Thema: Hochzäit |
MadSir
Antworten: |
59 |
Hits: |
113.532 |
|
|
Et ass net nächst Woch, ech mengen soss wieren do nach aaner Probleemer wéi d'Fotoen :-)) Et ass fir Enn August.
Also et wärt een Mariage civil sin, also op der Gemeng, ouni Kierch. Dono een Apéro an Iessen.
D'Fotoen unsech gin duer - et ass dofir wichteg, déi Fotoen och digital ze kréien fir speider eventuell een Fotobuch ze maan.
Wou elo alles ass, daat ass selwer nach net gewosst - do sin mer um Punkt wou ech mengen dass nach aaner Probleemer wieren, wann et nächst Woch wier ;-)))
Ech hun beim surfen am Netz dësen Fotograf fonnt: http://www.flamion.com/. Seng Aarbescht fannen ech net schlecht. Kennt iergend een deen?
Dësen Portfolio gefällt mir ganz gudd, mee daat ass keen aus der Emgeigend - mee et geed mer em den Style an d'Ideen: http://zepr.ru/portfolio/index.php?album=wedding
|
|
Thema: Hochzäit |
MadSir
Antworten: |
59 |
Hits: |
113.532 |
|
|
Bonjuer Alleguer,
Ech sin op der sich no engem gudden Fotograf fir eng Hochzäit. Waat gedd et do besseres, wéi dëse Forum matt Leit déi Erfarhung hun, fir mer do een gudden Tip ze gin ;-)
Et geed wierklech drëm fir een ze fannen deen daat serieux mecht, deen gudd Ideen hued an wou d'Resultat sech och weisen leisst.
Et gin der déi daat ob kollegialer Basis maan an och professionel. Matt beiden Engagementer ass kee Probleem, esou laang d'Resultat top ass ;-)
Am leifsten Firschlei matt Portfolio w.e.g.
Merci am firaus fir är Tips hei am Forum oder via PM.
|
|
Thema: Allgemengen Workflow |
MadSir
Antworten: |
3 |
Hits: |
25.411 |
|
|
Mech géif et mol interesséieren, wéi dir firgidd fir är Fotoen ze klasséieren, ze tagen, an dann ze beaarbeschten?
Also ech kopéieren meng Fotoen emmer op main PC (resp. ext. Festplack) an importéieren se dann an den Lightroom. Beim Import setzen ech automatesch een Metadata Template op meng Fotoen, wou schon d'Informatiounen vum Photograph drastin (also meng Coordonneen). Dann gin d'Fotoen emgewandelt an DNG an renamen meng Fotoen no enger Conventioun dei ech mer gin hun. Dono gin d'Metadatas erweidert op d'Location wou et waar, Title etc. Dann gin den Fotoen déi gudd sin een "Pick" Flag an déi wou naischt gi sin een "Reject" Flag. Colors an Rating benotzen ech elo net esou richteg. Eventuell kann een mer soen wiesou en genau daat brauch an asetzt. Wann ech dann ee Bild weider beaarbeschten muss dann, wann et nemmen em d'Fuerwen geed maan ech daat am Lightroom selwer oder gin an den Photoshop wou ech dann een PSD oofspaicheren an mam Original stacken. Wann ech méi Versiounen well hun vun engem Bild ouni Photoshop ze benotzen maachen ech mer Virtual Copies.
Daat ass also main Ooflaaf ...
- op den Computer kopéieren
- Lightroom import
- Metadata setzen
- Convert to DNG
- Rename
- Metadata erweideren
- Flags setzen
- Beaarbeschten an gegebenfalls stacken
... Archivéieren
Am Photoshop selwer hun ech halt esou main klengen Workflow wéi ech do fiergin. Mee daat henkt emmer vun de Leit oof wéi se daat maan. Och do kucken ech emmer am PSD selwer ze kucken dass meng Uersprungsastellungen nie verluer gin, waat een ganz groussen Grond ass op CS3 emzesteigen
|
|
Thema: .DNG an RAW-Fotoen am PS |
MadSir
Antworten: |
4 |
Hits: |
25.200 |
|
|
Kann bestätegen dass d'Hasselblad an DNG oofspaichert.
Ech waar elo läscht Woch op der Adobe CS3 Roadshow, do hun déi vun Adobe gesoot (wou een muss oppassen - well et jo em hieren Produit geed), dass DNG den Rohformat vun der Zukunft wier.
Anscheinend sin aaner Hiersteller derbai och ze kucken fir op DNG emzeklammen, eeben graad well et dann een universellen Format gedd (wéi JPG), an d'Softwareentweckler net mei lauter Plug-ins an hier Programmer abannen mussen fir ze Convertéieren.
Ech sin a Moment bei mir am gaang all meng Fotoen an DNG emzewandelen (iwert den Lightroom geed daat tiptop). Et ass effektiv méi séier, an den DNG enthält all d'Metadata-Informatiounen déi am Verglach zu mengen CR2 files all an XML Sidecar files oofgespaichert waaren.
Et hued schon seng Firdeeler, mech géifen awer Noodeeler interesséieren, falls een der kennt
|
|
Thema: Time for editing |
MadSir
Antworten: |
8 |
Hits: |
30.471 |
|
|
Salut,
Wann ech eng Foto séier beaarbeschten, einfach esou fir een Resultat ze hun sin ech ca. 10min am gaang.
Fir eng Foto richteg ze beaarbeschten lait Zait tescht 20 an 45min.
Mech géif awer elo interesséieren wéi laangs du brauchs
Bis dann,
David
Wëll dozou nach soen dass an den 20-45min och vill probéieren dran ass. Fuerwen wiesselen, filteren, etc. Daat hellt am meeschten Zait geng ech soen. Am Endeffekt kann et dann och sin dass een dann 2-3 Versiounen vum Bild hued.
|
|
Thema: RGB - sRGB |
MadSir
Antworten: |
5 |
Hits: |
30.205 |
|
|
sRGB ass am Prinzip besser fir alles waat Computer (Monitor Output) ass.
RGB (AdobeRGB - waat een och ob Canon DSLRen kann astellen) ass besser fir Print.
[sRGB sin bei Canon IMG_xxxx files an AdobeRGB sin _MG_xxxx files]
Ech perséinlech maan meng Fotoen all am AdobeRGB (well deen, esou wéi ech daat mol mengen - duerch recherchen - ze wëssen, een besser ausgeglachenen Fuerwspectrum hued fir op engem Printer (CMYK) erauszedrecken).
Waat elo deng Fro ugeed, ob eppes um Site geännert hued, ... daat hued naischt matt der Foto ze din. Ok eng Foto kann aanescht wierken dermossen wéi een Hannergrond een hued, mee deen ass jo hei net geännert gin.
Et kann Luuchtafall op den Ecran sin, et kann eng Emstellung vun dengen Color Profiles am Betriebsystem sin, den Ecran selwer, ...
Color Management ass ee flott Thema, an falls eng kéier een soll wessen wou een Workshop dozou ass, w.e.g. bescheed soen, well do mol bessi méi dervun wessen
|
|
Thema: Apple iPhone |
MadSir
Antworten: |
43 |
Hits: |
100.684 |
|
|
Leider muss een Haut an eiser Zait emmer op den Ziedel waarden wou alles schwarz op waiss dropsteet.
Apple ass sech unsech do eng fenken gaang, se hätten et net sollen ennert deem Numm vermarkten, och als éischt wei mam iTV et matt engem Codename nennen an dono den festen Numm gin (elo: apple-tv).
Jidereen mecht suen wou en kann
|
|
Thema: Apple iPhone |
MadSir
Antworten: |
43 |
Hits: |
100.684 |
|
|
Zitat vum Steve Jobs, een Produit ass réischt ganz stable an senger 3rd Generation.
Ech waar egalwéi mol dervun iwerzeescht, mee waarden och op manst op 2nd Generation.
Mir feelen nach (vis-a-vis vum Nokia N95), 5mpx Camera (wa schon eng dran ass), UMTS (och wann en schon EDGE hued waat jo unsech 3.5G ass vis-a-vis vum 3G waat UMTS ass), GPS, VoIP (SIP) Capability an eventuell ee bessi méi groussen Storage.
Multi-Touch, super Entwecklung, allgemeng gefällt mer den Produit immens gudd. Mee bon, 1st Time wou OS X op engem mobile device ass, mol kucken bis daat a point ass (wert wuel net esou laang daueren wei Pocket PC - mee all Software hued am ufank Probs, kann een sech dreinen an kéieren wéi ee well). Et werten och nach Ännerungen kommen waat den Ecran ugeed, well Kritiker soen dass daat wuel eng krideleg Saach wert sin, waat ech wierklech net géif dementéieren.
Elo kennt den Produit mol an d'Hänn vum grand public an dann kritt een mol den richtegen Feedback. Mol oofwaarden bis en am Juni rauskennt an waat d'Leit dann dozou soen.
Affaire à suivre...
|
|
Thema: Sou feich an domm sin d'Leit |
MadSir
Antworten: |
27 |
Hits: |
63.755 |
|
|
Also ech fannen daat souwiesou NULL! Daat ass wéi wann een engem vun hannen een Messer an de Reck pickt.
Ech waar leider och schon am Fall, dass een mer um Auto vun fir bis hannen mam Schlessel zerschreibst hued. Ee Kolleg kruut suguer schon eng kéier Zocker an den Tank geschott kritt (Tank derbai opgebrach).
Wou ech dëst Joer vum eLake zreck bei den Auto gaang sin, hun ech gesin dass villl Autoen d'Wischeren an d'Saitenspiegelen freckt gemeet kritt hun. Do kann ech nemmen de Kapp reselen.
Leider ass et wei den Johny seed, et kann een naischt maachen. Et kann een och net iwerall eng Camera hisetzen, nemmen fir a Rouh kennen ze liewen.
Also et waar nemmen deen Auto, daat heescht jo schon mol eppes. Ob et elo een vun PG ass oder net, ech mengen et geed em de Prinzip.
Ech hoffen, an ech kennen am Prinzip (elo iwert Internet awer nemmen), nemmen korrekt Leit hei op PG, mee bei allem gin et schwaarz Schoof (well elo och rem net heeschen dass ech mam Fanger op PG weisen!).
Et kann genau esou gudd een aus dem Bekanntekrees sin oder wéi och emmer.
Nuje, kann nemmen soen dass ech et net korrekt fannen. Den Daag firdrun haat ech mam Johny nach am MSN iwert Autoen geschwaat, an dann an der nämlechter Nuecht daat do
Kann een Haut halt net méi ville Saachen trauen. Kéint een se schon quasi op 10 Fangeren opzielen.
Sad but true.
Sou gedd awer elo Zait fir d'Haya, nuecht alleguerten.
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
MadSir
Antworten: |
39 |
Hits: |
62.554 |
|
|
Ass eng gudd Saach dass de mech un déi 64 Bit erennert hues, well do hues de natierlech Recht, haat do mol weider net drun geduercht
Ech mengen dann fenken mer mol matt engem Mac Pro un, wann ech dann mirken dass ech oft een PC ennerwee brauch, dann gedd sech einfach een Notebook nokaaf.
Mee mam Leopard dauert et jo och nach eng Zaitchen. Se kennen deen jo elo nach net rausbrengen, soss kopéiert Microsoft nach Saachen dorauser fir den Vista (wéi den Steve Jobs an seng Crew daat esou léiw gewisen haaten op der WWDC06
) )
Ech wees net ob ech meng JPGs géif loeschen. Ech misst kucken wéi ech mer daat géif obdeelen. Soss hun ech halt emmer matt Filesystem geschafft fir d'Fotoen ze sortéieren, an daat gedd natierlech vill no enger Zait wanns de RAW'n geifs kopéieren.
Elo mam Lightroom ass et schon méi interessant, wells de der Collections kanns maachen. An am Aperture nach méi wells de verschidden Versiounen kanns maachen, esouwait ech daat matkritt hun.
Hun mer och soen geloss, dass den Lightroom eng jet méi séier wert gin mam Vista, wann een eng Grafik Kaart matt DX9 Support hued, well deen Deel vun der Graka sech eleng fir den Interface kemmert, woubai GPU dann eleng dofir zoustänneg ass fir d'Biller. Daat ass néi am Vista (XP hued daat halt nach net an bei Mac ass daat schon laang de Fall, just dass dei halt op OpenGL fueren). An meng GraKa hued just DX8 support matt "nemmen" 64 MB RAM. Géif also gären wessen wéi séier den Lightroom d'Library vun 1000 RAW files op engem Mac Pro matt 2x3GHz Dual Core 2 an 4 GB RAM an der 512 MB GraKa kéint uleen
Apropos Grafikkaart ... Gesin Apple hued ganz vill Nvidia ... sin um iwerleen ob ech soll eng Nvidia huelen soll oder eng ATI ? Iergendwelch Rootschlei?
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
MadSir
Antworten: |
39 |
Hits: |
62.554 |
|
|
Jo bon haat och eng keier all meng RAW files importéiert (ca. 7000), an halt nach all meng JPGs, haat vun enger 19000 Dateien am Lightroom, deen ass net méi eenz gin
Do haat ech d'Saach opgin. Firunallem well meng Lightroom Library dun 10 GB haat.
Aperature kascht $299, sin gespaant waat den Lightroom wert kaschten. Froen muar mol um Adobe Stand op der Photokina no.
Zur Batterie vum Mac Book Pro ... hun een Kolleg deen och sait kuerzem een hued, mam 17" Display, deen hued awer konnten iwert 2h laang Full Screen Filmer kucken (ouni um Netzdeel ze henken).
Daat mam Akku ass jo och esou een Grond wiesou ech esou iwerleen een Mac Pro oder een MacBook Pro ze kaafen oder eng Leisung tescht deenen 2 ze fannen. Ech hun a Moment een Laptop deen permanent um Netzdeel henkt, an do haalen d'Netzdeeler leider net esou laang wéi wann se permanent eidel gesuckelt gin an dann nees opgelueden gin. Ech wees elo net ob daat elo nach esou ass, mee den Akku vun mengem Laptop (deen 3 Joer hued), deen ass net mei waat en waar (en soll mam Media Bay, 8h haalen, waar am Ufank och de Fall, mee elo net méi). Wees net ob haut einfach een System am Laptop ass, dass wann Batterie voll ass, einfach den Circuit geswiched gedd an en sain Stroum dann direkt aus dem Netzdeel hellt, anstatt iwert d'Netzdeel ze fueren.
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
MadSir
Antworten: |
39 |
Hits: |
62.554 |
|
|
Um Windows hued den Probleem sech guer net gestallt
Mee egal, och matt deenen "Bobo'en" wert ech mer een Mac kaafen. Sin just nach um Rätselen: MacBook Pro oder Mac Pro ... hun a Moment een Laptop, mee esou oft huelen ech en net matt (also en steet haaptsächlech heiheem). Een Desktop ass natierlech emmer besser an méi performant, een Notebook awer méi flexibel *hmpf*
Oder een MacBook an een Mac Pro oder MacBook Pro an een iMac? Kee plang
Haaptsaach gleich een Mac; firunallem nodeems ech gesin hun waat an den Leopart fir Features drakommen.
Mee wiesou benotz dir den Lightroom? Ass den Aperature net besser? Firun allem well elo jo och d'Versioun 1.5 rauskomm ass ...
A wéi séier leeft den Import an Thumbnail Generation op engem Mac? Bei mir ass en fir 1500 RAW files ca. 1 Nuecht am gaang
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
MadSir
Antworten: |
39 |
Hits: |
62.554 |
|
|
Hun Public Beta 4 am Vista laafen, leeft tiptop, ausser d'Kneppecher dei bessi verpixelt ausgesin ass en elo bessi méi séier gin.
Interface hued changéiert, an soss haat ech nach net vill Zait no néien Saachen ze sichen.
|
|
Thema: Photokina |
MadSir
Antworten: |
8 |
Hits: |
30.272 |
|
|
Wollt desen Thread nach eng kéier zum Liewen erwäschen
Also bei mir ass et elo mol defenitiv fest, dass ech den 27. an 28. September op Köln gin.
Wollt dofir wessen, ween elo weini nach dohin geed? Eventuell kann een sech jo dann do treffen fir puer Fotoen no der Messer maachen ze goen.
Ech kucken och fir nach déi eng oder aaner Ermässegungskaart ze kréien fir eran (50% op enger Dageskaart - also 9,50eur anstsatt 19eur).
|
|
Thema: UserBiller |
MadSir
Antworten: |
154 |
Hits: |
334.180 |
|
|
@ Moggy: Hahaha Genial
Top
|
|
Thema: UserBiller |
MadSir
Antworten: |
154 |
Hits: |
334.180 |
|
|
Well schon jiidereen derbai ass ... hei dann och eng vun mir ...
|
|
Thema: MSN, ICQ, Yahoo, Skype, oder näicht? |
MadSir
Antworten: |
60 |
Hits: |
208.803 |
|
|
Ech hun nach den ICQ fir 1-2 Leit ... mee mengen deen flitt elo, mech nervt ICQ einfach nemmen. Waar deemols (firun 10 joer) eng ganz aaner Applikatioun wei se haut ass.
Skype benotzen ech haatsächlech op der Aarbescht (well do all déi vun der Aarbescht drasin). Mee Skype hued och seng Macken. Vue dass een den Skype op méi PC'n kann glaichzaiteg ophun mam nämlechten Account (weinst dem Internet Phone - dass et op méi PC'n schellt), leid den Messenger vum Skype bessi drenner, well dann kennt et op engem PC un an op deem aaneren net. Dofir schreiwen ech ongär an deem, respektiv en ass Doheem aus an op der Aarbescht un. Fir Internet Telefon huelen ech richtegen VoIP, waat och saupraktesch ass - tip: VoIP op Festnetz (Inland) ass mei belleg wéi Festnetz op Festnetz.
Yahoo an AIM, nach nie benotzt an wert ech och net benotzen. Genau wei den GoogleTalk.
Am heefechsten benotzen ech unsech den Windows Live Messenger (ex-MSN Messenger - also MSN Messenger 8 ). Do hun ech dei meescht Leit dran, en nervt mech net matt zevill Gadgets or whatever. An et kann een och d'Nicknames änneren, ouni mussen een Plus Pack ze installéieren (waar an den Versiounen firdrun net gaang).
Esou Programmer wei Miranda an Trillian soen mer weider net vill... Trillian eleng weinst sengem Design, zevill gespills. Elo wert der soen bei MSN ass et och esou ... nuje, daat ass halt d'Fenster wei se am Windows Vista wert ausgesin, dofir verstinn ech daat, an Windows Vista matt Windows Live Messenger passt halt, ouni vill Stress
Ass och net esou dass ech elo 10 Fensteren ophun fir ze schreiwen, vun dohier nerven mech dei kleng Gadgets am MSN weider net.
|
|
Thema: Meet and Eat Treff |
MadSir
Antworten: |
108 |
Hits: |
210.257 |
|
|
Fir et bessi méi laang ze maachen, domadd hun ech keen Probleem. Esoulaang d'Wieder esou bleift wéi an den läschten Wochen (exclus Gescht an Haut
). Méi laang, ergo duerchmaan an Mettes nees grillen?
Zelter brauch een dofir net.
Musik unsech egal, lauschteren quasi alles
Waat den Alk ugeed ... hun nach eng Fläsch Cachaca hei stoen, feelen just nach Limo's
(fir d'Insider: Caipi). Mee daat ass de manste Probleem. Wann Béier do ass an halt Softdrinks, dann sin schon quasi 95% glecklech, fir den Recht brengt jiidereen saint matt geng ech mol soen, an dann kann een jo emmer nach deem engen oder aaneren 1, 2, 3, oder 5 ausschedden
)
Wéi grouss dierfen d'Lagerfeier dann do um Stau sin?
Also schengt eppes ganz lëschteges ze gin! Mee mengen den Knipskasten bleift dann awer doheem, mol kucken
|
|
|