Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 7 von 7 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Duebelen Account
Abacab

Antworten: 9
Hits: 34.081
14.12.2012 14:13 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@MarcGerard
Fannen däi Kommentar cool a riicht eraus aus folgende Grënn:

Éischte Grond
Ginn der Rescht, et huet kee Wärt een opzeféieren an seng Zäit ze vergeuden, well d’Welt ass voller Luusserten, op ee méi oder manner geet et net unn ;-)

Zweete Grond:
Ech kucke fier mech selwer a ville mech gutt wann ech net duerch e bëllegen Trick mech iwwert di Aner stellen di sech un d’Regelen halen.

Fir d’Fräiheet um Site anzeschränken sinn ech och dogéint, well mer ginn schons genuch hei am Land iwwerwacht ;-)

Ech denke mer dass di Regel jo net fir naischt vum Comité agefouert ginn ass.
Wat fier e Grond get et dann fier hei mat fake Accounten ze schaffen? Geet et em eng gelle Kouh?

Ech perséinlech hunn op alle Fall kee Vertrauen a Persounen di mat esou Tricke schaffen.

Dat huet och näischt mat gudden oder schlechte Fotoen ze dinn, mee eng Saach vun Respekt.
Bescht Gréiss
-Abacab-
Thema: Duebelen Account
Abacab

Antworten: 9
Hits: 34.081
Duebelen Account 13.12.2012 15:55 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Wollt froen wisou dass hei op PG eenzel Persounen mat duebelen Accounten ënner zwee verschiddenen Pseudo Nimm toleréiert ginn.
Kann ech een doubelen Account maachen an dann z.b. all Dag amplaz nëmmen 2 Fotoen, 4 Fotoen resp. 4 Fotoserien eroplueden?
Ouni emol di aner Virdeeler a Betruecht ze zéien di een mat 2 Accounter ev. hätt?
Ass dat bekannt a fir gutt befonnt?

Merci a bescht Gréiss

-Abacab-
Thema: Image Tank / Backup vun CF
Abacab

Antworten: 2
Hits: 22.287
RE: Image Tank / Backup vun CF 26.09.2012 07:32 Forum: Material


Ech deelen do dem Gaga seng Meenung.
Hunn dest Joer den Ipad matgeholl fir de Backup ze maachen.
Do get et en Adapter fier SD Kaarten oder Usb.
De Virdeel léit och am Preview, zumol mam Retina Display.
Léist sech och ganz einfach eng Foto dorop bearbechten, wéi z.b. en Horizont ausriichten asw.
MbG
Thema: Scrollbar bei "Neist Kommentarer"
Abacab

Antworten: 1
Hits: 20.715
Scrollbar bei "Neist Kommentarer" 29.08.2012 17:10 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Hallo,
wier et méiglech an der Rubrik "NEIST KOMMENTARER" eng Scrollbar ze programméieren. Géif dat flott fannen wann een an der Rubrik kéint erof scrollen an esou net nemmen di lescht 5 Kommentarer geséit?
Merci a bescht Gréiss
Thema: Iphone 4S + IOS 5.0.1 + LUXGSM = Fail !
Abacab

Antworten: 14
Hits: 36.608
17.11.2011 09:08 Forum: Allgemeng OT


Dann hat ech jo Chance, bei mer war nom Update absolut kee Problem. (4S + 5.01) Da schéint et awer fléit eppes mat Typ vun der Simkaart ze dinn ze hunn.
Thema: Een Film
Abacab

Antworten: 4
Hits: 29.802
RE: Een Film 07.11.2011 12:24 Forum: Allgemeng OT


Ass et fléit deen heiten?

Die Fremde in dir (Originaltitel: The Brave One)
Regisseur Neil Jordan
mam Jodie Foster an der Haaptroll
Thema: Workshop Concertsphotographie
Abacab

Antworten: 30
Hits: 64.632
RE: Workshop Concertsphotographie 23.09.2011 10:07 Forum: [Foto] Rendez-vous


Salut Schluck,

Jo da ging mech wierklech interesséieren!

Bescht Gréiss

-Marc-
Zeige Beiträge 1 bis 7 von 7 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH