucht.
Ech denken mol dass d'Wouerecht irgendwou an der Mëtt läid. Wann een guer näischt kann, kann een och mat Software keng Foto retten. A wann een vill kann, braucht een wouel net esou vill Software-Hëllef, oder awer et kann een aner Saachen aus senger gudder Foto maan.

Ah nach eppes: huet en Site wou sech Leit treffen déi sech iwert irgend en Sujet austauschen net automatesch eppes vun engem Sozialnetzwierk???Ech fannen dach! Haut get daat esou negativ duergestallt wéinst Facebook, awer och FB huet seng Virdeeler, esou wéi alles Vir- an Nodeeler huet. Ech kann mech nach un Zäiten erënneren, dun hun mir eis iwert Mailboxen ausgetauscht - daat war d'Urzäit vum Social Networking.

Des Diskussioun fannen ech ob jidderfall interessant.... ;-)
02.03.2011 14:33 Quaffit ist offline E-Mail an Quaffit senden Homepage von Quaffit Beiträge von Quaffit suchen Nehmen Sie Quaffit in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Quaffit anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et kann een aus enger gudder Foto eng nach bëssen méi flott maachen am PS, mee d' Ausgangsbasis muss schonn vu sech aus gutt sinn. Et geet do nëmmen ëm perfektionéieren.

Also de Begrëff Social network trëfft wuel OCH op sätie wéi Photogen zou, MEE den Ënnerscheed zu den typeschen social networks ass, dass PG eng kloer definéiert Thema huet em dat et geet, woubai déi typesch social networks keen Thema hunn. Do gëtt, anescht gesot, all Blödsinn geschriwwen, an dat wierkt sech negativ aus op déi aner Säiten déi en ähnlechen, mee méi prezis définéierten Charakter hunn.

__________________
404 - Not found
02.03.2011 14:42 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Seiten (5): « erste ... « vorherige 2 3 [4] 5 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » "Deng Foto as net ugehol gin"

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH