Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 69 Treffern Seiten (4): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: Hellef am PTGUI!!
CK

Antworten: 24
Hits: 68.014
03.06.2008 20:21 Forum: Fotobearbëchtung


De Gloda huet recht, an waat den objet méi no ass, waat de problem méi markant ass. D'Léisung ass effektiv fiir iwert dem Zentrum vum Objektiv ze dréinen, an net einfach do wou een den Fotoapparat um Stativ montéiert ass, dofiir gët et dann speziell Käpp déi daat erliichteren.

Hei ass eng gudd Erklärung:
http://www.panohelp.com/panoramicpivotpoint.html
Thema: pocket rocket / dream machine....
CK

Antworten: 12
Hits: 34.464
RE: pocket rocket / dream machine.... 08.01.2008 22:47 Forum: Material


Hei sin der och nach e puer:

http://jinternets.wordpress.com/2007/10/05/fun-with-slr-lens-nicknames/

Iwert den 24-70 vun Canon hun ech och mol gesoot en wier wéi eng Zill ("The Brick") gebaut bis en mer eng Kéier eroof gefall ass an ech fir 750 Euro Reparatur haat... unglücklich
Thema: iPhone
CK

Antworten: 384
Hits: 824.719
02.12.2007 20:11 Forum: Multimedia


Hoffen dann just dass VOX och emol hieren Réseau un den Traffic upassen, well egal wou ech an lächter Zeit hei am Land mobil an den Internet wollt (also net per iPhone mee per PCMCIA-Kaart) ass daat mat Dialup-Vitesse gaang - well heeschen an der Moyenne ennert 100kbit/sec, wann dann iwwerhaapt eng Verbindung méiglech war. An deem Sënn hoffen ech net dass och nach iPhone-Traffic derbai kënnt, da geht jo guer naischt méi unglücklich
Thema: Autoen.....
CK

Antworten: 4
Hits: 27.481
01.12.2007 13:25 Forum: Projet Virstellungen


Also ech gif mol soën, wann et 2x den nämmlechten Sujet ass, mat quasi identescher Kompositioun, dann geht och eng Foto duer. Oder eben hallt wann een technesch d'Méiglechkeet huet, dann eng Galerie mat 10-20 "best shots" an dann dem Recht an enger anerer Galerie fir déi di Zeit+Loscht hun fir wierklech alles ze kucken. Mee daat hänkt och derfun oof wien een cibléiert... Mee denken am allgemengen soll een als Photograph esou weit wéi méiglech versichen fir et net dem Betruechter z'iwwerlossen ze décidéieren wéi eng Kompositioun dann elo di bescht ass. (Schaffen och nach do drun.)
Thema: Autoen.....
CK

Antworten: 4
Hits: 27.481
01.12.2007 09:47 Forum: Projet Virstellungen


Effektiv, op deer éichter Seit vun 8 Fotoën sin der 8 (!) vun engem Hond deen een Auto bekuckt. Op den Seiten drop hues de oft 2-3 Fotoën déi quasi identësch sin. Muss daat wierklech sin?
Thema: hobby zum beruf machen
CK

Antworten: 21
Hits: 61.218
23.10.2007 22:16 Forum: Misc


Zitat:
Original von toto
dann so mol w.e.g wei kann enn sech dann suen machen mat fotoen ounie beruflech domader bechäftegt ze sin.
wei muss enn do fir goen ?
op wat muss een opassen?
wat fir fotoen sin am mechten gefrot ??


Een Beispill ass d'Sportfotographie, fir eng Zeitung. Hei am Land ass daat quasi exklusiv en Job deen niewenberuflech gemeet get, vun Leit déi daagsiwer eppes anescht machen. An mengem Fall haat ech daat passend Material, an wéi ech eng Annonce gesin hun hun ech mech gemeld, hun Testfotoën gemeet an sin geholl gin.

Dann get et d'Méiglechkeet vun der Stock-Photographie. Hei hun ech weineg Erfahrung, och well ech nach emmer net genuch Zeit haat fir mech sériös dermat ze beschäftegen; mee et ass eng Optioun déi ech mer fir d'Zukunft ophaalen well. (Graff gesoot hues de en Portfolio, deens de bei Agencen plazéiers, an dann kënnen hier Clienten deng Fotoën lizenséieren. Den Firdeel ass, dass de flexibel bass, je méi gudd Fotoën dass de hues je méi kanns de der plazéieren an potenziell verkaafen. Den Nodeel ass dass d'Konkurrenz enorm ass.)

Et get sëcherlech nach aner Richtungen - Richtung Portrait zum Beispill, mee do kennen aner Leit der secherlech besser Erklärungen gin.

Et get fill Forumen (dpreview.com, fredmiranda.com fir der nemmen zwee ze nennen) wou et dédizéiert Ennerforen get fir professionell Photographen. Ech giff der fiirschloën do mol matzeliesen, deng Froën an eng ganz Rei vun Äntwerten, tauchen do regelméisseg op. Wann een do kritesch matliest dann get een ganz vill gewuer.
Thema: hobby zum beruf machen
CK

Antworten: 21
Hits: 61.218
23.10.2007 20:46 Forum: Misc


Zitat:
Original von Rolacro
Weivill Pro-fotographen hunn mer eigentlech hei op PG? großes Grinsen


Hänkt wuel vun denger Définitioun oof vun Pro...

Wéini ass en Pro? Réicht dann wann een just vum Fotoën machen lieft, an soss naischt anescht mecht fir Suën ze verdengen? An deem Fall sin ech keen, an denken dass och net vill anerer op PG an deem Fall sin. Leit déi regelméisseg Suën mat Photographie verdëngen gët et der wahrscheinlech e puer méi. (Ech sin een vun denen.)
Thema: hobby zum beruf machen
CK

Antworten: 21
Hits: 61.218
RE: hobby zum beruf machen 06.10.2007 21:01 Forum: Misc


Ech giff derfun oofroden direkt den "Hobby zum Beruf" ze machen, mee mol fir den Ufank fir d'éicht versichen den Hobby zum Niewenberuf ze entwécklen. Daat heescht mol éicht Schrëtt machen an Erfahrung sammlen ouni den Drock ze hun fir direkt mussen genuch ze verdëngen fir derfun ze liewen. Mat der Zeit, wann daat ganzt sech gudd entweckelt an du mierks dass dein Niewenberuf Photographie Potenzial huet kanns de dann eventuell kucken fir definitiv Karrière ze wiesselen.

Ech kennen mech net vill mam Beruff "Portrait-Photograph" aus (ech machen niewenberuflech Sportfotoën, an als Hobby Landscape), mee ech giff soën et gët puer Méiglechkeeten fir an den Beruf Photograph ze kommen: 1) et brëngt een sech alles selwer bei an baut sech lues awer sëcher en gudden Ruff op, 2) et geet een op eng gudd Schoul wou een sech während mindestens 2-3 Joër sériös mat Photographue auserneen setzt, oder 3) et geht een bei een Photograph hei zu Lëtzebuerg an d'Léier, woubei daat mir perséinlech als déi schlechsten vun den 3 Alternativen firkënnt.

Waat Nimm vun Schoulen ugeht hun ech mech nie iwert europäëscher informéiert, do kann ech also leider naischt derzou soën. (Wann ech firun e puer Joër d'finanziell Moyen'en gehaat hätt wier ech gär heihin gaang: Brooks Institute - http://www.brooks.edu/)
Thema: Assurance
CK

Antworten: 10
Hits: 28.119
RE: Assurance 18.09.2007 20:23 Forum: Material


Also meng Assurance fir den Fotoapparat kënnt och fir Vol aus dem Auto op, mee nemmen wann d'Material an der Mall ass (een also naischt vun baussen geseit), an nemmen bis 10auer owes, duerno muss den Auto entweder an enger Garage stoën oder op engem bewachten Parking.
Thema: déi 100 bescht photogen.lu-fotoen
CK

Antworten: 38
Hits: 82.813
01.08.2007 20:41 Forum: Allgemeng OT


Fir mech wier daat ok, wann et um PG Server steht.

Trotzdem, ech bleiwen derbai dass een "derivative works" nemmen dann machen soll (an duerf) nodeem jidfer Copyright-Holder sein expliziten OK gin huet, och wann et fir non-profit Saachen ass.

Virun e puer Joër hätt ech vlaicht nach net esou strikt réagéiert, mee ech hun genuch schlecht Erfahrungen gemeet dass ech esoulues meng Gedold verléieren, well all Mensch mengt et kennt een sech just einfach servéieren, "et sin jo just e puer Fotoën"...
Thema: déi 100 bescht photogen.lu-fotoen
CK

Antworten: 38
Hits: 82.813
31.07.2007 16:57 Forum: Allgemeng OT


Also ech denken esou ähnlech wéi den Gloda: wann ech eng Foto op PG eroplueden, dann well ech grondsätzlech net, dass se enzwousch anescht benotzt gët, a schon guer net ouni dass ech et weess.

Mat esou Aktiounen dréit een IMHO nemmen derzou bei dass emmer méi Photographen sech soën "daat ass et mer net derwärt" an hier Fotoën net méi online weisen... fir mech ass et emmer erem frustrant fir meng Fotoën do eremzefannen wou ech selwer se net hingesaat hun, an naischt machen ze kënnen fir déi Verwendung ze kontrolléieren.
Thema: Contest Upload: Farwverloscht an den Fotoen beim eroplueden
CK

Antworten: 10
Hits: 37.980
01.07.2007 18:11 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech denken den Problem ass de folgenden: fiir de Web soll een am generellen SRGB benotzen. Wann een AdobeRGB benotzt an d'Foto am Firefox oder MSIE kuckt, dann geseit se oft méi blatzeg aus. Mat Safari geseit se gudd aus, well deen am Géigensatz zu FF an MSIE Color-Management ennerstetzt.

Daat ass den Résumé sou wéi ech et mol verstaaan hun, ech sin secher et get Leit di daat nach méi am Detail erklären kënnen. smile
Thema: Weis Eis Déng Hompage
CK

Antworten: 259
Hits: 643.261
20.06.2007 22:11 Forum: Projet Virstellungen


Merci. (Waat haat ech falsch gemeet?)
Thema: Weis Eis Déng Hompage
CK

Antworten: 259
Hits: 643.261
RE: Weis Eis Déng Hompage 20.06.2007 21:18 Forum: Projet Virstellungen


Sie ass zwar nie esou aktuell an komplett wéi ech et gäer hätt, mee e puer Saachen fënnt een trotzdem drop:

http://www.ckemp.com/
Thema: Gruppefoto...op waat muss een oppassen?
CK

Antworten: 21
Hits: 91.335
RE: Gruppefoto...op waat muss een oppassen? 08.06.2007 18:59 Forum: Foto Forum


Aner Saachen:

- op den Hannergrond obpassen (dass zB. keng Poteau'en aus den Leit hieren Käpp erauswuessen)

- wessen wéi en Bereich dass dein Objektiv oofdeckt, fir dass de net nach no fir oder hannen muss goën (waat net emmer méiglech ass) nodeem d'Leit do stin

- méi wéi eng Foto machen well ierjend een huet emmer d'Aën zou.

- Liichtverhältnisser virum Portrait nokucken, net dass de während den Fotoën (oder schlemmer, duerno) mierks dass de eng falsch Beliischtungszeit haas an d'Foto iwwerbeliicht/ennerbeliicht ass.

- RAW fotograféieren, sou kanns de bei klengen Beliichtungsfehleren d'Foto nach retten
Thema: RAW oder Jpeg?
CK

Antworten: 13
Hits: 33.435
RE: RAW oder Jpeg? 22.04.2007 00:41 Forum: Misc


Wann dein storage device en Standard-Harddisk huet (oft 2.5") dann kanns de deen och relativ preiswert an onproblematesch géint ee méi groussen austauschen.

"Storage is cheap", duerwéinst léiwer eng Foto zevill machen wéi eng ze mann... ech machen Vakanzenfotoën net just fir een Portfolio ze kréien oder aneren Leit ze weisen, mee schon nemmen einfach duerwéinst dass ech mech spéiderhin nach selwer kann un Plaatzen erënneren déi ech "geknipts" hun...

Ausserdem, wanns de an der Vakanz vill ennerwee bass, dann wells de owes vlaicht aner Saachen machen wéi op en klengen Écran kucken an honnerten vun Décisiounen huelen "Delete oder net Delete". Daat kanns de och réicht doheem machen, mir hun jo genuch Deeg wou d'Wieder schlecht ass fir sou Saachen ze machen (an währenddem rem Loscht kréien déi nächst Vakanz ze plangen smile
Thema: AV, TV, M, oder Automatik?
CK

Antworten: 15
Hits: 37.240
RE: AV, TV, M, oder Automatik? 22.04.2007 00:30 Forum: Foto-Techniken


Emmer Av, ausser wann ech Panoramaën machen oder d'Liichtverhältnisser fir den Apparat extrem imprévisibel sin, dann M.
Thema: Street
CK

Antworten: 18
Hits: 32.109
10.04.2007 19:41 Forum: Foto-Techniken


Zitat:
Original von Masterpii
@CK, wann een een freet iert een eng Street Foto mescht, dann as et net mei daat nämlecht, well dann verhällt den sech net sou, wei wann een et einfach spontan mescht ouni ze froen!!!


Daat ass mer duerchaus bewosst. smile
Thema: Street
CK

Antworten: 18
Hits: 32.109
RE: Street 10.04.2007 18:54 Forum: Foto-Techniken


Zitat:
Original von paulwagner
Ech hun zimlech loscht ob Strooss ze goen an e puer Photo'en ze man. Mais leider trauen ech mech net well d'Léit direkt agessiv ginn an mat de Flicen drohen.


Daat kënnt vlaicht dohir dass d'Leit net wellen dass de Fotoën vun hinnen mechs, an vlaicht solls de déi Wënsch respektéieren.


Zitat:
Wéi kann ech mech mei onobfälleg verhaalen an wei sinn iwerhaapt d'Rechter mat de Photo'en ?


Ech gesin d'Saach esou: just wells de eppes machen duerfs heescht net dass de eppes machen solls. Domat well ech soën, och wann et komplett legaal wiir (ech kennen d'Gesetzer hei zu Lëtzebuerg net), sou get et och ongeschriwen Normen déi een zumindest versichen soll anzehaalen. Fir mech gehéiert dozou dass een freet éier een eng "Street" Foto mecht vun engem deen daat net erwaart, an schon guer net sech verstoppt (hannert engem groussem Zoom, etc.) fir eng Foto ze machen.
Thema: RAW probem (geleist)
CK

Antworten: 11
Hits: 28.888
RE: RAW probem 17.03.2007 22:53 Forum: Fotobearbëchtung


1) Kuck op den Adobe Canon RAW déi aktuellsten Versioun ass (3.7), an op net enzwouch anescht en aneren Fichier mam selweschten Numm ass (mach en Search am Windows vun dengem ganzen C:\)

2) Probéier eventuell mat engem aneren Windows-Account - ech haat emol de Problem dass ierjend eppes an den Config-Daten vum Photoshop schiefgaangen ass, an en eppes falsch an den Documents and Settings vu mengem User gespeichert huet, mee mat engem aneren User huet et fonktionnéiert
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 69 Treffern Seiten (4): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH