ludiol
Foren As
Dabei seit: 06.02.2009
Beiträge: 84
|
|
Studio Blëtzanlag an Diesel Generator |
|
Salutti,
Ech hun eng Fro, vläicht ass se domm me ech froen mech et awer.
Kann een eng Studiobletzanlag un engem Diesel Generator bedreiwen, wann een keng Batterie huet ?
Wann net, wees een wou een sou eng Batterie kann ausléinen ? mat oder ouni Blëtzanlag ?
|
|
04.07.2010 11:44 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Sou wäit ech wees gët den Generator an d'Batterie gestöpselt an net direkt an d'Anlag. Batterien fir Studioanlagen sinn näischt aussergewéinleches, du muss just kucken dass se mat dénger Anlag kompatibel sin. An engem Fotogeschäft dat Studioanlagen verkeeft misst de kënnen gehollef kréien, oder schreiw mol hei wat s de fir eng Anlag hues. Ech kennen d'Modeller net gutt, mee vläicht weess jo een aneren User wat s de benotzen kanns.
__________________ www.gloda.net
|
|
04.07.2010 11:57 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Naja geht schon wanns de den richtegen Generatrice hues. Sie muss "properen" Stroum lieweren soss femms de deng bletzer.
Also sou 0815 billig angebote aus dem Hela, Batiself, asw kanns de normalerweis schon vergiessen
sich bessi am dslr forum duerno, et ginn tonnen threats iwert thema.
en noodeel ass och gewicht vun enger Generatrice, den kameidi, den gestank asw.
Als alternative kanns de en akku kaaffen sou wei deen lei
MPG Hensel
Dei denger lounen sech awer och sust wanns de se oft dobaussen brauchs well sie sinn och net grad belleg
(ech muss och betounen dass et och mei belleger ginn wei dei vun Hensel )
an wann ech mech net ieren kriss de fir dei mpgs do nach en specielen adapter wous de dei denger kanns am auto oplueden rsp dein auto (oder iergend eppes aneschtes) als genertor messbrauchen
)))
|
|
05.07.2010 09:41 |
|
|
ludiol
Foren As
Dabei seit: 06.02.2009
Beiträge: 84
Themenstarter
|
|
Mat der Generatrice hun ech mer baal geduecht, ech selwer hun 3 kleng Hot-Shoe Bletzer, färten awer dass se fir den Shoot net duer gin an haat dofir geduecht mer vun engem Kolleg eng Bletzanlag auszeléinen. Hien huet awer selwer och keng Batterie (oder nach net). Froen mol zu Ettelbreck no ob, si och d'Bletzer mat Batterie verlounen.
|
|
05.07.2010 10:14 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
wanns de keng anlag hues an mei oft wells eppes dobaussen machen get et elinchrome ranger, ass sou en set aus bletzanlag, akku asw
mee op dei denger eppes daachen kann ech der net soen
|
|
05.07.2010 13:06 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Also wanns de ee richteg decken Generator hues ass daat secher guer kee Problem.
Ass emmer dFro waat deng Bletzer sou vun maximaler leeschtung zeihen, also deen moment wou se just ufänken rem opzelueden. daat kann awer scho bai engem Bletz vun 300Ws schnell iwwer 1000W goen, da braichs de scho vir 3 sou Bletzer een 3kW Generator...
Alternativ get et den Tronix Explorer XT das een universal Batterie un dei een normal Studiobletzer vir un 220V uschleissen kann.
Batterieren gin anescht mat deenen maximalen Leeschtungen em, do fällt dann einfach kuerzzaiteg dSpannung, an dOplueden dauert just mei laang an een generator geif eventuell no all bletz ausgoen....
|
|
06.07.2010 16:05 |
|
|
|