Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 79 Treffern Seiten (4): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: Member sin, an knaps bis guer keng Foto erop gelueden.
Sicho

Antworten: 12
Hits: 36.081
22.05.2011 21:57 Forum: Froen zu Photogen


Zitat:
Original von Johny
Jo dat stëmmt, do hun ech mer och iwwerluecht eng kleng Spär anzebauen dass een op manst e bëssen muss aktiv gewiecht si fir däerfen eppes ze verkafen.


kann ech engersäits verstoen, well een denkt "deen mellt sech just un fiir säin kroom lass ze gin aka sech ze beräicheren", mee aanersäits:

1) generéieren och dei User dei just eppes verkaafen wellen Klicks, Pageviews an Anträg an der Memberlescht (bei Sponsorunfroen gett een jo bestemmt gäeren un, weivill Memberen den Site huet an waat mei waat besser ... Augenzwinkern )

2) wann se wierklech eppes guddes ze verkaafen hun an daat zu engem fairen Präiss, dann brengt deen User jo och deenen aaneren Useren eppes, nämlech d'Chance op een Schnäppchen

3) ech denken mer och, dass vill Memberen leiwer hei um Site no evtl. verfügbarem Material sichen ewei am Luxbazar oder sou ... kuerz: waat Verkaafsoffer an den Annoncen hei mei grouss ass, waat et mei komfortable fiir d'Stammuser ass. Zumols hei am Land huet een net all ze vill Plattformen, wann een eppes Second Hand well sichen oun iiwwert ebay an co. ze fueren

Dofiir denken ech perséinlech net, dass een sou "Memberen" mat engem Aktivitéitsminimum sollt "oofschrecken", well se sin schon sennvoll ^_^
Thema: http://www.pixmania-pro.lu
Sicho

Antworten: 23
Hits: 68.763
01.04.2011 19:56 Forum: Material


am Internet muss ech net fiir d'eischt bis an x Butteker rennen fiir ze fannen waat ech sichen (oder et souguer vläit guer net ze fannen ...) an kann gemittlech vun doheem aus shoppen.

Wieren d'Letzeboier Shops net sou blöd an geifen och mol online goen wier et jo och eng aaner Saach ...


mee se zeihen jo lues awer secher no. Mat Luxcaddy beispielsweis oder dne Auchan mat sengem Click & Drive ... hoffentlech kommen demnächst och "Technik"-Geschäfter hei am Land mol op den Triichter, dass een sech net mei fiir all Schissi deplacéieren well ... Benzin ass deier, den Auto souwisou, et soll een souwisou manner ronderemfueren, d'ass eh iwwerall Stau, et fennt een keng Parkplaatz an wann een dann endlech do ass fennt een raus, dass se guer net hun waat een well ... böh

haut haat ech mer z.B. am Auchan drei Videospiller kaaf ... awer och nemmen well ech graad souwisou am Auchan woor. Ansonsten gin ech lo net derhier an denken mer "ech well Spill XYZ kaafen" an gin dann mol an den Viaduc an dann an den Darty an an den Auchan asw. kucken wou et am bellegsten ass an huelen mer et dann mat ... nö, um Bureau gemittlech am Internet ronderemgeklickt, den Daag drop läit et an der Boite Augenzwinkern an meeschtens 10€ oder mei nach gespuert dobai ...

An last but not least: bei Amazon keeft een mei letzeboiesch wei een mengt Augenzwinkern

-> amazon.de ist der Handelsname für Amazon EU S.a.r.l., Amazon Services Europe S.a.r.l. und die Amazon Media EU S.a.r.l.. Diese Website (ausgenommen Marketplace) wird von der Amazon EU S.a.r.l., 5, Rue Plaetis - 2338 Luxemburg (Ust-ID: DE 814584193, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0101818 ) betrieben. Die Amazon.de Marketplace- und zShops-Plattform ebenso wie andere Angebote für Drittanbieter auf dieser Website werden von der Amazon Services Europe S.a.r.l, 5, Rue Plaetis, L-2338 Luxemburg (Ust.ID: LU 19647148, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0093815 ) betrieben. Der MP3 Music Service wird von der Amazon Media EU S.a.r.l., 5, Rue Plaetis, L-2338 Luxemburg (Ust.ID: LU 20944528, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0112767) betrieben. Alle vorgenannten Gesellschaften werden gesetzlich vertreten durch Gregory Greeley.

dei Leit dei op 5 rue Plaetis schaffen mussen jo och hier Paye verdengen
Thema: Avis aux amateurs: Ouvrez vos yeux sur la science !
Sicho

Antworten: 11
Hits: 59.888
06.03.2011 18:43 Forum: Allgemeng OT


tja ech sin leider mettlerweil 26 xD
Thema: Kalenner
Sicho

Antworten: 2
Hits: 21.600
01.01.2011 14:40 Forum: Misc


ah tiens, an der Software selwer ze kucken wier mer lo net agefall, haat just um Site gekuckt Augenzwinkern

bedankt!
Thema: Kalenner
Sicho

Antworten: 2
Hits: 21.600
Kalenner 01.01.2011 13:33 Forum: Misc


Moien Leute an frohes Neues,

ech hun bis lo relativ vill Saachen bei foto.lu maan geloos ... e.a. mol een Fotosbuch an och schon eng Toile.
Lo wollt ech mer fiir 2011 een Kalenner maan mat Fotoen vun mier, mee foto.lu bidd daat net un (oder ech hun et iwwersinn)

Kennt iirgendeen een gudden, empfehlenswerten Site, op deem een sech een Kalenner kann maachen loossen? Am leifsten wieren mer réel Erfahrungsberichter smile

Merci,
Sicho
Thema: PG Update
Sicho

Antworten: 440
Hits: 1.015.166
24.09.2010 00:48 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Moien,

klengne Fiirschlag meinerseits:

bei den Annoncen wier et interessant, wann den Datum geif derbai stoen vun deem Daag wou se kreiert gouf. Wann z.B. een dranschreift, dann en eppes sicht fiir den Weekend geleint ze kreien an et wees een net op se vun deser oder leschter Woch oder souguer vum leschten Mount ass, ass daat bessi ongenschteg Augenzwinkern
Thema: Op Foto Opmierksam man
Sicho

Antworten: 167
Hits: 644.221
01.09.2010 12:34 Forum: Foto Forum


Zitat:
Original von Sicho
ech kruut leider net besonnesch vill Feedback op des Foto, well et awer am Fong main eischten richtegen Versich vun engem Panorama woor, wier ech frou fiir puer Rootschléi, Kritiken asw. smile

http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=47470


nodeem dei Foto nemmen "so la la" ukomm ass, haat ech mol na eppes aaneres versicht

http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=48361

geif mech iwwer all Kritik freen, fueren geschwenn an d'Vakanz an well do secher daat eent oder aanert Panorama maan an sin dofiir fiir all Kommentaire, deen mer helleft besser Panoramen ze maan, dankbar ^^
Thema: Kallibreierbaren Monitor
Sicho

Antworten: 32
Hits: 75.766
25.08.2010 15:11 Forum: Technik-Diskussiounen


woor just eng Klaamer well z.B. vill Leit net wessen, dass an engem Fernshe Marque XY dann een Samsung Panel dran ass ... woor mei "for your information" ewei lo wierklech eppes zuer Diskussioun bäidroënd Augenzwinkern

an d'Elektronik hannert dem Panel haat ech erwähnt Augenzwinkern
Thema: Kallibreierbaren Monitor
Sicho

Antworten: 32
Hits: 75.766
24.08.2010 12:16 Forum: Technik-Diskussiounen


Zitat:
Original von ludiol
@nokie.

Also ech hu mech jorenlaang vun Samsung a Co blenden geloos, mat hieren soit-disant Wide Gamut Faarwechten Ecranen.

Ech ka just eppes dozou soen.

Meng Fotoen waren mam Samsung emmer ze däischter, well deen blöden TFT souguer bei 0% Brightness nach ze hell war an d'Spann mer daat och gesoot huet. Mat engem Backlight LED gess de menger Meenung no net frou well deng Fotoen herno ze däischter sin wells de um ultra hellen Ecran d'impressioun hues du misst se e bessen mi däischter maachen.

Réischt den Eizo huet mer daat richteg gemeet. A meng Spann huet net vill missen verbesseren.


Eng kleng Klaamer:
ech well just drop hinweisen, dass eng enorm grouss Majoritéit vun all den Panelen op der Welt an den TFT'en, LCD an TVs vun Samsung sin ... verschiddener nach vun Hitachi. Dei weinëgst Marken maachen selwer Panels, an den Eizo'en sin baal emmer Samsung Paneler verbaut. D'Technik, dei noom Panel kennt, ass eng aaner, mee den Panel selwer ass ganz ganz oft Samsung.

Bei LCDs ass d'Majoriteit vun den Panelen vun S-LCD ... waat een JointVenture vun Samsung an Sony ass.
Thema: Op Foto Opmierksam man
Sicho

Antworten: 167
Hits: 644.221
31.07.2010 11:44 Forum: Foto Forum


ech kruut leider net besonnesch vill Feedback op des Foto, well et awer am Fong main eischten richtegen Versich vun engem Panorama woor, wier ech frou fiir puer Rootschléi, Kritiken asw. smile

http://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=47470
Thema: iPhone 4 - FAQ
Sicho

Antworten: 40
Hits: 122.741
31.07.2010 11:38 Forum: Multimedia


Zitat:
Original von n0kle

zB: MobileMe (min. 50€/Joer): Ech denken, wann een dorober verzichten kann, brauch een keen Smartphone, well daat as dach de senn vun engem Smartphone? Dass ech meng mails, kontakter, an etc. proper synce kann?


mam MyLife vun Luxgsm geet daat och - vill mei belleg (dofiir net graad sou performant). Allerdéngs ass den iPhone an däer Hinsiicht bessi speziell an leet do een Verhaalen un den Daag, waat aaner Handy'en net opweisen.

Wann een z.B. een iPhone huet an een en mat MyLife konfigureiert fiir d'Kontakter ze syncen, dann synchroniseiert en just dei Kontakter, dei ab der Konfiguratioun anginn gin, all dei dei schon fiirdrun um Telefon wooren scheckt en net op den Mylife lol ... mee wei gesoot, ass just den iPhone deen emmer rem sou Spillercher mecht Augenzwinkern
Thema: iPhone 4 - FAQ
Sicho

Antworten: 40
Hits: 122.741
31.07.2010 01:27 Forum: Multimedia


Zitat:
Original von Jeje
Sou lo muss ech mäin Pefferkär awer och dobei leen smile

Also ganz éierlech gesot, froen ech mech wat un dem iPhone sou speziell ass dass "all" Mënsch deen muss hunn smile

(Fleit kann een mer dat erklären ;-) )

Ech hunn den HTC Desire mam Android drop an sinn méi wei zefridden domadder, dat dengen leeft an huet KENG Netz respektiv Empfangsproblemer oder soss eppes. (hunn déi Tricker schon probéiert mä bei mir ass nix sou....smile )

Fir de Rescht wess ech net waat um neien iPhone4 besser ass, Kamera?, hmmm fir Fotoen ze maachen hunn ech en Fotoapparat, oder Display...oder...hmmmm waat eigentlech ? smile

Hiihi, also ech well lo keen ugräifen wann ech soen "all" Mensch etc.. smile

(((Hmmmmpff fleit sinn ech och just neideg well ech keen iPhone4 hunn :o))))) )))


du bass net alleng ... ech schaffen bei engem vun eisen 3 Handyprovideren an ech kann den Hype trotzdem net novollzeihen Augenzwinkern Fiir mech geet naischt iwwert een gescheiten Blackberry mat Tastatur! Touchscreen stenkt, ech brauch physikaleschen Feedback großes Grinsen Mat mengem BB schreiwen ech genee sou schnell wei um Computer - an vue dass ech vill mailen an sms'en ass daat fiir mech een Muss. Op engem Touchscreen rempfrimelen fiir ze schreiwen geif mech meng lescht Nerven kaschten großes Grinsen

Mee bon, ass halt een Lifestyleobjet ... oder wei ech emmer soen: een Gadget. Ech geif mech jiddefalls nii dofiir an d'Reih stellen goen ... mee bon, dofiir stoung ech an enger Reih fiir den eischten Daag eng Wii ze ergatteren großes Grinsen Sou huet jiddereen seng Spleens ...
Thema: iPhone 4 - FAQ
Sicho

Antworten: 40
Hits: 122.741
30.07.2010 17:08 Forum: Multimedia


Zitat:
Original von mikE
an souwäit ech daat hei gesin, geet et bei LuxGSM keen Tethering ouni iPhone Abo.... oder ech hun epps falsch angestallt/configreiert....

General / Network / Cellular Data:
APN web.pt.lu
Username web
Password web

Well iiren ech daat angin haat, stoung eppes vun Tethering am Networkmenu; dono net mei


richteg, soubaalste d'APN emänneren gees verschwennt den Tethering am Menu.

Den Tethering ass net payant bei LuxGSM (net wei z.B. bei AT&T wou een extra dofiir bezuelen muss) mee een iPhone-Abo ass awer Pflicht.
Mat engem Relax kannste keen Tethering maan wellste eben d'APN op web.pt.lu emänneren muss an doduerch dann d'Optioun verschwennt.
Thema: Weis Eis Déng Hompage
Sicho

Antworten: 259
Hits: 645.316
15.07.2010 13:16 Forum: Projet Virstellungen


ech hun gemengt ech misst och mol een Photoblog maan, et fennt een en ennert http://photoblog.sicho.info

den Photoblog gett een Deel vun enger ganzer "Blogosphere" dei ech mer graad opbauen großes Grinsen
Thema: blackberry mat iphone abonement
Sicho

Antworten: 5
Hits: 34.114
13.01.2010 11:54 Forum: Multimedia


Zitat:
Original von deBaemm
Ech sin mer secher dass dat geet du muss sust wann ech mech richteg arenneren d'VPN adress änneren, ech wees awer nemi genee wéi se war, was de muss agin, do kann bestemmt een aaneren der hellefen. Mee et ass op allefall den nemmlechte Prinzip wei wanns de d'SIM mat iPhone abo an en Huwaii HDSPA+ Modem mes: VPN aenneren, an dann leeft daat ganzt iwwer di nemmlecht flatrate smile


1. du mengs APN
2. APN kannste an engem BlackBerry net änneren. En fait kannste am BlackBerry guer naischt konfigureien. MMS asw. stellt sech alles autom an ... soubaal eng Kaart dran ass op däer den BlackBerry-Abo aktiv ass. Dann reicht mellt den BB sech mat der IMEI an PIN (net den Pin-Code vun der Simkaart ...) am Réseau an am BlackBerry-Netz un, vun do un reischt kann een och een BIS oder BES um BlackBerry aktiveieren. Dann reicht gett daat sougenannten Service Book op den Apparat gelueden - all Provider huet iwweregens eegen Service Books fiir BB fiir all Apparat an do mussen och all Keiers fiir all neien Modell opwänneg TA'en (Technical Acceptance) Prozeduren ennerzunn gin.

Ween mei iwwert Technik hannert BB well gewuer gin, brauch just wikipedia ze consultéieren
http://en.wikipedia.org/wiki/BlackBerry
Thema: blackberry mat iphone abonement
Sicho

Antworten: 5
Hits: 34.114
13.01.2010 11:48 Forum: Multimedia


fiir alles waat DATA ass um BlackBerry (Internet, E-Mail an och MMS!) brauch een een BlackBerry Forfait um Abonnement well a) alles iwwert eng spezifesch BlackBerry APN leeft an b) well dei Service all op d'Infrastruktur vun RIM zougraifen bzgl. Verschlësselung an Komprimeierung asw.
Een BlackBerry Apparat ouni BB-Abo ass just gutt fiir ze telefoneieren an SMS'en, mei kann een domadder net.
Ouni Zougrëff op d'RIM-Infrastruktur gett een BlackBerry jo och zimlech sënnlous, dann kann een direkt een aaneren Handy huelen.
Den BlackBerry ass an bleiwt nunmol een Gerät fiir ze schaffen, fiir Business-Leit an Indépendanten dei hiiren "Bureau" stänneg mussen mat derbäi hun an dei wäert op Datensecherheet leen.
Thema: Reportage iwert Urbex
Sicho

Antworten: 35
Hits: 88.269
17.12.2009 20:49 Forum: Allgemeng OT


schein Reportage smile
Thema: Ansprech evtl. ze héisch?
Sicho

Antworten: 150
Hits: 319.489
04.12.2009 19:34 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


ech hätt hei mol nach een Fiirschlaag:
vue dass een jo bei Photogen well "Frenn" kann hun, wei wier et, wann all User zwou Gallerien hätt? Dei eng wier eng "public" Gallerie, daat sin dann och d'Fotoen, dei eben och um Haaptsite asw. erschengen. Dann keint nach jiddereen eng "privat" Gallerie hun.

Dei privat Gallerie keinten just deem User seng Photogen-Frenn gesinn. Beim Roplueden vun enger Foto keint den Utilisateur wielen, op et eng privat oder public Foto soll sin (oder beides). Natierlech giffen do weiderhin d'Reegelen bzgl. Plaakeg an Rassismus asw. zielen d.h. och dei reng privat Fotoen giffen fiirdrun vun Admins gepreift gin.
Allerdengs keint een dann, wann een eng "public" Foto refuseiert kritt (aus diversen Grenn wei eben den Opbau wier net gutt asw.) dei wiederhin an dei privat Gallerie eranloossen an do keinten deemjeenegen seng "Frenn" dann dei Foto eben nach gesinn an ggbnfalls kommenteieren fiir ze soen "hey dei brengt et wierklech net..." càd statt den Message "dain Bild gouf refuseiert" keint kommen "dain Bild gouf refuseiert. Wellste et läschen oder wellste et an deng privat Gallerie leen?"

Den Image-Upload Limit wier awer na emmer d'selwecht - zwee Biller pro Daag an zwar Gallerieniwwergräifend. Also net zwee Biller pro Gallerie, mee zwee pro Daag egal op se an enger oder zwou Gallerien dranstin.

Eng Idee wei eng aaner ... großes Grinsen
Thema: Ansprech evtl. ze héisch?
Sicho

Antworten: 150
Hits: 319.489
01.12.2009 23:04 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


my 2 cents:

ech froen mech einfach wou photogen als Community bzw. seng Admins dorop kommen, dass si eng Aart "Bildungsoptraag" hun an der Meenung sin das jiddereen sech no enger gewessener Zait verbesseren MUSS?

z.B. dem suraki soen "du kanns daat besser" ... mee waat wann en net besser well? Waat wann him daat duergeet? Fotoen mecht een jo emmer nach normalerweis fiir sech, an wann een selwer mengt, den ereechtenen Niveau ass gutt genuch, dann ass et menger Meenung no net um Admin vun enger Fotocommunity fir him ze soen "nee du mess daat lo gefällegst besser".

En kann daat dann vun mier aus am Kommentar vun der Foto sou soen an do och genee erklären wisou en daat denkt an och dnan awer w.e.g. soen waat en besser kintn maan asw ... dann wier et Kritik, konstruktiv Kritik.
Mee eng Foto refuseieren well den Admin mengt, en sollt daat gefällegst besser maan ass an mengen Aan a) eischter destruktiv an b) wierkt et iwwerhiewlech.

Kloer sollen d'Leit sech am beschten am Laaf vun der Zait evolueieren, mee wann se daat net wellen muss een daat och akzepteieren well et kann een nunmol keen zu sengem Gleck zwengen. An wann x Fotoen bis lo emmer gutt genuch wooren an lo beemol net mei well een mengt en misst et gefällegst besser maan ass daat bessi ... onunbruecht. Dei Fotoen sin qualitativ z.B. nichtsdestotrotz na wait iwwert mengen (IMO) an domadder definitiv gutt genuch fiir hei um Site ze landen.

Wann ech lo beispielsweis een bestemmtenen Stil giff fannen an ech weilt eben gäeren fiir emmer an eiweg op deem Stil hänken bleiwen, dann ass daat nunmol main "Wee", meng Deicisoun an eben einfach meng Saach. Wei gesoot, eng dementspriechend Kritik ennert der Foto wierkt dann gutt gemengt an als een evtl. Stouss an eng aaner (besser? richteg? ...) Richtung, een Refus aus dem Grond "mer wellen dass du daat besser mess" wierkt eischter aggressiv an kontraproduktiv an mengen Aan.

Och wann d'Gefoor besteet dass daat an "Mobbing" an an eng Hexenjuecht emschleit, mee wei wier dann z.B. als Alternativ een System, wou all Foto einfach mol ugeholl gett an dann d'Utilisateuren een "Crap Delete" knäppchen oder sou eppes drecken kennen an wann eng Foto (soen ech lo mol als Beispill) vun min. 10 oder 20 User als "crap" bezeechnet gouf gett se erofgeholl? Dann hun weinstens d'Useren den "Misere" an net mei d'Admins dei dann den Kapp hierhaalen mussen.
Thema: Canon 50mm 1.8II
Sicho

Antworten: 21
Hits: 62.055
06.11.2009 11:08 Forum: Material


ech hun daat Objektiv na fiirun kuerzem engem Kollege fiir 70 Euro oofkaaf ... allerdéngs koum ech na netwierklech dozou et ze benotzen
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 79 Treffern Seiten (4): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH