Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Mam Tethering weess ech et net genee, eppes méi ze froen wéi VOX fannen ech awer Blödsinn, well eigentlech ass et näischt anescht wéi den normalen 3G den ee schonn huet, just dass Daten un e Computer wieder geschéckt ginn, wat näischt mam Netz ze dinn huet.
Hei awer mol eppes zum Thema MMS, wat och puer Leit dieft interesséieren:
http://www.netsphere.lu/2009/06/18/iphon...mms-verschecken
__________________ 404 - Not found
|
|
18.06.2009 14:30 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
Themenstarter
|
|
Merci Johny fir dain Kommentar.
Ech haat virgëschter schon opt Luxgsm Helpline ugeruff fir nozefroen wéi si welles sin déi Affaire ze handhaben awer d'Joffer um aaneren Enn vun der Leitung wousst guer naischt doriwwer.
An menger Mëttesstonn haut, wou den neien OS jo offiziell eraus ass, wousst am Luxgsm Shop zu Esch och nach keen eppes doriwwer. D'Joffer war iwwerfrot hier ech ugefaangen hun vum Tethering ("Iphonen als Modem benotzen") ze schwätzen.
Vun neien Tariffer, wéi elo bei Voxmobile, wousst sie och nach naischt.
Daat heescht fir mech esouvill wéi dass ech nach mam Update warden. Mam Jailbreak léisst sech main GSM am Moment nach als Modem notzen ouni dass et mech extra kascht. Do gin ech mer awer keng sichen.
Zitat: |
Här Rosenfeld vun Luxgsm, Wort.lu ... Ob sich an der Preisstruktur etwas ändern werde, könne er derzeit nicht sagen, jedoch: "Prinzipiell zahlt der Kunde für ein definiertes Datenvolumen. Ob er dieses Volumen via iPhone oder mit dem iPhone als Modem verbraucht, ist eigentlich egal," so Rosenfeld. |
Sollt daat wierklech stëmmen, an Luxgsm keen extra fir déi Funktioun facturéieren wier Luxgsm der Konkurrenz nees e Stéck viraus. Prinzipiell kann et dem Provider jo egal sin wéi ech main Forfait verbrauchen...
Deendo
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von deendo am 18.06.2009 15:40.
|
|
18.06.2009 15:39 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Maja, souguer den Här do seet dat selwecht wéi ech .. et ass nëmmen logesch
__________________ 404 - Not found
|
|
18.06.2009 15:45 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
Themenstarter
|
|
... et liest wierklech keen Luxgsm-Insider hei mat ;-)?
Hoffe mer daat bescht *g*
|
|
18.06.2009 15:52 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dach den tscjoki ass jo hei, dee liest dat hei sécher nach
__________________ 404 - Not found
|
|
18.06.2009 15:53 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Jo,bestemmt liest en et nach ;-)
Ass zwar eichter de Post-Insider,mee egal.
Et ass am Moment nach ganz schwéier u genau Infoen ze kommen,well ech déi och vu Luxgsm kréien.Sie bestemmen alles waat Tarifstrukturen sin,mir kemmeren eis em Netz .
Secher ass op jidferfall dass et am Moment! am selwechten Forfait mat abegraff ass,well déi ganz Astellungen vum Handy jo nach déi selwecht sin (APN Server,etc)
Soumadden kenne mir jo am Moment keng Differenz machen op de Client mam Iphone oder mam Laptop surft.
Wann eng nei Preisstrukture kennt,da muss de Client jo op jidferfall e neien APN matgedeelt kréien,deen hien an deem Fall benotzt wou en iwer Laptop surft.
Op daat elo am selwechten Forfait mat dragehéiert oder net,doriwer kann een diskutéieren. Ennert dem Strech schon,mee et muss een awer bedenken dass beim Laptop ganz aaner Volumen wärten op de Netzbedreiwer zoukommen.
Daat "surfen" um klengen Ecran mecht net ganz vill Spass an ech fir mein Deel benotzen et weider net vill a nemmen a Noutfäll (Hun zwar keen Iphone,mee en HTC HD..)
Beim Laptop geseit daat awer scho ganz aanescht aus.
Mee wéi gesoot,am Moment wees ech selwer nach neicht genaues an ech mengen an dem Marketing vu Luxgsm sin se am Gaang sech doriwer de Kapp ze zerbriechen. Villeicht warden se och just of waat Konkurenz mecht :-)
Soubaal ech méi sollt wessen,wärt ech et selbstverständlech hei posten.
|
|
18.06.2009 16:23 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
Themenstarter
|
|
Moien,
ma daat ass jo lo mol eng Info - och wann et mir net hëlleft meng Fro ze beäntweren *grins*
Interessant och, dass den Provider nach keng Léisung fonnt huet. Ech géif als Client gären virun engem Update wëssen waat fir eng Folgekäschten déi nei Funktiounen mat sëch bréngen. Daat gëllt och fir d'MMS'en (!).
Esoulaang ech nët genee wees waat sëch ännert lossen ech d'Fangeren vum Update, obwuel ech immens firwetzeg sin. Am léifsten hätt ech en "propperen" System, dh en iPhone wéi frësch aus der Fabrik, ouni Jailbreak an ouni PDAnet.
Fir mech als Zeitungsmënsch ass et praktesch iwwert den iPhone Texter a Fotoen ant Redaktioun schécken ze kënnen, ouni zeréck ant Redaktioun ze mussen. Zumols wann en Evenement bis Owes dauert, ass et op déi Art a Weis trotzdem nach méiglech déi eng oder aaner Foto "matzehuelen".
Tjo, Voxmobile freet also 10 Euro - schéin, déi Suen wärt sech Luxgsm jo wuel net entgoen lossen. Wisou keng Optioun fir 2,5 Euro, oder eemoleg 25€ firt Fraischalten?
Deendo
|
|
18.06.2009 17:18 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech froen mol muer an den Téléboutique mäi Chef, vläit huet deen schon eppes méi matkritt.
__________________ www.gloda.net
|
|
18.06.2009 19:00 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
So elo net dass mir zesummen schaffen ????
|
|
18.06.2009 21:17 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Mengen net, ech sin an der TB Centre, do kennen ech op mannst keen mat enger 5DII
__________________ www.gloda.net
|
|
18.06.2009 21:22 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Do leis de e besse falsch.... ;-)
Da bass de jo beim Max a beim Savio...enner anrem :-)
|
|
18.06.2009 21:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dir gitt liicht offtopic
Ech hunn lo bei mir Tethering aktiv, mat Tango
(Ouni Hëllef vun hinnen. Config File hei erof gelueden: http://help.benm.at - mam iPhone drop goen, dann Mobileconfigs, dann Land wielen, Provider, installéieren, tethering umaan, uschléissen, astellen, an no nach engem usb-reconnect ass et dun bei mir gaang)
__________________ 404 - Not found
|
|
18.06.2009 23:44 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Den Service de Facturation seet* dass fir LuxGSM Clien'en surfen um Computer iwwert en getethered'en iPhone wärt am Forfait iPhone S respektiv iPhone L mat abegraff sin. Dat eenzegt wou een muss dann weider oppassen as dass een d'Limite vun séngem Forfait net iwwerschreit, fir den L as d'Limite duerch d'Fair Usage Policy op 25GB/Mount gesat.
*Ech représentéieren net LuxGSM, bezitt ierch fir secher ze goen w.e.g. op en offiziellen Communiqué.
Passt och nach op dat hei op: Mam 3.0 Update sin MMSen komm. Wann der elo eng SMS verschéckt an multipel Empfänger asetzt mecht den iPhone automatesch eng MMS draus. MMSen sin net am Forfait iPhone S/L mat abegraff an gin zousätzlech facturéiert. Gidd ierch do keng sichen!
(An OT: Den tscjoki schafft effektiv um Stack iwwert mir
)
__________________ www.gloda.net
|
|
19.06.2009 11:26 |
|
|
Sicho
Foren As
Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79
|
|
Zitat: |
Original von deendo
Interessant och, dass den Provider nach keng Léisung fonnt huet. Ech géif als Client gären virun engem Update wëssen waat fir eng Folgekäschten déi nei Funktiounen mat sëch bréngen. Daat gëllt och fir d'MMS'en (!). |
MMS'en gin normal 10cts pro MMS verrchnet, wei op all aanerem Handy och. Ma iwwerleen awer momentan een MMS Forfait à la Relax op ds'Been ze stellen.
Zitat: |
Fir mech als Zeitungsmënsch ass et praktesch iwwert den iPhone Texter a Fotoen ant Redaktioun schécken ze kënnen, ouni zeréck ant Redaktioun ze mussen. Zumols wann en Evenement bis Owes dauert, ass et op déi Art a Weis trotzdem nach méiglech déi eng oder aaner Foto "matzehuelen". |
dann hueste besser du benotz E-Mailen, well MMS'en sin op 300kb beschränkt (am Netz). D'E-Mailen kaschten dech en plus näischt, well se an dain Datenforfait eranfaalen.
Zitat: |
Tjo, Voxmobile freet also 10 Euro - schéin, déi Suen wärt sech Luxgsm jo wuel net entgoen lossen. Wisou keng Optioun fir 2,5 Euro, oder eemoleg 25€ firt Fraischalten?
Deendo |
afaik wäerten mier naischt fiir den Tethering froën ... daat ass ganz einfach am Datenforfait mat abegraff. Alles aanescht ass dach Abzocke.
Desweideren froën ech mech wisou jiddereen sou op MMS flippt ... IMO ass MMS speitstens an 5 Joër dach "ausgestuerwen" ... all Handy kann dach well E-Mail
|
|
19.06.2009 11:28 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
Themenstarter
|
|
@ Sicho,
nee, ech benotzen keng MMS'en fir meng Fotoen ze schécken. Wann et héich kennt haat ech a mengem Liewen als Handy-Notzer bis elo knapp 3 MMSen geschéckt ;-) Fir esou transferten benotzen ech gären e Laptop, an fir ultra mobil ze sin eben en Netbook mat iPhone-USB-Modem.
@ Gloda an Sicho
Daat waat ech elo gelies hun léisst mech dach tatsächlech den Update maachen. Vlaicht warden ech awer léiwer op en offizeillen Statement vu Luxgsm... ;-) Da si mer mol gespaant wéi déi nei Funktioun gehandhabt gëtt
@ Gloda
Merci fir d'Warnung mat den SMS'en déi u méi Empfänger geschéckt gin. Daat ass gudd ze wëssen, well ech gären emol esou Massen-SMS'en verschécken wann d'Bensinspraisser nees änneren *grins*
@ Johny
Wisou brauch een déi Moblieconfig'en? Klappt daat mam Tethering net automatesch no engem Firmwareupdate via iTunes?
Deendo
|
|
19.06.2009 11:53 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Nee, klappt et net. Bei LuxGSM kritt e Kolleeg et trotzdem net un d'goen, VOX weess ech net, mee Tango klappt mat deene Mobileconfigs
__________________ 404 - Not found
|
|
19.06.2009 12:00 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
Themenstarter
|
|
... aha, awer nach e Grond fir ze warden ;-) Never change a running system. Da bleiwen ech beim gudden aalen PDAnet *g*
|
|
19.06.2009 12:02 |
|
|
|