MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
super shanti!!
nemmen 't schrëft bei den eenlelne biller déi 't foto beschreiwen as schwéier ze liese fannen ech.
mee super wéi alles sou propper leeft an esou. musékt nervt ausnamsweis net.
__________________
|
|
23.08.2010 22:16 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Merci!
Den Dirk huet mech och schon op d'Schrëft opmierksam gemeet an ech sinn schon äifreg am gaangen se ze änneren. Déi kann een wierklech net gutt liesen.
|
|
23.08.2010 22:24 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
deng Säit gefaellt mer och gutt :-) domat kanns de dech jo a Russland weisen :-))
Ass et schwéier sou eng Flash Säit ze maachen? an ass dat kompatibel mat engem Blog wou een dann ëmmer a jour haellt oder bleift een an deem Fall awer besser bei Joomla? meng Säit nervt mech well bëssi awer ech hunn null Ahnung vu Flash ;-) (wat net heescht dat ech net bereet wier et wëllen ze leieren wann et net allze komplizéiert ass).
All Tip wier wellkomm wou ech daat keint leieren :-)
|
|
25.08.2010 10:13 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech ruffen dir einfach un. Dann erklären ech dir wéi et am einfachsten geet. Theoretesch ass Flash zimlech statesch an et kann een net vill drun änneren. Ech wollt awer eng dynamesch Säit déi och vun den Search Engines kann duerchsicht ginn. No e bëssi sichen hunn ech dann och d'Basis fonnt fir dës Säit, déi eigentlech och liicht unzepassen ass. Weis du jo am Menü "Exhibitions and Publications" kanns feststellen ass jo och eng Art Blog méiglech. Bei dem Interview vun RTL kanns du dann souguer den Video online kucken (awer leider dierf een do net vergiessen virdrun d'Hannergrondmusik auszeschalten - dat krut ech net sou direkt geännert). Bei den Ausstellungen hunn ech jo och eng Fënster déi opgeet wou een Text, Musik, Video, Fotoen, etc. dran kann setzen. Op eng Manéier ass Flash immens statesch an awer kann een wéi hei Saachen einfach veränneren, wann den Site gutt programméiert ass.
|
|
25.08.2010 10:34 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech verstinn net wisou souvill Leit op Flash fléien ... Et ass onpraktesch an allen Hisiichten: An 3 Joer huet all 3. eppes wéi en iPad wou kee Flash ënnerstëtzt gëtt, op smartphonen haut och souwisou schonn net. Natierlech kann ee schéi Säite maachen, mee vum prakteschen Aspekt hier huet Flash quasi nëmmen Nodeeler
Do ass et besser mat modernen Techniken ze schaffen wou een och ganz schéin Effekter hikritt, déi awer dann och iwwerall funktionéieren ouni Diskussioun.
Kloer ass e Flash-site ëmmer schéin, mee beim Auto kafen wëllen déi meescht Leit dach och net absolut nëmmen op d' Ausgesinn kucken, wisou also bei de Websäiten
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2010 10:36 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Do ginn ech dir Recht. Awer et ass bis elo den eenzeg Art an Weis déi ech fonnt hunn fir den Site sou duerzestellen. Ech hunn jo och den Luxurbex, den mat alles gekuckt kann ginn. Den soll funktionell sinn awer en huet eben dat typescht Ausgesinn vun engem CMS. Beim Urbanvisions ass et mir net wichteg dass een dat op engem iPad oder iPhone kucken kann. Ech hunn zwar och een Interface gemeet deen mat deenen Saachen funktionéiert (bei der aler Versioun vum Site) awer dat hunn ech hei bis elo mol op der Säit gelooss. Ech denken, dat ass Affaire de Goût, wéi bei allem. Awer virun allem kann ech d'Fotoen méi angenehm mat Flash presentéieren. An Zukunft sollen jo och aner Technologien kommen déi dat ersetzen. Ech wäert dann wuel och op déi Technologien ëmsteigen. Awer am Moment hunn ech näischt fonnt wat dem entsprécht. An op der anerer Säit fannen ech et och net gutt dass den Steve Jobs elo diktéieren well wat in oder out ass. Dat kennen ech ze vill gutt vun Microsoft an Apple ass amgaangen ganz op déi Schinn ze goen. Als groussen Apple Freak huelen ech awer och Distanz zu sou engem Verhalen.
|
|
25.08.2010 10:48 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von ShantidevaAn op der anerer Säit fannen ech et och net gutt dass den Steve Jobs elo diktéieren well wat in oder out ass. Dat kennen ech ze vill gutt vun Microsoft an Apple ass amgaangen ganz op déi Schinn ze goen. Als groussen Apple Freak huelen ech awer och Distanz zu sou engem Verhalen.
|
Dat ass eng aner Diskussioun, do ginn ech der vollkomme Recht och, mä et ass net just den iPhone dee kee Flash kann
An et ass och einfach net dofir do fir op mobilen Apparater gebraucht ze ginn.
Bon, ech hu selwer "liicht" schwätzen well ech selwer mer déi Saachen programméiere kann fir Effekter an sou weider, well ech souwuel Designer-Kenntnisser hunn wéi halt och Programméierung, mä trotzdem verstinn ech de Flash-Hype ëmmer nach net
An Zukunft sollen net aner Technologien kommen, mä se sinn do, elo schonn. Se musse just och agesat ginn, an dat ass eben de Problem...
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2010 11:07 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
An dat war och mäin Problem. Ech hunn als éischt no eppes gesicht wat net-Flash ass, an mir awer déi Méiglechkeeten bitt. Awer op menger Sich no professionellen Portfolioen sinn ech zu 99% ëmmer nëmmen op Flash gestouss. An bei dëser Solutioun hunn ech mech erëm fir Flash entscheet well se immens dynamesch ass. Ech kann wahllos Säiten, Popups, Galerien an Menüen bäisetzen ouni mussen am Flash ze programméieren, wéi dat bei mengem éischten Urbanvisions Site war. Hei hunn ech een CMS ähnlechen Backend an et ass "bal" sou einfach Ännerungen ze maachen, wéi bei Joomla, Drupal, etc.
Et ass mir hei och net wichteg ob een dat um iPhone kann kucken. Ech hunn léiwer dass d'Leit sech doheem um Computer Zäit huelen d'Säit ze kucken, wéi am Zuch um iPhone. Awer definitiv kéint den iPhone jo och Flash duerstellen, wann den Jobs nëmmen wéilt.
Wann awer fir mech d'Méiglechkeet besteet ouni groussen Opwand (ech sinn keen Webdesigner
) an Geldinvestitioun eng aner equivalent Solutioun ze benotzen, dann maachen ech dat ganz gär. Awer leider hunn ech näischt fonnt, an ech hunn awer laang gesicht. Jo, an soss gëtt et den Luxurbex jo och nach. Awer dat ass keen richtegen Portfolio.
|
|
25.08.2010 11:23 |
|
|
KeeBlitz
Jungspund
Dabei seit: 06.02.2007
Beiträge: 23
Herkunft: doheem
|
|
|
03.09.2010 09:57 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
http://www.marcgerard.lu/
hun eng komplett nei homepage. as wordpress. sin net onzefrodden domat
och wann ech nach e bessi muss doremmer upassen, mee esou kann se mol bleiwen. oder wat mengt der?
wee well ka mer séier e puer wierder an d' guestbook schreiwen, dass dat net eidel as
wollt/konnt dat alt net bäibehalen :/
__________________
|
|
04.01.2011 13:19 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Flott flott,
2 Sachen .
Dein right-click funktionneiert net, also den blocker funtzt net, an deng Biller sin just geresized, d.h. se hun dei voll greisst an brauchen eiweg fier gelueden ze gin !
|
|
04.01.2011 13:42 |
|
|
Loki
Mitglied
Dabei seit: 11.03.2010
Beiträge: 28
|
|
Marc, schick Homepage! Fannen daat mat den Thumbs gudd geléist an se ass elegant. Kleng Remark: wann een op "Gallery" am Menu selwer klickt kritt een eng 'page not found' message. E redirect kinnt do vlait hellefen oder de menupunkt selwer net als link maachen?
Ech haat mech wochelang mat Wordpress etc ronderem geplot fier en flotten Theme ze fannen mee hun naischt sou op dee Style fonnt. Joomla assoch flott, mee ausser manifolio hun ech naischt brauchbares fonnt, an do sin souvill bugs dran an et ass dermossen komplizéiert dass ech no 4 deeg opgin hun...sou flësseg sin ech am PHP dann och net
Ech si letztendlech op ganz banal iWeb iwwergaangen an bastelen e bessen um Code vun hand. Ass einfach genuch. Meng site ass op www.loki.lu, ass leider nach e bessen eidel an et sin nach keng sou schick Fotoen drop wi bei där. Muss nach vill léieren hehe.
Kudos!
|
|
04.01.2011 17:34 |
|
|
neb
Jungspund
Dabei seit: 16.03.2006
Beiträge: 11
|
|
|
05.01.2011 14:30 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
@ loki
ech hat och méng virescht am iWeb ( http://marc.gerard.lu/marcgerardphotography/Blog/Blog.html ) mee wollt awer iegendwann eppes méi eenheetleches. iweb as schwéier ze man dass et net emmer selwecht ausgesäit. op der schaff hun ech och en iWeb gemach, deen awer net dono ausgesäit ( rtph.lu ). mee dat as mer dann vir mech zevill aarbecht. wordpress woar do vir mech eng gudd léisung fannen ech. ech hun en template fonnt dee mech eppes kascht huet an hun net gencuh erfahrung vir dee gudd an de greff ze kréien, well een trotzdem vill codéiere muss wann een eppes perséinleches well.
gaga: dat bild mat der wiss an de paerd, an dat bild vun der coque (mat de réiher) z.b. si rieseg grouss. wann ech hei op der aarbecht sin, da wierkt dat awer flott um grousse schierm
kéint se all méi kleng man, mee se sin einfach all op 100% a resizen je no bildschierm. déi allermeescht sin awer op der längster säit 800px (well ech se einfach vu photogen erofzezun hun
) mee recht hues de.
de blocker vum rightklick hun ech agebaut, mee e spréngt net an. gin do net eenz :/
wéi hues de dann gesin dass een dran as? hues de gefierwelzt?
__________________
|
|
05.01.2011 15:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Rietsklick Blocker: Nogo. Oft klickt ee riets an d fenster fir awer eppes praktesches ze maachen, wann dat net geet dann suckt et nëmmen. An dass et net schützt géint kopéieren weess de selwer
Mech nervt bëssen d' Navigatioun fir do an d' Kategorien ze kommen vun der Galerie. Se ass net séier an funktionéiert net emmer ganz richteg.
Wann een eng Foto grouss kuckt, sollt ee menger Meenung no bei dem Effekt egal wuer an d Fenster kënne klicken fir dass d' Bild zougeet, ass hei awer och net de Fall.
Dat sinn alles user-interface "Problemer" déi wuel op deng scripts/themes/plugins vum wordpress zréck ze féiere sinn, mee ech wollt se awer soen
__________________ 404 - Not found
|
|
05.01.2011 15:20 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
dat as léiw dass de mer dat seess. mam menu weess ech net, mee mat de photo-navi kanns de mer secher déi 1-2 zeile verroden, nee?
dat bréngt mer méi wéi ze héiere wat ech scho weess ...
de clickblocker sollt -ménger meenung no- just op de foto aktiv sin, an net soss op der säit. as dat méiglech ?
__________________
|
|
05.01.2011 15:51 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
misst mer et méi genee ukucken fir soen ze kënne wat ee sollt anescht maachen an der navi
mam klickblocker um bild, dat geet, mee ass nach nerveg. wann ech z.B. engem well eng foto weisen, eng eenzel op dengem site, kann ech dat net maachen mat copy paste vum link well se just an der fenster kennt. D.h. ech geif rietsklick maachen, open image in a new tab oder copy image address an déi dann weiderginn
__________________ 404 - Not found
|
|
05.01.2011 16:12 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von MarcGerard
de blocker vum rightklick hun ech agebaut, mee e spréngt net an. gin do net eenz :/
wéi hues de dann gesin dass een dran as? hues de gefierwelzt?
|
jein, eben well se sou fuerchtbar luess gelueden hun, wollt ech eben kucken ob et thumbs sin, oder, wei och effektif de fall, et grouss biller sin dei kleng duergestallt gin, get et keen moyen en thumb ze weisen, an ereicht beim klicken get daat grousst bild gelueden ? sou muss de direkt am ufank laang warden, wann een elo oft op dein siteg eht, an t'biller net mei "nei" sin, kann daat nerven denken ech !
|
|
05.01.2011 21:17 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
ah, verstin...
hmm, jo. also dat get et secher net an deem fall. da misst ech fläit vu vir un mat enger aner basis ufänken. et mecht jo och kee senn en template ze benotzen an dann alles op d'kopp ze geheien
loossen dat elo mol secher eng zäitchen sou lafen a kucke mech weiderhin no bessere léisungen em. mee wann ech bei 800px bleiwen, da misst dat jo locker goen
op deene meeschte computeren ...
__________________
|
|
06.01.2011 08:21 |
|
|
|