Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 10 von 10 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Ausstellungen (och vun Photogen Memberen)
Zersch

Antworten: 84
Hits: 160.927
RE: Expo ChLo zu Betebuerg 12.05.2011 08:46 Forum: [Foto] Rendez-vous


Ganz interessant ! Machen mäin Bescht (zäitlech , sin deen Daag leider bis ca 18.15 am Eisléck) awer düsen dann séier eroof an kommen selbstverständlech gären kucken cool
MBG
Zersch
Thema: Pro7 Galileo
Zersch

Antworten: 0
Hits: 25.444
Pro7 Galileo 15.04.2011 22:06 Forum: [Foto] Rendez-vous


Wees net op dat hier passt mais moar den owend um 20.15 kënnt op Pro7 :
Galileo Big Pictures - Die extremsten Bilder der Welt - Atemberaubende Aufnahmen !
Misst jo eppes fir all Fotosfrënd sin.

Salut
Serge
Thema: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!
Zersch

Antworten: 94
Hits: 150.473
12.04.2011 13:10 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Tjo xaph32 , waat soll ech der do drop nach äntweren. Wou's de Recht hues , hues de nu mol Recht. Augenzwinkern

Serge
Thema: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!
Zersch

Antworten: 94
Hits: 150.473
12.04.2011 09:45 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Jo xaph32 , ech kann der nëmmen zoustëmmen , waats du sees stëmmt. Eenzeg wou ech et fir mech e bessen aanescht gesin as datt ech och an engem WE 200 Fotoen gemach hun , der 2 eroplueden dovun wou ech mengen se wieren gudd an ech dei awer nët op PG wëll setzen fir dat een seet : Kuckt emol hei waat ech schéin Fotoen kann maachen, mais well ech just well wëssen, waat ech da kann besser machen , d.h. eben wann ech denken se wier gudd/perfekt an en aaneren mer dann seet dëst oder daat hätt kennen esou oder sou anescht gemeet gin, dann eréicht wees ech : Do drop muss de besser oppassen an Zukunft. De Problem ob esou Sit'en as jo och dat een , deen virdrun mat enger 3.- Kodak/Fujifilm knipsi gemach huet hei zu engem deen wees wei een gudd Fotoen mecht , kann soen : Ech fannen awer dei do hätt kënnen esou oder esou besser gemeet gin. Mais wei een dat soll verhënneren ? Ech erlaaben mer souwisou just , wann iwwerhaapt , Kritik bei engem deen ech perséinlech kennen (z.b den Poly) , well ech mech nët an der Positioun gesin , esou scharf dierfen ze urteelen well mäin Wëssen do nach weit eweg vun gudd as , zumindest am techneschen gesin... mais bon , ech mierken ech schwäifen vum Thema oof...
Wënschen ierch all nach eng schéin Woch an flott Fotoen.
Thema: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!
Zersch

Antworten: 94
Hits: 150.473
11.04.2011 13:33 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Jo gi87 , do schléissen ech mech dir gären un. Hues schon recht , meng perséinlech Meenung as souwisou déi hei , datt een deen e gudd Aa huet an eng Idii fir et emzesetzen , déi bescht Viraussëtzung huet fir Photoen ze maan. Material an Technik-Wëssen kënnt duerno. Gesin ech zumindest esou. An et wärt bei den Photoen esou bleiwen wei an der Musek , à chacun son propre goût. Egal wei wärt dat Thema "Deng Photo as net ugeholl gin well" éiweg bleiwen. To be continued...
Thema: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!
Zersch

Antworten: 94
Hits: 150.473
Schued 11.04.2011 11:30 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Jo dat do as Schued wann een Member geet. Ech kennen ausser 2 Leit (nach) keen perseinlech hei , sin jo och nach net laang dobäi. Och ech kréien munchmol eng net ugeholl Photo mat déer Begrënnung , et hätt ee kenne besser maachen... an ech denken , Admins vum Site mussen et halt décideiren op si se wëllen oder nët et as jo och "hiren Site". Ech kann domadder liewen.
Waat mech awer och opreegt as wann ech eng Foto eroplueden déi wulegemierkt menges Erachtens gudd as , se dann refuséiert kréien , haat ech eben Pech. As voll ok esou. Duerno awer gesinn ech waat fir en , Pardon , "Schrott" ( dohingeknipst , total onschoarf , Qualitéit) munchmol acceptéiert gët eng hallef Stonn nodeems meng refuséiert gouf , dann stellt sech den User heiansdo Froen. Ech haat och schon eng refuséiert Photo 2 Deeg duerno nach emol
eropgelueden , an kuck hei , dun as se ugeholl gin. An dat Bescht , se koum och nach gudd un bei munch User. An ech perséinlech sin hei fir ze léiren waat ech kann besser maan , do kéinten en puer aaner Argumenter geschriwwen gin ewei "et hätt een sech méi Gedanken
kënnen maachen". Anerwärts wees ech och waat dat fir Arbecht as als Admin do dëst an daat ze kucken , an et kann een jo nët all User eng privat Mail maachen mat : Belichtungszäit hätt missen hei , Fokuspunkt do etc... Kann ech och verstoen. Dofir bleiwt sou munch een waat dese Sujet ugeet wuel tëschent deenen berühmten Still sëtzen. An eng Foto déi hei vun mir nët ugeholl gët kann ech jo nach emmer op meng eegen Page sëtzen. An deem Sënn : Schued awer fir all Member deen geet.
Thema: Fehlend EXIF donnéen beim Upload
Zersch

Antworten: 19
Hits: 38.582
09.03.2011 22:42 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Gloda , VeloBen ,

Hues de mat "Save for web" gespäichert? Da sinn se fort.

? Wann ech meng Foto'en z.b am Foto Designer als "Save for web" späicheren sin se awer net fort , well bei den Exif-Daten as emmer en Häkchen , klicken ech deen aus , dann ereicht sin se fort. Et as mer awer och schons virkomm dat se net mat gesavt goufen awer dat war dann well ech en aaneren Foto'sprogramm op hat wei z.b den Fotoworks , deen ech awer nemmen benotzen wann et schnell soll goen oder well deen mer eng mass Filteren ennen als Thumbnail uweist an ech se dann fix kann huelen fir ze experimenteiren.
Dem VeloBen seng Fro bleiwt awer soumat am Raum stoen , firwaat sin se munchmol einfach fort... geif mech och interesseiren

Zersch
Thema: Photo Upload
Zersch

Antworten: 3
Hits: 23.830
14.02.2011 16:01 Forum: Allgemeng OT


Salut an merci fir d'Aentwert ,

Jo , dat mat den Properties wees ech , mais dat genau verstinn ech jo net : Wann ech mat riechtsklick drop gin seet hien mer 684kb ( 696.598 octets) an desem Fall grad op Mac mat OS X. Souwäit ech richteg leien as dat och genau dei gréisst um PC.
As net liewenswichteg , hätt mech just interesseiert well ech hei op Photogen dei 1.te Kéier mat Upload-greissten Problemer hun.

Merci awer , kucken dat den owend nach emol doheem.
(Muss och nach eppes schaffen elo...psst ;-)

Zersch
Thema: Photo Upload
Zersch

Antworten: 3
Hits: 23.830
Photo Upload 14.02.2011 15:24 Forum: Allgemeng OT


Ech wollt mol nofroen firwaat ech des öfteren folgend Fehlermeldung beim uploaden vun enger neier Foto kréien :

Deng Foto as méi grouss ewei 700 kb. Maach se mei kleng. (Kurzfassung :-) )

D'Foto huet awer just 654 , 670 o. ä Unzuel un KB , des öfteren as se souguer mei kleng.

Maachen ech eiren eppes falsch ?

Zersch
Thema: Canon EOS 1000D oder Nikon D3100?
Zersch

Antworten: 10
Hits: 30.346
RE: Canon EOS 1000D oder Nikon D3100? 06.02.2011 22:33 Forum: Material


Salut ,

Also ech hun Nikon D3100 an sin ziemlech zefridden domadder , an dat an baal allen Beräicher. Eenzege Manko : Ech fannen quasi all Fotoen gin licht "iwerhellt" wanns de nemmen mat der Programmautomatik knips.Wourun dat läit kréien ech och nach eraus...
D'Eos 1000D huet e Kolleg vun mär an deen as och zefridden , ech haat emmer Nikon SR'en an nach ni e Problem.
Ech hoffen du mess däin Choix.

Salut

Serge
Zeige Beiträge 1 bis 10 von 10 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH