rom unregistriert
|
|
Moin!
Kann een zwee Filteren iwerteneen op en Objektiv schrauwen ouni Bildkalitéit ze verléieren, resp. Sträifen oder soss eppes an d'Bild ze kréien? Virun allem UV an nach en aaneren Filter uewen drop.
Romain
|
|
17.02.2007 18:11 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Salut. Bildqualitéit get emmer verluer, och schons mat engem Filter. Dies soll ee sech bewost sin a nemmen e Filter verwenden wann dat och eppes brengt (z.B eng gewenschten Bildausso). Duefier as et wichteg qualitativ héichwaerteg Filteren ze benotzen, och wann déi kennen zimmlech deier gin.
Ech géif op jidferfall den UV-Filter erofhuelen, wann s du en 2.te Filter drop mechs. Wa s du méi Filteren drop mechs get d'Gefohr vun der Vignettéierung natierlech och méi grouss. Do kann ee sech hellefen, andeem een iwwerdimensionéiert Filteren hellt, an déi mat engem Adapter un d'Gewenn upasst. Streifen tauche secher net op. Eventuell as am Géigeliicht d'Gefohr vu Reflexer méi grouss.
Wat UV-Filtere betrefft, do verzichten ech komplett drop. UV-Schutz brauch keen, d'Lensen an den Objektiver absorbéieren UV souwisou. Den UV-Filter kann awer sennvoll sin, wann een an enger stepsecher Géigend oder bei Reen schafft. An allen anere Fäll setzt en d'Bildqualitéit erof a brengt neischt.
Et get jo och nach den Deckel fier d'Objektiv ze schützen. Dee gehéiert emmer drop wann ee net duech d'Lens kuckt.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 17.02.2007 19:41.
|
|
17.02.2007 19:40 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Den UV Filter as wichteg fir d'Objektiv ze schützen. Et as vill ze séier een an däin Objektiv gerannt, an dass bas de frou dass d'Schréips am 50€ Filter an net am 500€ Objektiv as.
__________________ www.gloda.net
|
|
19.02.2007 00:03 |
|
|
rom unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von patrickr
Duefier as et wichteg qualitativ héichwaerteg Filteren ze benotzen, och wann déi kennen zimmlech deier gin.
Daat wollt ech souwisou, BW oder Hoya.
Ech géif op jidferfall den UV-Filter erofhuelen, wann s du en 2.te Filter drop mechs. Wa s du méi Filteren drop mechs get d'Gefohr vun der Vignettéierung natierlech och méi grouss.
Ech wollt evtl. en UV an enger Slim-Versioun huelen fir nach en aaneren kënnen drop ze setzen, mee da kann ech daat evtl. sin loossen. Fir d'Vignettéierung huelen ech awer beim mengem Wäitwenkel evtl. eng Slim-Versioun.
Streifen tauche secher net op. Eventuell as am Géigeliicht d'Gefohr vu Reflexer méi grouss.
Ech mengen daat haat ech schon mol, duerfir hun ech gefrot. Gutt ze wëssen.
Wat UV-Filtere betrefft, do verzichten ech komplett drop. UV-Schutz brauch keen, d'Lensen an den Objektiver absorbéieren UV souwisou. Den UV-Filter kann awer sennvoll sin, wann een an enger stepsecher Géigend oder bei Reen schafft. An allen anere Fäll setzt en d'Bildqualitéit erof a brengt neischt.
Ech wollt den UV och just huelen als Schutz, well ech nët andauernd wëll den Deckel drop maan an erof huelen ;-) Souvill Qualitéitsverloscht kann ech verdroen... daat wärt sécher nët sou en Riesenënnerscheed sin.
Et get jo och nach den Deckel fier d'Objektiv ze schützen. Dee gehéiert emmer drop wann ee net duech d'Lens kuckt. |
Merci fir deng ausféierlech Äntwert. :-)
Zitat: |
Original von gloda
Den UV Filter as wichteg fir d'Objektiv ze schützen. Et as vill ze séier een an däin Objektiv gerannt, an dass bas de frou dass d'Schréips am 50€ Filter an net am 500€ Objektiv as. |
Recht hues de, deer Meenung sin ech och. Wollt mech jsut virdrun bëssen informéieren. Hun en rel. neit Obj. wou ech nach keng Filteren hun an et as nach eent bestallt wou ech och nach keng hun. Natierlech hun déi zwee verschidden Gewënnduerchmiesser ;-(
|
|
21.02.2007 21:41 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Original von patrickr
Duefier as et wichteg qualitativ héichwaerteg Filteren ze benotzen, och wann déi kennen zimmlech deier gin.
Daat wollt ech souwisou, BW oder Hoya
Kuck dass di Filteren déi s du keefs ee gudde "Multi-Coating" hun. Als klengen Test kann een d'Filterglas am Butteck als Spiggel benotzen fier z'B eng Luucht déi um Plafong hengt ze kucken. Wann déi Luucht schéin greng bis mov gespiggelt get dann as eng Vergütung drop déi d'Reflexer duech Interferenz erof setzt. Wann d'Luucht wäiss bleift, dann as de Filter näischt.
Och bei nahmhafte Filterhierstellere gin et verschidden Serien, vu belleg, ouni Vergütung bis Deier mat gudder Vergütung.
|
|
22.02.2007 11:14 |
|
|
rom unregistriert
|
|
Merci. Hun elo Uv-Filter'en vun Hoya, multi-coated. Sin bis elo zefridden domat. Anerer kaafen ech mir nach.
|
|
23.03.2007 13:13 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Awer keng 2 UV Filteren openeen setzen ;P
__________________ www.gloda.net
|
|
23.03.2007 14:28 |
|
|
|