Kollege
Grünschnabel
Dabei seit: 09.09.2011
Beiträge: 3
|
|
Gudde Metteg,
Ech hun grad den PS 8 (leschten Update as och gemach) op méngem Mac 10.07 installiert an kréien CR2 Dateien net op. Get et do en Trick, ausser se am Canon-Programm opzemachen, an se an énger annerer Datei ofzespeichren vir se dann am PS opzemachen?
Huet én vun iech Erfahrung op den PS 9 ennert dem Mac 10.07 (Lion) funktionnéiert?
Wéi én Verarbeschtungsprogramm as dén " besseren" vir um Mac ze schaffen: PS oder den Aperture?
Ech hat mech am LTAM ungemellt vir en digitalen Photoscours "for Dummies" :-) dach leider kéng Platz méi... kann én vun iech mir vielleicht Infoen vun éngem Alternatievcours proposéiren?
Merci iech am Vieraus,
Kollege
|
|
09.09.2011 13:30 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ass et eréischt säit dem leschten Update dass de d'CR2 Dateien net méi op kriss oder hues de dat virdrun mam PS8 nach ni gemaach? Den Standard Programm vun Adobe fir RAW Dateien op ze maachen ass den Camera Raw. Bei neie Versioune vum Photoshop ass deen dobäi, ob dat beim 8 de Fall ass weess ech net.
PS an Aperture sinn Äppel an Orangen. Eng Diskussioun wéieen "besser" ass mécht net vill Sënn. Lies e bëssen um Internet iwwert déi zwee Programmer a wann s de méi präzis Froen hues kënne mer do besser hëllefen.
__________________ www.gloda.net
|
|
09.09.2011 15:20 |
|
|
Kollege
Grünschnabel
Dabei seit: 09.09.2011
Beiträge: 3
Themenstarter
|
|
Nee, et as déi 1. Benotzung mam PSE 8.
Wann ech ennert "Zusatzmodule" den Camera Raw unklicken, wéisst en mir déi folgenden Versioun vum Plug-In un: 5.5.0.97
Merci,
|
|
09.09.2011 21:08 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Déi aktuell Versioun vum Camera Raw ass 6.4.1. Maach en Update a kuck ob s de dann deng Fichieren liese kanns.
__________________ www.gloda.net
|
|
09.09.2011 22:27 |
|
|
Kollege
Grünschnabel
Dabei seit: 09.09.2011
Beiträge: 3
Themenstarter
|
|
Ok, elo huet et geklappt... ech froen mech just wisou den PSE dén Update net automatesch matt der Aktualiséirung gemach huet ?
Merci gloda
|
|
11.09.2011 21:00 |
|
|
|