Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 6 von 6 Treffern
Autor Beitrag
Thema: [OK] Nei Cathygorie :-)
Metti_Spaghetti

Antworten: 3
Hits: 23.502
03.04.2006 21:34 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


hmm hun ech do falsch gelies? d'Obercathegorie ass Menschen & Emotiounen an d'ennercathegorien sin : "Männer / Jongen", " Fraen / Meedecher", "Kleng Kanner"
"Misc"... wees lo net op s'de mech richteg verstanen hues.
Als beispill lo mol meng neisten Foto dei "voir le monde" dei hues de bestemmt na grad reit aktualiseiert :-) do geht et jo eigentlech net wierklech em dat meedchen wat ech fotografeiert hun mee em d'zesummensetzung vun denen zwee biller an wat dei biller doduerch aussoen.. an dofiir laust et mech dei foto op "Fraen/meedecher" souzesoen ze "reduzeieren" :-) mee bon wann guer keng nofro do ass an sech keen aneren mellt ass dat wuel net sou wichteg an ech muss einfach kucken wat ech do lo tatscählech fotografeiert hun an et dann eng kathegorie setzen :-)
Thema: [Coming] Voting (et muss eps aenneren)
Metti_Spaghetti

Antworten: 103
Hits: 183.614
03.04.2006 20:53 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


hun hei mol alles eng keier iwwerflunn an meschen mech lo mol och einfach ongefrot an :-)

D'5 geng ech net als mettel uschreiwen... well mettel dat kleng sou no just genügend, dat sollt et jo net sin... einfach dat null null ass an alles wat erop geht nemmen besser ass: sou an dem stil

0 -> einfach null
1 -> sou just acceptabel, et sin mei grave Fehler dran
2 -> satisfaisant, et ass een graven Fehler dran
3 -> gudd mee et gin na vill Detailer ze änneren dei steieren
4 -> gudd mee et gin na e puer Detailer ze änneren dei steieren
5 -> gudd mee do steiert eppes bestemmtes
6 -> ganz gudd Foto et sin zwar e puer Detailer dei mer net gefaalen mee dei steieren net souvill
7 -> ganz gudd Foto et ass zwar een Detail den mer net gefällt mee den steiert net souvill
8 -> saugudd Foto et ass zwar en Detail den mer net sou richteg gefällt mee en steiert net!
9 -> baal perfekt... mee et fehlt iergendeppes... dat gewessent eppes
10 -> perfekt... do stemmt alles!


Mengen wann d'bewertung net alles vun 5 erof geif als schlecht gesin dann wieren d'Bewertungen och mei reell... ech mengen och dat en text den mei laang ass wei en wuert hellefen geng dem user den choix mei einfach ze man (wei ech douewen probeiert hun ze demonstreieren :-) ) vlait ass et jo meiglech (oueni sech en been auszerappen) dat den text geng sou optauchen wnan een mam cursor geng iwwert d'note fueren... oder keng ahnung op enger separater sait... nuje mengen do get et vill meiglechkeeten :-)

Mengen t'geif och hellefen wann d'Bewärtung mei grouss opgemat geng gin... dann gengen dleit mierken wei wertvoll dat ass wat se do grad man ... keng ahnung

hoffen dat kann iergendwei hellefen :-)
Thema: [OK] Nei Cathygorie :-)
Metti_Spaghetti

Antworten: 3
Hits: 23.502
[OK] Nei Cathygorie :-) 03.04.2006 20:07 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ma ech hun an der läscht e puer Fotoen eropgelueden an hat emmer problemer fiir eng passend Cathegorie ze fannen, well ech selten en Objet'en fotografeieren, mee Ideen. :-) Am Kloertext heescht dat dat ech selten en Objet fotografeieren fiir den Objet ze fotografeieren an meiglechst gudd hinzekreien (wat natiirlech och wichteg ass an wat ech emmer probeieren ze man) mee et geht mer zum greissten deel em dat wat dei Foto soll ausdrecken. Vlait hudd der dei 3 Fotoen vun dem Meedchen an verschiddenen Outfits gesin... dat huet mech ultra geluchst dat enner Fraen & Meedecher ze setzen... wann der verstidd wat ech mengen... :-)

Geng mer eppes am Stil "Expressioun" oder "Gedanken" oder "kritesch" oder sou fiirstellen. Keng Ahnung, wees net op den Besoin onbedingt do wier sou eng Kathegorie opzeman an op souvill leit sou Fotoen maachen... mee war halt nemmen sou eng Idee fiir mir (an vlait na e pueren aneren leit) d'Liewen mei einfach ze man :-)

Merci fiir äer Attention :-)
Thema: Location?
Metti_Spaghetti

Antworten: 9
Hits: 26.223
03.04.2006 19:58 Forum: Misc


Probeier et mol beim Schlass am Mariendall... Dat geheiert dem Imperium vum SNJ an wann s'de do leif frees kanns de do bestemmt fotoen man (an vlait wellen se der jo wann se gudd gin e puer fiir en katalog... :-) ) Eran kennt een iwwerall wann een leif freet!!
Thema: Geht et nach??
Metti_Spaghetti

Antworten: 46
Hits: 87.748
02.04.2006 23:34 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


ech hun net driwwer gemeckert... ech hun gesot wat mir als aussenstehenden opfällt... dat war eigentlech eischter als konstruktiv kritik ze huelen. Wei gesot vlait fällt et iech selwer net op, oder ech sin vlait och zevill sensibel op sou saachen... who knows. Mee t'ass nie gudd wann sou en offenen krigg tescht admin'en an user'en stattfennt... wat net heeschen soll dat keng meenungen ausgetosch sollen gin tescht denen zwou saiten an einfach sou thema'en net zouzeloossen... Ech wees wierklech net wei een do soll fiirgoen als admin oueni d'gesiit ze verleieren.

An mengen net dat dat heiten en daiwelskrees ass :-) loos d'thema mol na op ... an beliew et selwer net mei... ech gin em eng woch dann kennt nix neies mei... mengen d'thema war schon doud eier ech et rem ausgegruewen hat hun dat herno reit bemierkt.. dofiir *sorry*
Thema: Geht et nach??
Metti_Spaghetti

Antworten: 46
Hits: 87.748
02.04.2006 01:30 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


hun dat ganzt hei mol duerchgelies... an iergendwei schockeiert mech dat alles e bessi dofiir gin ech dann och mol mein päfferkärchen bei.

Op den User kennt dei ganz Geschicht sou riwwer wei wann dir den Lex am heigen bou erausgeworf hätt, aus Grenn dei dir net nennen wellt. Also musst der en Grond hun se net ze nennen... een den iech wuel schlecht dostoen loossen geng.

An egalwei, en Admin einfach sou ze feieren ass net naischt... dat ass souguer ziemlech krass... dat dierf eigentlech guer net gescheihen!

an dann stellen mir eis Froen... dat ass absolut normal an do kennt dir einfach nait dogeint man. An doduerch dat der sot dat et keen senn mecht ze diskuteieren well mir net alles wessen mat der eis nemmen na mei firweltzeg an et leisst iech wierklech ziemlech schlecht duerstellen... well en argument ass et net, eischter eng method fiir enger diskussioun aus dem Wee ze goen.

Et ass kloer dat der verhenneren wellt dat hei knaschteg Wäsch gewäsch get, falls et däer sollt gin... mee wann dem net sou sollt sin... virwat get net einfach klipp an kloer en grond ugin? An t'ass einfach dat wat d'Useren (mech inklusiv) sou skeptesch mecht... an zensur'en maachen d'Saach secher net besser... (dat mat den zensuren fannen ech wierklech ziemlech krass... an do sin ech secher net den eenzegen... ) En plus kennt et op d'Leit sou riwwer wei wann dir all oppositioun weilt am Käer erstecken, keng aner meenungen wellt zouloossen soubal se bessi revolutionär get... an dat ass amfong dat wat mech sou schockeiert. Vlait fällt iech dat selwer net sou op, mee et ass wierklech opfälleg wei der engem den eppes seet direkt sou do stoen loosst wei wann en eng minoriteit representeieren geng (well dat mecht en net soss wier dat thema hei schon längst ausdiskuteiert)

Hmm... pour le reste... fannen ech äeren site megaflott... ass sou eng genial idee... mee maacht en net duerch zensuren futti... menschen liewen net gäeren an diktaturen (dat soll lo keen fiirworf sin... mee eischter eng Warnung... och wann et lo na net sollt sou sin einfach dat et net sollt an dei richtung emschloen...)
Zeige Beiträge 1 bis 6 von 6 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH