Thema: Fotobearbëchtung |
|
Villmols Merci, ech hun eppes fonnt war am Moment mengen Zwecker entsprëcht.
|
|
Thema: Fotobearbëchtung |
|
Ass dat net nëmmen fir Effekter ze maan? Well dat wieren dann vill Funktiounen déi ech net brauch...
|
|
Thema: Fotobearbëchtung |
|
Vum Lightroom haat ech nach eng CD vun 2002 heiheem fonnt déi ech ausprobéiert hun. An Kombinatioun mat mengem schon bessi méi alen Computer ass déi awer och net extrem séier, hänkt sech gär op oder stierzt regelméisseg of...
Apple geet leider och net, hun Windows.
Kostenpflichteg Saachen kommen fir mech leider och net a Fro, do spillen meng Elteren net mat...
|
|
Thema: Fotobearbëchtung |
|
Moien,
Ech sichen een gudden Gratis-Programm fir Fotoën ze verschaffen. Am léiwsden eng Download-Versioun (Vollversioun). Am Moment geet et mer haaptsächlech drëms, Fotoën vun Staat bzw. Natur ze verschaffen, awer och ëm Portraiten. Am wichtegsten ass mer een Tool, fir d'Beliichtung vun eenzelnen Beräicher ze änneren, an net nëmmen vun der ganzer Foto.
Momentan notzen ech Google Picasa, mee d'Funktiounen vun der Beaarbëchtung gin mer mat der Zeit net méi duer. Photoshop Elements 2.0 hun ech och säit laangem installéiert. Dobäi stéiert et mech, dass een d'Fotoën muss eenzel importéieren, et wier méi einfach wann een eng Galerie hätt fir d'Fotoën all ze kucken (sou wéi bei Picasa halt). Fir Portraiten hun ech bis lo den Online-Programm ipiccy.com benotzt. Allerdings sin ech do net ganz zefridden mat der allgemenger Beaarbëchtung, dowéinst notzen ech deen baal nëmmen fir Korrekturen un der Haut etc.
Et wier fein, wann een mer ee gudden Programm nennen kéint, deen all déi Funktiounen kombinéiert.
Villmols merci,
Jamie
|
|
|