|
Ech wees net ops de dech elo schon entscheed hues oder net, mee well mech dann och emol ameschen
Beim Makro muss de am fong kucken waats de wells fotografeieren, sin et insekten, sin et blummen, sin et iegenswelch alldaagsgeigenstänn.
wanns de wells an den insekteberaich goen hänkt et erem dovun oof obs de eischter scheih insekten (paiperlecken, libellen, asw, also dei wou sech schnell aus dem steps maan wann se dech gesin) oder su wi spannen dei eischter bleiwen wou se sin.
ech hu mer selwer firun e puer wochen den Sigma 150mm F2,8 EX DG APO HSM Makro kaaf als gebraucht, vu dass ech och na student sin an net onbedingt all suen vun der welt hun, mee fir rem zreck ze kommen, ech wollt mer am ufank en 70 oder 105er kaafen, mee wou ech eben bei ville makro fotografen dei am beraich vun der insekte fotografie ennerwee sin, heieren hun dass een besser eng grouss brennwait weinst der fluchtdistanz hellt hun ech mer awer emol gedanke gemaach.
wei gesot, wanns de nemmen wells saache knipsen dei sech net bewegen kanns de och 60mm oder 100mm canon oder 70mm 105mm sigma huelen, well waat d'brennwait mi grouss am makroberaich waat e gudd a stabilt stativ mei noutwendeg gett.
hoffen ech konnt der bessen hellefen
hei nach e link wous de dech och na gudd informeiere kanns :
Makro-Forum
Mat beschte Greiss, Mr_Blue_Sky
|
|