Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Emfroen » Photoclib zu Lëtzebuerg » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Umfrage: wéi aktiv as mäi fotoclub
mäi club as immens aktiv 9 100.00%
mäi club kéint méi aktiv sin, mee dat as ok 0 0.00%
mäi club kéint méi aktiv sin, an ech sin net zefridden 0 0.00%
mäi club as quasi net aktiv, mee dat as ok 0 0.00%
mäi club as quasi net aktiv, an ech sin net zefridden 0 0.00%
absolut langweilech, ech weess guernet virwat ech nach dra sin. 0 0.00%
Insgesamt: 9 Stimmen 100%
 
Zum Ende der Seite springen Photoclib zu Lëtzebuerg  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser

images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Photoclib zu Lëtzebuerg Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hey alleguer!
ech froe mech puermol wéi eis Photoclib (inclusiv photogen) sou schaffen a bei de leit ukommen.

ween as alles an engem photoclub, a wéi zefridden as en do? wee well ka jo och détailer dobäischreiwen. fläit kann ee vir verschidde clib jo léisunge fannen déi soss op der flpa-generalversammlung ni gesot gin, well 't memberen net present sin z.b. verschiddene leit fällt et méi liicht sech iwwert e forum ze äusseren wéi esou, dovir fannene ch et fläit eng intressant emfro.

wat dacks z.b. schued as, dass vill clib schrumpfen an net méi um aktuelle stand sin. doduerch verschwannen och vill clib an déi wéineg memberen déi iwwreg bleiwen wellen dann dacks net an een neie club.

huet nach iergendeen feedback??
marci
Marc

__________________

25.02.2010 10:31 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
Schlimpitz
Tripel-As

Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

schweier soen

zb absolut langweilech, ech weess guernet virwat ech nach dra sin.

do ginn et vill clib dei vill machen awer net onbedengt daat waat ech zb als member gär geif machen.

ech wees mol dass an der zeit bei mengem quasi nemmen iwer printeranstellungen gelaabert ginn ass, eppes waat mech zb guer net interesseiert.

An den Fotosclib ass et meeschtens och sou wei an all deenen anneren Clib och, puer schaffen, an dei anner futeiren sech. Waat dozou feiert dass dei Leit dei schaffen no enger gewessenener Zeit den Keis hunn an sech zereck zeihen, an dann geet guer neischt mei.
25.02.2010 10:49 Schlimpitz ist offline E-Mail an Schlimpitz senden Beiträge von Schlimpitz suchen Nehmen Sie Schlimpitz in Ihre Freundesliste auf
patrickr
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech war nach nie an engem Photosclub Member, maachen awer schons während 15 Joer Fotoen Augenzwinkern .

E Photosclub as ménger Meenung no interessant fier schnupperen ze goen, wann ee guer keng Ahnung huet a nët weess ween ee froe soll, oder fier Material ze notzen, wat ee sech nët leeschte kann oder well. Mee soss gesin ech do kee grousse Sënn, virun allem dann, wann de Club aner Interessen wéi ee selwer huet.

E grousse Respekt awer un all déi Leit, déi sech immens an hiere Clubben engagéieren. Mee passt op, d'Stëmmung ka schnell kippen. Ech kennen zech Leit, déi immens idealistesch agestallt waren an dun awer dach e Schlussstrich gezun hun.

"Viele Köche verderben den Brei", ech mengen dat passt och op vill Clubben.
25.02.2010 11:15
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

wat mëch am meeschten stéiert as d'ruddelbildung, dat zielt fir all club den ech kennen. dat féiert zu komëschen diskussiounen déi einfach kënnen ausarten.

An och déi éiweg diskussiounen: zB digiArt oder nët, hdr gutt oder schlecht, digital/analog asw. ech hun naischt géint sou diskussiounen, me misst een nët sou eppes wéi een code de conduite hun, wéi et en op vill plattformen gët?

ech zielen op kommentarer wéi: geet guer nët... oder rëm sou een hdr...
dir verstidd wat ech mengen? et geet lo nët drëm fir liberté d'expression anzeschränken, me plutot méi soignéiert ze kommentéiren, sou à la shanti, ëmmer fein an iwwerluecht, me awer konkret an sënnvoll

ps: meng sin och nët ëmmer dat (ier lo een mer dat ënner d'nues reiwt) ;-)
25.02.2010 11:18
Johny Johny ist männlich
Foren Gott

images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mäi Club ass aktiv an d' Saache si cool ... Zunge raus

__________________
404 - Not found
25.02.2010 11:32 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser

images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Themenstarter Thema begonnen von MarcGerard
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

xaph, mäer hate jo och schon anti-shanti kommentaren (hehe, coolen numm amfong) domat megene ch kommentaren déi net esou sin wéis dem shanti séng déis de elo als beispill gehol hues.
allerdéngs schwetzen ech vu fotoclib, an net onbedéngt eng community.
hues de um workshop gemierkt wéi gudd mer geschwat hun? an deslescht am forum as et ausgeart? das as e wichtegen ennerscheed, well een beim clubtreff direkte kontakt a vill méi respekt huet.

däi kommentar verfehlt also e bessen 't thema. hues du iergendwelch cluberfahrung déis de mat eis deele kanns?

déi aner 2 kommentaren hun ech schon immens intressant fonnt!
as nach een dee gudd oder schlecht cluberfahrunge gemach huet?
natiirlech as mäin ziel -an dat wäerten déi meescht mëttlerweil gecheckt hun- vir wat op de Photogen-Club ze iwwerdroen an ze kucke wéi 't motivatioun vum club net no enger zäitchen ennergeet mee steigt an anerer motivéiert nozekommen. dozou muss e club verschidde sachen ubidde kënnen déi d'memberen intresséieren an notze kënnen. mee et muss am idealfall och jiddereen aktiv a gäeren dobäisin. sou wéi et ausgesäit geréiht eis club an d'gefor iergendwann esou ee club ze sin wéi de patrickr e schon ugedeit huet. dovir giff ech coh gäer wësse ween an engem grousse club as dee bestëmmt vill ze bidden huet, mee och deen een oder anere problem huet.

__________________

25.02.2010 11:39 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser

images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Themenstarter Thema begonnen von MarcGerard
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

süss smile

ok, ech hun do keen ënnerscheed gemeet ;-)
25.02.2010 13:49
mmphotos mmphotos ist männlich

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech schreiwen den owend nach eppes derzousmile

Kann nemmen soen dass een an engem club och super zefridden kann sinsmile
Am groussen ganzen einfach well een leit kennenleiert dei änlech saachen maachen, an et einfach emmer flott as mat deenen eps ze maachen.

Mei dozou den owend.

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
25.02.2010 13:57 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hui! großes Grinsen Shanti-Kommentarer an Anti-Shanti-Kommentarer... Daat klengt tatsächlech cool. Merci fir d'Blummen, ech wärt mir an Zukunft weider so Méih gin wann ech een Kommentar schreiwen. Awer daat huet jo hei neischt mam Thema ze din.
Sou wéi ech daat matkréien kommen an gin vill Clib hei am Land. Ech denken daat ass och ganz vill dorop zereckzeféieren dass d'Digitalfotografie een Moment d'Fotografen op zwou Fronten verdeelt huet. Sou weit ech wees ass den Fortschrett an Sachen Fotografie den Problem fir dass sech verschidden Clib obgeléist hun. Et war eben een Mangel un Toleranz do an d'Altersmoyenne an verschidden Fotosclib ass zevill an d'Lucht gangen dodurch. Et bilden sech egal wéi emmer Rudelen ennert den Leit. Daat muss een akzeptéieren an dofir suegen dass keen vun den Rudelen d'Iwerhand iwerhëllt. Ech machen digital Architekturfotografie am HDR. An virun allem fotograféieren ech verlossen Platzen. Wann et elo eng Kéier dozou kennt dass sech een Rudel am Club ganz intolerant durchsetzt waat zentréiert ass op Natur-, Macro- oder Studiofotografie an all Form vun digitaler Manipulatioun oder Urbex verpönt, dann bleiwen ech net an dem Club. Dofir sin jo awer e puer Clib zu Grond gangen, well d'Basisfraktioun géint digital Fotografie war. Eng Chance ass déi Zeit elo awer baal iwerall eriwer. Et geht eben just mat géigenseiteger Toleranz, an esou guer doriwer eraus... et muss een färdeg brengen Leit op déi selwescht Art an Weis ze fördern déi absolut schrecklechen HDR machen, genau sou wéi een Leit fördert déi mat fiersterlechen Sujeten an Compositiounen an der analoger Fotografie experimentéieren. All Mensch fänkt irgendwann mat der Fotografie un, an wann mir Leit fir den Club wellen gewannen, dann mussen mir all Mensch och seng Chance gin sech ze verbesseren an der Richtung déi di Persoun ageschloen huet. Och wann een DRI (Ausdrock extra fir de Marc smile ) mecht deen engem d'Ae regelrecht verbrennt oder mam Handy just e Schnappschoss mecht, oder Modeler an Posen setzt déi d'Grenzen vun der Anatomie sprengen. Déi Leit, déi DRI net gären hun kënnen sech jo dann eraushalen, genau sou wéi d'Géigener vun Fashion oder Macro, etc.... an déi Aaner kennen e puer gudd Tips gin. Awer et gehéiert eben mol all Stil zu dem groussen Ensemble deen sech Fotografie nennt.
An bis elo huet sech vun alleng op desem Site sou eng Gemeinschaft gebild déi elo souguer zu engem Club gin ass. An ech denken dass den Club d'Philosophie vum Internetsite einfach sou soll weider féieren. Dann bleiwen och Leit vun all Alterskategorien an fotografeschen Virléiwten eis erhaalen.
*PFFFFF* an elo genuch dozou... Wier mein Nik net gefall, dann hätt ech mech wuel einfach erausgehalen. An elo hun ech och nach een ganzen Roman geschriwen... Sorry... Zunge raus
25.02.2010 14:59
Johny Johny ist männlich
Foren Gott

images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Fotosclib ginn an kommen net vill, et ginn der sou 32 mengen ech déi ugemellt si bei der FLPA, mee do sinn halt déi manst wirklech aktiv. Déi meescht maachen quasi näischt méi, bleiwen awer nach bestoën. Wann eng Kéier d' Loft eraus ass, ass et eben schwéier sech ze motivéieren fir rem unzerappen, dat ass normal.

__________________
404 - Not found
25.02.2010 15:07 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Vill vieleicht net, mee ech sin an leschter Zeit schon mol gefroot gin fir Sachen erem an d'Liewen ze ruffen déi haut net méi existéieren. An ech sin och soss nach bedeelegt bei der Grëndung vun engem neien Club am Süden. Ech hun daat vieleicht och e bessi stark formuléiert gehat. Awer et ass jo awer eng Tatsach dass verschidden Clib net méi existéieren. An hei ass jo awer eng nei Form vun Club déi vieleicht richtungsweisend ass fir d'Zukunft. (meng perséinlech Meenung)
25.02.2010 15:18
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@marc gerard
fir awer nach eppes ze soen, ech denken dass PG een aktiven club (den supergutt funktionéiert) ass well d'community funktionéiert großes Grinsen , am umkehrschluss heescht dat fir mëch dass PG well villes richteg gemeet huet wat aanerer falsch mëcht, ech géif club an community dann dofir nët zevill trennen

(ech hu mer jo och fest virgeholl méi shanti a manner anti-shanti comments ze maan, LOL)

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 25.02.2010 16:24.

25.02.2010 16:23
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser

images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Themenstarter Thema begonnen von MarcGerard
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

dat stëmmt och erem: photogen.lu AS eben internet. mat oder ouni club Augenzwinkern

__________________

25.02.2010 17:02 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser

images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Themenstarter Thema begonnen von MarcGerard
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

as och méng meenung, an ech gesin éierlech gesot sënn dran dat nach e bessi ze pushen. de site funktionéiert, mee de club as nach an de kannerschung. an trotzdem schon zimlech aktiv. elo gëllt et eng stratégie ze fannen vir dass dat esou bleiwt.

__________________

25.02.2010 17:03 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
Steve-29 Steve-29 ist männlich
Jungspund

Dabei seit: 25.10.2009
Beiträge: 19
Herkunft: Boevange-attert

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut alleguer.

Ech kann iech mol erziehlen wei et mir bis elo gangen as.
Ech hun virun etwa engem Joer ungefangen mech fir Fotografie ze interesseieren. Hun mech bessen informeiert an sin dun halt och iwert d'meiglechkeet fir an een club ze goen gefall.
Hun dun mol gekuckt wat sou an der geigend ze fannen wier. Bei deenen engen sin keng aktuell infoen ze fannen, bei deenen anneren scheckt een froen ran fiir informatiounen iwert den club ze kreien, resp fir sein interesse um club ze weissen.
Mee kuck do, et schengt platzeweis net emol meiglech ze sin fir op eng ganz einfach froo eng äntwert ze kreien. Wann also do schon keng äntwert kennt schleissen ech draus das ech entweder net erwenscht sin, oder an deem club naicht leeft....
Me kuck, do sin op ob photogen gestouss, an oh wonner et klappt.
Hei kritt een äntwerten, et get weidergehollef, et gin workshop'en gemach, treffen.....
An do geif ech mengen gesait een am beschten das een "modernen" club wei photogen dei eenzeg meiglechkeet as fir een groussen public unzeschwetzen.
Et geht schon dommader un das photogen an mengen aan vill mei ob digitalfotografie ausgeluecht as. Hei geheiert den computer einfach derzou. An dank internet as et einfach vill mei einfach een club um liewen ze hallen.
D'Leidt wou haut vill mei een stresserfeltend liewen hun notzen halt eichter eng internetplattform fit sech auszetauschen. As halt schnell an onkomplizeiert. An sou bleiwen se halt derbai.
Fir dei kuerz Zait wou ech bis elo derbai sin, sin ech ob jidfer fall ganz zefridden.
Hun zeguer nach 2 memberen dei ech direkt begeschteren konnt fir an den club ze kommen Augenzwinkern

Also macht weider sou

Steve
25.02.2010 17:23 Steve-29 ist offline E-Mail an Steve-29 senden Beiträge von Steve-29 suchen Nehmen Sie Steve-29 in Ihre Freundesliste auf
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser

images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Themenstarter Thema begonnen von MarcGerard
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

dat do kléngt jo och mol gudd smile
merci steve smile

__________________

25.02.2010 17:50 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott

images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Sou eppes liest ee gäer Augenzwinkern

Dat mat der Digitalfotografie an Internet stëmmt natirlech.

__________________
404 - Not found
25.02.2010 22:00 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
n0kle
Foren As

Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

e weideren fierdeel vun photogen an der community hei as och nach deen, dass een weider drun deel huelen kann, och wann een am ausland setzt smile sierf daat durch studeiren, schaffen oder waat och emmer smile
25.02.2010 23:19 n0kle ist offline E-Mail an n0kle senden Beiträge von n0kle suchen Nehmen Sie n0kle in Ihre Freundesliste auf
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser

images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Themenstarter Thema begonnen von MarcGerard
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

bas du dann coh clubmember, oder geet der d'community duer?

__________________

26.02.2010 11:55 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Emfroen » Photoclib zu Lëtzebuerg

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH