Thema: iPhone 4 - FAQ |
|
Den ë ass en extra Zeechen wat zur Folge huet dass deng SMS net méi aus rengem Text besteet. Dat kanns de net ëmgoen. Eenzeg Méiglechkeet ass dass de en normalen e schreifs.
Zitat: |
Original von Sicho
mee bon, dofiir stoung ech an enger Reih fiir den eischten Daag eng Wii ze ergatteren
|
Jo Sicho, an ech hunn der eng virun der Nues ewech kaf
|
|
Thema: Canon EOS 550d |
|
hehehehe
Genau dat bezweiwelen ech
. Dann hunn ech schon eng Ausried
|
|
Thema: Canon EOS 550d |
|
hehehe
Leider muss een dat huelen wat do ass
. Do ass näischt mat wielen
. An et kritt ee vun allem och nëmmen 1 mol.
Wann ech se da mol hunn, da kucken ech fir meng éischt Fotoen ze maachen. Hoffen ginn dann net an der Loft zerrappt wann se um Site stinn
|
|
Thema: Canon EOS 550d |
|
Ma et ass eng nei
.
Hei hu mir all 3 Joer esou eng Aktioun. D'Firma bezilt ongeféier 40% vum Präis, an den Employé bezilt iwwer 3 Joer de Recht. Ouni Zënsen wuelverstanen.
Ass ëmmer e gudde Moment fir bëlleg un esou Saachen ze kommen.
|
|
Thema: Canon EOS 550d |
|
Merci, dat freet mech ze héieren. Da wäert ech och mol mäi bescht versichen fir hei flott Fotoen ze posten.
Déi Bicher déi de Laurent mer gepost huet wäert ech mer och mol zouleeën, déi schéngen ganz interessant ze sinn.
Hunn zwar nach eng Kreativitéit wéi e Bengel, mä denken dat kréie mer scho geännert
|
|
Thema: Canon EOS 550d |
|
Hunn elo nogefrot, et ass en EF-S 18-55mm Objektiv derbäi. E relativ einfacht hunn ech mer soe gelooss.
Alles an allem wäert et mech ronn 500€ kaschten. Sou dorëmmer.
|
|
Thema: Canon EOS 550d |
|
Gudde Moien,
Ech si komplett nei wat Fotographie betrëfft. Bei eis ob der Schaff leeft elo gläich eng Aktioun un wou een fir e gudde Präis ka Saachen hei kréien. Do ass ënner anerem och eng Canon EOS 550d dobäi. Inkl. en Objektiv, wou ech elo awer nach net genee weess wéi een.
Elo ass mol meng Fro ob dat eng gutt Kamera ass fir en Ufänger? Natierlech bleift mir quasi nëmmen déi wann ech eng Kamera fir bëllegt Geld wëll kréien
. Am Moment well ech och elo net 1000€ ausginn, well ech jo och nach net genee weess wéi ech elo eenz ginn mat deem ganzen fotographéieren.
Enner anerem wollt ech och nach froen ob hei een e gutt Buch iwwer Fotographie kennt? Am beschten ob däitsch
Merci fir är Hëllef.
|
|
|