Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Hëllef um Portal oder am Forum » Viirdeel oder keen Viirdeel ? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Viirdeel oder keen Viirdeel ?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Viirdeel oder keen Viirdeel ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien alleguer,

schreiwen daat hei well et mech einfach mol interesseiert waat dir driwer denkt.
Muss keen een Roman et hei hin Posten, mee einfach ob et sou as oder ob ech do falsch leien oder net.

Wei et esou oft as, gin et Leit dei sech guer net kennen, bessen kennen, ganz gud kennen, an eben dei di oft zesummen hängken, resp zesummen Fotoen maan gin.
Kennt daat vleit duerch well se sech privat kennen oder eben hei kennen geleirt hun...

Mee no enger Zaitchen hei um Site, faalen eben engem dei Saachen ob, ewei emmer dei Selwescht Leit dei sech geijenseiteg den Hunneg ronderem de Mond schmieren an Blummen verdeelen, halt eben sou kleng Gruppen. Freude

Döfir elo meng "Fro/Feststellung" hei, Leit dei sech hei kennen gud oder net gud, privat oder net, DEI wielen sech dach bestemt geijenseiteg ... zB an eng Wochenoofstemmung, etc. "wou bei ech soen muss, dass een sech do froen stellen muss/kann waat dei do ze sichen !! Mee daat as den AFG vun den Leit geschockt

Geijenseiteg an deem Sönn, ewei: "ach dech kennen ech dach gud, du bas ma symphatesch, oder mat deem verstin ech mech gud etc etc.

Do as dach secherlech een Viirdeel vir deen Fotograf/User hei um Site, dei eng oder aaner Stömmchen ze kreien, zB bei da "Foto vun da Woch" ...

NEE ?! smile

Döfir mein Fazit, besser vleit keen kennen, an dann döfir eng EIERLECH Stemm kreien ...

merci.
05.10.2011 13:13 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
Kwitchibo Kwitchibo ist männlich


images/avatars/avatar-51.gif

Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!

RE: Viirdeel oder keen Viirdeel ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

daat as secher een Fierdeel wans de vill" kollegen " op PG hues! och fir Wochen Photo


ech wielen emmer dei Photo wou ech gudd fannen oder keng well et kent fier das ech ma soen ZWAR NET well et as Keng gudd dobei...


net vergiessen Sondeg get gewielt Augenzwinkern ech geif LESCHT 3 wielen Augenzwinkern

mbG

MARC smile
05.10.2011 13:32 Kwitchibo ist offline E-Mail an Kwitchibo senden Beiträge von Kwitchibo suchen Nehmen Sie Kwitchibo in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Kwitchibo anzeigen
Pit
Mitglied


Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech gesin dat nët sou schlëmm. Du hues jo nëmmen eng Stëmm, mee et sinn awer ëmmer méi Fotoen vun 'Kollegen' dobéi, wat jo sou ass, wann een der 'vill' kennt. Fannen och bis elo keng 'schlecht' Foto bei den Wochenfotoen, mee ech hunn alt heinsdo Qual vun der Wahl, well e pur Biller dobai sinn, déi ech wielen wellt...
05.10.2011 13:47 Pit ist offline E-Mail an Pit senden Beiträge von Pit suchen Nehmen Sie Pit in Ihre Freundesliste auf
Nicon07
Foren As


images/avatars/avatar-127.jpg

Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99

RE: Viirdeel oder keen Viirdeel ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et kann ee séch a 4 deelen, de Koppelabunz maachen an den Handstand op der décker Zéif vun der Fra hirem Fouss, et wärt, sou laang et Mënsche gin, net ouni "Vitamin B(ezéihung)" goen ... ni an néierens. A wéi wäit dat elo hei fir d'Wochefoto gëllt, doriwwer hun ech net ze befannen. Fakt ass, datt et hei op PG mol eng Galerie gouf, déi irgendwann ofgeschaaft gin ass an durch d'Wochefot ersat gouf, aus eben deene vun dir ugeschwatenen Ursaachen. Mais all Form vu Concours, vu Präisverdeelung oder soss Galerie ass per definitionem net objektiv an et fënnt ee bie all Decicioun ëmmer Leit, déi net d'accord sin. Ech géif mir dowéinst elo net zevill de Kapp zerbriechen, wéi di ongeschriwwe Regele vun der Wochefotowiel sin. Ech fannen et einfach mol eng gudd Saach, datt et d'WF gëtt, well, dat mengen ech mol, déi Fotoen hun dch awer eng gewësse Qualitéit, déi mécht, datt een op PG opmierksam gët. Freude

Bis dann, Nico
05.10.2011 13:52 Nicon07 ist offline E-Mail an Nicon07 senden Beiträge von Nicon07 suchen Nehmen Sie Nicon07 in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Themenstarter Thema begonnen von _MiAmI_
RE: Viirdeel oder keen Viirdeel ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

wei gesoot, wollt dest einfach mol an de Raum setzen, vir ze kucken/wessen wei dir driwer denkt... mei net Augenzwinkern
Merci einfach mol an dessen Sönn.
05.10.2011 14:18 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
Mika
Doppel-As


Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Oh freck, doriwwer hunn ech mir nach ni Gedanken gemeet großes Grinsen
Ech gesinn et virun allem als Virdeel wann ee vill Fotografen kennt an wann ee vill zesumme Footen mäeche geet, well et kann ee just léieren. An ween sou drop besteet, eng Wochefoto ze kréien an dorausser ee sérieuxen Contest mécht, dee kann daat ganzt villäicht och bessen méi relax uginn :-D
05.10.2011 19:13 Mika ist offline E-Mail an Mika senden Beiträge von Mika suchen Nehmen Sie Mika in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech maulen zevill ;-)
me ech kann den gedanken komplett verstoen
05.10.2011 20:27
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Themenstarter Thema begonnen von _MiAmI_
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

2 t'Zeilen gin duer. :-)
Manner as Mei
05.10.2011 20:34 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech denken et soll een den site nët zevill eescht huelen, ech hu mer längst connectiounen geschaaf zu leit déi dat hei nët brauchen, an wat déi mer soen huelen ech ganz eescht

soss, kann een sëch nach generell d'fro stellen virwat hei souvill gutt leit ofgewandert sin an d'äntwert ass kloer....
05.10.2011 20:52
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Relax, eecht ... säit wéini muss een iwwerhaapt en Hobby den een aus Spaass un der Saach (!) mécht, dout-eecht huelen? Also dat ass fir mech komplett onverständlech. An et ass grad dat dass muench Leit verschiddenes vill ze eecht huelen wat vill Leit zu falsche Meenungen an Décisioune féiert. Mä do muss jidderee maache wéi hien denkt.

Et ass allgemeng schued dass och vill Leit hei (dat ass ee vun de grousse Problemer an villen aktuellen klengen Fotoclub'en) vill ze vill drop ausgeriicht sinn dass dat ganzt net en Hobby ass den een mat aneren deelt, mä dass alles e Concours ass wou ee muss de beschte sinn, wou ëmmer alles muss perfekt sinn. Dat ass absolute Quatsch an zerstéiert déi ganz Hobbyfotografie.

__________________
404 - Not found
05.10.2011 21:59 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Maimonides Maimonides ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189

RE: Viirdeel oder keen Viirdeel ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ganz genau esou, Nico.
05.10.2011 22:07 Maimonides ist offline E-Mail an Maimonides senden Beiträge von Maimonides suchen Nehmen Sie Maimonides in Ihre Freundesliste auf
Maimonides Maimonides ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Stemmt, Johny.
Well Profien si mir souwisou keng. Gottseidank.
;-)
05.10.2011 22:10 Maimonides ist offline E-Mail an Maimonides senden Beiträge von Maimonides suchen Nehmen Sie Maimonides in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

et léiert een naischt méi hei, dat ass den kär vun menger ausso, well keen méi eppes seet, dat war mol aaneschters
fotoen weisen, alles ass super, mir fillen eis all gutt, jiddereen fënnt alles super, ech kann naischt domatt ufänken, ech géif wierklëch mol rëm gären sou een legendairen shanti-comment kréien... voilà

foto vun der woch? et ass dat wat et ass, mir voten fir d'kollegen an färdeg
ass alles schued, an dat huet alles naischt matt profi ze din me matt engem changement an der mentalitéit
05.10.2011 22:23
Nicon07
Foren As


images/avatars/avatar-127.jpg

Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat stëmmt, Xaph32. Dofir: Wéi wier et, wa mir géifen de Mentalitéitswandel sou huele, wéi en ass, amplaaz enger Welt nozetraueren, déi et sou ni gin ass...?

Den Steve Jobs, deem säi Wee lo hei op deser bloer Gromper zu Enn komm ass, sot mol, wann een dem Kommentator vum Radio haut de Moie gleewe kann, datt ee soll säi Wee goen, an net séch vun deenen aaneren hire Rotschléi a Besserwëssereien aschüchtere loossen. Wéi wäit sou eng Attitüd realistesch, mënschléch ëmsetzbar a gesellschaftléch verträgléch ass, dat sief dohi gestallt. Mais ee Kär Wouerecht ass awer dran. Dofir géif ech einfach mengen, hei, wéi iwerall, handelen d'Leit sou wi si et fir richteg fannen, an op där aanere Säit stin déi, di mengen, di éischt géifen alles falsch maachen... (dat ass elo mat ë bëssen Ironie an défaitissmus vun engem an der Midlifecrisis an dee berufléch mat Jugendléchen an Pubertéierenden ze din huet, gesot... Augenzwinkern ) An dem Sënn ass PG fir méch och a virun allem ee Site, wou ee séng Biller deenen aanere weist, well ee selwer iwwerzeecht ass, datt se derwärt sin, gewisen ze gin. Wat duerno domadder geschitt (Kommentarer, Wochefoto, Favorit, oder vergiess a verluer an der Wull vun den uploads), doropperen huet ee keen Afloss méi...

An hei op PG léiert ee wuel nach epees, och ouni, datt ee Kommentarer kritt, déi ee beléieren. Kucken an nomaachen: Dat war dach mol laang Joerhonnerten DÉI Method, fir ee grousse Meeschter ze gin. Wann een dann séng Viirbiller iwwertrëfft, dann huet ee "säin Ziel ereecht"... A mol éierléch: Huet een ëmmer eppes zu enger Foto, déi ee gesäit ze soen? A wa jo, muss een dat dann och ëmmer maachen?

Dofir: D'Fro nom Sënn vun der Wochefoto a vu Favoritismus a "Vetternwirtschaft" ass berechtegt, taucht och regelméiseg neess op, gëtt och regleméissech nees kontrovers diskutéiert fir ëmmer zum selwéchte Resultat ze kommen: an dat kennt jidereen, deen dat hei bis heihinner gelies huet....

An deem Sënn: Relax bleiwen a fläisseg fotograféieren, an d'Biller hei weisen! Si sin et derwärt gesin ze gin!

Nico

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Nicon07 am 06.10.2011 08:50.

06.10.2011 08:49 Nicon07 ist offline E-Mail an Nicon07 senden Beiträge von Nicon07 suchen Nehmen Sie Nicon07 in Ihre Freundesliste auf
gunman
Mitglied


Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von xaph32
et léiert een naischt méi hei, dat ass den kär vun menger ausso, well keen méi eppes seet, dat war mol aaneschters
fotoen weisen, alles ass super, mir fillen eis all gutt, jiddereen fënnt alles super, ech kann naischt domatt ufänken, ech géif wierklëch mol rëm gären sou een legendairen shanti-comment kréien... voilà

foto vun der woch? et ass dat wat et ass, mir voten fir d'kollegen an färdeg
ass alles schued, an dat huet alles naischt matt profi ze din me matt engem changement an der mentalitéit



Also do ginn ech dir 100 Prozent Recht !! Genau daat ass och meng Meenung.

Ech verstinn och déi aaner Positiounen (z.B. vum Johny) als Administrator vum Site, an et stemmt och, dass jo jiddfereen frei ass den Site ze verlossen wann et him hei net méi passt.

Trotzdem bleiwt et en Fakt, dass déi "alles super" Mentalitéit hei gewalteg zougeholl huet, an hei Photoen akzeptéiert ginn, déi virunt 1 Joer mat Secherheet den Wee net fonnt hätten. Wéi gesoot verstinn ech jo den Mentalitéitswandel fier net méi esou streng ze sin bei den Critèren fier d'Leit net direkt virunt den Kapp ze stoussen, mais, et ass en Fait, dass et emmer méi Leit gett déi keng Kritik (an schons guer keng hefteg) verdroen. Daat ass menger Meenung no en Gesellschaftsproblem, well an der Schoul ass et genau esou, do sinn mir geschwenn esou weit, dass d'Schüler sech hier Noten selwer gin...

Ech kucken trotzdem nach baal all Daag déi Photoen déi hei eropgelueden ginn, well den wierklech allergréissten Deel fannen ech och "super", ech iwerleen mer awer mettlerweil dreimol fier meng Meenung zu enger Photo ze soen, wann den Auteur daat net ausdrecklech gewenscht huet, an dann nach...

Meng Meenung.
06.10.2011 09:20 gunman ist offline E-Mail an gunman senden Beiträge von gunman suchen Nehmen Sie gunman in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von gunman
mais, et ass en Fait, dass et emmer méi Leit gett déi keng Kritik (an schons guer keng hefteg) verdroen. Daat ass menger Meenung no en Gesellschaftsproblem, well an der Schoul ass et genau esou, do sinn mir geschwenn esou weit, dass d'Schüler sech hier Noten selwer gin...


Dat hunn ech och schonn e puer mol gesot, also sinn ech do och denger Meenung, mir kréien et jo selwer mat. An do ännere mir och leider naischt drunn, ausser mer géifen ufänken an de User ze filteren, an dat ass net de Sënn vun der Saach smile

__________________
404 - Not found
06.10.2011 10:27 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

johny, just als denk-ustouss, keng kritik, ech gesin keng comments méi vun den comités-memberen oder just nach ganz seelen (du weess genee wen ech mengen), ech si mer mol nët sëcher op déi meescht iwwerhapt nach wëssen wen alles dodranner ass respektiv admin ass, domadder hutt der är präsenz opgin an de facto gët zougeloos dass den site sëch eben an dës richtung entwëckelt. vlait ass et gewollt, vlait hun awer déi leit déi soss présent woren och e bëssen de kéis (no 3 deeg kommentéiren hun ech och well d'nues rëm voll, kann dat gutt novollzéien), me do lait den hues am peffer.

ceci dit, ech insistéiren dass ech ären engagement prinzipiell gutt fannen, ech soen hei nëmmen wat mer opfällt ;-)
06.10.2011 10:35
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat aas ganz einfach erklärt: D'Zäit smile Déi déi am Comité sinn an och ze schaffen hunn, verléieren méi Zäit wéi se virdrun haten, an ech fir mäin Deel kann soen dass ech och genee doduerch net méi vill als eigentleche User aktiv sinn. Ech maache souguer doduerch quasi keng Fotoen méi ... dat wir ganz anescht wann ech et net administréire misst.

Mir hu schonn doriwwer diskutéiert an eigentlech kenne mer déi Problematik och, awer et ze verbesseren ass eng ganz aner Saach, well Zäit kriss de net hiergezaubert.

__________________
404 - Not found
06.10.2011 12:33 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

wann ech lo wéint provozéiren, dann géif ech soen, du brauchs méi moderatoren ;-)
jo. d'äntwert ass jo logësch, an hu mer dat och sou geduet, me mir sin awer d'accord dass et schued ass dass aus denen grënn gutt leit och ofwanderen. dofir soen ech et ëmmer rëm, ass jo nët fir d'1. dass mer eis mam sujet hun ;-)
06.10.2011 13:53
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Themenstarter Thema begonnen von _MiAmI_
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci vir jiderengem seng Meenung/Aentfert....

Et sin vleit Dommheeten dei ech hei ungeschwaat hun, mee wannste et awa Daag vir Daag mat kriss(also d'Liesen vun den Comments) wei waat wou, messte da eben schnell dein Bild, an iejendwou geet da daat dann ob Noess :-) einfach eben dei 08/15 Comments, daat all Daag, bon sin wk net Een deen alles commenteiert zumols net eben mat engem 08/15 Saatzt, wei zB gefaellt, flott Bea... fröhlich

Bon wann zwar een mir daat schreift soen ech em natirlech Merci....

Mengen vir de Recht gin et wk mei "worse" Problemer...
06.10.2011 13:59 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Hëllef um Portal oder am Forum » Viirdeel oder keen Viirdeel ?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH