Thema: 7D oder 60D |
benem
Antworten: |
21 |
Hits: |
60.810 |
|
|
Vun der Bildquali dierft et keen Ennerscheed sin, déi 2 Kamera'en hun de selwechte Sensor.
D'7D as awer keng "einfach" Kamera, well si immens vill Astellungsméiglechkeeten bidd wat den Autofokus ugeet.
D'Rauschen as och sou eng Saach bei den 18 MP… bei gudder Luucht fällt et net weider an d'Gewiicht, mee soubaal een mat den ISO'en rop muss goën mierkt een et daitlech d'Rauschen. Mee dee Problem hues de souwuel bei der 60D wéi der 7D.
Wanns de net wierklech 8 Biller/Sekonn an dee besseren Autofokus brauchs, dann graif zur 60D.
|
|
Thema: welch Objektiv fir Sportfotoen |
benem
Antworten: |
24 |
Hits: |
64.317 |
|
|
Generell géif ech rooden fir am Sport ëmmer mat der gréisstméiglecher Blend, an mat Zaiten vun min. 1/400el, 1/500el ze schaffen, na besser 1/800 oder 1/1000el, ausser wann et wierklech net anescht geet an d'Luucht et net zouléisst. Léiwer e bëssen mat den ISO rop, an dofir awer den Sujet sou gudd wéi méiglech agefruer. Dat henkt natirlech och vun der Sportart oof, et gin och Sportarten wou et méi "lues" rofgeet, do kann een et dann och mat méi laangen Zaiten probéieren. Mee dann och ëmmer mat der Fauschtregel 1 gedeelt duerch d'Brennwait fir d'Fotoën net ze verwackelen, bei 200mm wieren dat dann min. 1/200el, besser na bessen méi kuerz, zumols fir Crop-Kameras.
IS brëngt der bei Sportfotoën naischt wells de souwisou Verschlosszaiten wiels déi kuerz genuch sin dass et net verwackelt, wanns de net grad Parkinson hues
Fir Handball géif ech dir ganz kloer zu engem 85er f/1.8 rooden. Ech wees net op et dee bei Nikon gett an zu wéiengem Prais, eventuell och mol no engem gebrauchten kucken. Bei Canon as deen op allen Fall extrem gudd fir de Prais an ideal fir an eisen daischteren Haalen
Soss fir dobaussen an an hellen Haalen een 70-200mm f/2.8, oder falls de méi Brennwait wëlls, een 100-300mm, mee deen as dann och normalerweis net sou liichtstark wéi een 2.8. An ëmmer drop kucken, dass d'Objektiv een USM (Ultraschallmotor) huet, fir dass en méiglechst schnell an präzis fokusséieren kann.
|
|
Thema: Online akaafen |
benem
Antworten: |
5 |
Hits: |
30.274 |
|
|
Sorry dass ech den Thread rem ausgruewen - @arwa, wanns du an den USA bestallt hues, hues de dann dun nach missen eppes hei op der Douane un Zoll bezuelen, oder haas de ausser deem wat's de hinnen iwwerwisen hues fir d'Ware + Versand, keng weider Käschten?
|
|
Thema: Fussball-Equipefoto - Wéieng Astellungen? |
benem
Antworten: |
13 |
Hits: |
37.483 |
|
|
Salut,
gëschter gouf d'Foto dann elo endlech gemach. Leider war d'Wieder alles aanescht wéi schéin.
Hei awer mol d'Resultat, fannen fir déi éischten Kéier as se ganz ok:
Kritik as wëllkomm an erwënscht!
|
|
Thema: Fussball-Equipefoto - Wéieng Astellungen? |
benem
Antworten: |
13 |
Hits: |
37.483 |
|
|
merci nikel! Ech kucken mol fir dat ze arrangéieren dass d'Photo laang genuch virum Ustouss gemaach gëtt, ier se sech ufenken mat opwiermen,dann missten se jo nach net sou am Stress sin.
|
|
Thema: Fussball-Equipefoto - Wéieng Astellungen? |
benem
Antworten: |
13 |
Hits: |
37.483 |
|
|
Zitat: |
Original von Kwitchibo
Den Deckel vum Objektive erof huelen helleft immens vill! daat hun ech geleiert!
|
Deen Kommentar häss de dir kënnen spueren
|
|
Thema: Fussball-Equipefoto - Wéieng Astellungen? |
benem
Antworten: |
13 |
Hits: |
37.483 |
|
|
Salut,
hun elo deemnächst eng Equipefoto ze man vun enger Fussballsequipe, den kompletten Kader eben. Mee fir dat ganzt lo net ze verschaissen wollt ech hei mol em Root froën, wat ech do am beschten fir Astellungen huelen an op wat ech muss oppassen
Vun Material hun ech eng EOS 400D mam 18-55 Kit-Objektiv, dobai nach een Canon 100-300mm 4.5-5.6.
- Stativ benotzen natirlech
- Soll ech éischter no run an kleng Brennwait, oder bessen méi wait wech an zoomen?
- Wéi eng Blend am beschten?
- Hëlleft ee Blëtz eventuell, oder as daat dobaussen relativ sënnlos?
- Soss nach eppes op wat ech muss/soll oppassen?
Merci!
|
|
Thema: Wéieen Objektiv fir Fussballsfotoën? |
benem
Antworten: |
4 |
Hits: |
28.811 |
|
|
Salut dir Knipserten,
sin am iwwerleen mer een Objektiv unzeschaafen fir méi Fotoën op Fussballsmatcher ze maachen. Vun Equipment hun ech momentan eng Canon EOS 400D mat dem Kit Objektiv, an een 80-200 vun mengem Papp senger aaler analoger Spiggelreflex, hun do d'genau Donnéen awer net am Kapp.
Ech hun alt bessen am Internet gesicht mee sin net wierklech fündeg gin. Waat mol wichteg as géif ech soen wier dass et relativ liichtstark wier an dass een eben eng kuerz Belichtungszait huet.
Wat kennt dir mir proposéieren? Budget am beschten ennert 500 Euro.
Merci!
|
|
Thema: Mac an Handy. |
benem
Antworten: |
9 |
Hits: |
34.037 |
|
|
Haat och den P910i, war mafong ganz zefridden bis ech dun festgestallt hun dass en mer ze grouss as an ech amfong net souvill Fonktiounen brauch repsektiv en net wierklech vill profitéiert hun ausser eben den Kalenner
Lo hun ech en Noka N73 an sin top zefridden. Synchronisatioun klappt mat der neier OS X Versioun och tadellos, virdrun hun ech vertéIscht missen no engem PlugIn fir den iSync sichen mee do as et awer och problemlos gang.
|
|
Thema: Filteren - wéieng sin sënnvoll? |
benem
Antworten: |
26 |
Hits: |
71.423 |
|
|
Salut,
wollt mol déi Leit déi hei bessen méi Ahnung wéi ech froën, wat fir Filteren si benotzen (wann iwwerhapt) an zu wéiengen Zwecker.
Ech hun bessen am Internet gekuckt, déi eng soën, UV-Filteren z.B. wiren amfong sënnlos dovun oofgesin dass een sain Objektiv schützt. Mee et gin jo och na aaner Zorten...
Waat as äerer Meenung no nëtzlech oder Pflicht an aus wéiengem Grond?
|
|
Thema: [OK] Header/Logo verlinken |
benem
Antworten: |
3 |
Hits: |
22.596 |
|
|
Salut Johny,
wanns de engkéier Zait hues verlink w.e.g. den Header oder opmanst d'Logo op d'Haaptsait. As einfach eng Saach vun Benotzerfrendlechkeet an Usuability.
Merci!
Ben
|
|
|