Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 3 von 3 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Reparatur vun engem Ecran
north11

Antworten: 2
Hits: 26.022
Reparatur vun engem Ecran 02.02.2014 15:49 Forum: Allgemeng OT


Moien,

ech hunn een Ecran deen net mei geet. De Problem schengen 2 Kondensatoren am Netzdeel ze sinn dei futti sinn, mengen ech objiddenfalls nodeems ech en opgeschrauwt hunn.

Well ech awer net dei glëcklechsten Händchen hunn fir sou eppes selwer ze setzen, wollt ech froen ob een e Buttéck kennt dei esou eppes maachen? Sur place natierlech, aschecken huet keen waert an gett ze deier, an am léiwsten an der Geigend Stad an Emgeidend.

LG
Paul
Thema: App Development - Versteierung
north11

Antworten: 3
Hits: 24.207
20.06.2012 13:33 Forum: Allgemeng OT


Moien,

Merci fir deng Äntwert. Hunn entretemps nach bessen gesicht, an erausfonnt daat et zimlech einfach ass sech zu Lëtzebuerg als Freelancer unzemellen. Allerdengs dinn sech do rem weider Froen ob:
Waat ass niewend Steieren (wann ech dann steierfräi sinn bis e gewessen Betrag), mat Pensioun, Krankekees (+ charges patronales...) etc.?
Dierf ech als Freelancer nach emmer an der Vakanz Studentenjobs unhuelen (bis 2 Meint pro Joer)?
Meng Studentenbourse gett och bestemmt duerch weidert Akommes iergendwei reduzeiert, daat bleiwt och nach mam CEDIES ze klaeren.

An mat der TVA dinn ech mech och nach e bessen komplizeiert, well d'Apps ginn io amfong am Numm vun Apple verkaaf an ech sinn just den zoustännegen Entweckler, deen dann Rechnungen un Apple scheckt. Och hunn ech erausfonnt, daat fier all Währung, an daer Apps verkaaf ginn (an daat sinn der mettlerweil nawell puer), eng eegen Rechnung ufällt. An si schreiwen, daat d'Rechnungen an EUR oder GBP mat 0% TVA auszestellen sinn.

Zitat:
Do I need to invoice Apple to receive payment?
Apple pays Developers their share of the proceeds from the sales of applications based on your Financial Reports. Apple requires invoices from Luxembourg VAT registered Developers before releasing payments for developer's proceeds for sales made in Europe though iTunes SARL.

Developers based elsewhere may have invoicing requirements in accordance with local laws and statutes. It is your responsibility to consult with your own legal and tax advisors with respect to any invoice requirements you are subject to.

Developers required to invoice Apple may send a soft copy of the invoices by using Contact Us. For Luxembourg VAT registered Developers, we require a hard copy invoice for our records. It is important that the billing address stated on the invoice is Luxembourg and that the invoice is sent to Ireland.

All invoices for GBP and EUR sales have to be stated at 0% VAT. Developers required to invoice Apple can do so by going to Contact Us.


Daat ganzt fänkt un en Ausmoos unzehuelen, wou et sou komplizeiert ass, daat ech schon rem iwwerléen et sinn ze lossen. Eventuell ginn ech engkeier an d'Chambre de Commerce nofroen, evtl. kennen dei mer io e puer Informatiounen ginn well ech mengen et kann keen mer sou einfach ob dei do Froen alleguer aentwerten.

Kenns du soss keen Forum, wou ech sou Froen stelle keint?

Merci
Thema: App Development - Versteierung
north11

Antworten: 3
Hits: 24.207
App Development - Versteierung 16.06.2012 21:53 Forum: Allgemeng OT


Moien,

ech schreiwen hei well ech op der Sich no engem lëtzebuergeschen Forum sinn an net wierklech wees wou ech ufänken soll, an Google mech emmer hei hinner brengt.

Ech beschäftegen mech elo schon zimlech laang mat iPhone/iPad Development an hunn och schon dei eng oder aner App programmeiert, awer nach nie eng am App Store veröffentlecht. Daat wollt ech awer elo änneren, an eng App zum Verkaf ubidden (ech sinn schon ugemellt als Apple Developer) an dofir feelen mir awer nach e puer Informatiounen.

Engersäits froen ech mech, wei ech esou "Niewenakënft" versteiere muss, oder gett et do eng gewessen Somm dei net versteiert ginn muss? Egal wei, wei muss ech mech do uléen an dei neideg Informatiounen uginn? Als Student muss ech keng Steiererklärung maachen, an dofir hunn ech leider net vill Ahnung waat daat finanziellt ugeet.

Aanerersäit ginn dei Apps verkaf, zwar vun Apple, mech ech sinn io den "Developer". Dofir deet sech bei mir d'Fro op, ob ech do nach engkeier TVA muss un den Staat oofginn, oder ob daat schon am Verkaf duerch Apple geregelt gett.

Ech erwaarden mer net, daat een mer direkt op all meng Froen äntweren kann, mee et geiw mech awer fréen, wann een eng Äntwert ob eng Deel-Fro wees oder Virschléi huet, wei ech mech uléen soll, oder mech kann un en aaneren Forum oder eng aaner Persoun weiderleeden.

Ech gesinn hei och deelweis Parallelen zum Web Development, an vläit ginn et io och Leit hei dei daat "niewenberuflech" maachen ouni ugemellten Firma an mer esou weiderhellefen keinten. Daat bezitt sech menger Meenung no haaptsächlech ob den eichten Deel vu mengen Froen (net den Deel mat der TVA, well deen duerch den Verkaaf iwwert den Apple Store wuel aneschters ass).

Merci smile
Paul
Zeige Beiträge 1 bis 3 von 3 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH