Thema: ColorChecker Passport |
|
Merci villmols fier deen ausführlechen Bericht....
Vue joo daat ech een 90% Outdoor-Knipser sinn, wou ett meeschtens wibbelt, denken ech mier mol daat ett keen rischtegen Senn mecht sech esou een Checker unzeschaafen. Fier heinstoo eng Laangzaitbeliichtung ass ett awer bessi deier. (ausserdeem schaffen ech net mat ND-Filter mää ann der Owesluucht.)
Märsi nachenkeier fier Deng Äntwort..... :o)
|
|
Thema: Favoriten... |
|
Salut alleguerten,
Hunn eigentlech eng Froo unn eis Admin, ann zwar ass mier opgefall daat ann menger Favoritenlescht emmer nemmen dei lescht 84 Fotoen ugewissen ginn ann zwar dem Datum noo sorteiert.
Den Senn fier mech fier eng Favoritelescht ass joo deen, fier Fotoen dei mier gudd gefaalen och eremfannen, fier entweder Kommentaren nach enkeier ze liesen, oder engem aaneren ze weisen.
Ass ett teschnech machbar dei gaanz Favoritenlescht ugewissen zekreien? Wann nett, weisou ass daat net meigelech?
Soen elo mol merci fier weiderInfoen.
|
|
Thema: Servicewüst Lëtzebuerg |
|
DODO, muss een oppassen wie Fuuss. Kritt een keen gebrauchten VRII ennert 1450 Teuro, ann den VR ass em 950 Teuronen. Doweinst ginn ech Emmer ann Foren amm WWW kucken waat esou leeft weint Material, kritt een Emmer die beschten Infoen besonnech bei Occasiounen.
Ps.: Occasiounen, heinsto huet een och einfach Gleck. Haat mier firunn 2 joer eng sauber d90 mat Bateriegreff,2 Batterien, enger sd Kaart, Posch, Intervalometer ann den 18-105mm fier nemmen 500 Euroen kaaft. Heinto muss een och einfach Gleck hunn..... Woer enplus nach een feinen Mann daat, well krutt nach dono mei ewei eemol een Patt vunn him....
|
|
Thema: Gaanz aal Fotoen |
|
Zitat Metalbambi:
"En plus klengt et vir mech wéi wann vir dech den Inhalt vun der Foto méi interessant wier wéi d'Foto selwer, wat kloer net den Sënn vum Site ass. "
Den Inhalt vunn der Foto mecht Foto interessant ann soss naischt, oder häää? Verstinn daat nöt
Ann fier op Thema zereckzekommen, Eng Kategorie fier aal Fotoen sinn jo oninteressant, ass joo ok. Wei wäer ett dann mat enger fier "Analogfotoen" mat Kategorie "Negatif, Dia, Lomo ann Polaroid etc...)
Denken Konscht fier Analog ass jo Foto un sech. Hei konnt een keng 800 Foto knuppen ann se op LR an PS oä sorteieren, verschaffen, veränneren asw.
Doweinst däerf een nöt esou streng bei deenen Fotoen sinn wei Haut bei Digital ann just den Inhalt mat deenen klengen Fehler sinn ze verzeiehen ann hunn Charme.
Doweinst eng eegen kategorie, wann een se well kucken, een se och fend. Och wann hei villaicht eng Minoriteit sech dofier interesseiert, sollen och enger Minoriteit hier Wönsch erfellt ginn..... Esou funktioneiert nun mol een "Demokratischen" System. Well ausser dem Komitee sech keen negatif iwwert Idee augesprach huet.
Well elo keen vum Komite ugraifen, sinn just entäuscht iwwert Argumenter, Just eng gereng Nofroo ass fier mech keen Grond eng nei Idee ze refuseieren....
M.b.G.: m-m
|
|
Thema: Gaanz aal Fotoen |
|
Ett wäer villaicht interessant eng nei Rubrik ze hunn fier gaanz aal Fotoen dran ze setzen dei mei aal ewei +- 30 Joer sinn also bis ca1980
Fotoen vunn aalen Negativer oder Diaen dei gescannt gouffen ann nei verschafft oder restaureiert gouffen.
Hoffen ett sinn nach aaner Useren hei dei unn deser aaler analoger Fotografie interesseiert sinn ann sech villaicht nöt trauen dei eropzelueden. mat enger neier Rubrik wäer daat hoffen ech keen Probleem..... (:o]
|
|
Thema: Waat ass hei lass ???? |
|
Hallo alleguerten....
Sinn 1Joer 1/2 hei dobai ann hunn immens vill Leid hei kennengeleiert.
Leid mattdeenen een flott schreiwen konnt awer och epees geleiert hunn ann sech dofier interesseiert hunn engem eppes ze weisen ann erklären.
Mat groussem Bedaueren hunn ech Geschter gesinn daat den Gaga sech elo hei ganz ofgemellt huet, och Zora huet sech ganz zereckgezunn....
Weem seng Schold daat ett ass, wees ech nött, hunn mech nach nie hei ugegraff gefillt, opwuel ech schonn vill Kritiken hei ginn hunn oder kritt hunn.....
Schued, daat hei Useren ann der Roserei fortlaafen, dofier meng Froo unn jiddereen hei:
waat leeft hei schief.....?
oder woer daat nach emmer esou hei?, firum November 2011 wou ech nach net dobai woer ?
M.b.G.: Fränk
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
Joo doo muss ech dem Gaga recht ginn. Ech wollt dei aaner Fotoen vunn deenen aaneren Projecten kucken, hunn se awer net fond. Kann villaicht een ee Link mat deenen aaner Fotoen posten? W.E.G. Merci gesoot.
MbG.: m-m
|
|
Thema: Alfa Collection |
|
Salut alleguerten....
Hunn Urbex-Fotoen gegoogelt ann folgendes fond:
http://www.neviges-foto.com/?page_id=2240
Ween wees ongefeier wou daat ass, hunn och nach nie eppes vunn deser Plaatz gesinn. Ett misst jo ann der Belsch sinn. Villaicht kennen eis URBEXER doo hellefen....
m-m seet merci fier all Hellef.
|
|
Thema: Polfilter |
|
Taatsach genial daat dooten, gett ett awer wahrscheinlech nemmen bei Pentax?
http://www.amazon.de/Sonnenblende-LHRBB-...46021729&sr=8-3
Schaffen mat Nikon. Do hunn Injinören vunn Pentax bessi mei weit geduecht wei bei Nikon
Mengen doo gett bei e-bay eng aal gesteht ann dann een Lach drann geschnibbelt.
oder passen dei Pentax-blenden och op aaner Lensen?
|
|
Thema: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
@ Gaga, merci fier deen gudden Rotschlag, punkto Nicon, ech hunn schonn hei zu Luxusbuerg praisser ann Photoshops gefroot, doo huet den 700er ca. 380
Teuroen kascht. bei Amazon 254 Teuros
Doo ass ett naterlech interessant dei 100 Euros nach weider ze investeieren ann bei Nicon ze bleiwen.....
@ Christophe, merci fier dain Link, Ech iwwerleen mier dei Saach emol, bei Amazon sinn dei Nikon-Bletzer wesentlech mei belleg wei hei am Commerce.... mol kucken op een dei Chinabletzer irgendwou hei kann kucken, ereicht wann ech een amm Grapp hunn wäert ech mech entscheeden...
|
|
Thema: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
Salut alleguer,
Geif mier gäer een Bletz kaafen fier op meng D90, als Start wollt ech awer keng 400 Euro investeieren fier een Nikkon Bletz.
Als interessant Alternativ hunn ech Bletzer vunn Yongnuo fond, preiswäert ann anscheinend net schlecht.
Meng Froo: als Start weieen wier doo ze rekommendeieren:
Den 565 ca. 150 Euro,
560 II ca. 80 Euro,
468 II ca. 100 Euro,
Brauch den Bletz fier allgemeng ann der Bletzfotografie eranzeklammen.
All Alternatif dei gudd ass fier max. 150 Euro wieren och interessant.
M.b.G.: m-m
|
|
Thema: Polfilter |
|
Salut alleguer,
Schaffen gäer vill mat Polfilter ann zwar op Nikon 67mm. dobai hunn ech awer deen Problem wann ech Sonneblend dropsetzen ech net mei unn main Poli kommen vier drun ze dreinen. Meng Froo: Ginn ett Adapter vier deen Problem doo ze leisen?
|
|
Thema: Upload Problemer |
|
Salut alleguer,
Zenter 2 Deeg ginn bei mier op Firefox een groussen Deel vunn denn Fotoen net mei ugewissen, amplaatz kennt doo IMG stoen.Klicken ech op IMG kennt Sait mat den Kommemtaren awer ouni Foto. Ausserdeem fehlt den bloen Photogen logo mat dem Boot.
Explorer funktionert ganz ouni Problemer. Een Problem bei mier oder vunn Photogen??
Waat maachen, een decke merci am virraus, Fränk
|
|
|