Thema: Zirkus-Shooting |
Minaa
Antworten: |
5 |
Hits: |
32.775 |
|
|
Op déi Fotoen sin ech gespaant, ech hu mëch scho gefrot wéilaang et dauert bis een mat souenger Zirkus-Iddi kënnt
Ech wees nët op's de e kenns, mee de Christian Schuller (Jurymember vun GNTM 2010) huet och e soueen ähnlechen Shooting gemaach... Um Fernseh huet een nëmmen déi normal Modelfotoen gesinn, mee an sengem Buch sin immens vill däer Fotoen dran. "90 days, one dream" heescht d'Buch, an ech sin absolute Fan vun dene Fotoen
Ech sin mer secher dass du och mega flott Fotoen zu deem Thema hin kriss
Sin gespaant!
|
|
Thema: D'Seeche vum Zinniklos |
Minaa
Antworten: |
8 |
Hits: |
38.577 |
|
|
Nee Jade, do haat ech nach net probéiert, villmols merci!
Wann ech dann d'nächste Kéier an enger Libraire sin dann kucken ech mer daat 7ièmesbuch do mol un, an wann et daat net méi sollt gin dann gin ech weider an d'Nationalbibliothéik kucken... Mee dann wees ech lo mol wéinstens daat een déi Geschicht awer nach iergentwou kritt! Merci eech zwee!
Mengen Kanner an der Crèche liesen ech déi Geschicht awer léiwer net fir, ech mengen déi kinnt een als héchst pädagogesch onwertvoll bezeechnen, hahaha
|
|
Thema: D'Seeche vum Zinniklos |
Minaa
Antworten: |
8 |
Hits: |
38.577 |
|
|
Hallo alleguer!
Daat heiten ass lo wierklech 100% Offtopic, huet mol net am entferntesten eppes mat Fotografie ze din, mee ech hun alt gehofft dass mer hei vläicht ee weiderhellefen kann
An zwar sichen ech scho säit Laangem eng ganz bestemmten Geschicht, nämlech "D'Seeche vum Zinniklos".
Fir déi Leit denen den Numm lo näicht seet: Et geet em dräi Jongen déi owes net opgepasst haaten an net méi an d'Staadt rankomm sin well d'Diire schon zou waren. Si goufen vun engem Metzler fond an deen huet Gelli aus hinnen gemaach. De Beschof huet si fond an rem zu Jongen gemaach.
Bon, daat ass lo daat eenzegt wourunn ech mech nach erenneren... Ech wees nach dass ech déi Geschicht als Kand emmer ganz grujeleg fond hun an awer hun ech se emmer rem gär héieren. An wann ech mech richteg erenneren gouf déi Geschicht och verfilmt am um RTL gewisen.
Wann ee vun eech déi ganz Erzielung an engem Buch (oder vläicht suguer de Film) oder sou hätt wier ech wierklech frou wann en sech bei mer mellen géing!
Merci am Firaus!
|
|
Thema: Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60 |
Minaa
Antworten: |
14 |
Hits: |
36.901 |
|
|
Hmm also meng Kaarten sin awer och vu Sandisk. Hun daat ganzt elo mol probéiert an ech kann déi Fotoen dann just net um Fotoapparat kucken, mee duerno um Pc kréien ech se awer op. Ass also net sou schlemm, et stéiert just heiansdo.
|
|
Thema: Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60 |
Minaa
Antworten: |
14 |
Hits: |
36.901 |
|
|
Dach daat mam Formatéieren klappt, mee eben och nemmen ob begrenzten Zäit an dann ass de Problem rem do. Dann muss d'Speicherkaart wuel méi regelméisseg formatéiert gin, Merci
Dann läit de Problem awer vläit net um Fotoapparat mee un der Kaart
|
|
Thema: Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60 |
Minaa
Antworten: |
14 |
Hits: |
36.901 |
|
|
Ech sin mer zwar lo net ganz secher, mee ech mengen déi Fotoen gin dee Moment just um Fotoapparat net ugewisen! Wann ee se duerno riwwer op de Computer setzt sin d'Fotoen dann awer mengen ech emmer all derbäi. Mee sin mer awer lo nemi secher
|
|
Thema: Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60 |
Minaa
Antworten: |
14 |
Hits: |
36.901 |
|
|
Hallo,
ech hun dee selweschten Problem, wees och net waat een dogéint maache kann... Ech war alt der Meenung daat géing u menger Speicherkaart leien well ech dee Problem souwuel bei der D70s wi och lo bei der D90 haat, mee dann ass et awer méiglech dass et eppes mam Fotoapparat ze din huet wanns du dee Problem och bei denger Nikon hues.
|
|
Thema: wees een eng gudd location |
Minaa
Antworten: |
8 |
Hits: |
32.060 |
|
|
26.05.2009 16:45 |
Forum: Misc |
Ah ok, haat gemengt d'Aarbeschten zu Branebuerg wieren mettlerweil färdeg...
Veianen ass flott, mee do ass de Problem dass een op Fotoen oft Ofsperrungen (Seeler, Bänner, Gelänner a.s.w.) am Hannergrond drop huet well déi meescht Requisiten just do sin fir se vu Wäitem ze bewonneren. Mee et gin awer och vereenzelt Plaatzen wou näicht sou ass... falls de dohinner gees hues de awer och besser daat lo geschwenn eng Kéier ze maachen, am Moment sin nämlech nach net SOU vill Touristen zu Veianen
|
|
Thema: wees een eng gudd location |
Minaa
Antworten: |
8 |
Hits: |
32.060 |
|
|
D'Buerg zu Branebuerg vläit... déi ass zwar zimmlech "heruntergekommen", mee do laafen engem secher keng Touristen iwwert de Wee. Wees awer net op een do iwwerhaapt nach gudd hin kennt an op et net verbueden ass dohinn ze goen.
Waat mer nach anfällt ass d'Buerg zu Useldéng, denken do laafen am Moment och nach net allzevill Touristen rondrem.
|
|
Thema: Problem mat Frenn beisetzen |
Minaa
Antworten: |
2 |
Hits: |
26.344 |
|
|
Ech hun dee selweschten Problem, hun et och mettlerweil schon op puer Computeren probéiert an et klappt néirens.
|
|
Thema: Nikon D90? |
Minaa
Antworten: |
12 |
Hits: |
36.534 |
|
|
Ok, merci! Wäert mer déi dann lo demnächst zouleen
|
|
Thema: Nikon D90? |
Minaa
Antworten: |
12 |
Hits: |
36.534 |
|
|
Ech soen net dass d'Qualitéit net gudd ass, se ass just warscheinlech net grad sou gudd wéi bei verschiddenen richtegen Kameraen, mee fir dat wou ech se brauch geet dat do awer deckevoll duer. An am Verglach zu menger Filmfunktioun op menger Canon Powershot ass se secherlech vill besser
War mer d'D90 haut mol an den HiFi ukucken, do hun se se lo fir 1149 Euro am Kit mat engem 18-105mm Nikkor-Objektiv. Wees ee vu eech wéivill de Body alleng hei ongeféier kascht?
|
|
Thema: Nikon D90? |
Minaa
Antworten: |
12 |
Hits: |
36.534 |
|
|
Jo, ech géing den Apparat firun allem huelen fir ze fotograféieren, mee wéi scho gesoot, ech haat och scho welles mer eng Kamera ze kaafen an wann ech lo déi zwou Saachen an engem kann kreien rentéiert dat sech awer mengen ech méi... an 't ass och méi praktesch
Wat d'Qualitéit vum Filmen ugeet gesinn ech lo kee groussen Problem. D'Funktioun u sech fannen ech einfach intressant mee ech rechnen awer lo do net mat beschter Qualitéit an 't ass jo och net sou dass ech lo grouss Filmer domat willt dréinen
Beim Filmen geet et mer haaptsächlech drem verschidden Momenter festzehaalen, méi net, an fir dat misst déi Fonktioun jo deckevoll duer goen
Merci fir äer Äntwerten
|
|
Thema: Nikon D90? |
Minaa
Antworten: |
12 |
Hits: |
36.534 |
|
|
Hey!
Ech wollt eech lo mol hei em äer Meenung froen, an zwar geet et em déi nei Nikon D90... Ech haat scho firu méi laangem welles mer eng Kamera ze kaafen mee hu mech awer lo dofir entscheed meng Suen an ee neien Fotoapparat ze investéieren, mee wéi ech gesinn kéint ech mer déi zwou Saachen lo mateneen zouleen. Ier ech mer d'D90 awer lo zouleen wollt ech mol vun eech wessen op schon een se huet, getest huet, resp. wat der derfunn haalt?
Géing mech iwwer puer Meenungen freen
|
|
Thema: Kommiounsfoto |
Minaa
Antworten: |
11 |
Hits: |
36.021 |
|
|
Et kennt natiirlech drop un waat déi Leit, fir déis de d'Fotoen mess, gär hätten, mee menger Meenung no ass et fir Kommiounsfotoen am beschten wanns de sou "traditionell" Fotoen mess. Ech hun meng Fotoen lo e Samsden gemaach, ganz einfach an engem Park bei enger Seil, engem Baam, verschiddener mat enger Käerz an der Hand, aanerer mat engem Gebietbuch etc. - eben sou wéi di meescht Leit Kommiounsfotoen gewinnt sin.
Fro denger Kusinn hir Elteren einfach waat si gär hätten, wéi si sech déi Fotoen firstellen, well schliesslech sollen si jo duerno mat de Fotoen zefridden sin.
|
|
Thema: Kommiounsfoto |
Minaa
Antworten: |
11 |
Hits: |
36.021 |
|
|
Ech muss demnächst och Kommiounsfotoen fir eng Frendinn maachen mee bei mir war de Problem mat der Location séier geléist - vu que daat all d'Kanner aus däer Famill zu Dikkrech am Park fotograféiert gin sin, muss ech daat dann lo och sou maachen ^^
Mee kann dem Mika do nemmen zoustemmen, et ass wierklech am beschten wanns de raus an d'Natur gees, daat gin menger Meenung no wierklech di schéinsten Fotoen! Meng eegen Kommiounsfotoen goufen deemols och all am Studio gemaach an ech fannen daat guer net flott... Also e rooden der och, soubal d'Wieder eng Kéier matspillt an e schéinen Park oder ze goen an d'Fotoen do ze maachen.
|
|
Thema: Een Tshirt :) |
Minaa
Antworten: |
189 |
Hits: |
367.473 |
|
|
Kee Problem
Okay, an falls iwwerhaapt keen doheem ass stiechen ech der en einfach an d'Bréifboite
|
|
|