Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Emfroen » Versecherung » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Versecherung 2 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,00  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
wuschel_lux wuschel_lux ist männlich
Mitglied


images/avatars/avatar-73.gif

Dabei seit: 28.12.2006
Beiträge: 27
Herkunft: Luxembourg

Fragezeichen Versecherung Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien zesummen,

mech géif mol interesséieren, ob dir ärt Fotosmaterial versechert hudd.
Wann jo,
- wou,
- waat daat ongeféier kascht,
- an waat alles ofgedeckt ass,
- hudd dir se schon an unsproch huelen missen an huet dann och alles geklappt?

Ech soen schons mol Merci am Viraus ...

Schéinen Dag nach,
Francis
31.05.2007 08:40 wuschel_lux ist offline E-Mail an wuschel_lux senden Homepage von wuschel_lux Beiträge von wuschel_lux suchen Nehmen Sie wuschel_lux in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Alles versechert, eiert ech op Teneriffa geflu sinn smile

Hun alles beim Foyer well ech hun do och d'Autos-assurance ...

An du muss d'Rechnungen vun all de Saachen deis de wells versechere loossen zesummen hun, daat hinne ginn an dann gëtt d'Material op den Gesamtwert do eben versechert. An weivill et kascht hänkt natirlech och ganz dofun oof weivill Wärt daat ganzt huet, eng 400D matt Kit objektiv ze versecheren ass vill mei belleg wei eng 5D matt 24-105 an 70-200 f2.8 Augenzwinkern

An usproch hun ech nach nix dofun mussn huelen, gottsäidank.

__________________
404 - Not found
31.05.2007 09:18 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
-Laurent-
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hmm ech hun mein ganzt geschier waats de jo noliesen kanns bei mengem account plus eng 2t 30d fier em dei 70 euro versecheren geloos hmm bei der luxembourgoise mengen ech
31.05.2007 09:25
Masterpii Masterpii ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Daat Thema wollt ech och schon eng Keier uschwätzen! Well wel meng Saachen och versecheren loossen mee wees net wirklech wou! Krut zwar vun puer Leit gesot, dass ech et bei AXA soll maachen mee wollt awer mol hei puer Leit fir Info froen!?

__________________
Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
31.05.2007 09:36 Masterpii ist offline E-Mail an Masterpii senden Homepage von Masterpii Beiträge von Masterpii suchen Nehmen Sie Masterpii in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie Masterpii in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von Masterpii anzeigen
ploro ploro ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-29.gif

Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech hun virun 1 woch beim foyer
31.05.2007 09:38 ploro ist offline E-Mail an ploro senden Beiträge von ploro suchen Nehmen Sie ploro in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von ploro anzeigen
Jean-Jos
unregistriert
RE: Versecherung Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut,
du kanns eng Versécherung ofschléissen:
jhust fir an d'Wakanz, dat nennt een da Gepäckversécherong (Vacances sans soucis bei der eelster lëtzebuerger Versécherongsgesellschaft) : do sin all déng Saache verséchert, awer opgepasst, d'Wäertsaachen (an dorënner fällt och d'Fotomaterial) a Sportsartikelen däerfe nët méi wéi 50% vum ganze Wäert respektiv 25% fir een eenzelnen Artikel ausmaachen; dat schéngt dofir nët intressant wann's de en deieren Apparat hues, wëlls de d'Versécherungszomm relativ héich muss wielen;
oder a vill besser Alternativ: eng Tous Risques-Versécherung op d'ganzt Joer: ass bis op e puer Ausschlëss zimmlech alles dran a kascht 25 %o bei däerer selwéchter Gesellschaft (Lalux) , dat heescht bei 1.000 EUR Versécherungswäert 25 EUR Versécherungsprim (= och Mindestversécherungsprim wann de Wäert ënner 1.000 EUR läit);
wann's de méi Infos brauch, mell dech roueg
31.05.2007 10:49
wuschel_lux wuschel_lux ist männlich
Mitglied


images/avatars/avatar-73.gif

Dabei seit: 28.12.2006
Beiträge: 27
Herkunft: Luxembourg

Themenstarter Thema begonnen von wuschel_lux
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ma merci mol fir är Äntwerten ...

@ Jean-Jos
sou wéi ech däin Baitrag liesen, schéngst du jo vum Fach ze sinn ...
25% vum Gesamtwärt kléngt jo OK, wee mech géifen déi "puer AUsschless" interesséieren.
- z.b. ech fotograféieren Volleyball, en Ball flitt an mäin Apparat an en ass Schrott, waat geschitt dann, kréien ech en ersaat (gewëssen Prozetsaatz) oder ...
- eng Späicherkaart fällt mir op den Buedem, an ech trëppelen drop
- ech kréien en Objektiv an der Haal geklaut ...

Kléngt villäicht e bessi mat den Hoer erbäi gezunn (ausser Punkt 1) mee interesséieren géif et mech trotzdem...
31.05.2007 11:18 wuschel_lux ist offline E-Mail an wuschel_lux senden Homepage von wuschel_lux Beiträge von wuschel_lux suchen Nehmen Sie wuschel_lux in Ihre Freundesliste auf
ploro ploro ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-29.gif

Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

an wat geschitt wan ech um camping main aparat am zelt leien hun an et klaut een mer en? sprengt se dan och an?
31.05.2007 11:30 ploro ist offline E-Mail an ploro senden Beiträge von ploro suchen Nehmen Sie ploro in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von ploro anzeigen
Jean-Jos
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et deed mer leed, mais dat ass alles komplizéiert, duerfir dëse langen Text, an awer kann ee nët komplett sin a souwisou sin d'Bedéngunge méi wéi sécher vu Gesellschaft zu Gesellschaft e bëssen ënnerschiddlech; macht mech also nët responsabel fir eppes wat hei nët steet oder vergiess gouf oder vläicht anescht ass Augenzwinkern (dëst soll nëmmen en 1. Abléck gin), mais froot op alle Fall Detailler bäi däerer Gesellschaft déi dir wielt !

Fir d'éischt emol un de wuschel_lux: ech mengen du haas mech liicht falsch verstanen, wat kee Wonner bei däerer Matière ass:
déi 25 % hu näischt mat Entschiedegung ze din, hei e Beispill (betrëfft nëmmen kuerzfristeg Wakanzversécherung): däi Fotoapparat kascht 800 EUR (eleng) déng aner Objektiver, Blëtz, Stativ asw hun och nach e Wäert vun zirka 800 EUR da muss de wéinstens 3200 EUR versécheren (wann's de soss keng Wäert- a Sportsartikele mat op d'Rees hëlls)...

och dofir ass d'Tous Risques-Versécherung op d'ganzt Joer d'Léisung,

et ass nët einfach all Fro ze beäntwerten, dofir mol fir d'éischt de Prinzip, wat ass verséchert:
La Compagnie garantit l'Assuré contre les risques de pertes, avaries ou dommages matériels subis par les objets assurés indiqués aux Conditions Particulières, à condition que ces risques proviennent directement de vols, incendies, explosions, dégâts occasionnés par les eaux ou d'une cause accidentelle exclusivement.

Esou wäit esou gutt, d'Ausschlëss sin verschiddener Natur, eng Rei dovun gehéieren zu all Typ vu Versécherung, dofir losse mer déi mol op der Säit: déi wichstegst aner Ausschlëss wäeren a méngen Aen (ass nët onbedéngt komplett):
• les égratignures, rayures et éraflures, ainsi que les rayures, taches ou piqûres aux objectifs;
• le bris des lampes, lentilles, tubes électroniques, flash ou analogues, Â moins qu'ils ne soient brisés avec l'appareil lui-même;
• les objets simplement oubliés, égarés ou perdus;
• les dommages causés par le fait doleux, par le fait intentionnel ou par la faute lourde de l'Assuré;
• tous dommages et dérangements mécaniques provenant uniquement du vice propre de l'objet assuré ou résultant d'une erreur ou d'une fausse manoeuvre commise dans le fonctionnement ou à l'occasion de la mise en marche ou de l'arrêt dudit objet;
• tous dommages aux parties électriques des objets assurés et causés par l'électricité, qu'il s'agisse d'action directe ou d'influence et que cette électricité soit d'origine naturelle ou artificielle… ;
• toutes avaries résultant d'usure, de déchirure préalable, de détérioration progressive, de l'état hygrométrique de l'atmosphère, des variations de température, des mites, de la vermine et autres parasites;
• tous dommages causés par un procédé quelconque de réparation, restauration, nettoyage, remise à neuf;
• le vol des objets assurés laissés la nuit (de 22 hrs. le soir à 6 hrs. le matin) dans des véhicules stationnant hors de locaux fermés à clef ou hors de parkings officiels gardés et/ou laissés le jour et la nuit dans des véhicules non fermés à clé

Awer opgepasst: déi Fotografen, déi dat berufflech machen ,mussen hierer gesellschaft dat melden, den Tarif ass do méi deier!

also konkret fir dech:
a) Volleyball: ass normalerweis verséchert (awer opgepasst wann's de Profi bass, kuck mäi läschte Satz an dem aneren Artikel)
b) Späicherkaart: wäer zwar speziell, mee trotzdem verséchert wëll et en Akzident ass
c) hängt vu villem of (vol par effraction oder agression ok, mais zum Beispill aus dénger Fototäsch geklaut, déi's de 10m méi wäit stoen haas: ass nët verséchert!....)

Nee leider nët, normalerweis ass nëmmen vol par effraction oder agression verséchert, fro dat awer léiwer nach emol bei dénger Gesellschaft no...
31.05.2007 13:24
wuschel_lux wuschel_lux ist männlich
Mitglied


images/avatars/avatar-73.gif

Dabei seit: 28.12.2006
Beiträge: 27
Herkunft: Luxembourg

Themenstarter Thema begonnen von wuschel_lux
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

En décken merci mol fir den éischten Ableck ...

Jojo mat den % hun ech nach en mol nogliest ... ech méngen fir déi meescht hei ass eng Tous Risques déi bëschten Léisung.

Zitat:
also konkret fir dech:
a) Volleyball: ass normalerweis verséchert (awer opgepasst wann's de Profi bass, kuck mäi läschte Satz an dem aneren Artikel)
b) Späicherkaart: wäer zwar speziell, mee trotzdem verséchert wëll et en Akzident ass
c) hängt vu villem of (vol par effraction oder agression ok, mais zum Beispill aus dénger Fototäsch geklaut, déi's de 10m méi wäit stoen haas: ass nët verséchert!....)


zu a.) do géif mech mol Définitioun vun Profi interesséieren, Haaptberuflech, Fräischaffenden Fotograf, wwann en en Presseausweis huet?

zu b.) nët dass du lo méngs ech wir schusseleg oder sou, mee mat der Spächerkaart wor villäicht nët daat beschtend Beispill ... soen mir sou, bei Objektiv wiesselen, fällt et engem aus der Hand ...

zu c.) daat heescht, wéi "all normalen" an der Haal séng Fotostäsch stoen huet, wir nët ofgedeckt. Sollt jo och nët virkommen, dass do "um Terrain" geklaut get.


ech hun och firun e puer Minuten folgend Äntwert op en Mail vun der lalux kritt:

Zitat:
notre produit TOUS RISQUES assure votre appareil photographique contre les risques de perte, avarie ou dommages matériels, à condition que ces risques proviennent directement de vols, incendies, explosions, dégâts occasionnés par les eaux ou d'une cause accidentelle.

La police n'a donc pas pour objet de garantir la perte pure et simple due à un oubli ou le simple égarement. Egalement exclus sont les dommages aux seules lentilles.

Pour votre appareil photographique et accessoires, la prime s'élèverait à ------ EUR, frais et impôts y-compris.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von wuschel_lux am 31.05.2007 13:43.

31.05.2007 13:36 wuschel_lux ist offline E-Mail an wuschel_lux senden Homepage von wuschel_lux Beiträge von wuschel_lux suchen Nehmen Sie wuschel_lux in Ihre Freundesliste auf
Jean-Jos
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ ploro: Nee leider nët, normalerweis ass nëmmen vol par effraction oder agression verséchert, fro dat awer léiwer nach emol bei dénger Gesellschaft no...

@wuschel_lux:
a) ech géif soen, wann ee Suen dommadder verdéngt (huet also da nët esou vill mat fotografëscher Qualifikatioun ze din)
b) ganz kloer verséchert
c) genau esou
31.05.2007 13:43
Knolles
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

daat Thema as ganz intressant, wollt mëch och lo mol domadder beschäftegen,
get sou lues Zeit, waat do nämlech alles zesummen kënnt !!!!!

also, ech krut vun engem gesoot, hien hätt sein Material op sou eng Art - Kasko - versëchert.dh. hien mëcht - och - Sportfotoën etc. an do as ët jo narwëll ganz gefeierlëch, dat mol en Ball oder sou him frontal vir dran etc..............

ouni lo sein Material - genée - opzezielen, souvill
1 Boitier (professionel )
+ 4 Objektiver
Blëtz - Stativ ....

= +- 400 Euro / Joer !!!

waat denks du - Jean-Jos - , wat daat dann vir eng Versëcherong as ?
(nët d'Firma mais d'Police an sëch !! )
31.05.2007 15:28
Jean-Jos
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

dat ass genau déi 'Tous Risques'-Versécherong wéi uewe beschriwwen;
wat zielt ass de Wäert vum Material;
wann ech déi 400 EUR Versécherongsprim (ttc huelen ech un) analyséieren, dann entsprécht dat engem Versécherungswäert vun 15.192 EUR bei engem Amateur-Fotograf an 10.128 EUR bei engem journaliste-photoreporter bei däerer Versécherungsgesellschaft däerer ech méi no stin.
Kënnt dat hin?
31.05.2007 17:28
Knolles
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Jean-Jos
dat ass genau déi 'Tous Risques'-Versécherong wéi uewe beschriwwen;
wat zielt ass de Wäert vum Material;
wann ech déi 400 EUR Versécherongsprim (ttc huelen ech un) analyséieren, dann entsprécht dat engem Versécherungswäert vun 15.192 EUR bei engem Amateur-Fotograf an 10.128 EUR bei engem journaliste-photoreporter bei däerer Versécherungsgesellschaft däerer ech méi no stin.
Kënnt dat hin?


daat kënt locker hikommen, wann ëch iwwerléeën, wei éen Material daat as ;-)

ma gudd dann ,
ech denken, hien huet daat schon richteg gemaach, mat sou deierem Geschier soll éen schon sëcher sin.
bei eisen Autoën maachen mir daat jo och :-D
31.05.2007 19:38
Junior Junior ist männlich
Grünschnabel


Dabei seit: 12.04.2006
Beiträge: 4

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Knolles seet: bei eisen Autoën maachen mir daat jo och :-D

genau dat,
an dës Versécherong ass wierklech eng Zort Kasko!

__________________
Reden ist Silber

Ausreden ist Gold

31.05.2007 20:02 Junior ist offline E-Mail an Junior senden Beiträge von Junior suchen Nehmen Sie Junior in Ihre Freundesliste auf
medenis
Mitglied


Dabei seit: 05.11.2009
Beiträge: 26

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ Jean-Jos

Du schengs jo hei den Expert waat Assurancen betrefft ze sin :-)

1) D'Assurance Tous Risques vun da LaLux kennt dei och fir den Schued ob waan
een z.B seng Kamera mam Stativ emgeheit an dono futsch wier.

Huelen un JO me sous condition dass den aktuellen Wärt dann gekuckt get oder?

2) Waan een Material den Daag iwer am Auto geklaut kritt muss een daan ob Police goen
an Plainte maan oder just d'Assurance unruffen? An Europa misst daat jo keen Problem
sin, me demno wou een ass ob da Welt (Afrika/Asien) ass daat bestemmt guer net sou
einfach mat da Police :-)

Merci
18.03.2010 10:40 medenis ist offline E-Mail an medenis senden Beiträge von medenis suchen Nehmen Sie medenis in Ihre Freundesliste auf
Sirius
Mitglied


Dabei seit: 20.05.2010
Beiträge: 25

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Meng Ausrüstung aus och versechert bei der Assurance XXX (wees net ob Werbung erlaabt) ass.

Haat mir am März eng Nikon D700 + Nikon 24 - 70 2.8 kaaf plus verschidden Sachen an versecheren geloos.

An lo ass mir am Summer an der Vakanz den eischten Daag main Objektiv ob den Buedem gefall. Fir um Objektiv war een Steck vum Plastik ofgebrach an den Zoom war blockeiert, den hued sech net mei dreinen geloos

-----> Schock

Hat der Assurance dun direkt een mail gemet an den Schued gemellt. Wou ech aus der Vakanz rem komm sin hun ech missten een Devis maan loosen iwert den Schued.

---> 750 Euro Reparatur, puhhhhh

An Gott sei Dank iwerhellt d'Assurance den Schued.

Fir dei wou sech froen ob sech eng Assurance lount, geif ech soen JO :-)

P.S.: War natirlech peinlech no 6 Meint Kontrakt schon mussen sou een Schued ze mellen me war awer frou dass lo allles guud gangen ass.
01.10.2010 15:37 Sirius ist offline E-Mail an Sirius senden Beiträge von Sirius suchen Nehmen Sie Sirius in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun lo seit 4/5 Joer Fotomaterial, wann ech daat alles all Joer Versecheren geloos hätt waer eng schein Zomm zesummen komm... Et as mer nach nie eppes gefall an krut och nach neicht geklaut... Eng assurance lount sech also net emmer...

Just meng Meenung smile

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
01.10.2010 19:22 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Emfroen » Versecherung

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH