spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
Haut:Ingo Maurer Beliichtung op Belval! |
|
Den Owend get dei nei Beliischtung vun den Heischiewen op Belval presenteiert. Des Beliischtung ass vum Ingo Maurer gemach gin an no der Conferenz um 18.30 am SKIP (gielt Gebai am Rondpoint Raemerech) gin dann no der bloer Stonn d'Luuchten ugeschmass. Des Beliischtung ass just des Nuecht un also profiteiert fir se kucken a photographeieren ze goen :-) avis aux amateurs!
|
|
10.10.2008 12:44 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
RE: Haut:Ingo Maurer Beliichtung op Belval! |
|
Get do eng Beliischtung installéiert, déi da just während engem Owend fonktionnéiert oder hun ech do eppes falsche verstaanen? Gët déi dann erem ofgerapt?
Op jidferfall hu se de Site scho genuch verschass. Mier huet e virun 12 Joer besser gefall. Do kunnt een vun der aler Belvaler-Gare aus nokucken, wéi d'Minette den Uewen eropgefuer as, a wéi d'Waggongen mam Gosseisen fortgefuer sin. An et gouf eng ganz typesch Geräischkulisse déi ech nach haut emmer am Kapp hun. Wann ee vu Bieles aus op d'Schmelz erofgekuckt huet, huet et regelrecht gedröhnt.
Mee gudd, wa se elo mat Liitecher spille wellen, da sollen se dat maachen.
|
|
10.10.2008 15:47 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Ech mengen dei Luuchtinstalatioun soll schon do fest bestoe bleiwen (sou aehnlech wei op der Völklinger Hütte.. Bis daat aawer definitv a Betrieb geholl gett waert et wuel nach daueren... vun dohier as haut den Owend d'Presentatioun an dann dauert et nees bis een sech daat kann ukucken... ech verstn deng Nostalgie fir d'Industrie, aawer besser sou wei guer naischt mei ze hun ;-) d'Heischiewe si jo sou oder sou nunmol net mei aktiv :-/
|
|
10.10.2008 16:58 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Ok, dann hun ech verstanen, also eng "avant-première"
|
|
10.10.2008 17:34 |
|
|
|