Zersch
Jungspund
Dabei seit: 02.02.2011
Beiträge: 10
|
|
Ech wollt mol nofroen firwaat ech des öfteren folgend Fehlermeldung beim uploaden vun enger neier Foto kréien :
Deng Foto as méi grouss ewei 700 kb. Maach se mei kleng. (Kurzfassung :-) )
D'Foto huet awer just 654 , 670 o. ä Unzuel un KB , des öfteren as se souguer mei kleng.
Maachen ech eiren eppes falsch ?
Zersch
|
|
14.02.2011 15:24 |
|
|
alex
Jungspund
Dabei seit: 22.08.2008
Beiträge: 20
|
|
Salut Zersch,
Eng Méiglechkeet ass dass du déi valeur kucks déi dein PC "normal" uweist, déi ass "oofgerënnt". Kuck mol mat riets klick an den properties vun denger Foto, waat fir eng valeur dass do an Klammeren steet, déi ass wahrscheinlech iwert 700KB.
Alex
|
|
14.02.2011 15:33 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Kuerz gesot berechnen déi meescht Computer déi Dateigréissten falsch, an zwar rechnen se mat 1024 amplaz mat 1000 ... Ausser Linux an Mac OS X Snow Leopard mécht all Betriebssystem dat nach falsch. Dofir kann et sinn dass du eppes ënnert 700 KB ugewise kriss, obwuel et a Wierklechkeet, also richteg gerechent, méi wéi 700 sinn. Wéi s de et eraus fënns huet den Alex jo schonn erklärt
__________________ 404 - Not found
|
|
14.02.2011 15:38 |
|
|
Zersch
Jungspund
Dabei seit: 02.02.2011
Beiträge: 10
Themenstarter
|
|
Salut an merci fir d'Aentwert ,
Jo , dat mat den Properties wees ech , mais dat genau verstinn ech jo net : Wann ech mat riechtsklick drop gin seet hien mer 684kb ( 696.598 octets) an desem Fall grad op Mac mat OS X. Souwäit ech richteg leien as dat och genau dei gréisst um PC.
As net liewenswichteg , hätt mech just interesseiert well ech hei op Photogen dei 1.te Kéier mat Upload-greissten Problemer hun.
Merci awer , kucken dat den owend nach emol doheem.
(Muss och nach eppes schaffen elo...psst ;-)
Zersch
|
|
14.02.2011 16:01 |
|
|
|