spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
Hallo..
ech mengen ech hu Flecken ob mengem Sensor, well egal wei een Objektiv ech dropmaachen hun ech Flecken a menge Fotoen...Wou kann een higoen fier daat gebotzt ze kreien? muss den Apparat dann agescheckt gin oder get daat ob der PLaaz gemaach? Mir wier jo am leifsten wann ech mei Geschier direkt nees keint matheemhuelen.. wann een eng gudd a schnell Plaaz wees wou ech daat keint gemaach kreie ka mer jo bescheed soen :-))
|
|
17.03.2007 18:42 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Hues du schons probeiert mat engem Blasebalg op de Sensor ze blosen? Doduech kann s du kleng Stepspartikelen ganz gudd ewegkréien.
Wann dat nët helleft, da muss natierlech eng aner Variant hier.
|
|
17.03.2007 18:58 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
ehmm.. muss ech dofier de Spigel ropmaachen? ech hun null ahnung domat...
|
|
17.03.2007 19:19 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Sensorflecken sin eppes Onvermeidléches, bei DSLR-Kameras an zimmléch lästech. Ech hat méng D80 nach keng Woch, do hat ech scho Stëbs um Sensor. Meeschtens kritt een se zwar wech, wann ee mat engem Blosballech driwwer bléisst, mais et as eng kriddelech Saach. Fir d'éischt muss den Akku ganz opgeluëde sin, datt de Spigel net onverhofft zouklappt, da muss een de Fotoapparat mat der Oeffnung no ënnen haalen, datt den "atmosphäresche" Stëbs net de Sensor nach méi vers...t. Dat hat ech eemol bei ménger D70, datt ech sou vill Stëbs drop hat, datt ech mir eng D80 kaaft hun. lol
Bon! wat elo maachen? 1. Wann et nëmmen een as, da kanns du deen am Photoshop hanneno mat Stempel an/oder Correcteur fort maachen.
2. Nemmen mat Blend Ouverture max bis 8 fotograféieren, da gesäit een en net su vill, well ech hu scho festgestallt, datt wann ee mat 16 oder 22 knipst, da gin d'Sensorflecken och mat scharf.
3. Den Apparat bei de Fotograf M. an der Monterey Avenue droen, deen huet, hun ech mer soe gelooss, een Apparat, fir de Stëps ofzesuckelen. Ech war zwar nach net selwer dohinn, mais du hues jo net allzewäit bis an d'Stad.
4. Oder nom Prinzip ça passe ou ça casse fuere, wi ech bei ménger D70: Ee ganz glate Chiffon, deen net fusemt, mat liichtem Alkohol fiicht maachen, a mat engem Wattestäbchen ganz douce iwwert de Sensor wëschen. ... Bon: Ech hat Chance.
Not recommended!!!
Schéi Gréiss,
Nico
|
|
17.03.2007 19:21 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Merci Nicon! Daat ass jo ausfeierlech.. ech probeieren da mol daat mam Blosballeg :-)deng lescht alternativ loossen ech mol leiwer sin, well echun meeschtens keng Chance bei sou Saachen :-)
|
|
17.03.2007 19:25 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Nach een Tip: virun der Prozedur, mach eng Foto vun enger weisser Fläch (bloën Himmel geht och, mee deen hun mer net esou oft) mat manuellem Fokus op Infinity, Blendenöffnung f/11; an daat nämmlecht nodeem's de gebotzt hues (respektiv botzen gelooss hues).
Sou hues de eng virdrun/duerno Referenz a geseis zB. och op deng benotzten Method wierklech eppes brëngt, net genuch hëlleft, oder d'Saach just nach verschlechtert.
(Firwaat f/11: de Stëpps get méi schlemm waat deng Blend méi kleng get. Wanns de wide open Stëpps geseis dann ass et wierklech schlemm. Bei f/22 geseis de wahrscheinlech nach vill méi wéi bei f/11, mee wanns de souwiesou nie méi kleng Blend hëlls wéi f/11 dann mecht daat naischt. Vu que dass den optimalen Bereich vun engem Objektiv spéitstens bei f/11 ophällt, brëngt et net vill fir esou pedantesch ze sin fir och nach bei f/22 keng (minimal) Stëppskären ze gesin.)
|
|
17.03.2007 19:35 |
|
|
alma
Mitglied
Dabei seit: 21.11.2005
Beiträge: 49
|
|
ech geif dem nicon07 seng 3 variant firschloen.
ech war och schon bei dem fir flecken an steppskären erof zekreien.
huet relatif gut geklappt an 15€ kascht.
|
|
17.03.2007 20:19 |
|
|
Conner
Grünschnabel
Dabei seit: 08.11.2006
Beiträge: 8
|
|
Bei menger hun ech och missten laang mam Bloosballeg hantéieren biss den Stëpps erof waar. Ech hun mer awer en dennen Silikonschlauch un den Bloosballeg drungemaat, dann kann een den Schlauch ganz dicht iwwert den Sensor halen ohne ze fährten dass een widderkënnt.
Ech hun haut och nach en Link am WWW font:
http://www.dust-aid.com/instruction_video.html
Daat kënnt evetuell och nach eng gudd Alternativ sinn.
|
|
17.03.2007 21:25 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Pass op wanns de dat mam Blosballeg probéiers: Déi meescht hun bannendran en Pudder fir dass den Plastik net rësseg get, an dann hues de réischt richteg Sauerei um Sensor. An den Apdikten kriss de awer exra Bosbälleg, ouni Pudder. Ech hun een vu 'Pharmex/interphar medical', an fir dat grafft geet dat gudd.
An: Op kee Fall Loftspray aus der Béchs! Do kënnt Ueleg mat eraus.
Wanns de méi hartnäckegen Stëps hues, muss de den Sensor tatsächlech botzen. Vum Alcohol géif ech ofroden, do kënnen Résidu'en iwwereg bleiwen. Du kriss awer Produit'en wéi 'Eclipse', déi extra dofir geduecht sin. Déi kanns de dann an Verbindung mat der Copper Hill Method probéieren, eng Method déi immens populär as, on op déi d'Profien schwieren - et muss een sech just trauen.
__________________ www.gloda.net
|
|
18.03.2007 22:43 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Merci Gloda! da gine ch mer mol sou ee Bloosballeg sichen.. a wann daat naischt get da gin ech mengen ech aawer leiwer an de Butteck ;-) Wann dei et da futti maachen kenne se mer et bezuelen :-)
|
|
19.03.2007 14:11 |
|
|
sanitel
Doppel-As
Dabei seit: 17.06.2006
Beiträge: 120
Herkunft: schuller
|
|
zum Nicon sénger 3'ter method:_
wou as déi avenue ongeféier....kléng beschreiwung w.e.g, wier dankbar...
, an dréngend néideg bei mengem apparat
|
|
06.09.2007 17:02 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech hun mir virun kurzem den Visible Dust Arctic Butterfly Travel Kit kaaf. Domat kann een den Sensor dreschen, an och nass botzen.
Ech haat een Fleck op mengen Fotoen deen ech mam Blosbaleg net eweg kritt hun. Et ass mir och virkomm wéi wann daat keen einfachen Stepskär wier. Also hun ech mol mam Visible Dust Butterfly probéiert den Sensor dreschen oofzebiichten. Deen Fleck war awer eng Sorte Fett an ech hun mir eng streif iwert den ganze Sensor gezun. Do hun ech mir dann de Mut geholl an den Sensor mat der Flessegkeet vun Visible Dust oofgemeet. Daat huet wonnerbar geklappt. Et reift een jo net direkt iwert den Sensor. Do ass jo nach e Filter virdrun. Et muss een awer spezial Material hun fir keng Residuen (Schleieren) ze hannerloosen wéi se beim dreschnen vun aaneren Flessegkeeten entstin.
|
|
06.09.2007 17:34 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Den Filter rett dech net wierklech. Wanns de mat engem Stëpskär vun lénks no riets iwwer den Sensor kraatz as et geschass, also verlooss dech net op déi "Schutzschicht".
__________________ www.gloda.net
|
|
07.09.2007 11:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et ass souwisou nie de Sensor den dir botzt, et ass den Tiefpassfilter
__________________ 404 - Not found
|
|
07.09.2007 14:49 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Wichteg ass dat een fir d'eischt versicht alles waat Kraazer maache kann ewech ze kréien IERT een naas oder dreschen drop reiwe geet. Drockloft ass schlecht (liewensgeféierlech fir den Verschloss). Do get et Systemer déi zwar eng Drockloft-Dous hun, mee domat awer eng Art Stëppssuckler maachen. Duerno dann fir d'eischt naas an dann dreschen botzen. Tout doux!
|
|
07.09.2007 22:16 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wisou soll Drockloft schlecht fir de Verschluss sinn? Den ass jo sws rop wann een daat net mecht an d'Loft kennt guer net un den.
__________________ 404 - Not found
|
|
07.09.2007 22:18 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ech hat mer engkéier sou ee system kaf! déi staubsauger-dous hun ech nach... déi kann ee lang gebrauchen.. mee déi swabs déi dra sin (jeweils 3 drechener an 3 naasser) gin engem séier aus! zumol wann ee ekng übung huet! haaptnodeel: präis!
__________________
|
|
07.09.2007 23:31 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Wat Drockloft dem Verschloss soll maachen wees ech zwar och net. Mee fir den Sensor kann se méi futsch maachen wéi se gudd mecht. Et gët nämlech keng Loftdrock Béchs bei der 100% ausgeschloss kann gin, dass en bëssen Flëssegkeet mat erauskënnt, anscheinend sou eng Zort Ueleg. Wann een säin Handy oder séng Tastatur domat propper mecht as dat ganz egal, mee den Sensor huet dat net gär.
Ech wärt mech eemol un der Copper Hill Method versichen, wann ech un den Produit kommen.
__________________ www.gloda.net
|
|
08.09.2007 01:03 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Zitat: |
Original von gloda
Wat Drockloft dem Verschloss soll maachen wees ech zwar och net. Mee fir den Sensor kann se méi futsch maachen wéi se gudd mecht. Et gët nämlech keng Loftdrock Béchs bei der 100% ausgeschloss kann gin, dass en bëssen Flëssegkeet mat erauskënnt, anscheinend sou eng Zort Ueleg. Wann een säin Handy oder séng Tastatur domat propper mecht as dat ganz egal, mee den Sensor huet dat net gär.
Ech wärt mech eemol un der Copper Hill Method versichen, wann ech un den Produit kommen. |
Genee. An ausserdem, den Verschloss ass zwar op, mee no bäi an gaaaaaanz empfindlech! Ganz liicht an dënn Lamellen déi net fir en Stuerm aus der Dous gemaach sin. Scho méi wi een huet sech domat de Verschlos verbéit ... Totalschued. Den Verschloss ass, mechanesch gesin, méi empfindlech wéi den Sensor.
An de Stëpps deen een vum Sensor ewech bléist bleiwt héchstwarscheinlech an der Kamera an kënnt dann séier nees op den Sensor zeréck ...
|
|
08.09.2007 09:08 |
|
|
|