VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Fehlend EXIF donnéen beim Upload |
|
Bonjour,
Ech wees net ob aner Lait och deen selwechten Problem hun , mee bei mengem leschten Upload sin d'technisch donnéen vun der Foto net méi mat eroppgelueden gin. Hun dunn schéin brav alles manuell agetippt., Ass daat esou gewollt oder waat maachen ech falsch?
|
|
09.03.2011 18:34 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Hues de mat "Save for web" gespäichert? Da sinn se fort.
__________________ www.gloda.net
|
|
09.03.2011 20:22 |
|
|
Zersch
Jungspund
Dabei seit: 02.02.2011
Beiträge: 10
|
|
Gloda , VeloBen ,
Hues de mat "Save for web" gespäichert? Da sinn se fort.
? Wann ech meng Foto'en z.b am Foto Designer als "Save for web" späicheren sin se awer net fort , well bei den Exif-Daten as emmer en Häkchen , klicken ech deen aus , dann ereicht sin se fort. Et as mer awer och schons virkomm dat se net mat gesavt goufen awer dat war dann well ech en aaneren Foto'sprogramm op hat wei z.b den Fotoworks , deen ech awer nemmen benotzen wann et schnell soll goen oder well deen mer eng mass Filteren ennen als Thumbnail uweist an ech se dann fix kann huelen fir ze experimenteiren.
Dem VeloBen seng Fro bleiwt awer soumat am Raum stoen , firwaat sin se munchmol einfach fort... geif mech och interesseiren
Zersch
|
|
09.03.2011 22:42 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech präziséieren: dat wat ech sot bezitt sech op den Photoshop.
__________________ www.gloda.net
|
|
09.03.2011 23:25 |
|
|
Quaffit
Jungspund
Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg
|
|
Moien,
also ech hun do nie drop opgepasst an daat lo mol gekuckt - wann ech am CS5 en JPG mat "save for the web" ofspäicheren, bleiwen d'Exif erhalen. Ech benotzen awer oft fir Biller déi ech hei astellen den uralen Paintshop Pro 5.1 well den eng praktesch Fontioun huet fir schnell Rummen ze maachen, an do gin d'Exif beim Späichern net erhalen. Ech hun mir do awer nie Gedanken gemaat well déi Fotoen déi hei agestallt gin, eh kompriméiert mussen sin fir dass se manner wéi 700Kb hun. Dofir dréiht een jo Detailer iwert d'Beliichtung manuell an - oder "soll" een androen. JPGs kompriméieren ech nemmen fir de Gebrauch am Internet, sos nie.
Ech hun allerdéngs och emmer den aktuellsten Update vum CS5 installéiert. Vläit war an enger fréiherer Versioun jo en Bug dran?
Gast ;o)
|
|
10.03.2011 06:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Save for web am Photoshop hëllt Exifdaten sécher eraus, well save for web heescht eigentlech esou vill wéi: D' Dateigréisst esou vill wéi méiglech rofkréien fir dass d' Biller méi séier kënne geluede ginn. Dat ass kee Bug mee dat soll esou sinn, A wann se bei dir duerno dra sinn dann hues de entweder selwer eng Kéier eppes ëmgestalt, oder déi falsch Foto herno gecheckt no Exifdaten
__________________ 404 - Not found
|
|
10.03.2011 09:07 |
|
|
Quaffit
Jungspund
Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg
|
|
|
10.03.2011 13:21 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Zu deem wat de Johny seet kann ech bäifügen dass een effektiv d'Save for Web Presets ännere kann. Ab deem Moment ass et effektiv méiglech dass d'EXIF Daten nawell erhale bleiwen. Dat ass just net d'Astellung par défaut.
__________________ www.gloda.net
|
|
10.03.2011 13:21 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@Quaffit: Jo d'EXIF Donnéeen sinn wichteg, awer just um techneschen Niveau. Wann een freet "Virwat ass méng Foto sou an sou, wat muss ech do anescht maachen?" ass et vill méi einfach ze kommentéieren wann déi Donnéen do sinn. Ëmgedréint hunn ech vill geléiert andeems ech mer Fotoen ugekuckt hunn déi mech technesch interesséiert hunn an aus den Astellungen geléiert.
__________________ www.gloda.net
|
|
10.03.2011 13:23 |
|
|
Quaffit
Jungspund
Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg
|
|
@gloda - jo ech sin och elo eréischt op déi Saach mat den Exif komm well ech hun emmer geduecht dass ech jo un den Detailer gesäit déi een agin soll/kann wann een eng Foto astellt, wéi se gemaat gin as. Awer leider sin vill Leit déi sech déi Méih guer net maan do eppes anzegin, dann as et natirlech nëtzlech wann een d'Exif-Daten kann gesin. Ech wärt an Zukunft drop oppassen dass och meng Exif'en erhale bleiwen.
|
|
10.03.2011 15:25 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Den Fb Share Button funktionéiert hei ganz normal.
Kriss du en ugewisen, mee et geschitt näischt wanns de drop klicks oder wéi? Ech brauch méi Detailer
__________________ 404 - Not found
|
|
11.03.2011 09:04 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Zitat: |
Ech stellen och fest daat bei enger majoritéit vun neien photoen vun verschiddenen useren keng exifen dobei sin. Sin ech deen eenzegen deem daat oppfaellt/Erfahrung gemmach huet? |
Kann dat nëmmen Bestättegen ... ët ginn keng EXIF mei ungewissen obuel se an der binärer Datei (.jpg) drannstinn.
|
|
15.03.2011 14:40 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ok ech schreiwen mer et mol op fir dat mer méi genee unzekucken, wärt awer réischt de Weekend derzou kommen.
__________________ 404 - Not found
|
|
15.03.2011 18:54 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Also lo bei denen läschten dei ech eropgelueden hun woaren se ërem dran ... keng Ahnung wisou... d'Photoen hun ech d'selwecht aus dem LR exporteiert an duerno nach am PS mei kleng gemach an nogeschaerft wei dei vun gëschter wou se fehlen
|
|
15.03.2011 19:44 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wanns de eng prezis weess wou se net um Site erkannt gi sinn, dann schéck mer déi per email op johny@photogen.lu
__________________ 404 - Not found
|
|
15.03.2011 19:50 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
Themenstarter
|
|
dito wéi den Schluck.
Elo graad getest, elo geet et och nees bei mir nees.
Merci Johny fier déi schnell Korrektur.
|
|
15.03.2011 20:49 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ass genial wann Problemer sech léisen ouni dass een wierklech eppes ännere muss
__________________ 404 - Not found
|
|
15.03.2011 21:35 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
Themenstarter
|
|
Du bass der Mamm hieren Beschten !
|
|
15.03.2011 22:04 |
|
|
|