Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 28 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Photoshop CC
Loki

Antworten: 4
Hits: 34.220
28.10.2014 07:54 Forum: Fotobearbëchtung


Oh gudd gudd Metalbambi, dat sin gudd Norichten! großes Grinsen
Thema: Foto Klau
Loki

Antworten: 18
Hits: 59.942
04.09.2014 15:46 Forum: Misc


Boah ey! Fier ween halen déi sech där dat do ze schreiwen?

Zitat:
Original von pitchul
On se calme.


Hun déi Rascht un der Forchette?! Ech hoffe mol ganz staark dass de sou en Toun net duerschgoen léis? Méi respektlos geet et jo wuel kaum?
Thema: Externen Monitor fir Macbook
Loki

Antworten: 11
Hits: 35.846
RE: Externen Monitor fir Macbook 10.06.2014 20:22 Forum: Allgemeng OT


Fier d'éischt emol: wat mengs de mat 'dass meng Fotoen halt schlecht aus gesin' op engem net-Retina-Display? Mengs du domat Schärft oder entspriechen d'Farwen net denen déis du op dengem Retina gesais? Well du schreiws e besse méi spéit: "Farwen etc sollen do natierlech wieken", an daat ass eng komplizéiert Saach.

Also falls de d'Farwen gemengt hues, gett et dorop eng 'einfach' Äntwert: dain Retina-Display produzéiert fier di selwescht Farwwerter höchstwahrscheinlech aner Farwen wéi aner Displays. Dat ass vun Display op Display verschidden, suguer zwee komplett bauglaich Modeller kennen verschidden Farwen prduzéieren. Suguer wann se nemmen ganz ganz liicht auserneen leien, gin dat bei komplexen Fotoen *grouss* Ennerscheeder wann een di selwescht Foto op verschidden Displays kukkt.

Den Trick ass eigentlech just di Bildschirmer op e gemeinsamen Nenner ze bréngen wéi se wéieng Farwen interpretéieren an produzéieren. Daat geet vun der Stärkt vun der Hannergrondbeliichtung bis hin zu den eenzelnen Farwtéin.

Waats de brauchs fier dass et iwwerall glaich ausgesait ass dass de all Bildschirm op deems de deng Foto kukks muss farwkalibréieren. Dat geet mat speziellen Miessgeräter (Spider, i1 Profiler etc), ass awer am Prinzip eng zimlech einfach Saach. Soulangs de dat net mechs, produzéiers de deng Fotoen op d'Aa, an och just fier deen eenzelnen Display deens de grad virun der hues. D.h. se gesin iwwerall aanescht eben aanescht aus. Daat huet nemmen um Rand eppes mat der Opléisung ze din.

Och Retina Displays schwanken an der Farwduerstellung an soulang den Display net kalibréiert ass, kanns de am Fong quasi naischt zu de Farwen soen, mol vum Histogramm oofgesin.

Ech selwer schaffen mat 2x 27" Cinema Displays an déi haten z.b. en blo-stach deen mer net wierklech opgefall war bis ech se kalibréiert haat... an zack hun meng Fotoen abemol ganz anescht ausgesin Augenzwinkern Dofier gesin se awer lo op aneren, ebenfalls kalibréierten Display exakt esou aus wéi ech se hei och verschaffen.

War et dat wats de gemengt hues?
Thema: Photoshop (CS6) Cours'en
Loki

Antworten: 5
Hits: 34.646
27.05.2014 16:25 Forum: Fotobearbëchtung


Super! Ech free mech schon! großes Grinsen
Thema: Datesëcherung ?
Loki

Antworten: 13
Hits: 36.561
05.09.2013 12:16 Forum: Misc


Jo daat mat der eegener Erfahrung ass effektiv sou eng Saach... Meng ass do ganz anescht di deng, Houll-art. Mär ass, bei ganz normaler Benotzung, mol virun Joeren en HDD abgeraucht während (!) ech e Backup dovun op DVD gebrannt hun. Dat war demols een vun den eischten SATA HDDs déi ech je gesin haat, en Maxtor, wann ech mech net ieren. Wi gesot, wochelang gudd a féx gelaaf, a während dem Backup geet et abemol klack klack klack an den Headcrash war perfekt, inklusiv engem Totalverloscht vun sämtlechen Daten déi drop waren. Dat waren gesammelt Files aus menger Lycées Zait (Word files, gescannten Fotoen etc), Musik di ech nach enner DOS (haha) op MP3 gerippt haat etc. Et war e klenge Schock. Wi gesot, den HDD haat mol nach kee Joer. Den Backup op DVD war iwwergens dann och hin.

Mi speit dann op der Uni, ech haat Deeg virdrun main läschten Backup op en USB HDD gemach do geet et klack klack klack an den HDD am Laptop war fier de Recycling. Ech muss dozou bemierken dass ech op meng Saachen oppaassen wi verréckt, et gin keng Stéiss, keen brutalt Behandelen, nix. Wann ech dee Moment keen Backup gehaat hätt, dann wiere wochelang Arbeschten fort gewierscht, a wee wees ob ech dann nach main Joer gepackt hätt? Main USB Harddisk huet iwwergens deen Dag bal net iwwerliewt well main Matbewunner iwwert main USB Kabel gestolpert ass während den HDD amgaange war d'Files zeréck op en neien Laptop HDD ze kopéieren.... dofier léiwer ee Backup anzwousch zevill wi ze mann.

Wat ech och schon erliewt hun (well ech emmer geruff gin sou Saachen ze flécken...) ass dass Bekannter e Backup haaten, hier Files well se net opgepasst haaten geläscht hun, an och keen undelete se mi hiergestallt kruut, an dass dann den Backup HDD en Filesystem Fehler haat ("Oh di Meldung do liesen ech nie, di klicken ech emmer eweg wann se kennt") an de Backup lauter fehlerhaft Dateien haat. Dann ass abemol d'Panik grouss wann d'Fotoen vum klenge Bébé vun den läschten 2 Joer fier ëmer fort sin. Et ass och scho fierkomm dass en HDD méint- oder joerelaang tadellos gaangen ass, dann awer wann et drop ukomm ass natirlech grad dann den HDD en Headcrash gemach huet... och hei: waat méi Backups wat besser.

Di Gefor vun Harddisks soll een net ennerschätzen. Main alleréischten 1GB Hdd (Seagate) a mengem Pentium 90 geet zwar haut nach (Pio Mode 4, leeeecker), mee daat ass absolut keng Garantie. SSDs iwweregens och net, do dréint zwar naischt, mee wann dain Controller futsch geet (google mol d'Vertex Serie vun OCZ), dann ass och alles weg.

Perséinlech Erfahrung hin oder hier, bei engem Harddisk ass et net d'Fro *ob* en futti geet, mee *weini*. An Murphy seet dass en emmer am ongeschteschsten Zaitpunkt futti geet. An dass de Backup och futti ass. An den Backup vum Backup Augenzwinkern

Ajo, ech haat nach ganz vergiess ze erwähnen dass ech soubal ech 25GB zesummen hun, dat ganzt nach op eng BluRay brennen ˆˆ
Thema: Datesëcherung ?
Loki

Antworten: 13
Hits: 36.561
26.08.2013 08:58 Forum: Misc


Bei mir ass et ähnlech. Ech notzen meng Spaicherkaarten zwar emmer erem, mee se gin emmer carrément formatéiert (an der Cam) soubal ech d'Fototen op main Computer kopéiert hun no engem Fotostours. Daat ass anscheinend besser wi wann se just geläscht gin, hun ech mer soe gelos... Falls de nämlech en futtist Dateisystem hues, an du läschs se just, dann bleiwen Datenläichen zeréck a wanns de dann nei Fotoen drop mechs, dann gin se eventuell falsch dropgeschriwwen an si scho verluer wann se dropkommen. Formatéieren schreiwt en neit Inhaltsverzeichnis op d'Spaicherkaart, da leefs de dee Risiko net.

Um Computer geet et dann weider. Wann ech meng RAWs um Computer hun, gett per Tool den Folder op en externen USB-Disk synchroniséiert an op eng Sambashare op mengem Server kopéiert. Den Ennerscheed ass deen dass den USB Disk all Verännerung vun deem Folder matmescht (d.h. och wann ech eng Foto läschen), den Server awer just Saachen eriwwerhellt déi dobaikommen. Wann ech dann also rem eng Kéier ze séier geklickt hun an eng Foto geläscht hun um internen Harddisk, dann huet en se och vum USB Disk geläscht, mee um Server ass se emmer nach do (Do leien nach e puer TB frai, do kënnt et op e puer Fotoen echt net un großes Grinsen )

Insofern fueren ech mat engem Disk wou de Folder drop ass mat dem ech schaffen, een Folder op engem externen Disk dee spigelt an een Folder op engem zweeten externen Disk deen all nei Daten iwwerhellt mee keng läscht. Daat ganzt geet vollautomatesch enner Mac mam Tool 'Folder Watch'. Dee kascht zwar eppes, mee en ass sain Geld wert. Link: https://itunes.apple.com/us/app/folderwa...408224368?mt=12
Thema: Daterettung ?
Loki

Antworten: 15
Hits: 37.520
RE: Daterettung ? 26.08.2013 08:48 Forum: Misc


Ah maja dann sin ech frou dass daat geklappt huet! smile Gesais de, sou Saachen sin meeschtens hallew sou wëll, an sou worst-case-scenarios mat futtissen Motoen kommen eischter selten fier.

Dann sin ech och frou dass ech mech mat der Diagnose net geiert haat an der net falsch Hoffnungen gemach haat Augenzwinkern

Cool Iddi vun der deng Prozedur an de Produit hei matzedeelen, ech si mer secher dat kënnt dem engem oder aaneren nach zur Hëllef am Laaf vun der Zait.

An lo husch husch Backups maachen Zunge raus
Thema: Daterettung ?
Loki

Antworten: 15
Hits: 37.520
RE: Daterettung ? 07.08.2013 15:14 Forum: Misc


An déi hun wahrscheinlech naischt anescht gemach wéi dat waat ech uewen beschriwwen hun. 15min Arbescht Augenzwinkern En richtegen Harddisk Crash ass eigentlech en Headcrash, déi erzeugen emmer en ganz grausegt Klackeren/Kraazen wann de Schreiw/Lieskapp lusteg iwwert d'Disks kraazt. Dono hëlleft just nach e Labo, an daat geet Richtung dausenden Euro. Also à moins dass du e puer Dausend Euro op den Dësch geluet hues, hun déi dat gemach wat uewe steet Augenzwinkern
Thema: Daterettung ?
Loki

Antworten: 15
Hits: 37.520
RE: Daterettung ? 06.08.2013 20:44 Forum: Misc


Addendum: Schrauw just net um Harddisk selwer ronderem, deen huet och selwer eng Platine ennendrenner, mee et ass zimlech offensichtlech wanns de en bis gesais waat zur Buffalo Këscht gehéiert an zum Harddisk. Et kann sin dass de muss dain Harddisk mat e puer Schrauwen vun ennen léisen ierts de en kanns vun der Kontrollerplatine am Buffalo zéihen, daat ass ok. Dem Harddisk seng eegen Platine léiss de awer besser drun Augenzwinkern
Thema: Daterettung ?
Loki

Antworten: 15
Hits: 37.520
RE: Daterettung ? 06.08.2013 20:40 Forum: Misc


Ui also mat e besse Chance ass de Problem vill vill manner schlemm, leng Panik. Ech haat dat doten och schon. Wanns de Gleck hues ass just d'extern Këscht vum Harddisk (déi wou Buffalo dropsteet Augenzwinkern ) hinüber. Den Netzstecker gett jo an déi gestöpselt, an do ass eng Platine dran déi en ganz normalen SATA Harddisk op USB souzesoen iwwersetzt. Gemengkerhand sin bei 3,5" Harddisks am externen Format sténknormal Harddisken einfach an esou eng këscht agebaut gin (98% vun de Fäll) an eben iwwert eng Kontroller Platine mat SATA Stecker fier den Harddisk an USB Uschloss fier de Kabel verbonnen.

Waats de kanns gefahrlos (!) maachen ass di Késcht vun Buffalo auserneen huelen. Um Internet fënns de doudsecher Tutorials dofier, op YouTube oder Fotostrecken, falls de dech net selwer traus ze probéieren d'Schrauwen ze fannen Augenzwinkern Z.b. deen heiten, kann op dai Modell passen, muss awer net: https://www.youtube.com/watch?v=3KbFUwFwBTE
Ech selwer hun och mol eng Kéier sou eng Buffalo Këscht auserneen geholl, do briechen dann eventuell sou kleng Plastiksschnallen oof an du kriss se net mi zesummen, mee dem Harddisk deed daat naischt, deen huet mat der Këscht naischt ze din.

Also, waat ech der urooden ass daat hei: Huel d'Buffalo Këscht auserneen, disconnect den Harddisk vun der Sata/USB Contoller Platine an schléiss en dono einfach intern mat engem Sata Kabel an engem passenden Stroumkabel an dain Computer un. (Ech wees net wéi gudds du dech mat sou Saachen auskenns, dofier soen ech daat lo just aus Komplettheetsgrenn: De Comp muss ganz aus sin dobai Augenzwinkern ). Wanns de e besse Chance hues, ass dain Harddisk absolut ok (Klackeren fier schlecht gewierscht, kee Geraich méi positiv). De Fakt dass Windows/OSX och keen fehlerhaft Gerät erkennen (daat wier d'Platine déi sech ging um System umellen, net den Harddisk) schwätzt dofier dass just d'Platine hops ass an dain Harddisk höchstwahrscheinlech absolut ok ass. Wann et nämlech effektiv sou en HDD-Moto Problem wier, dann ging dain Windows/OSX d'Platine erkennen déi sech per USB umellt an dann meckeren dass den Harddisk net geet. Vu dass awer guer naischt geschitt, ass wahrscheinlech just d'Platine tot.

Beim neistarten vum Computer misst dain Harddisk usprangen an wie gehabt funktionéieren.

Du riskéiers absolut naischt dobai ausser deng Buffalo Garantie...mee bon.... Augenzwinkern


Haal mech um Laafenden wanns de wells, ech wees wi grausam sou Saache sin, mee meeschtens ass et kee Grond zur Panik.
Thema: Daterettung ?
Loki

Antworten: 15
Hits: 37.520
RE: Daterettung ? 05.08.2013 18:39 Forum: Misc


Waat mengs de mat reageiert net mei? leeft en guer net mi un? klackert en? erkennt de computer en net méi? mat e besse chance ass dain harddisk komplett intakt an et ass eppes ganz aanescht. Demno waat et ass kann ech der do hellefen.
Thema: Internetsait
Loki

Antworten: 13
Hits: 46.142
RE: Internetsait 11.12.2012 18:28 Forum: Multimedia


Hmm hues du dann kee Backup vun denger DB iergendwou trellen? Ass bestemmt eng domm Fro mee et kinnt jo sin ˆˆ.


Zum Recht: Ech denken Wordpress wier nach eng Iddi, do gin e di eng oder aner schéin Portfolio Themes mat Modules déi deng Erwardungen erfëllen. Meeschtens sin déi awer leider och net ganz fier naischt... Also Wordpress selwer schon, mee net all Theme.

Soss bleiwt nach, wéi a mengem Fall (www.loki.lu) brutal manuell Text Editoren fier HTML an CSS: Notepad/Textwrangler etc. Dat huet den Nodel dass et, waat de Site mi komplex gett emmer e besse mi emständlech gett mee aanerersaits hues de, wanns de eng duerschdueten Organisatioun hues, ganz vill Fraiheeten.
Thema: Refus
Loki

Antworten: 186
Hits: 360.624
20.06.2012 21:56 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
Original von gi87

Jo, mee hei ass keen Elitesite vun da Fotografie, an hei helt keen eng Konstant Qaliteit bei ( och Leit dei all woch hei flott Fotoen gewisen hun, hun och obemol da peur an de Sand gesat..)

[...]

Dat ass meng Meenung Loki, [...] Du ewei Esch mir wärten eis do net 100% eenz gin an Deier Diskusioun well esh dat ganz aus 2 Perspektiven betrouchen..


Ah, heescht daat ech gesin daat just vun enger Perspektiv? Augenzwinkern Nee ech gesin et aus enger 'aanerer'. Prinzipiell gin ech der Recht, wanns de nie eng Kritik zu enger Foto kriss kanns de och net bäiléieren, mengen do sin mer eis eenz, oder? An jo, ech fannen och dass et Leit gin déi eng ganz Rutsch super Fotoen héichlueden an dann abemol sin der dobai wou ech mech froen waat dann do lass war. Inwiefern et dann do fair ass déi fraizeschalten wann aanerer vun verglaichbarar Quali net fraigeschalt gin nemmen well se net vun engem 'Veteran' kommen, ass eng ganz aaner Diskussioun. Ech huele mol un dass mer eis do eenz sin an dass ech deng Perspektiv och richteg interpretéieren? Falls net, ech wier frou fier eng Erklärung, éierlech. Du an de Suraki huet allenzwee gudd Argumenter an ech fannen d'Diskussioun eigentlech ganz flott, just eng Léisung di jidfereen zefridde stellt denken ech ass extrem schwiereg. Meng Gottseidankmussechdaatnetcoden-Léisung wier eng Mixtur: eng Checkbox wou een seet ob een wëll *all* d'Fotoen gesin déi héichgelueden gin sin oder nemmen déi di *fraigeschalt* gin sin, souzesoen also 2 Versiounen vum Site wou een kinnt hin- an hierschalten. Mee ech mengen daat wier eng Pandora Këscht di ee besser zou léisst Augenzwinkern

Meng Perspektiv ass eigentlech di heiten: du hues lo gesot et wier keen Elitensite, mee waat mecht en Elitensite eigentlech aus? Een wou alles zouléisst ass jo secher keen, mee déi Leit di iwwerhapt sech di Arbescht maachen hei verfolgen jo offensichtlech en Ziel mam Fraischalten vun Fotoen di gewessenen Standards (sollen) entspriechen, oder wisou sollten se et soss maachen? Insofern ass mäin Argument (meng Perspektiv) di heiten: Ech gesin duerschaus photogen als en Site mat enger Messlatte un, an domat eben ee Site deen e Minimum u Qualitéit verlangt. Ob déi Messlatte lo do läit wou se soll, an ob se och emmer agehaalen gett... nuje, rem en aanert Thema. Och waat Qualitéit eigentlech ass an engem sou subjektiven wi der Fotographie. Wann sie gingen all Foto fraischalten di héichgelueden gett (daat wier den Equivalent zu jidferengem den 1ère Diplom gin dee sain Numm schreiwe kann), dann wier jo awer wierklech keng Erausfuederung méi do oder? Inwiefern wier de Site fier déi Leit déi sech wëllen wierklech mat der Matière beschäftegen dann nach interessant an firwat sollten se dann nach beim Site matmaachen wann se an der Mass aaneren Fotoen ennergin?

Iwwergens, zum Thema waat een op eng Prüfung schreiwt: natirlech kritt all Schüler en Kommentar resp. d'Méiglechkeet op Feedback op individueller Basis inklusiv Diskussioun an Hellefstellung seng Schwaachpunkten ze tilgen. U sech also duerschaus Verglaichbar mat der Funktioun vun de Comments hei um Site, oder? Also keng Suerg Suraki, sou Sätz wéi 'keng Gedanken gemach' gin et net bei méngen Schützlingen, well déi sin effektiv net ideal, fier et mol douce ze soen Augenzwinkern
Thema: Refus
Loki

Antworten: 186
Hits: 360.624
20.06.2012 17:06 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
Et ass ewei an da Schoul, de Schoulmeechter soll och kucken das de lechten nokennt.. !


Oh oh, ech haale mech eigentlech gär aus dem Thema eraus well ech denken dass ou wi et am Moment ass eigentlech gudd geléist ass an der Mehrheet méi Virdeeler wi Noddeler bréngt, mee zu dengem läschte Saaz muss ech dann awer e Kommentar maachen...déformation prof. halt Augenzwinkern

Jo, richteg, dee läschten soll och nokommen, awer net op d'Käschten vun deenen di sech vill méi Méih maachen. Well heeschen: Dee läschten muss sech méi ustrengen an net emgedréint, di bescht sollen net an der Mass ennergoen well d'Ufuerderungen einfach erofgesat gin an se domat kee Grond mi hun sech unzestrengen (siehe Reform...(OT)). Soss leid d'Qualitéit am allgemengen en e Gefaalen mecht een kengem. Also an deem Sënn: wann eng Foto refuséiert gouf, ob ee lo averstanen ass oder net, heescht soss naischt wi 'sech méi drugin di nächste Kéier'. Vill Leit (leider och an der Schoul) sin leider vill zevill vun hierem Talent iwwerzeegt an huelen alles immens perséinlech amplaaz vlait sech mol opzemaachen an sech méi drunzegin.

War e bessen OT mee dee Päfferkär konnt ech mer net verknäifen Zunge raus Ech muss och nach vill bäiléieren bei ménge Fotoen, a wann ech eng refuséiert kréien war se einfach net gudd genuch an dann maachen ech mer einfach méi Méih bei der nächster, sou einfach ass daat. Och wann ech selwer d'Foto gudd fannen (dorun ännert sech jo naischt).

Sou an lo klinken ech mech aus der Diskussioun aus, an gin erem verbesseren Augenzwinkern
Thema: fir iPhone User interessant
Loki

Antworten: 2
Hits: 24.857
RE: fir iPhone User interessant 06.06.2012 16:15 Forum: Multimedia


Oho, interessant App. Ech hun mer do mol en Account gemach, mol kukken weini ech d'Kéier kréien do matzehëllefen smile

Um iPad gett et och eng ähnlech, di ass nach eng Grëtz mi flott gemach, nennt sech 'StuckonEarth', do gett et och Inhalter vun hei.
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
Loki

Antworten: 21
Hits: 61.723
05.12.2011 12:53 Forum: Material


Zitat:
Original von Fennec
Do kann ech awer net zoustemmen, bis elo hun meng Canon Akkuen besser gehalen ewei dei vun Ansmann oder soss eng Marque.


Dat war Ironie, sorry Fennec Augenzwinkern meng haalen och wait iwwer 1000 Fotoen, ech wollt just eng doof Canon VS Nikon Dikussioun di kee brauch am Keim erstécken Augenzwinkern
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
Loki

Antworten: 21
Hits: 61.723
04.12.2011 22:39 Forum: Material


Jo, schrecklech schlecht. Heiandsdo haalen se just fier eng hallew Foto, da muss een wann de Rideau zougaangen ass den Akku eraushuelen, en aaneren dramaachen an dann get de Rideau erem op.... Augen rollen
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
Loki

Antworten: 21
Hits: 61.723
RE: Wou belleg Batteriegreff kaafen? 04.12.2011 13:10 Forum: Material


Iwwert de Prais vun Akkuen an Batteriegrëffer kann ee sëcher streiden, an och wann meng Akkus och locker méi aushaalen wéi ech hinnen oofverlaangen, ass et awer net vun der Hand ze weisen dass eben grad daat een dozu verleed eben grad net di ganzen Zaiten nervös op den Akkustand ze kukken... Wann ech no engem Nomëtten Shooting (rechen 5 Stonnen) doheem ukommen, sin meng zwee Akkus nach emmer ongeféier zu 50% gefëllt. Daat berouegt awer dann dass een sech während engem Shooting net muss Suergen maachen dass grad an deem Moment wou een et net ka gebrauchen d'Akkus platt sin. Insofern ass aleng schon dofier en Bateriegrëff zimlech berouegend Augenzwinkern

Dofier war en Batteriegrëff och direkt matgaangen wou ech mer meng 5D kaaf hun. Ech denken och net ass een do ka soen dass nemmen Sportsfotografen en Virdeel mat 2 Akkus hun. Daat kann letztendlech emmer nemme jidfereen fier sech selwer entscheeden. Ech maache keng Sportsfotoen mee ech willt nie méi eng DSLR ouni Batteriegrëff. Maach du mol de ganze Mëtten mat roueger Hand Fotoen, zumols Portraits am Héichformat mat enger Cam déi mam Objektiv méi wéi 2,5kg op d'Wo bréngt ouni Batteriegrëff an da schwätze mer nach eng Kéier ob just Sportsfotografen daat brauchen an ob se ouni Batteriegrëff ergonomesch genuch sin, jo? Augenzwinkern

Waat daat lo soll mam handlechen Aspekt vun engem Fotoapparat an engem 'pro'-faktor soll ze din hun, ass mer schleierhaft. Een deen e Batteriegrëff keeft an dofier bereed ass méi wéi 300 Euro ze löhnen mecht daat wuel kaum wéinst dem professionellen Optrieden, oder?

Naischt fier ongut VeloBen, mee den Tennes wärt schon séng Grënn hun.
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
Loki

Antworten: 21
Hits: 61.723
RE: Wou belleg Batteriegreff kaafen? 01.12.2011 16:03 Forum: Material


Jo ech haat mir och en Delamax mat 2 Akkus fier meng 500D kaaf, daat war ménger Meenung no e produit aus der selweschter Fabrik, suguer d'Schreftart op der Beschreiwung war exakt d'selwescht. Huet tiptop funktionéiert och.

Ech haat meng op eBay fonnt, allerdengs just aus US, déi aus DE hun (wi sou oft) an all Land op desem Planéit geliwwert ausser op Letzebuerg.

Ech muss awer ze bedenke gin dass eng 5D MKII mat engem L objektiv zimlech schwéier ka gin (1,5kg aufwärts). Ech selwer hu léiwer e besse méi Geld ausgin fier meng 5D wi ze riskéiert dass eng eventuell fehlerhaft Schrauw oofbrëcht a mer meng Kamera schrottet well ech um falschen Enn gespuert hun. D'Original ass fatzeg gudd verschafft, daat spiert ee schon beim Upaaken. Fier eng 500D war et mer quasi egal mee fier meng 5D giff ech mer daat 2x iwwerleen. (jojo ech wees, d'Praisser vum Original sin iwwerdriwwen mee awer Augenzwinkern )
Thema: 7D oder 60D
Loki

Antworten: 21
Hits: 60.028
24.10.2011 22:24 Forum: Material


Merde, Gloda du hues Recht (natirlech), ech hun et genau emgekéiert am Kapp gehaat, haha. Ok vergiesst waat ech geschriwwen hun, daat war Quatsch ˆˆ. Ech brauch Vakanz, hei geet net mi vill großes Grinsen

OT: Ech hun iergendwann mol um Internet tutorials gesin wéi Leit sech den Spigel quasi zurecht geraspelt hun fier aal Objektiver kennen ze benotzen, daat ass mer mol vlait eng Horror-übung. Aleng daat Wuert 'Spigel' am Kombinatioun mat 'raspelen', brrrrr.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 28 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH