Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 24 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Software fir en Hobby Fotograf
Fennec

Antworten: 8
Hits: 29.605
27.02.2012 15:44 Forum: Fotobearbëchtung


Hallo,

Mengs de net den Photomagic? Deen get et gratis als shareware, as eng PSE copie op hallef esou deier.

PaintShop pro as eng gud alternativ zu den deieren Adobe Programmen.

Ech hun beid Programmer net ausprobeiert, du fenns awer Artikelen doriwer an den Fotozeitschreften.

P.
Thema: Software fir en Hobby Fotograf
Fennec

Antworten: 8
Hits: 29.605
RE: Software fir en Hobby Fotograf 24.02.2012 12:38 Forum: Fotobearbëchtung


Salut,

du kanns alles kaafen soulangs de Geld hues, awer probeier mol Gimp, as Gratis, kennt no un Photoshop erun, bedengt sech awer anescht ewei PS, leeft op allen Platformen.

Fir deng Fro ze beäntweren, et hängt dovun of waats de domat machen wells.
LR as fir ze Katalogiseieren, taggen, kleng retouchen, as awer wahrscheinlech den deiertsten Programm vun den 3 ernimmtenen.

PSE as fir kleng retouchen, huet limiten am verglach zum PS, huet och bestemmt keng Bridge, wees ech awer net, hun dat dengen seit der v 5 net mei benotzt.

Photomatix kennen ech net, as awer bestemmt ok.

Eng aner Fro: hues de schon un Studentenversiounen geduecht? do kriss de dei Komplett Versioun zum Preis vun der Ofgespecktener +-, allerdengs musst de bei Adobe eng Schülerkaart oder Proffekaart eranschecken.

Wenschen dir nach vill Spaass beim Probeieren.
Patrick
Thema: Eos 100D oder EOS 500D
Fennec

Antworten: 5
Hits: 27.724
07.02.2012 00:30 Forum: Material


d'Virriedner hun schon recht, waat dein Obektiv mei Lichtstark as waat besser, natirlech och mei deier.
Bei den Canon Boitieren as et awer esou dat mat enger 1000D an 600D hues de den Krich och net gewonnen, da kanns de roueg bei denger D70 bleiwen.
bei Canon as et esou, waat Zuel vum Model mei kleng waat besser, den Autofocus get mei seier, du kriss och mei Biller pro sec.
Wei ech verstanen hun wells du Indoor Sport fotografeieren, Belichtung an den Sporthalen as zimmlech schlecht, du brauchs dofir net nemmen deier Lensen, mee och nach en Boitier deen en lichtempfindlechen Autofocus huet an wou den ASA heich opgedreint ka gin ouni ze verrauschen.
Fir e bessen Reklamm ze machen gesin ech hei nemmen eng 7D oder 1D, mat den aneren ges de net zefridden, du kanns awer och mol D7000 vun Nikon mat an den Verglach huelen.

Hoffen ech konnt dir eng Idee gin.
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
Fennec

Antworten: 21
Hits: 62.322
05.12.2011 09:20 Forum: Material


Do kann ech awer net zoustemmen, bis elo hun meng Canon Akkuen besser gehalen ewei dei vun Ansmann oder soss eng Marque.

Op menger aler 400D hat ech en Greff drop vun Janis, deen hat den Luxus och nach en Timer ze hun, deen Greff hat deemols och 50€ kascht, nach en Akku dobei vun 30€, dann as dat ganzt awer net iwermeisseg deier, deemols huet den Canon Greff 110€ kascht.

Du kanns jo mol bei guenstiger.de kucken wat et esou get, e puer Geschäfter akzepteieren och Geld per virement et muss net emmer paypal oder Creditkaart sin.

LG Fennec
Thema: Capteur/ Sensor botzen
Fennec

Antworten: 10
Hits: 28.167
27.10.2011 08:26 Forum: Material


Hello Folks,

ech machen dat vill mei einfach smile

ech huelen eng Mettwurscht oder Lioner, deemno wat ech am Frigo sou fannen, kann och eng Zossis sin.
Ech klappen den Spiggel erop, reiwen den Capteur domat an, an dann halen ech den Apparat bei meng Kaaz, sie leckt den ganzen Kasten sou blitzblank an duerno as keen Probleem mei, seguer dei festgebaken Stecker gin lass vun der rauher Kaazenzong. smile

Nee am Eecht, scheckt aer Kamera op Willich (Canon) oder soss an, an fir dei ganz Faerteresch git bei den Frank, hien mecht et gud.
Thema: Workshop Concertsphotographie
Fennec

Antworten: 30
Hits: 64.857
25.10.2011 21:34 Forum: [Foto] Rendez-vous


ech gin och mat, hat gemengt et wier Donneschdes, mee dat hei geet och.
Thema: Net zefridden matt da Canon 5D Mark ii
Fennec

Antworten: 20
Hits: 48.233
03.10.2011 17:37 Forum: Material


Hallo,

ech geing trotzdem dat ganzt op Willich an den Check gin. Bei neien Artikelen sin sie ganz fex, ech hat mein 2 Wochen alen 24-70 Trapen eroftrellen gelos, an 2 Deeg wor alles un an aus, an 0€.

Fro als eicht eng RMA un, an dann kanns de op d'Post goen mam Pack.
Patrick
Thema: Sichen e Fotostudio
Fennec

Antworten: 2
Hits: 19.892
30.09.2011 16:19 Forum: Material


Hun nach een fond

Mind & Freak Sàrl
29 Boulevard Grande-Duchesse Charlotte L-1331 Luxembourg (Lëtzebuerg)
Tél. : 27 76 18 42
Thema: Sichen e Fotostudio
Fennec

Antworten: 2
Hits: 19.892
30.09.2011 16:13 Forum: Material


Hallo,

mir geet et och esou, laueren lo schon Lang drop dat et Faerdeg get.

Ech kann awer verstoen wann et bei der Gemeng lang dauert bis dei Arbeschten ofgeschloss sin, mat all den Prozeduren dei respekteiert mussen gin, an wann neicht am Budget stung, dann dauert et ...

Ech hun mech an en aneren Club ungemellt, hoffen dat ech dann geschwenn do den Studio benotzen kann.

Soss kann ech dir nach uroden wanns de e bessen Budget hues, kaaf dir deng Eegen kleng Blitzanlag, +- 500€ bas de dobei.

Awer fir op deng Fro ze Entweren kann ech dir den Indigo ugin
Indigo Photo Studio Rubriques : Photographie

Produits : Photographe

31 Zone d'Activité Economique le Triangle Vert L-5690 Ellange (Elleng)
Tél. : 621 735 731
Thema: Workshop Concertsphotographie
Fennec

Antworten: 30
Hits: 64.857
27.09.2011 15:24 Forum: [Foto] Rendez-vous


Salut Schluck,

Wei, wou, weini? wann daat kloer as sin ech gaeren dobei.
Klengt spannend.

bis dann
Patrick
Thema: http://www.pixmania-pro.lu
Fennec

Antworten: 23
Hits: 69.237
23.12.2010 17:28 Forum: Material


Salut,
meng Erfahrung mat Pixmania as net grad super, hun firun 2 Joer menger Duechter eng FUJI FX30 kaft, sie woren deemols dei Bellechst, d'Liwwerung huet nawell zügeg geklappt, no 6 Meint hat den Apparat en Defekt, hun en bei sie angeschekt an et huet 3 Meint gedauert fir en ersat ze kreien, nemmen well ech net dei zousätzlech Garantie kaaft hun.

Wann ech an der Läscht do gekuckt hun sinn emmer nach zousätzlech dommheeten opgebrummt gin, sou eppes kann ech net Leiden an ech ignoreieren dei Boite, bei guenstiger.de fenns de irgend een Händler den dir dat mei Gensteg an ouni Gedeich verklappt.

Patrick
Thema: Nikon D90, Canon 500D oder 550D?
Fennec

Antworten: 4
Hits: 28.315
22.09.2010 00:02 Forum: Material


Hallo,

momentan as d'Photokina zu Köln, e gudden Root, fuer dohin an kuck an Probeier alles aus, mat den Objektiver, alles as do, daat fenns de net hei zu Letzebuerg an engem Geschäft.

Awer ewei firdrun schon geschriwen gouf, as en extremen Zoom net ideal, well dei fänken bei 3.5 oder nach mei un, domat hues de keng Freed wanns de mol op enger Platz bass wou net vill Luucht as.
Och an der Wüst as der domat net gehollef, och wann e mengt do wier vill Sonn, also och hell, dei scheinsten Vuen an Biller kriss de muerges oder Owes.

D'Objektiver sin dat wichtegs un der Photographie, gudd Glas as deier an schweier, awer du hues vill Freed domat
Vieleicht get dein Budget awer dodurch gesprengt

Hues de nach net drun Geduet dir eng Occasioun ze kafen ? an dann en 50/1.4 an en 85/1.8 dobei, mengen dat misst och fir 1000€ ze kreien sin.

Patrick
Thema: 60D or 7D
Fennec

Antworten: 4
Hits: 27.638
08.09.2010 21:53 Forum: Material


as gaergeschit

Nach e klengen Tuyau,

fuer op Photokina do kanns du dir alles ukucken, ausprobeieren an den Canonleit Lächer an den Bauch ze froen.
Thema: Helef bei Studio Flash Kit
Fennec

Antworten: 17
Hits: 39.722
08.09.2010 21:23 Forum: Material


Jo Photokina as vum 21.9 - 26.9.2010 zu Köln

Billjeten onbedengt online kaafen, soss sin se deier.


zu Hensel as net mei daat wat et war, well seit kurzem sinn sie vun enger anerer Boite opkaaf ginn, allerdengs war den Deal esou gelaf dat dei ganz Elektronik net mat verkaaf gouf, dei hat eng aner deitsch Firma behalen, dei die d'Entwecklung vun den ganzen gemach hun, lo as natirlech dei Firma selwer op den Marché komm, ech hun leider den Numm vergiess, awer dat sin dei eigentlech "Hensel", et kann sin dat et Richter as, sin mir awer net secher, sorry
Thema: 60D or 7D
Fennec

Antworten: 4
Hits: 27.638
08.09.2010 20:45 Forum: Material


Hallo Nathy,

waat wells du eigentlech fotographeieren?
action oder mei roueg Saachen?
macro oder normales?

bei macro soen ech do as den klappbaren Schierm op der 60 top

vir normales an roueg Saachen geet 60 och gudd duer

wanns de richteg action mechs ewei sport an soss schnell Handlungen dann as et besser du hells eng mat enger klenger Ziffer zb 1, all dei aner sin lues Krecken.
Daat selwescht gellt och fir extrem Lichtbedingungen

zur Anekdot, ech hat zu Fellbach um Festival den Jürgen Denter gefrot: so meng 1dMk2 kennt heiansdo am deichderen net no mam autofokus, mengs de 7 wier doran besser?
Wann deng 1 et net packt, da packen dei aner et och net.
Domat wosst ech meint och, an hun keng 7 kaaf an huelen nach emmer meng 6 joer aal 1d

Hoffen du bass elo net zefill durcherneen gin mat mengem 5 Sou Kommentar
Patrick
Thema: Helef bei Studio Flash Kit
Fennec

Antworten: 17
Hits: 39.722
08.09.2010 00:28 Forum: Material


Calumet huet och nach eng interessant Blitzanlag, hieren Genesis, do as och en Akkupack meiglech fir 160€, geet awer nemmen mat dem 300Ws

an den Calumet as Elinchrom compatibel.

Wanns de nach e bessen Gedold hues, fuer op Photokina, da kanns du dir alles ukucken.

Den Goetzener Photoclub organiseiert eng Busfahrt dohin an erem
Thema: Dropbox
Fennec

Antworten: 12
Hits: 55.381
13.08.2010 15:15 Forum: Allgemeng OT


Dropbox as eng fein Saach, awer net vergiesen, bei groussen Files dauert dat ganzt awer gaeren mol mei lang, ausser den uplink vum dsl huet eng serieu Vitesse.
Thema: Lightroom vs Bridge
Fennec

Antworten: 0
Hits: 17.463
Lightroom vs Bridge 09.07.2010 09:55 Forum: Technik-Diskussiounen


Hallo,

wollt mol Nofroen mat wei enger Soft et sech mei Konfortabel an rapid schafft.

Bis elo schaffen ech mat Bridge an der CS4, fir Katalogen an Taggings asw an meng Photossammlung ze brengen.

Waat hun ech mei wann ech mat LR3 schaffen? Ouni mussen lo vun Br op PS an nees hin an hier ze switchen.

Ech freen mech iwer aer Meenung an Erfahrung hei matzedeelen.

E scheinen Daag

Patrick
Thema: Canon EF 100-400mm f/4.5-5.6 L IS USM
Fennec

Antworten: 2
Hits: 25.213
RE: Canon EF 100-400mm f/4.5-5.6 L IS USM 09.07.2010 09:45 Forum: Material


Guden Moien,

ech hun esou eng Lens, kann soen datt den Steps net e Problem as.

Bildqualiteit as super, et fonktioneiert och mat Konverter, allerdengs as dann den IS floeten.

Du muss awer direkt mierken dat dest Objektiv eng Reih Joren um Bockel huet, waat seng Entwecklung ugeet.
Konkret as daat, den AF as lues.
Fir op Concerten wei lo den Rock um Knuedler as et gudd ze gebrauchen, Sport as och machbar awer nemmen am Daag wann vill Sonn do as, Owes en Fussballsmatch mat Stadionbelichtung as eng Saach mat vill Chance, 80% kanns de vergiessen vun den Photoen, well se verwescht, oder verwackelt sin, trotz IS an vill ISO.

Aner Fro, wann dir den Af net wichteg as, hues du schon un Digiscopie geduecht?
De Budget as och do net geschenkt fir gudd Qualiteit ze kreien.

Vill Spaass bei der Sich
Patrick
Thema: huet een ahnung vum Drobo?
Fennec

Antworten: 13
Hits: 34.745
08.04.2010 11:18 Forum: Material


Hallo,
ech sinn zwar speit drun mat der Aentfert, mengen awer mein Pefferkaer beizeleen.
Ech hun och en Drobo, daat dengen leeft fein mat USB2 oder FW800, do as et nach mei seier.
den Virdeel vum drobo as dats de ouni Problem egalweieen Sata Disk dranmachen, dat ganzt funktioneiert schon mat 2 HD, verschidden Marquen, verschidden Kapaziteieten alles geet.
et get och en Netzwierk adapter dann kanns de den Drobo och als NAS bedreiwen.

Bei eis um Bureau hun mir et och, schon iwer 2 Joer, do sin och schon Disken gefemmt gewiecht, eraus, eran an schon rullt et weider, keng Panik, alles Zen.

all de Recht fenns de bei Drobo um site, et as wirklech sou genial wei et do beschriwwen as.

kaaf dir nemmen keen Story vun samsung als ext HD, daat as dat Lecht, lues, kameidi an net zouferlässeg, ech schreiwen dat elo, well do as 1.5TB fir manner ewei 100 euro.

e scheinen daag nach
Patrick
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 24 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH