Gaga unregistriert
|
|
rem sou eng topesch Idee.... |
|
Haat graat eng Idee well ech engem user eng Foto verschaft hun an him se wollt weiderschecken, resp froen ob ech se dierf einfach op PG posten.
Dun hun ech mer geduercht, et keinnt een jo eng Kathegorie machen, wou een Fotoen dei gepost goufen, kann ob seng Art a Weis verschaft roplueden. Natierlech leit dann erem t'Fro am Raum ob een beim roplueden dann misst ugin, ob een well dat t'Foto sou benotzt get oder net, daat ganzt wier jo enenr CC Lizens meiglech, mat Namensnenung natierlech. Ech denken et wier eng gut Sach fier sech geigenseitech ze hellefen an ze weisen wei een aaneren aus dem selwechten material epes ganz anescht eraus kritt.
Wei gesoot, just sou eng spontan Idee, wier frou wann deen een oder aaneren geif soen waat en dovun hällt.
MbG
|
|
18.04.2013 22:27 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
RE: rem sou eng topesch Idee.... |
|
Mengen Gaga, wier net schlecht wann leit sech giefen Drun gin mol Regelmeisseg Biller eropzeleuden deise selwer Geschoss hun, ewei dasse unfänken un deenen anneren hieren Biller ze piddlen, och wannet da Weiterbildung soll helefen, mee am Endeffekt wert een dann emmer e Bild vun engem anneren esou verschaffen eweiet engem selwer am beschten Gefällt an dem eigentlechen User vlait net, an aus engem Bild kennen obemol 20 Versiounen enstoen mat 20 verschieden Meenungen etc.. Et ass net ze vergiessen dass 99% vun de Leit hei Amateuren sen, dei weignest, vileicht wann iwerhapt een en Diplom huet wou Fotograf drop steht, an dofir fannen Ech dass jidereen Photografie vir sech endtdecken soll ouni herno bei all Bild eng Korektur gewiesen ze kreien, dei vlait och net 100teg richteg ass.. Mengen Dofir hun mir jo Meiglegkeet Kommentaren ofzegin, wou bei jo mei Krich ewei Konstruktives dobei eraus kennt...
MfG.
Gianni
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gi87 am 20.04.2013 22:00.
|
|
20.04.2013 21:46 |
|
|
luxiline
Grünschnabel
Dabei seit: 01.02.2013
Beiträge: 4
|
|
RE: rem sou eng topesch Idee.... |
|
Sou laang wéi een nach ëmmer gefrot gëtt ob een dat wëll, ass et an der Rei.
Ech perséinlech fannen et awer méi interessant wann ech an de Kommentaren Uregunge kréien, wat ech eventuell ännere kann, resp. verbessere kann an da probéieren dat selwer ëmzesetzen.
E klengen technesche Problem ass do: et kann een nëmmen 1 al Versioun zréckbehalen, wann en do net direkt eng Fotoserie viirgesäit, da geet d'Original no der 2. Versioun verluer.
Wär dat machbar, dass en méi Versioune kinnt um Site halen, oder ass d'Plaz um Server knapp?
|
|
20.04.2013 22:39 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
RE: rem sou eng topesch Idee.... |
|
Et stemmt effektiv dat daat bei Leit dei sech naischt wellen soen loossen an sech fier "gut genuch" haalen net vill Sënn mecht. Mais mer schwätzen jo vun deenen dei evtl. wëllen gehollef kreien oder (zumols am PS), nach Sachen net wessen.
Fier daat aanert get et jo ememr t'Meiglechkeet en Link zum Original oder eben eng Kopie vum Original mat an t'Serie ze setzen.
Denken do as de Problem net.
Evtl geht daat och besser iwert den Forum, hun mol net esouweit geduecht.
|
|
22.04.2013 13:15 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also ech hun extra mol wollten ofwaarde fir ze kucke wat aner Leit soen. Fir direkt awer fest ze halen: Plaz um Server spillt keng Roll
Ech fannen et selwer net gutt, well et nach méi fördert dass d'Leit Fotoen huelen an dru fummele ginn, woubäi déi meescht mol als éischt solle léieren anstänneg Fotoen ze maachen. D'Leit géifen menger Meenung no ze séier an d'Verschaff-Richtung gedréckt ginn amplaz d'Basis mol ze léieren.
__________________ 404 - Not found
|
|
22.04.2013 13:44 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Also ech hun extra mol wollten ofwaarde fir ze kucke wat aner Leit soen. Fir direkt awer fest ze halen: Plaz um Server spillt keng Roll
Ech fannen et selwer net gutt, well et nach méi fördert dass d'Leit Fotoen huelen an dru fummele ginn, woubäi déi meescht mol als éischt solle léieren anstänneg Fotoen ze maachen. D'Leit géifen menger Meenung no ze séier an d'Verschaff-Richtung gedréckt ginn amplaz d'Basis mol ze léieren. |
Do sin Ech Absolut denger Meenung !
|
|
22.04.2013 14:36 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Ech gesinn déi Saach sou wéi den Johny, soll een als éischt mol d'Basis léieren ier een un d'Fotoen fummelen geet (blablabla... ech weess^^)
Ech hat awer virun laaaaaanger Zäit en Thread gestart vir sou kleng PS-Problemer dran ze stellen, mee dat ass awer net wierklech benotzt ginn am Nachhinein. 't gëtt am Forum jo eng Rubrik Fotobeaarbechtung, dee kennt mol méi oft benotzt ginn. Alternativ, wanns de Wëssenslücken entdecks, kanns de jo en Tutorial schreiwen, däer sinn och schonn lang keng nei méi ra komm. D'kéint een déi Rubrik och mol vläicht en bëssen méi ervierhiewen, dat d'Leit do mol nees méi aktiv ginn... Johny?
Anerefalls bleift jo ëmmer nach d'Méiglechkeet d'Foto ze verschaffen an dann dem Fotograf per PN oder Kommentar ze schécken, hunn ech alt schonn oft gemaach.
__________________ Anti-Signature
|
|
22.04.2013 14:47 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Stemmt alelrdengs, waat ech selwer gemeirkt hun, wann een se selwer net gemach huet, as et och schweier groussarteg Conceptiounsfehler ze behiewen. Mais soit, wor jo mol weinstens derwert erem 4 Posten mei ze kreien am Forum
MbG
|
|
22.04.2013 16:26 |
|
|
|