Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Multimedia » Wildlife Fotografie » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Wildlife Fotografie  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Gaga
unregistriert
Wildlife Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wierklech erstaunlech, leider nemmen en Trailer, mais trotzdem super intressant :

http://youtu.be/Zxa6P73Awcg

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 24.10.2012 23:42.

24.10.2012 23:42
gi87
unregistriert
RE: Wildlife Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Impressionant ! , do ass Vullen an Hierach knippsen nix dogeint !
25.10.2012 07:50
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

RE: Wildlife Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Super Gaga, waan een kann fir den National Geographic duerch d'Welt reesen an knippsen goen ass dat bestëmmt den Glanz. Et wert och kaum een héi un deen Niveau erunnkommen; schon wann's de ob 500px kucks kriss de Tréinen an d'Aen wat do all Dag vun Naturbiller erannkënnt.

Mais och héi am Land kanns de impressionant Wildlife Biller machen; déi Biller mam Fuss mat den Mäis an der Maul sinn dach sou eppes vun genial.
25.10.2012 09:47 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
RE: Wildlife Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Oder en Eisvull mam Fësch an da Maul großes Grinsen , mee trotzdem ass dat nach alles ze einfach, paraport wannste e Bär, en Nashorn etc.. knippsen gees, dat ass an mengen Aaen Richtegen Wildlife, an net well Fiess oder well Eisvullen vir main gout..
25.10.2012 10:38
BigVood
unregistriert
RE: Wildlife Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Leider verwiessele mëttlerweil vill Leit "Wild" Life" mat "Spectacular" Life. Mir fällt do lo mol grad als Beispill de Fall vum Concours "Wildlife Photographer of the Year" (2010 oder 2011)", wou den 1. Präis un dat Bild mam Wollef gaang ass, den just am Moment wou de "Fotograph" ausléist, iwwert een hëlzen Zonk gesprongen ass. Well dat awer ze vill spektakulär war, ass spéider opgeflunn, datt dat alles gestallt war.

Leider gesinn déi meeschte Leit bal nëmme sou spektakulär Biller, an "d'Produzenten", ob Kameramann oder Fotograph, musse sou Biller liwweren, soss ginn se net am Fernsehen gewisen oder am Magazin opgedréckt.

E "wëllt" Déier ass och kee "geféierlecht" Déier: wéi vill Leit mussen all Joer z.B. an Afrika kutschéiert ginn, fir do kënnen déi "Big Five" ze knipsen? Dat "Erliefnis gëtt konsuméiert an duerno ofgehaakt: da geet et weider bei dat nächst Spektakel.

Menger Meenung no, ass de Ferrnsehen matt sou Sendunge, wéi déi vum Andreas Kieling dorun mat schold: spektakulär Biller, den Akteur matten dran, sou no wéi nëmme méiglech. Muss dat sinn? Muss een den Déieren sou op de Pelz réckelen, fir de verwäerflech Sensatiounshongereg ze befriddegen.



Fir mech fänkt Wilf Life kuerz hannert der Hausdier un: Déieren, déi fräi do bausse liewen, méiglechst wéineg beaflosst vun de Mënschen (sou wäit dat hei nach méiglech ass).

An dat ka wierklech jiddwereen erliewen. Ass op den éischte Bléck zwar anscheinend net sou ergräifend, wéi de Bléck an d'Maul vun engem Krokodil oder vun engem Bier. Ech kann de Leit nëmme roden, mol eng Köier an der Nuecht opzestoen, sech an de Bësch ze schläichen an sech roueg dohin ze setzen: dat ass impressionant wat een do erlieft. Déi total Rou, ihr déi éischt Vigel ufänkt ze päifen ass onbeswchreiflech!
Dat wat d'Leit als roueg Bësch kennen, ass net domadder ze vergläichen: do ass schon der Däiwel lass!

D'Leit wëssen haut méi iwwert eng bestëmmte Ratenzort aus Australien, wéi iwwert e Réi: dat Wësse beschränkt sech oft op: "Mhhh, lecker!"
25.10.2012 13:35
Gaga
unregistriert
RE: Wildlife Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech ennerschreiwen daat Bigvood,
e bessen nom Moto:
Alle wollen zurück zur Natur, nur nicht zu Fuss!

Ob der aanerer Seit, wei wells de dat t'Leit sech, zumols dei Jonk Generatiounen, bewosst sin em waat et geht wann mer vun Naturschutz schwätzen, wann se nie kennen gesin wei herrlech t'Natur iwerhaapt as.

Et muss een sech bewosst sin dat dei meescht Deierenfilmer an Fotoen, hautzudaags gestallt sin, oder hues de dech nach nie gefroot wei mer et färdegbrengen, HD Filmer vun Ameisen an hierem Bau ze machen ???
Soit, daat as en laangt an komplizeiert Thema.

Trotzdem kucken ech dann leiwer esou epes, wei en Elephant oder Leiw am Zirkus oder am Zoo. Daat Bild vum Erdmänchen aus dem Zoo, deen esou traureg kuckt seet hei alles. Oder dem Ed sein Aaf hannert dem Droot.

25.10.2012 16:37
BigVood
unregistriert
RE: Wildlife Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dofir kucken ech och sou gär mol e "Making Of" vun enger Naturdoku. Ufanks hunn ech mech ëmmer gefrot, wéi déi dat maache fir sou Szenen ze filmen z.B. déi kleng Fuussen am Bau. Do gesäit een dann, dat déi Déiren matt der Fläsch am Haus opgezunn goufen.

Géint Enn Fréijoer / Ufank Summer, wann se eis um Fernsehen deeglaang mat Football WM/EM langweilen, froen déi Jugendlech mech ëmmer zu wat enger Mannschaft ech dann halen. Ech erklären hinnen dann, datt ech guer keng Zäit a nach Manner Loscht hunn, mir déi Saachen unzekucken. Da weisen ech hinne e puer Biller, déi ech an där Zäit gemeet hunn, wou déi aner virun der Këscht sëtzen. Allgemeng Reaktioun ass: "Wow, kann een dat och bei eis gesinn!" Jo, et mussen een den A.... awer virun Dir beweegen, a nach méi wichteg, GEDOLD hunn an sech ZÄIT dofir huelen!
25.10.2012 18:00
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech mengen dat d' 'Jugend vun Haut' och ouni sou spektakulär Biller oder Filmer vir d'Natur ze begeeschteren ass. Ech gesinn mech do als beschten Beweis (jo, gehéieren sou just nach derzou). Ech haassen Déierefilmer, an hunn bestëmmt nach keng Dosen gekuckt. Trotzdem géif ech mech definitiv als Naturfrënd bezeechnen, ech sinn mega vill dobaussen, ginn vill Wanderen, Trail lafen (querfeldein), MTB fueren, Seegelen... Ech sinn genau sou wéi den BigVood éischter skeptesch zu sou Fotoen an Filmer, och wann ech d'Fotoen oft mega béis fannen. Ech sinn eben duerch den Sport drop komm, an deelweis och duerch meng Erzéihung, mir hunn als Kanner och vill dobaussen gespillt an waren an den Scouten.
Wat ech richteg sënnvoll fannen vir d'Kanner vir d'Natur ze sensibiliséieren ass en Sprong an d'kalt Waasser. Do goufen et zu eiser Zäit en puer flott Schoulprojeten, wou z.B. d'Jeeër en ganzen Dag mat eis an den Bësch waren an owes mat op den Hochsitz geholl hunn.

__________________
Anti-Signature
26.10.2012 00:10 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
BigVood
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat ass haut awer zimlech anescht: hat organiséiert d'Ëmweltverwaltung een Dag am Bësch fir d'Kanner aus de Grondschoul: do kréien si gewisen, wéi d'Wuer Holz am Bësch verschafft gëtt, mat deels ganz impressionante Maschinnen. Och déi eenzel Bewunner vum Bësch gi virgestallt.
Ass dann awer d'Interessi beim Kand geweckt, an hat geet den Dag drop oder spéider mat den Elteren an de Bësch fir dat nach emol selwer ze erliewen (z.B. Champignonen plécken, oder einfach spadséieren goen), da spréngt op eemol een hannert enger Heck eraus an deet Kreesch: "A wat maacht dier dann hei!?! Dir verdreift Wëld!"

Déi meescht maachen sech dann zimlech ageschüchtert op den Heemwee, a bleiwen do wech. Dat ass erliewen an verzielte Realitéit.
26.10.2012 18:51
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Multimedia » Wildlife Fotografie

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH