Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Material » Sigma 70-300mm? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Sigma 70-300mm?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
fabs
Grünschnabel


Dabei seit: 01.10.2007
Beiträge: 4

Fragezeichen Sigma 70-300mm? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien, ech wollt froen op een mat desem Objektiv schafft:
Sigma 70-300mm F4-5.6 DG MACRO fir Nikon
Wa jo, bass du zefridden domat an kanns du mir dat recommandéieren?
Ech hat bis elo en 55-200mm vun Nikon an war ganz zefridden domat mee leider war et mir virun e puer Méint gefall an huet elo den Geescht opgin (Autofokus geet net méi an et knackt wann ech manuell fokusséieren).
Merci fir är Äntwerten, Fabrice.
06.06.2008 12:36 fabs ist offline E-Mail an fabs senden Beiträge von fabs suchen Nehmen Sie fabs in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech haat mer den Sigma 70-300 firun 2 Joër fir 219 € kaaft. Den Präis léist schon erooden dass et keen immens perfomanten Tele ass.

Fir Ufänger, dei éischt Erfahrungen mat enger méi wäiter Brennwäit maachen an bëssen experimentéieren wëllen ass et an mengen Aen brauchbar. Ech hun vill gudd Fotoën dermadder geschoss, mat ganz villen Resultater war ech awer och net zefridden.

219 € (haut wäert et jo nach mei belleg sin) waren/sin net vill fir een Tele, wat sëch, weigeschriwwen, ob d'Qualitét auswierkt. Wanns du een Ufänger bass an éischt Schrëtt mat souengem Objektiv maachen wells kanns de et jo emol an engem Fotogeschäft ausprobéieren.

Kuck och emol bei den internen Annoncen. Den Mulanski verkeeft zum Beispill een Nikon 70-300 VR fir 400 €.
06.06.2008 13:32
fabs
Grünschnabel


Dabei seit: 01.10.2007
Beiträge: 4

Themenstarter Thema begonnen von fabs
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ufänger sin ech net méi, allerdings sin ech awer och nach wait vun engem Profi ewech. Ech hun en 55-200mm mee heiansdo fehlt mir nach en bessen Zoom. Ech wollt dofir mol kucken wat et nach esou gett ouni mussen ze déif an Täsch ze graifen well soss lossen ech main 55-200 flecken. Dofir wier den Sigma 70-300mm F4-5.6 DG MACRO eppes fir mech.
Kanns du villeicht en bessen präziséieren wats du positiv an éischter negativ fonnt hues?
Ech hun mol um Internet geliess dass en Autofokus lues ass, stemmt dat?
Wéi ass et mat der Bildschärft? Hellt déi stark oof wann een zoomt?
Ass et liichtempfindlech genuch fir och bei bedecktem Wieder (einegermoossen gudd) Fotoen ze machen?
Et gett den Modell och mat besseren Lensen (APO), wier den wéinst der Schärft éischter ze empfehlen?
Ech soen dir villmols Merci, Fabrice
06.06.2008 16:00 fabs ist offline E-Mail an fabs senden Beiträge von fabs suchen Nehmen Sie fabs in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Den Autofokus ass heiernsdo effektiv lues, dat stëmmt. Ab 200mm haat ech schon oft Problemer mat der Bildschäerft. Ech wëll awer dobäi soen dass ech schon méi laang netmei serieux mam Tele geschafft hun. Et kann gudd sin dass ech mech am Ufank domm ugestallt hun, an beschtemmt mei hätt kënnen aus dem Objektiv eraus huelen.

Ech hun oft missen laang beliichten, an ouni Stativ sin meng Fotoën oft alleguer verwackelt gin. Ech well awer nachengkeier präziséieren dass dat sëcherlech och un mir selwer loung, well ech mech nach net souvill domadder bschäftegt hun.

Ech hun den 70-300 APO, ech wosst net dass et do verschidden Modeller gin.

Dei Foto dei ech der ugehaangen hun war eng vun deenen éischten dei ech serieux mat deem Tele gemaach hun. Ënner schwéieren Luuchtconditiounen (Clubsall an der Rockhaal) kruut ech flott Resultater; ouni Stativ hätt ech dei Schäerft allerdings nie eraus kridd.

Ech sin der Meenung dass et vill vun den Situatiounen an Motiver oofhängt dei's du fotograféiers. Dëst Objektiv ass fir Sportfotoën vielleicht net sou geegent, Makrosujeten kriss de awer flott an Scene gesaat. Mee fir der dat wierklech erklären ze kënnen verschtin ech net genuch dervun.

Ech giff mengen wanns du dir keen super Objektiv kaafen wëlls (wéinst finanziellen [verständlechen] Grënn) kanns de mat dësem Kompromëss awer flott Fotoën schéissen. Dass den Autofokus lues ass huet mech net ëmmer gestéiert well ech och vill an gäeren Makrofotoën domadder maachen, wou ech mer oft d'Zäit loosen manuell ze fokusséieren.

Et hängt sëcherlech vill vun dir selwer oof. Et gin Léit dei maachen mat "bellegem" Material super Fotoën, aaner brengen nëmmen schlecht Resultater mat déierem Geschier... smile .

Mojoo hat dieses Bild (verkleinerte Version) angehängt:
TonyRoysterJr.jpg
Volle Bildgröße

06.06.2008 16:23
ApplEric ApplEric ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-63.gif

Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also, ech hun de Model firum Dany sengem, dat heescht den Sigma 75-300mm APO op ebay fier 100 €uro kaaft, an ech muss zwar soen, fier de Prais ass dei Lens nawwel net schlecht.
Stemmt allerdings, heiandsdo ass den Autofokus bessen lues, en plus hudd dien aale Model nach en EXTREM Lautstaarken Autofokus… :-)

Bon, ech senn allt well um gang mecch no engem Nikon oder Sigma 70-200mm f:2,8 emzekucken, well awer eppes besseres, mee den Sigma 70-300 ass secherlech VILL mei preiswert wei sou liichstaark stecker an en plus ass en bis 300mm. (An dei notzt een och aus, wann een sou eng Lens hudd, dat ass secher)

Wanns de nach mei Brennwait brauchs, dann ass deen hei secherlech och intressant: Tokina 80-400mm

Natierlech och e Krack mei deier.

Tamron hudd och nach eng Alternativ zum Sigma: Tamron 70-300mm

Ech muss zwar nach zum Sigma soen, datt ech eigentlech matt de Fotoen ganz zefridden senn, firun allem wat d'Schärft ugeht. Et krett een awer emmer rem eng flott Schärft dermatt dran, an ech kann mech driwwer bekloen.

__________________
You don't need eyes to see,
you need visions

Faithless

07.06.2008 17:06 ApplEric ist offline E-Mail an ApplEric senden Homepage von ApplEric Beiträge von ApplEric suchen Nehmen Sie ApplEric in Ihre Freundesliste auf AIM-Name von ApplEric: applericlux MSN Passport-Profil von ApplEric anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Den Autofokus ass heiernsdo effektiv lues, dat stëmmt. Ab 200mm haat ech schon oft Problemer mat der Bildschäerft. Ech wëll awer dobäi soen dass ech schon méi laang netmei serieux mam Tele geschafft hun. Et kann gudd sin dass ech mech am Ufank domm ugestallt hun, an beschtemmt mei hätt kënnen aus dem Objektiv eraus huelen.


Also d'Lydie huet d'Objektiv och. Ech wees natirlech lo och net wéis du dech genee ugestallt hues, mee och ech hun oft Problemer fir dass en sech richteg schaarf stellt, an dann dauert et eng absolut Eiwegkeet och nach. Ech géif den Autofokus nämlech net just als "bessen lues" beschreiwen, mee dee luesten den ech bis elo kennen smile

Bei enger méi éiger Brennwäit ginn d'Fotoen äusserdem liicht fad, also op franséisch wir et "flou", daat ass en typesche Problem bei bellegen Teleobjektiven. An heibäi handelt et sech em déi "besser" Variant, d'APO ...

__________________
404 - Not found
08.06.2008 03:08 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
fabs
Grünschnabel


Dabei seit: 01.10.2007
Beiträge: 4

Themenstarter Thema begonnen von fabs
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Gudden Mëtteg, ech soen iech alleguer Merci fir är Äntwerten.
Ech hun mir Geschter d'Objektiv Sigma 70-300mm F4-5.6 APO DG MACRO no en bessen hin an hier (well ech awer och net grad wéing manner gudd Kritiken geliess hun) kaaft an och direkt gestest. Ech konnt et am Geschäft probéieren an war dun awer dovun iwerzeegt. Dobannen kann een awer net mat dobaussen verglaichen esou dass ech net lang gewart hun fir et och dobaussen ze testen esoubaal ech et kaaf hat. Ech muss soen dass main éischten Androck awer gudd ass. Ech stemmen dem zou dass den Autofokus zimlech Kaméidi mecht mee dat stéiert mech net wéider. Ech hun main Lieblingsmotiv (Zich) bei bedecktem Wieder geknipst an déi meecht Fotoen sin och scharf gin. Et huet just ganz en bessen Kontrast gefehlt wat eventuell awer och un mengen Astellungen um Fotoapparat an och un dem net grad idealen Wieder léien kann. Haut hun ech d'Makrofunktion getest: fir an den Modus an erem zreck ze wiesselen ass keng grouss Saach wann een sech bis d'Prozedur am Kapp huet. Ech hun just festgestallt dass en do méi lang brauch fir ze fokusséieren wéi wann ech elo z.B. en Zuch knipsen. Eng roueg Hand oder en Stativ ass och néideg fir dass d'Foto net verwackelt gett, bei mir wier et éischter en Stativ (dat ass méi einfach wéi d'Hand roueg ze haalen unglücklich )
Ech hoffen dass ech och nach an e puer Wochen behapten kann dass ech mat dem Objektiv zefridden sin an et mir net leed deed dass ech mir et kaaf hun.
Bis dann, Fabrice
08.06.2008 18:29 fabs ist offline E-Mail an fabs senden Beiträge von fabs suchen Nehmen Sie fabs in Ihre Freundesliste auf
toto
Tripel-As


Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

kannste eing macro dofuner weisen w.e.g
09.06.2008 00:09 toto ist offline E-Mail an toto senden Beiträge von toto suchen Nehmen Sie toto in Ihre Freundesliste auf
fabs
Grünschnabel


Dabei seit: 01.10.2007
Beiträge: 4

Themenstarter Thema begonnen von fabs
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut, sry wann et méi lang gedauert huet mee ech war e puer Deeg fort. Ech sin fir Verbesserungsvirschléi op mee zerrappt mech weg net direkt an der Loft well ech hun dat nach nie virdun probéiert an fannen dat och net esou einfach fir eng gelongen Foto ze machen. Héi sin d'Linken op meng éischt Makrofotoen:
http://img377.imageshack.us/img377/1858/dsc5789zg5.jpg
http://img377.imageshack.us/img377/236/dsc6683nb7.jpg
http://img377.imageshack.us/img377/7796/dsc6580vx7.jpg
Bis dann, Fabrice
15.06.2008 17:41 fabs ist offline E-Mail an fabs senden Beiträge von fabs suchen Nehmen Sie fabs in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Material » Sigma 70-300mm?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH