Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Ligen oder Wourecht » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Ligen oder Wourecht  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Ligen oder Wourecht Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et waert een gewoten Thema sin waat ech hei uschneiden well...mee bon riskeieren et awer. Wann et ze krass get kann roueg een et waeschhuelen.

Iegentwei hun ech daat gevill wei wann kritik hei um site net mei wirklech erwenscht as...D'fot dei ech mer lo stellen, oder besser d'froen sin folgend....wei komenteieren ech dei Foto?
1. Ech leien an soen se waer ganz flott
2. Ech soen einfach se waer net gudd an soen firwaat (och wann ech genau wees dass den auteur daat lo beis ophellt an alles mecht fier seng Foto durchzesetzen, an domat dei gudd laun zersteiert get)
3. Ech schreiwen guer neicht an denken mer meint.

Firwaat ech dei fro hei am Forum stellen as einfach well ech mer se an laeschter zeit oft gestallt hun an emmer op d'aentwert 3 komm sin...obwuel se menger meenung no falsch as.

Daat meecht waat ech geleiert hun, zumols waat studio an an natur ugeet hun ech geleiert andeems puer, oder meechtens nemmen eng, an zwar dei richteg, persoun mech un den Kapp gestouss huet an mer gesoot huet daat as net gudd! Deemols hun ech och nach excusen gesicht...mee lo gesin ech et an...
Geif mech eeben interesseieren waat dier zu dem ganzen thema haalt.

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
22.03.2007 22:42 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Deng 3 "Varianten" eng Foto ze bewärten sin interessant.

Wouriwwer ech mech ansech am meeschten iergeren sin dei Leit, dei dei 1. Variant benotzen, also sech wëllen een Firdeel verschaffen andeems se d'Foto positiv kommentéieren obwuel se eigentlech wëssen dass d'Foto näicht besonneges ass. Ech gin een aktuellt Beispill: http://www.photogen.lu/index.php?page=vi...&old_new_page=1

Ech well elo guer kengem eppes fierwerfen, mee dat Beispill sprëcht menger Meenung noo fir sech. D'Nora ass een léiwt an féint Meedchen, mee wann 12 Léit deen banalen Autoportrait esou gudd bewärten froen ech mech ob dat elo nemmen ass well se wellen beleift gin oder beleift bleiwen beim Nora? (Woubäi ech muss derbäi soen dass secherlech e puer User dei Foto wiirklech gudd kennen fannen!). Dat dooten ass elo nemmen een Beispill, mee ech mengen deer gin et mei wei genuch. Ech muss awer och nach soen dass ech mengen dass et deer Fäll manner gin wei firun e puer Wochen. Ech kann mech erenneren dass ech mech soss mei iwwert esou "frendschaftlech" Kommentarer opgereegt hun.

Zu denger 2. Variant: Ech kann do nëmmen vun mir selwer schwetzen. Ech gin och Kommentarer oof (oder graad dann) wann ech wees dass den Auteur keng Kritik verdréit, well ech dervun iwwerzeegt sin dass dei Leit hei näicht verluer hun (klengt béis, ass awer sou).

Ech schreiwen guer neicht an denken mer meint. Deer Useren gin et, mengen ech, emmer mei, entweder well se einfach keng Loscht mei hun eppes ze schreiwen, oder well se keen Interet mei un dommen an blöden Äntferten vum Auteur (oder aaneren Useren) kréien wellen deen eng Meenung net acceptéiert.

Ech wees elo net waat ech nach bäifügen soll, mee deng Analyse ass richteg. Et sin vun deenen aktuellen 1046 Useren nemmen weineg dei wiirklech eng Foto anstänneg analyséieren an serieux Kommentarer schreiwen, wou se dei Meenung vertrieden dei se och wiirklech selwer hun. Ob een sech doriwwer elo souvill Gedanken maachen sollt wees ech net...
22.03.2007 23:11
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hmm....en WIERKLECH intressanten thema!^^
ech wees nik op dei froh enfa ze beäntwerten as...
ech probeiren mech op un eischter plaatz sou KLOER wei meiglech auszedrekken...wan ech eps kritiseiren son ech genau firwaat an murksen net iergendswei rondrem den brai...wan dFoto WIERKLECH naischt war gin ech jenodem wei dann ona eng bewärtung oof...fannen et soll een net färten o dei zuelen ennert der 5 ze benotzen...dei deemlech 7probeiren ech souwis waitgehend ze fermeiden...mee ok

mengn ech kann behaapten dass ech bis lo na nii gelunn hun waat eng foto betrefft!firwat och?den site as joh genau dofir do!

an dei saach mam verschweigen joh...ech hun heinsdo WIERKLECH keng loscht ze schreiwen dass dFoto NET USPRECHT...daat kann een relativ oft soen an meeschtens schweier begrennen...dofir gin ech zou dass ech alt ab und zu naischt schreiwen wou awa eps hingeheiert...
wann awa na KEEN eps gesoot huet an o na no enger woch iwerwachung NAISCHT geschidd as schreiwen ech meeschtens awa dann eps...

fotoen dei awa am negativen senn rausstiechen machen ma awa nees spaas ze kritiseiren...firunallem bei fraigeschaltenen useren oder lait dei schons laang dabai sen an wessen missten waat gudd as an waat net mescht et ma heinsdo spaas meioderweinescher *onschelech* dei saach mol mei genau enert lupp ze huelen...mat HEINSDO erstaunlechen resultater.....^^

bei lait dei ech privat kennen bannen ech dKritik awa meeschtens an eps anescht an...vlait bessi chat ech gin et zou...ech muss zougin dass ech do dann net mei sou riischteraus sen wei ech sollt(mengn du hues ma daat o iergendswou engkeia fiirgeworf...haat do awa keen idi eng debatt iwert daat thema unzefenkn...Augenzwinkern ) dabai kent souwisu dass ech mat denen weineschen lait leiwer direkt iwert hier fotoen schwetzn(do kann een fuchtelen an illustreiren an brau net mei ze FORMLULEIREN...^^)

fazit:
1.punkt ->mengn ech hun am algemengen keen problem mam richteraus...leien as net main stiil....
2.punkt : probeiren sou gudd et geet no där devise ze kommenteiren...as souzesoen main 'soll' !^^
3.punkt : ech gin zou dass ech heinsdo filteren...daat as effktiv o heinsdo aus perseinlechen grenn mee do geet et meeschtens no kommentarzuel an inhalt(wann daat d steeht waat ech o gesoot hett lossen ech et gudd sin....wan net dann kent awa enka eng no...[meng iwerwaachungen sen GUDD gefellt...^^])

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
22.03.2007 23:26 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
Kwitchibo Kwitchibo ist männlich


images/avatars/avatar-51.gif

Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ma daat as dach mol een interessant Thema!

ech mengen awer och wei den Mojoo das vill Leit hier Kommentarer vum Auteur vun der Foto maan an daat as schon 1 punkt wou ganz gefeirlech as well daat mierken dei LEit och irentswann an daat as demotivant wann een daat bis wees daat mengen ech mol

das Leit neicht schreiwen besser fannen wei eierlech sin daat sin ech ma zimlech secher net all zum gleck mee vill, et as awer och esou das et net einfach as ze schreiwen bei eng Foto wou awer guer neicht stemt fir een perseinlech an firunallem well deen annerern daat liesen dei mescht mengen ech wellen liesen Schein FOTO...

mee et as awer och esou das de net all Foto richteg kucken kans also ech hun dei Zeit net!
aus Feeler leiren ma all!! an ech sin emmer erem frou wann ech eppes leiren !

ech mus eierlech soen das ech am Moment wirklech net immens vill Loscht hun hei Fotoen hei ze weisen well Kommentarer ma neischt brengen (baal et gin jo och guud Kommentarer zum gleck)
bessi witz soll sin bei den Kommentarer sos as et ze drechen nemmen Technik mus net sin...chat mus och net sin

en guuden MIX as wichteg!

ech profiteiren dann awer och mol hei fir merci ze soen un en puer user : JADE NICON07 KNOLLES merci fir är Zeit wou da an PG gestach hut an nach maacht !ech wees et gin der nach wou guud Kommentarer maan sorry et soll elo keen sech getreppelt villen wirklech net!!!!!

Bsp fir eppes waat ech immens schuet fannen : http://www.photogen.lu/index.php?page=vi...&old_new_page=2

MFG vun Diddeleng

P.s : Mojoo du schreifs oft keng schlecht Kommentarer Augenzwinkern
22.03.2007 23:31 Kwitchibo ist offline E-Mail an Kwitchibo senden Beiträge von Kwitchibo suchen Nehmen Sie Kwitchibo in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Kwitchibo anzeigen
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Themenstarter Thema begonnen von mmphotos
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Marc: An do geseit een rem wei een deelweis daat naemlecht denken kann an awer rem alles verschidden mengenAugenzwinkern

Dei Foto, oder besser dei Diskussioun dei mech zu desem Thread bruecht huet war dei Foto deis du zum schluss erwaent hues.
Deen auteur zb (en as net deen eenzegen, an ech wollt am fong keng nimm nennen) accepteiert keng kritik, daat eenzegt waat en heieren well as gudd Foto. An wei den Ted_lapidus et soot...leider geseit een bei him lo net dei grouss verbesserungen. An dann fannen ech et och schued wann een net d'wourecht seet.

Daat hei brengt mech amfong direkt zu engem 2ten Thema waat ech am fong reicht muer starten wollt.

Den altersennerscheed an den Problem dass een mei aalen neicht vun engem mei jonken accepteieren well. Ech well op keen Fall verallgemengeren an soen dass daat emmer sou as mee awer oft...an ech hun et lo schon relativ oft gesin net nemmen hei op Photogen. Och hei wollt ech froen wei dier dozou stidd.

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
22.03.2007 23:39 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
coolpix
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hunn mech a laechter Zaeit geweintlech fier dei d'3. Variant entscheed, ausser elo bei Leit dei ech perseinlech kennen, oder eben Leit wou ech wees daat se Kritik verdroen. Ech hunn naemlech d'Gefill, daat emmer mei een System wei an der Fotocommunity opkennt, wou all Useren seng Buddy'en huet, an haaptsaechlech deenen schreiwt. Fotocommunity -> vill Buddies = vill Comments (dei net vill mei soen wei "gut", "gefaellt" oder "super") bei dengen Photoen. Vun do hier...
22.03.2007 23:49
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Themenstarter Thema begonnen von mmphotos
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et as gudd dass de deen fotocommunity deel hei uschneits. Daat waats du lo hei ziels as genau deen Grond firwaat mier Pg viill besser gefaellt wei d'fc. Well een einfach och vun friemen hei mei, an firun allem mei konstruktiv kritik, krit....oder besser gesoot krut...

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
22.03.2007 23:52 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Maggele Maggele ist männlich
Kaiser


images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

fir 't éischt zum éischte post: ech denken et gëtt nach eng 4.méiglechkeet. ech schreiwen alt bei enger foto déi ech selwer net super fannen. soll jo och eosu gemach gin Augenzwinkern

ech schreiwe firt alleréischt eppes positives. a wa mer näischt afällt erfannen ech eppes großes Grinsen aus engem ganz einfache grond: ech kennen déi persoun vis-a-vis jo meeschtens net, also muss ech dovunner ausgin dass se -och wann et net richteg as- eventuell beleidegt as wann ech z.b. schreiwen "dee cadrage as net gudd!" <-- sou kommentage gett et leider vill!

dono muss ech awer och schreiwen wéi et as! awer och dann as et wichteg net einfach ze schreiwe wat sschlecht as. ech fannen et am beschten guernet ze erwähne wat schlecht as mee direkt wéi et besser gemach gi wier. dat as manner agrassiv! z.b.: "de cadrage as schlecht" = net gudd ;D / "hues de schon een anere cadrage probéiert? ech hätt enne besse manner gemach!"

ech woll elo kengem viirschreiwe wéi e kommentaren ze schreiwen huet! a scho guernet wëll ech mech hei erausrieden, well ech passen jo coh net emmer drop op!

mee ech wollt fläit einfach emol 't iddi an de raum stellen dass ee beim kommentéieren e bessi méi viirsichteg muss sin! ech wel keng nimm nennen, mee verschidde leit kéinten sech et engkéier zu häerzen huelen Augenzwinkern

__________________

23.03.2007 00:14 Maggele ist offline E-Mail an Maggele senden Homepage von Maggele Beiträge von Maggele suchen Nehmen Sie Maggele in Ihre Freundesliste auf
Masterpii Masterpii ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Daat as jo mol en wirklech interessant thema, hei as lo schon vill gesot gin wou ech ma och schon munchmol gedanken driwwer gemaach hun...

Also waat mir schon seit laangem opgefall as, kuckt mol en portrait vun engem framensch dei langweileg as an eng foto vun enger interessanter landschaft, ech kann zu 99% garanteieren dass den portrait duebel sou vill hits an comments (dei meescht Kollegial) huet wei d'landschaft an dann as bal ken anstenechen comment dobei den engem keint weiderhellefen fir et besser ze maachen (wann iwwerhaapt een...)!!

Dann mat der Zeit huelen fir Fotoen ze bewärten/kritiseieren, wei den kwitchibo schon soot, et huet een net emmer zeit fir all foto duechzehuelen an dann sicht een sech der alt puer grob raus, also sou maachen ech et mol!!

Dann as och nach dass ech an der lescht och net mei vill loscht hun Fotoen ropzelueden, well netzleg comments kreien ech ze soen keng mei ( do sin ech secher net den eenzegen) an dei Comments dei ech kreien sin emmer vun denen, lo mol grop gesot, 4/5 nämlechten leit! Gudd dass et dei Leit nach gin, dann kann ech weinstens nach bessen eppes beileieren.

@mmphotos: zu dengem 2. Thema, gott sei dank sin se net all sou!! Et gin nach puer mei äler dei och nach tipps vun denen mei jonken unhuelen, mee ech gin der vollkommen recht!! Ech hun dei Erfahrung och schon öfters gemeet an denen Leit gin ech einfach ken Comment mei, well et wirklech nervt!!

__________________
Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
23.03.2007 00:16 Masterpii ist offline E-Mail an Masterpii senden Homepage von Masterpii Beiträge von Masterpii suchen Nehmen Sie Masterpii in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie Masterpii in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von Masterpii anzeigen
Nicon07
Foren As


images/avatars/avatar-127.jpg

Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99

RE: Ligen oder Wourecht Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Fi d'éischt mol Merci, Marc, datts du dësen Thread opgemaach hues. Ech wëll dozou e puer Remarque maachen, ouni ze vill an d'Detailer ze goen.

1. Photogen.lu liëft vun enger ausgeglachener Mëschung vu Fotoën a Kommentarer. Mais wann e liëft, dann heescht dat och, datt et Krisen an Héichpunkter gët. Et bleift nët aus, datt och deen bescht gemengte Kommentar zu enger Foto schief opgeholl ka gin, deess si mer jo hoffentléch all bewosst. Awer dat dierf net de Problem sin. Dofir get et jo de PM-System, deen offline et erméiglécht, eng klärend Aussprooch ze hun tëschend deenen 2 oder méi useren, déi séch eppes ze soen hun.

2. Et as natiiléch vill méi einfach engem dohinner ze schreiwen: Schéi Foto, wi soss eppes. Ech selwer maachen dat jo och nawell zimmléch dacks (villäicht suguer ze vill), mais och do as et schwéier, wann een erkläre soll virwat. A mol éierléch: as et net esou, datt et och a grad an der Fotografie net esou vill originell Erklärunge get, firwat eng Foto gudd oder schlecht as. Mir haalen eis dach alleguerte méi oder manner un ee Codex, deen d'Pionéier vun der Fotografie, intuitiv oder net, dat spillt elo keng Roll, agefouert hun, an dee vu Fotoschoul zu Fotoschoul iwwerholl an iwwerschafft gin as, mais deen a sénge Grondzich dach awer nach ëmmer allgemeng Gültegkeet huet. Wa mer also konsequent wieren, da misste mer eis an de Sucher ee Punkt pechen, wou de goldene Schnëtt as, an dann nëmmen nach alles un deem orientéieren. Na ja! Wou bléif dann do d'Kreativitéit?

3. Eis Kameraen an eis Beliichtungsutensilie kënnen nach esou performant sin, wa mir se net beherrschen, dann ass alles fir d'Kaatz. Och ech beherrschen dat nach laang net ëmmer, a vill vu ménge Fotoen och hei um site beweisen dat. Mais nach méi Fotoën doheem op méngen HD, déi hei nii ee Mënsch ze gesi kritt, beweisen dat nach méi. Dofir: Wann hei Leit sin, déi déi Techniken an engem Fotoscours an der Schoul oder an engem Fotoclub léieren an zum Deel och beherrschen, dann as et dach keng Schan, wann déi dat an hire Kommentären och soen, an erkläre, firwat dee Schied vun der Nues do stéiert z.B, a wéi een et mécht, fir esou Saachen ze ëmgoen. An dann as et dach ganz egal, ob den "Expert" méi jonk as. Ok, durch mäi Beruff sin ech deforméiert, mi jonke Leit eppes ze verziële, wat se verhaale sollen, mais ech sin awer och frou, well durch de feedback, deen ech vun hinne kréien, léieren ech och all Dag nach vill bäi. Dat soll och mol eng Kéier betount gin.

4. Natiirléch mécht een eng "Gratwanderung", wann ee Fotoen "verräisst", mais et as genau tselwécht reagéiert, wann een da feststelle muss, datt engem séng Kritik "schief opgeholl" gët. Mais dat gehéiert nun awer zum Spill derzou. Mir si jo alleguer keng Götter, kee mécht déi perfekt Foto, an et as ëmmer eng Affaire de goût. Suguer déi "grouss" Fotografen, déi an d'Annalen agaange sin, maachen nach laang net d'Unanimitéit, an dat wat deen een genial fënnt, as just dat, wat deen aaneren mega stéiert. Dofir as méng Astellung zum Ganzen:

Mir mussen alleguerten bescheide bleiwen, an sou gerecht wi méigléch zu eis selwer an dann si mir et och zu deenen aaneren. Well wa mir selwer eis Imperfektioun an Eieren haalen, da fann mir och di richteg Wieder, fir engem aaneren ze hëllefen, aus sénge Schwächten di positiv Energie rauszehuelen, déi e weider bréngt no uewen.

5. Wann een net ëmmer Kommentarer schreift, dann huet dat vill Grënn, mais deen einfachsten as dach wuel deen, datt een einfach nëmme Fotoe wëllt kucken a genéissen. Schreiwe soll keng Mussesaach gin.

Sou lo huet et geschellt, ech muss op méng Klass.


Schéi Gréiss,

Nico
23.03.2007 11:54 Nicon07 ist offline E-Mail an Nicon07 senden Beiträge von Nicon07 suchen Nehmen Sie Nicon07 in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech mengen ech falen an dem Maggele séng Kategorie vun Leit déi aneren mat hieren Comments op d'Féiss trëppelen. Wann ech un enger Foto eppes auszesetzen hun, soen ech et net duerch d'Blumm. Ech sin der Meenung dass, wat den Kommentar méi riit eraus as, en och méi kloer an verständlech as. Normalerweis hänken ech dann hannendrun Verbesserungsvierschléi. Heiansdo vergiessen ech déi allerdéngs och.
Déi krasst Beleidegung wou ech bis elo als Kommentator krut war dass een wou, als Reaktioun op méng an aner Kommentarer, déi Foto einfach geläscht gouf. (Net du Nico, dat hu mer jo geklärt, den Portfolio ze botzen as eppes anescht.)
Wat ménger Meenung no nach ëmmer ganz nëtzlech as, as en Tutorial deen gudd as, oder eng Foto wou et besser geklappt huet, ze linken, wann een grad eng am Sënn huet.
Also: Wann eng Foto gudd as, soen ech et, wann se schlecht as, soen ech et och. Fair, oder?

__________________
www.gloda.net
23.03.2007 11:56 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech si ganz mam mmphotos averstaan, bei GANZ ville Leit mengt ee Kritik wir absolut net erwenscht. Mee daat ass eischter hiere Problem dann, sougesinn.

Ganz éierlech, ech zielen suwuel zu denger 2. wei och zu denger 3. Kategorie. WELL wann ech geif ufänke bei all Foto ze schreiwen waat mir net geet etc, da ginn ech jo net mei fäerdeg an wei mengs de wuel dass d'Leit geife reageiren ... Mee genee daat ass jo de Problem. Wann een mol eng äusfeierlech Kritik schreift kennt scho bal emmer eng aggressiv Äntwert. Mee wann ech bei ee ginn den en Computer huet, an zu em soen "Du muss en Antivirus drop hun", dann fängt den och net beemol un matt "Nee ech brauch dat net, ech kreie keng Viren" etc ... Ech hoffen dir verstidd waat ech mengen. Well daat ass och eng Kritik, genee wei hei. Dobäi kennt dann dass ganz vill Leit sech hannert hierem écran schéi verstoppen an sech do trauen eppes ze äntweren. Dobäi sin ech mer secher dass d'halschent vun de Leit (op manst) niemols geif daat selwecht räuskreien wann den aneren vis-à-vis steet. Bon daat nennt een dann wuel feig, mee data gehéiert och iergendwei beid aat Thema hei.

__________________
404 - Not found
23.03.2007 12:11 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
yoshi yoshi ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

geif mech zu kenger vun dengen 3 kategorien zielen.

also ech maan et meechtens sou, dass ech am ufank eierlech schreiwen wei d'foto mer gefällt, oder wann ech mei fotoen vun deem user kennen verglaichen ech se och mat denen an menger ufanksbewertung (besser, net su gudd).

dann schreiwen ech dobai waat gudd drun ass, an waat ech net gudd fannen oder na verbesseren geif.

ech scheinen daat awer emmer ganz frendlech ze schreiwen, well ech kreien praktech ni gemeckert. dovir maan ech o einfa weider sou...

intressant thema, mee ech mengen net, dass kritik onerwenscht ass hei.. et sin der vill dei frou sin wann mol een net schleimt mee eng eierlech kritik schreiwt.
23.03.2007 12:14 yoshi ist offline E-Mail an yoshi senden Homepage von yoshi Beiträge von yoshi suchen Nehmen Sie yoshi in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie yoshi in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von yoshi anzeigen
Masterpii Masterpii ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von yoshi

intressant thema, mee ech mengen net, dass kritik onerwenscht ass hei.. et sin der vill dei frou sin wann mol een net schleimt mee eng eierlech kritik schreiwt.



Lo mol eierlech gesot!! Wei oft kent daat nach fir ??? Leit dei eng eierlech Kritik schreiwen sin ganz selten gin hei um Site...
Also dass Kritik onerwenscht as, get et zwar net sou oft, mee et geet et awer oft genuch!

__________________
Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
23.03.2007 12:26 Masterpii ist offline E-Mail an Masterpii senden Homepage von Masterpii Beiträge von Masterpii suchen Nehmen Sie Masterpii in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie Masterpii in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von Masterpii anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@yoshi: vläicht hues de emmer Fotoen respektiv Fotografe geroden dei net sou kriddleg waren Augenzwinkern

Mee beim Refuseiren ass et och sou: Ech krut scho PM'en nodem ech eng Foto refuseiert hunn matt "OK daat hun ech mer scho geduet dass daat net gutt wir, ech probeiren direkt et besser ze maan" an puer Stonnen durno hun ech dei nei Verisoun dann aktiveiert. Heinsto kommen awer och Saache wei "Dir kennt jo guer näicht an ech krut op der Uni 16/20 dodrop, de Foto ass mega genial super" ... Also wei ee gesäit, läit ganz vill drun wei d'Leit et ophuelen.

De Problem matt de Kritiken ass vläicht och esou: Dei Leit dei ganz gäre welle Kritiken hun, maan gréisstendeels scho mol bessen besser Fotoen wei dei meescht. Domat hiewen se sech bessen of, an dofir kommen da baal nemmen nach Kommentarer wei "Wow mega schéin aat do, gutt gemaach", well se frou si mol eng gutt ze gesinn, an dei dann net wellen bis an dee klengsten Detail auserneen huelen, obwuel de Fotograf et weilt ? also mir kennt et emol sou fir. Bsp: http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=12120 ass eppes waat een esou net grad oft gesäit .. Mee huet iergendeen egschriwwen dass se liicht kromm ass an dass dne Himmel nieft der Pyramid vill ze iwwerbeliicht ass? Nee huet keen ... an sou ass et bei ville Fotoen.

__________________
404 - Not found
23.03.2007 12:27 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Jefferson Jefferson ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 30
Herkunft: Dudetown

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Majo dann schreiwen ech mol eppes hei hin

Also sin lo net onbedingt deen deen vill Kommentarer schreiwt 1. well ech net emmer dei zeit hun 2. well ech lo net onbedingt bei all foto wou mer net gefällt en komment schreiwen well
ech siche mer normalerweis e puer fotoen raus wou ech eppes schreiwen an daat war et dann
ech wees och dass net all meng Komments oder soe mer mol dei meescht emmer eppes brengen well ech oft schreiwen "Gudd Foto" oder " dei gefällt mer" mee wann ech dann mol eng kritik dohinner schreiwen dann mengen ech et och emmer eierlech, normalerweis machen ech et sou wei warscheinlech dei meescht ech kucke mer foto un an handlen no mengem gefill ass foto gudd schreiwen ech daat steiert mech eppes un der foto dann schreiwen ech daat och onoofhängesch vun fotograf
ech hun nach vill an der Fotographie ze leieren ( ass och fleit den Grond firwaat ech net iwerall eppes schreiwen) mee wann ech verbesserunsfirschlei hun dann schreiwen ech dei och dohinner
An et ass mer normalerweis egal ween foto gemach huet op ech en lo kennen oder net wann ech eppes zu der foto schreiwen well ob positiv oder negativ kritik dann schreiwen ech et et ass souguer meechtens sou dass ech guer net kucken ween foto gemach huet well ech mech normalerweis sust op foto konzentreieren

an dann wollt ech nach soen et muss een lo fleit net emmer direkt riicht eraus sin

et sin fill leit wou daat fleit schief ophuelen an dann agressiv äntwerten et an kann een daat och wei soll ech soen mei frendlech ausdrecken dann geet aus engem Komment net emmer direkt streit oder kameidi mee eng diskussion
ech mengen dei meescht leit hei op pg sin frou iwer kritik mee se sin warscheinlech mei frou iwer konstruktiv kritik wei iwert eng kritik wou dann drann steet "foto ass schaiss" lo mol als extremt beispill (steet mengen ech och bei kenger foto kloer ze machen waat ech domat mengen) et ass normal dass sou kritik falsch opgeholl get

ech mengen daat war dann lo mol meint ech mengen sou vill hun ech hei op PG nach nie geschriwen LOLsmile
23.03.2007 14:22 Jefferson ist offline E-Mail an Jefferson senden Beiträge von Jefferson suchen Nehmen Sie Jefferson in Ihre Freundesliste auf
yoshi yoshi ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@johny, dovir schreiwen ech dann awer bessi zevill kritiken, vir dass ech do zoufàlleg emmer dei falsch geroden Zunge raus

wanns de dech fein ausdrecks sin dleit och fein mat dir Augenzwinkern

beim refuseieren vun fotoen ass daat allerdengs eng aner saach, do kritt een mei oft gemeckert Zunge raus och wann een fein ass.
23.03.2007 14:45 yoshi ist offline E-Mail an yoshi senden Homepage von yoshi Beiträge von yoshi suchen Nehmen Sie yoshi in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie yoshi in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von yoshi anzeigen
ploro ploro ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-29.gif

Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wann mer schon sou themen unschneiden,...
hun lo net alles gelies mee erlaaben mer mol ze soen dat d leit einfach iwwerreageieren bei schlechten voten...gef engem eng 5 an en ass op 100000. opwuel dat guer net sou schlecht ass wann en bedenkt dat nemmen dei aller beschten fotoen eng bewertung vun 8 , 9 oder 10 verdingt hun. ech sen der mehnung den bewäertungssystem solt minimal geännert gin, d leit kennen sech eischter eppes drennern virstellen wann et keng zuelen wieren mat denen een d foto bewäerten ging mee einfach wierder wei zb schlecht mangelhaft befriedigend gudd ganz gudd oder sou. et muss en bedenken dat et och fotoen mussen ginb dei ennert 5 bewäert gin an net alles driwwer kann sen an dat dei nummer representativ geigeniwwer vun allen aneren fotoen um site sen an net unbedingt eng algemeng bewäertung, do gief et dan meis chweier gin, well woudrunner soll en sech orienteieren!
ass falicht lo net 100% d thema vun hei getraff mee hun mer geduecht dat kinnt och mol heiranner Zunge raus
23.03.2007 16:32 ploro ist offline E-Mail an ploro senden Beiträge von ploro suchen Nehmen Sie ploro in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von ploro anzeigen
Masterpii Masterpii ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ploro: thema bewärtung haten ma schon eng Keier, souweit ech mech erenneren wert daat beim neien update geännert gin, mee wei wees nach ken!

__________________
Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
23.03.2007 16:53 Masterpii ist offline E-Mail an Masterpii senden Homepage von Masterpii Beiträge von Masterpii suchen Nehmen Sie Masterpii in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie Masterpii in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von Masterpii anzeigen
ploro ploro ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-29.gif

Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

dann ass et jo gudd smile sen mer mol alleguer gespant op dat eppes zum thema "leit verdroen keng kritik resp. wellen keng heieren" baidreit
23.03.2007 16:59 ploro ist offline E-Mail an ploro senden Beiträge von ploro suchen Nehmen Sie ploro in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von ploro anzeigen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Ligen oder Wourecht

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH