Thema: brauch aer Heleff-Philosopesch Gedanke zum Thema Fotografie |
|
SAlut alleguerten,
ech soen ierch merci fir aeren konstruktiven input. Hun all aer iddien konnte verwenden an hun der och vill an menger leschter prüfng kommte matt abrengen.
Sin elo offiziell Magister der Philosohie :-)
Merci fir aer Heleff
Misch
|
|
Thema: brauch aer Heleff-Philosopesch Gedanke zum Thema Fotografie |
|
Salut alleguerten,
en donnschden as et esouwait. Dann hun ech no 6 Joer studieieren (gut Ding will weile haben ) endlech meng Diplomprüfung an sin dann hoffentlech Magister der Philosophie. Bis dohin stin nach 3 ellen Deeg mat léieren fir un mer.
Mee kommen mer zu Thema. A mengem 2te Prüfungsfach get et em en philosopeschen Zougang zur Fotografie. Ech haat gescht e Gespraich matt mengem Proff(waat een Psychoanalytiker as) iwwert waat mer alles schwätze waerten. Dobei sin folgend Froen opgedaucht:
- Firwaat wellen verschidden Leit sech partout net fotograféiren lossen?
- Firwat as et engem onméiglech enger Persoun di een gaeren huet op enger Foto d´Aen auszestiechen?
- Wou as den Zesummenhang teschent Fotograf an Fotograféiertem?
- Waat well en Fotograf? (realitéit festhaalen, besetz ergreiffen...)
- Waat sin di onbewossten Absichten vun engem Fotograf?
- Waat as di besonneg Magie an enger Foto?
Daat sin elo puer Froen di opgedaucht sin. Natiirlech hun ech mer schon Gedanken iwwert di verschidden Äntwerte gemaach. Schreiwwen se awer lo express net heihin, sou dass ech vun ierch neien Input kreien. Vlait gin meng Gedanken zevill an eng Richtung. Wir frou wann der mer e puer nei Gedankegäng kéint propséiren.
(Meng Haaptlitteratur besteht aus Roland Barthes: La chambre claire an Walter Benjamin: kleine Geschichte der Fotografie)
Villmols Merci am fiiraus
Misch
|
|
Thema: Laser Tagging |
|
Den 5 Februar ab 19.00 Auer as um Feschmaart deen wahrscheinlech éischten Laser-Tagging zu Letzebuerg. Kann mer viirstellen dass een do interessant Motiver fir un d Lens kritt. Also net verpassen.
http://graffitiresearchlab.lu/
|
|
Thema: Lomographie |
|
Wollt mol nofroen, ob et hei och e puer Lomographen gin. Nierft menger eos 400d sin ech an den leschten Méint voll um Lomo Flip. Besonneg d Lomo LCA an d Holga hun mer et ugedoen. Et wir cool wann ech mech kéint mat e puer glaichgesennten kéint austauschen :-)
analog rules :-)
Misch
|
|
|