Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 128 Treffern Seiten (7): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen
gogo

Antworten: 11
Hits: 42.795
24.06.2016 23:25 Forum: Allgemeng OT


De 24-70 war mäin éischt L Objektiv an domadder mäin éischt richteg gudd Objektiv.

Ech hat soss ëmmer den 17-85 op der 50D, den hat ech dunn duerch den 24-70 getosch, den Ënnerscheed war enorm.
Wéint den 2.8 hat ech e schnelle fokus, konnt och bei wéineg Luut nach fotograféiren, an konnt och besser fräistellen an d'Qualitéit vun de Biller war natierlech och besser gin.
War eng gudd Investitioun, virun allem well ech puer Méint drobber op Vollformat emgeklommen war.

Ech giff mech domadder dem Pit an dem Johny uschléissen.
Thema: Occasioun Canon 5D mk 3 oder occasioun Canon 6D
gogo

Antworten: 10
Hits: 47.032
18.06.2016 12:21 Forum: Material


De 24-70 2.8 ass tiptop an am verglach zu der neier versioun huet se eng vill besser präis/leeschtung verhältnis. Ech hu mäint oft konnten asetzen ass en exzellenten immerdrauf.

War mäin eischt L objektiv. smile
Thema: Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen
gogo

Antworten: 6
Hits: 47.418
RE: Gesicht: Canon EF äitwenkel fir ze léinen 15.06.2016 17:04 Forum: Material


Du brauchs net weider ze sichen Canon EF 16-35 f4 IS USM :-)
Thema: Preis vir schlag fir gebraucht canon eos 350 D zeverkaafen
gogo

Antworten: 3
Hits: 25.777
RE: Preis vir schlag fir gebraucht canon eos 350 D zeverkaafen 30.06.2015 08:25 Forum: Material


Hängt bëssi vum Zoustand an den accessoiren oof,
war bessi op ebay kucken an boitier alleng schengt sou ëm 130€ ze leihen.

Alternativ kann een nach Luxbazar & co kucken fir sëch bëssi ze orientéiren.
Wann no enger gewëssener Zäit keen ugebass huet kanns de nach ëmmer bëssi roof goën mam Präis.
Thema: Panoramafreiheet.. europa iwerddreift et sou luers awer secher mat den gesetzer..
gogo

Antworten: 1
Hits: 23.536
RE: Panoramafreiheet.. europa iwerddreift et sou luers awer secher mat den gesetzer.. 27.06.2015 21:53 Forum: Allgemeng OT


Hei kanns de eng Petitioun dergéint ënnerschreiwen:

https://www.change.org/p/european-parlia...&fb_ref=Default
Thema: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"
gogo

Antworten: 11
Hits: 44.175
Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" 03.06.2015 23:08 Forum: Allgemeng OT


Hei en interessanten Fotosconcours den ech de Mëtten weidergescheckt kruut.

Et handelt sëch em en Fotosconcours den vun der SICONA an Zesummenaarbecht mat den „Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn“, dem „Musée national de l’histoire naturelle“ an der „Société des naturalistes luxembourgeois“ organiséiert gëtt. D'Thema vum Concours ass "Eis schéinste Blummewisen" an et ginn 4 Kategorien:

- Habitaten: Wisen an Weiden, Trockenrasen an Fiichtgebitter
- Fauna an Flora vun deenen Liewensraim
- Besonnesch Aarten (Spezialistenkategorie): Kammmolch, Gelbbauchunke, Wimperfledermaus, Baumpieper, Heidelerche und Gartenrotschwanz
- Jonk-Fotografen bis 12 Joer: Wiesen an Weiden, Trockenrasen an Fiichtgebitter an Déieren an Planzen

Déi beschten Fotoen ginn mat Präisser vun insgesamt tëschen 50 bis 250€ ausgezeechent ! Den Délai fir matzemaachen ass den 01.10.2015.



Ech wënschen vill Spass, gudd Luucht an virun allem gudd Fotoen smile
Thema: Fotobearbëchtung
gogo

Antworten: 8
Hits: 36.683
10.05.2014 22:12 Forum: Fotobearbëchtung


https://www.photogen.lu/blog/?newsid=308
Thema: Canon Reflex geet nemmi (550D)
gogo

Antworten: 5
Hits: 32.448
22.04.2014 06:25 Forum: Misc


Samuel,

et freet mech dass deng Kamera elo erëm funktionéiert, daat ass an éischter Linn mol d'Haaptsaach.

Allerdéngs häss de ons och misste soën dass de Magic Lantern drobber laafen haas, häss de ons daat gesoot hätt ech der mol direkt ugerooden deng Speicherkaart ze formatéiren respektiv eng näi Speicherkaart dranner ze maachen.

Fir dassen aaner Läit och dofunner profitéiren koennen, wéi hues de dann däi Problem genau konnte behiewen?

Wou bei Canon hues de ugeruff? An waat war do genau de Probleem? Haaten se keng Ahnung, oder konnten se keen Franséisch? Oder haaten se tatsächlech, sou wi ech daat liesen, keng Ahnung vun Franséisch schwetzen?
Thema: Canon Reflex geet nemmi (550D)
gogo

Antworten: 5
Hits: 32.448
09.04.2014 09:43 Forum: Misc


Salut,

fier de Problem richteg ze verstoen:
Däin Display geet net mei, du kriss keng Fotoen mei gemeet an d'Batterien suckelen sëch eidel ass daat sou richteg verstaanen?

Daat kléngt fier mech no e puer Probleemer.

Gëtt och néirens eng Fehlermeldung affichéiert?
Hues de schon bëssi nogegoogelt fier de Fehler rauszefannen oder auszegrenzen, waat hues de derbäi rausfonnt?
Eventuell kanns de deng Kamera och nach annescht reseten, andeems de déi Knopfzellenbatterie raushoells an 15 Miinutten waards?
Vläit ass däin Apparat fiischt gin? War ganz Kaal/waarm an dunn an d'Poche (keng Ahnung ob daat eppes ausmaache sollt...)

Waat Erfahrungen ugeet sin ech op alle Fall (leider) KENG grouss Hëllef well meng Canon Apparater haaten nie e Problem :-/

Spontan géifft ech soen dass, falls de de Problem net geléist kriss mol bei e Canon Revendeur hei zu Lëtzebuerg gees an den frees ob sie den Apparat bei Canon Service anschécken an waat daat géifft kaschten.

Ech drecken der d'Daumen an haal ons um laafenden, sëcher huet nach een aaneren nach puer Iddien
Thema: Black Friday: Lightroom 5
gogo

Antworten: 2
Hits: 29.220
03.12.2013 16:14 Forum: Fotobearbëchtung


Daat war eng top affaire!

E Kollege vu mier huet se bei amazon fier 83€ kaaf, ass momentan suguer bei ca. 78€

62€ ass natierlech unschlagbar, bon ech sin lo nach beim 4 an iwwersprangen de 5, hoffen dass ech dann fier de 6 eng ähnlech gudd affaire maache kann smile
Thema: [Hëllef] Wéieen Ringblitz / Ring Flash fir Makro & evtl. Portrait
gogo

Antworten: 6
Hits: 32.843
22.08.2013 23:38 Forum: Material


De Meike FC110 aus China ass effektiv net mei ukomm an kruut d'Suen elo zeréck,
no bëssi hin an hier hun ech mech fier den Viltrox JY-670 décidéiert an den lo bestallt.

Wisou net mei de Meike FC110, majo no wéideren recherchen ass dobäi rauskomm, dass déi LED bei weitem net hell genuch sollen sin, bon den een seet sou den anneren seet sou.

Ech wollt daat ganzt och net zevill dem Zoufall Iwwerlossen an hu mech dann fir den Viltrox décidéiert, den soll scho mol anscheinend mam decken (an eenzegen) Ringflash vu Canon mathaalen koennen, an daat fier nemmen e Brochdeel vum Präis, de Viltrox gett och nach vun Walimex verkaaf, awer ënnert engem aaneren Numm an fir mi däier.

Soubaal ech en hun an di éischt Fotoen gemeet hun, waert ech hei doriwwer berichten, denken awer dass ech ganz zefridden mat dem wärt gin, an den O-Flash opsatz erem verkaafe waert (wann de bletz versprecht waat ech mer erhoffen) smile
Thema: Reflektiounen aus Vitrin eraus huelen.
gogo

Antworten: 5
Hits: 34.958
21.08.2013 21:48 Forum: Fotobearbëchtung


Wéi MM scho soot du brauchs e Pol.

E gudde Pol gehéiert an all Rucksaak, nach besser wann en op der Lëns ass großes Grinsen

An jo déi sin däier awer hier Suen wärt.

Do gin et verschiddener, hues de e wäitwenkel dann muss de kucken een "slim" ze huelen, soss kriss de vignette dranner.

Präislech ass do alles derbäi, an waat den Duerchmësser mei grouss gëtt waat mi däier großes Grinsen

an onbedengt en Zirkular Pol huelen, mais ech mengen daat aanert gett et souwisou net, oder baal net.

Ech hat mol ëmmer Hoya, war ganz zefridden, mais muss mer lo och en näien kaafen well ech lo "leider" en näi Standard Objektiv hun (daat zum iwwerfloss och nach méi e groussen Diameter huet :-p)

Aaner Méiglechkeet:
Waart bis d'Earth Hour an dann lees de lass smile
http://worldwildlife.org/pages/earth-hour
Thema: [Hëllef] Wéieen Ringblitz / Ring Flash fir Makro & evtl. Portrait
gogo

Antworten: 6
Hits: 32.843
12.08.2013 22:58 Forum: Material


Wollt mol kuerz Bescheed soen wéi et ergaangen ass,
also den O-Flash, den Opsaatz fir op de Blëtz, de koum no ca. 3 Wochen aus China iwwert eBay un, hun och scho bëssi domadder gespillt, an haat och scho bessi spaas domadder, sin do ganz zefridde fier de Präis, effektiv ass et eng Fummelei heinsdo, an fier Makro net wierklech zu 100% geegent, well daat Steck sëch och mat der Zäit selbststänneg mescht, ass mer sou och schon vum Blëtz lass gaangen an op de Bueden getrollt ( et ass stabil, just puer kleng schreipsen ), et huet een relativt grousst eegegewiischt an ass nemmen mat ritsch ratsch emt de Blëtz fest.

Den FC110, och iwwer eBay an China kaaf, ass awer leider nach net ukomm, si scho mam Vendeur amgaangen, an et leeft wuel dorobber eraus dass daat Stéck niemols hei ukoennt an ech dann meng Suen rëmkréihe wärt (hoffentlech) großes Grinsen

Waert also dann wann daat dann (hoffentlech gleich) geklaert ass, en neien Ulaaf huelen, vläit och direkt bei amazon bestellen dann :-/
Thema: Daterettung ?
gogo

Antworten: 15
Hits: 37.525
07.08.2013 21:44 Forum: Misc


Ech wees net op der daat hëlleft, mais hei mol meng Erfahrung:

Ech hat mol de Stecker vum Laptop an mein Externen Harddisc dranner gestach, an domadder di Platine dei um Harddisc selwer ass gebroden.

Do muss wuel een Widderstand oÄ als Schutz virun iwwerspannung etc.. direkt ahnnert der Stroumversuergung duerchgebrannt sin, op jiddferfall, hat den HDD och keen Mucks mei gemeet.

Léisung war "relativ" simpel ech haat missten en Harddisc mat enger Identescher Platine missten besuergen (am internet gekuckt op wei eng Nummeren an Datumen en muss oppassen), ech hat den Dag einfach Chance, well et hat een op eBay genau daat verkaaf waat ech gesicht hat.
(et wier evtl. duergaangen den transistor/widderstand whatever ze tauschen, mais daat ass iwwert meng Kompetenzen erausgaangen)

3,2,1, mäin, dann platinen getosch an huet wonnerbar geklappt.

Lo hun ech dann 300GB Fotoen (déi ech scho gebackupt hat) an Dateien déi ech net vermësst hun recuperéiert.
Thema: [Hëllef] Wéieen Ringblitz / Ring Flash fir Makro & evtl. Portrait
gogo

Antworten: 6
Hits: 32.843
03.07.2013 13:47 Forum: Material


majono "laangem" hin an hier hun ech mech dann finalement entscheed fier di 2 Saachen ze kaafen,
also den FC 110 fier d'Makrofotoen,
den ass kleng handlech, kann nierft dauerlicht och "blëtzen". Ausserdem huet den Adapterreng bis rop op 77mm, waat ech bei kengem aaneren gesinn haat, allzäit net fier de Präiss, mais waert sws nemmen den 58 mm brauchen smile

An dann hun ech mer extra fier Portrait dann nach den O-Flash bestallt.

Natierlech hun ech di 2 Saachen iwwert ebay.com bestallt, war net ze däier, muss lo just bëssi waarden.

Subaal ech d'Stécker hun deelen ech meng Erfahrungen domadder. smile
Thema: [Hëllef] Wéieen Ringblitz / Ring Flash fir Makro & evtl. Portrait
gogo

Antworten: 6
Hits: 32.843
28.06.2013 17:16 Forum: Material


Merci Eric,

jo déi iwwerleehungen hun ehc mer och scho gemeet, sou wi ech et gesinn waert et wuel sou een handlechen LED Dauerlicht Ring ginn fier Makro, an speiderhinn wann et mech nach emmer reizt een 0-flash fir op den Bletz fir Portrait dann.
Thema: [Hëllef] Wéieen Ringblitz / Ring Flash fir Makro & evtl. Portrait
gogo

Antworten: 6
Hits: 32.843
[Hëllef] Wéieen Ringblitz / Ring Flash fir Makro & evtl. Portrait 27.06.2013 11:30 Forum: Material


Gudde Moien,

hu gemierkt dass hei am Forum nach näischt zum Thema Macro Bletz / Ring Blitz etc.. steet, dofier machen ech hei mol den Ufank großes Grinsen

Ech briecht hei är Hëllef/Experienz/Rôt,
an zwar geet et em folgendes, ech géiff gären méi Makrofotoen maachen,
ech hun eng 5DIII wéi och eng 50D wou ëmmer mam Canon Macro 100mm 2.8 (den ouni stabi) geschafft gëtt, interesséire deet mech een Ringblitz well ech den dann och fier Porttraitsfotoen kinnt benotzen.

Den vun Canon selwer den MR-14 EX ass mer mat 500€ vill ze däier, domadder si mer och schon beim Präis, well ech et nemmen gelegentlech benotzen an lo mol doranner schnupperen wollt ech dann och nemmen 50-100€ fir eng Leisung ausginn.

Waat ech mol gesin hun sin sou LED Ringblitzer, präislech 50-80€ ze kreihen,
an dann sou een "o-flash" opsaatz fier op een Bletzdrobber (ech hun een 430EXII) dei kritt een schon fir ca. 30€.

Di LED Versioun fannen ech relativ elegant, och well et vill manner flappeg an secher och mi liit ass wéi eng Bletz mat o-flash kombi.

Wien huet Erfahrung mat welchem System?
Dauerlicht um LED Ringblitz optional oder e MUST?
TTL beim Ringblitz wichteg oder net wichteg?

Wien eppes ze verkaafen huet kann sech jo och mol mellen smile

hei mol déi LED Ringblitzer:

DOerr DAF-14

Meike FC100

Ringleuchte DELAMAX

O-Flash
Thema: Fotoën vun vergaangenen Meetings
gogo

Antworten: 3
Hits: 27.877
20.06.2013 22:08 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Sou eppes wier sëcher eng flott Iddi, géiff ech och interessant fannen.
Thema: DIY Dolly Slider fir Timlapse
gogo

Antworten: 5
Hits: 30.967
21.03.2013 22:45 Forum: Technik-Diskussiounen


Yeah, TOP!

Hu mech richteg gefreet gehaat lo d'Versioun 2 ze gesin!

Top Aarbescht! Merci fier d'Weisen, fannen déng Iddi an Emsetzung top, genial dass de ons mat Deel huele léis um Projekt!
Thema: Sigma oder Nikon Fëschaa-Objektiv
gogo

Antworten: 1
Hits: 25.366
14.02.2013 19:06 Forum: Material


Ech hun den Sigma 15mm f2.8 (fir Canon) an ech si ganz zefridden domadder, an den Tester di ech deemols gelies haat huet dëst objektiv och gudd oofgeschnidden, et war fir mech daat eenzegt waat a Fro koum well fir Vollformat an gudd Präis/Leeschtung.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 128 Treffern Seiten (7): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH