Chrissie unregistriert
|
|
Ech muss lo vu der Schoula us Photospabeier kaafen goen.. well mier do sou een cours hun wou mer se entweckelen an waat wees ech.
maja an den proff huet ons lo eng mark genannt dei mer brauchen mee ech fannen se neierens :S
Ilford
17,8 x 24 cm
Multigrade glossy/brillant <- gaanz wiichteg!
keint een mer dann w.e.g. hellefen vun wou ech daat eventuell hier keint kreien ouni vill ausgeraubt ze gin?
Merci
|
|
27.09.2009 18:53 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Frec, Ilford misst de zwar iwwerall kréie wou et Fotospabeier get.
Ech mengen dat wat "ganz wichteg" as as den Multigrade, net den glossy. Mee 't gin nach genuch Leit um Site déi méi oft analog schaffe wéi ech do kriss de bestëmmt nach e puer Äntwerten.
__________________ www.gloda.net
|
|
27.09.2009 19:06 |
|
|
Chrissie unregistriert
|
|
hmm io mee bon sie soot et misst eben glssy/brillant sin :/
mee dass io grad daat dass ech net wees wou ech et kaafen keint
supper wier natierlech an der staat well dann braicht ech net wait ze laafen.. :/
|
|
27.09.2009 19:38 |
|
|
No_Saint
Jungspund
Dabei seit: 01.01.2006
Beiträge: 14
|
|
Hues'te schon beim Lecuit um Howald probéiert ?
A wéi de Gloda seet: Blenkëg jo, mee virun Allem Multigrade
|
|
27.09.2009 23:06 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
fennsde an der stadt an der rue beaumont. do as en fotosgescheft (falls et daat nach gett)
as ganz kleng eng weis dier suweit ech mech kan drun erenneren. also mier hun den papeir och missen kaafen an den prof soht eis dohiner ze goen. mengen als student krid en en och mi belleg
|
|
27.09.2009 23:08 |
|
|
No_Saint
Jungspund
Dabei seit: 01.01.2006
Beiträge: 14
|
|
Ech megen dé gëtt ët (leider) nët méi.
|
|
27.09.2009 23:22 |
|
|
Megafred
Grünschnabel
Dabei seit: 12.08.2007
Beiträge: 3
|
|
Wanns du et brauchs hun ech nach eng voll zou Kescht doheem, kann et dir verkaafen
Mell dech 621 317 306
|
|
28.09.2009 10:08 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Firwat mescht dee Proff da keng Sammelbestellung? Dat wier jo vill méi einfach an et géif en attraktive Präis gin.
Ech bestelle méng Pabeieren emmer am Ausland, well di meescht Buttecker dat wat ech grad brauch souwisou nët op Stock hun. De Lecuit kéint es hun, oder de Fränz zu Rëmmeléng.
Ech selwer misst och nach esou een 100er Pak hun deen ech nët brauch, well ech quasi nie glossy verschaffen. Ech muss awer nokucken a kann den Owend Bescheed soen, ob dat genau déi Gréisst as. Wann s du näischt fënns kann ech dee verschenken.
|
|
28.09.2009 10:13 |
|
|
Chrissie unregistriert
|
|
ooh Merci daat wier fein (:
io keng ahnung wisou sie keng sammelbestellung maan -.-
ons klass ass an dem fach an 2 groupen gedeelt an dei aaner group huet een aaneren proff wei meng group.. an jiddefals dei geht den pabeier bestellen..
mee mier mussen en siichen goen well ech mengem ganz sie wees selwer net wou een es fennt
|
|
28.09.2009 10:54 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Ech hun nogekuckt, et as effektiv dee Pabeier deens du sichs, Multigrade IV, glossy, am 18x24, 100 Blat, original verpakt a versiggelt.
Ech hat e virun 2 Joer vum Garry (Mogway) kritt. E wärt e puer Joer um Bockel hun, mee normalerweis heescht dat näischt. Du kann s e gratis kréien, misst en dann awer siche kommen (Déifferdang) oder ech kann en och engem matgin, deen aus ménger Géigend as an dech kennt, oder ech kann e per Post verschécken, kascht 2,40 Euro.
Wann interesséiert, hei mellen: patrick@physique.lu
|
|
28.09.2009 16:26 |
|
|
Chrissie unregistriert
|
|
ok vill vill mols merci (:
|
|
28.09.2009 17:21 |
|
|
Chrissie unregistriert
|
|
io hat mech emgefroot mee daat geschäft waats du mengs daat gett et schon net mei xD
|
|
05.12.2009 15:52 |
|
|
|