Kilroy1313
Mitglied
Dabei seit: 19.10.2009
Beiträge: 29
|
|
Hei um Forum steet, ët soll een eppes dra schreiwen, wann een nët sëcher wier, op een d'Foto géing gutt genug fannen fir op Photogen ze setzen, - a leider sin ech zimlech sëcher, datt méng Foto gutt ass, an ech wollt esouguer a Konkurrenz mam "JPS" sénger " Wëll Kaz" goen, mee méng war entweder nët rengrassësch oder kënschtlech genug oder weess der Guckuck, wat se nët huet - am Kommentar stung eppes vu kënschtlerech, duerfir weisen ech och hei am Unhang d'Originalfoto (zimlech gro) an déi nët ugehollen verschaffte Foto.
Géing mech iwwert e puer Meenonge freën, och wann ech se elo warscheinlech nëmmen doheem wäert ophänken, ech fannen se nun emol einfach saugutt.
P.S.: ët ass nët eis Hauskaz, duerfir kann ech se och nët a mäin Album pechen
ORIGINAL-FOTO:
Kilroy1313 hat dieses Bild angehängt:
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Kilroy1313 am 05.12.2009 14:22.
|
|
05.12.2009 14:14 |
|
|
ploro
Routinier
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich
|
|
wat dem jps seng foto well ganz anescht wierken lisst as d'perspektiv.
se guf mat engem tele gemach an mat opener blend wat zu dem scheinen
verschwommenen hannergrond féiert viun deem sech seng kaatz sou daitlech ervirhiewt.
Et ass net unbedingt d'aart an weis deis du deng kaatz verschafft hues mee d'aart
an weis wei d'foto gemach gin ass dei dem jpg seng foto mei lieweg erschengen lisst.
(an den décken logo deens de emmer an deng fotoen setz stéiert fannen ech stark)
|
|
05.12.2009 15:22 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Deng Perspektiv ass "standard": nämlech vun uewen erof. Dat ass den übleche Bléckwénkel vun all Mënsch bei esou eppes, also hues de der do keng Gedanke gemaach wat s de do kéins drun maachen. An dann en Déier, wat jidferee vun eis all Dag gesäit esou ze knipsen, do feelt einfach d' Konscht drann. dem jps seng Foto ass do eppes ganz anescht.
Niewenbäi: Den Titel passt net hei, an d' rumm ass net gutt, mee dat huet elo näischt mam Refuséiere vun der Foto ze dinn.
__________________ 404 - Not found
|
|
05.12.2009 15:23 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
mengen den ploro brengt et op den Punkt, den Jean-Paul huetdei Grimmel FOTOGRAFIE mat an sain Wierk bruecht dei bei deser fehlt (mengermeenung no)
Doduerch dass en den Hannergrond an der Onschärft ennergeet, stecht sain Motiv Mei raus, den Bleck as an Richtung fum Betruechter geriicht an dFaarwen sen zimlech intressant,
deng Foto gesait eischter aus wei wansde beemol firun enger Kaaz gestaanen hess an spontan mol op den Knäppschen gedreckt hess...dFoto as fun uewen roof geholl an doduerch ingesammt immens platt (->onintressant->fällt an dKategorie fun den 100.000 "meng Mausi-Katzi-Fotoen")
dassde se verschafft hoss as ok, mee ech stellen emmer rem fest dass wann dAusgangsmaterial naischt huet een och zum Schluss nik wierklech MEI huet...(muss da awa guddhaalen dassde an Punkto Faarwen na relativ fill rausgholl kruus...
)
mengn ZBSP dech an dFräschperspektiv begin hett geholef MEI aus denger Kaatz ze maachen...
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
05.12.2009 17:28 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
ech mengen daat de Wenkel net grad virdeelhaft ass krus de schon gesoot.
Eppes waat mer gefällt ass um Originalbil daat dKaz deen selwescht faarw huet wei den hannergrond, ma daat am PS net futti
Mee leider ass och de Cadrage net optimal, Stechwuert Goldene Schnett....
|
|
05.12.2009 22:56 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
fiir mech ass daat eng foto wei eng aaner déi jidereen vun sengr miez doheem kann maachen!
déi 2. Versioun: bon jo... wann ech beim iPhoto op verbesseren klicken mecht en daat automatesch waat do rauskomm ass.
Et ass ma och schweier ze soen waat besser maachen, wéis de schon gesoot krus bléckwénkel asw.
Als vernichtent argument, ouni natiirlech lo wellen beis ze sin oder sou, ging ech der soen maach eng nei foto!
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
06.12.2009 16:06 |
|
|
Kilroy1313
Mitglied
Dabei seit: 19.10.2009
Beiträge: 29
Themenstarter
|
|
D'ass emol gutt ze wëssen firwat déi Foto do ët nët op Photogen gepackt huet.
Nodeems ech verschidden aner Foto'ën um Site gekuckt hat hat ech mer schons eng Chance ausgerechnet an ët eben ausräichend fonnt aus enger groer Foto eng lieweg Foto ze maachen.
Déi Foto ass en zimleche Schnappschoss gewiescht, hat och keng Zäit fir laang an d'Knéien ze goen, du wor d'Kaz och schons erëm fort, dat ganzt hat wierklech nët laang gedauert. - Ech hun ët z.B. nët gepackt d'Aen richteg drop ze kréien.
P.S.: ech fannen d'Foto ëmmer nach gutt ! Idem fir de Propriétaire vun der Kaz dee ganz zefridde war mat ménger Aarbecht...
|
|
06.12.2009 17:46 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
et ass alt emmer eng affaire de gout, mee du kanns dain kapp awer an rou leen du häss warscheinlech dei nemmlecht kritiken kritt wann se ungeholl gin wier halt just enner der from vun comments
et ass och oft esou dass een vun denger eegener aarbescht iwwerzeegt ass an se dann refuséiert gett an dann sech freet wisou, ech sin awer iwwerzeecht wanns de a punkto photographie, fotobearbeschtung an optimisatioun um ball bleiws kenns de an 6 meint op déi foto zreck an du denks, " ou fräck jo, lo gesin ech wisou"
hun daat schon dax bei mengen eegenen erliewt (kanns der verschiddener gär an menger galerie unkucken ass di eng oder aaner grausam derbei
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
06.12.2009 17:58 |
|
|
Kilroy1313
Mitglied
Dabei seit: 19.10.2009
Beiträge: 29
Themenstarter
|
|
"Grausam Foto'ën", dat gefällt mer, da muss ech jo bal kucke goen - an da vläit och nach e bëssen béis lästeren (HI HI)... - dat wier ët.
Ech hun schons e Léierprozess bei Railpictures.net duerchgemeet, an do deet ët nach eng jet méi wéi, well déi e ganz héige Level a Saachen Zuch-Foto'ën hun. Da muss ee schons heiansdo e puer mol déif Loft huelen, fir en neien Ulaaf. Do krut ech esou 20% vu ménge Foto'ën ugeholl... do ass nët vill mat "grausam Foto'ën" jhust wann den Screener tranchéiert, daat fillt sëch nët ëmmer gut un. Mä ech hun awer do vill bäigeléiert a Richtung Perfektioun - mat Spaass um Fotograféieren huet dat schons manner ze din.
|
|
06.12.2009 22:48 |
|
|
|