marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
Salut!
Ech maachen lo seit e puer Méint meng Fotoen am RAW an ech hun d'Gefill wéi wann d'Farwen extrem blatzeg sin, och schon wann ech se um Fotoapparat selwer kucken (also net réicht um PC). Ass daat normal oder un wat kéint daat leien?
|
|
08.07.2008 23:06 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Also um Photoapparat missten se normalerweis tselwescht ausgesin wéi wanns de jpeg knips. Dat den RAW um Computer méi blatzeg ausgesäit kann un verschidde Saachen leien:
- Du hass beim jpeg am Apparat d'Astellungen esou dat d'Fuerwen zimlech gepusht woren
- Waat fir en RAW-Konverter dass de benotz an mat waat fir engen Basis-Astellungen
- Villäicht mechs de d'Biller am AdobeRGB an kucks se dann mat eppes waat deen net kennt, da kann et och méi blatzeg ausgesin
|
|
08.07.2008 23:16 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Dat as ganz normal dass RAW Biller méi blatzeg ausgesin. JPEGs gin gewéinlech direkt vum Fotoapparat saturéiert, geschärft an mat méi Kontrast versin. Mat RAW kriss de selwer d'Kontroll doriwwer wéivill déi Fotoen nobeschafft gin, an du bleiws méi flexibel.
__________________ www.gloda.net
|
|
08.07.2008 23:25 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
Zitat: |
Original von gloda
Dat as ganz normal dass RAW Biller méi blatzeg ausgesin. JPEGs gin gewéinlech direkt vum Fotoapparat saturéiert, geschärft an mat méi Kontrast versin. Mat RAW kriss de selwer d'Kontroll doriwwer wéivill déi Fotoen nobeschafft gin, an du bleiws méi flexibel. |
mee d'astellungen di de Fotoapprat um JPG gemat hätt gi normalerweis vum RAW programm mat iwwerholl. Kann ee natierlech rem réckgängeg maan net wi am JPG eben.
Wann ech e RAW maan an en JPG an se zesummen am Aperture opmaan gesinn se zimmlech genau d'nemmlecht aus!
Haat awer och schomol problemer dat se blatzeg wuaren awer dat mam Photoshop CS1.
Wéien RAW programm beotzt de dann marischen?
|
|
09.07.2008 07:50 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Zitat: |
Original von klex
mee d'astellungen di de Fotoapprat um JPG gemat hätt gi normalerweis vum RAW programm mat iwwerholl. |
Nix da. Daat geet villäicht mam original Konverter vum Hiersteller vun der Kamera, awer soss net.
|
|
09.07.2008 16:42 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
Zitat: |
Original von Charly
Zitat: |
Original von klex
mee d'astellungen di de Fotoapprat um JPG gemat hätt gi normalerweis vum RAW programm mat iwwerholl. |
Nix da. Daat geet villäicht mam original Konverter vum Hiersteller vun der Kamera, awer soss net. |
Kan der gär mol weisen den ennerscheed tescht JPG a RAW dat su gud wi keen do ass.
Suguer dee banalsde RAW konverter, den ''Preview'' um Mac den mecht et wi de JPG!
|
|
09.07.2008 16:45 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Also ech hun nach nie mat zwee Konverter daat selwecht Resultat kritt ouni manuell drun ze dréinen, an dann nach ... Esouguer teschent ACR 4 an LR2 beta ass en Ennerscheed. Wéi grouss deen ass hänkt allerdings vill vum Bild of.
|
|
09.07.2008 19:56 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
Ech benotzen den Photoshop CS2 fir se opzeman an ech hun nie eppes um Photoapparat geännert wat JPG ugeet. Dofir soen ech lo mol einfach dass dem gloda seng Äntwert mer am beschten gefällt, vum Recht verstin ech nämlech bal naicht :-D
Merci fir är Äntwerten :-) Ech denken ech wees lo bessi méi.
|
|
09.07.2008 20:07 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
|
09.07.2008 20:58 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
Zitat: |
Original von Charly
Also ech hun nach nie mat zwee Konverter daat selwecht Resultat kritt ouni manuell drun ze dréinen, an dann nach ... Esouguer teschent ACR 4 an LR2 beta ass en Ennerscheed. Wéi grouss deen ass hänkt allerdings vill vum Bild of. |
Hmm also hei gesais de jo och dat en ennnerscheed ass, mee wiirklech kee wu an d'aa spréngt...
dann hun ech och flait gléck
|
|
10.07.2008 23:48 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
Zitat: |
Original von Charly
Zitat: |
Original von klexdann hun ech och flait gléck
|
... oder nëmmen langweileg Biller
Nee, seriö, wéi gesoot, et hänkt ganz vill vum jeweilegen Bild of. "Normal" Biller mat net zevill Kontrast an kengen extremen Liichtverhältnisser (Farwtemperatur) stellen keen Problem duer an gin wuel vun allen gläich gudd oder schlecht konvertéiert. Mee bei méi schwierege Biller kommen dann d'Ennerscheeder eraus (am gudden wéi am schlechten Sënn). |
Ech schwätze mol fir mech a soen ''bei mär net'' da si meng biller all langweileg well wann ech naischt dru maachen sin se par défaut ALL d'nemmlecht am JPG an am RAW, genau wi op mengem Beispill, an ech hun den JPG mol net an de standartastellungen. (Bis ab 1600 ISO well de Konverter d'Noise reduction vum Apprat net iwwerhelt a wann kritt en se net su wi den JPG am Aprat.
Ka sin dat et bei där anescht ass, wollt der just soen wi et bei mär ass
lo kans de mer et gleewen oder net.
|
|
11.07.2008 18:46 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Zitat: |
Original von klex
Ka sin dat et bei där anescht ass, wollt der just soen wi et bei mär ass
lo kans de mer et gleewen oder net. |
Ech soot jo net dat ech der daat nët gleewen, just dat et bei mir net esou ass. Just fir ze soën dat et net esou sin muss.
Et wonnert mech just. All Konverter huet jo séng Method fir d'RAW-Daten ze interpretéieren an dass eng Rei verschidden Konverter aus dem selwechten RAW mat verschidden Algorithmen daat genau selwecht Resultat eraus bréngen sollen ass dach schon erstaunlech, oder? Firwaat gët et dann eigentlech esou vill verschiddener? An esouvill Leit schwéieren dat desen Konverter besser Faarwen bréngt, deen do besser Schärft, etc. Do mussen dach Ennerscheeder sin, oder? Wéi gesoot, dofir sin ech baff dat een ëmmer daat selwecht Resultat kréien kann (ouni laang un engem Haufen Astellungen ze dréinen fir dohin ze kommen).
|
|
12.07.2008 17:09 |
|
|
|