Thema: Tokina AT-X PRO DX 12-24mm / 4 ?? |
|
Bonjuer dier léif leit
Alt erem brauch ech Rootschléi an Hellef vun iech Experten
Et geet em en Tokina AT-X PRO DX 12-24mm / 4 Objektiv, waat ech bis nächstn FREIDEN wellresp. schon baal muss hun.
Ech hun am Saturn op Esch-Belval ugeruff, an do war déi prompt äntwert einfach nee... déi nummer vum daitschen Saturn fannen ech net op hirem site (o.O?) an iwwer internet sin ech messtrauesch.
Kennt keen vun iech en Geschäft (letzebuerg oder tréier) wou een daat kann kaafen goen?
Wann een séng occasioun well verkaafen, an se nach gudd an der rei ass, dan, kommen ech och gär nach séier mat deemjeenegen an d'gespréich!
Ech bruach gaaanz dringend hellef :S
Merci villmools alleguer an mat beschten Gréiss!
Polinger
|
|
Thema: Een gudden aalen Analogen Apparat... Mee wou hei an Letzebuerg?? |
|
B'juer allguer
Ech hun lo virun enger gudder zaitchen eng gudd aal Super Baldina vun 1955 an engem SecondHandShop zu Köln ergattert... An lo wollt ech froen: Wou kritt een dann sou Apparaten hei an Letzebuerg? Muss een do forschen oder gett et e puer butteker déi sou apparaten verkaafen?
Villmools merci iech allguerten
Polinger
|
|
Thema: Lomographie |
|
Booah, ech hun d' Fisheye 1 an wollt mer am fong och d'diana F+ besuergen, mee hun mech iwwert hiren site net getraut ze bestellen... wéivill kascht se dann hei an deem buttek? an d'diana huet jo och normal 135mm filmer,oder?
Souen Lomo-Treff wier schon eng witzeg saach
|
|
Thema: En eegenen Site MEE GRATIS? |
|
B'juer People!
Ech wollt mer lo mol eng eegenen Internet-Site maachen, an daat gratis. Mee ech wees net wou an trauen mech och net lo iergendeng x-beliebeg ze huelen an dann awer net daat ze hun waat ech well ... Waat ech brauch ass eng, déi wierklech genug features huet, also Astellméiglechkeeten etc.... Dir mierkt: Ech wees guer naischt iwwert souepps... Vlait och nach en Crashkurs an deem ganzen w.e.g. ?
ech soen MERCI!
|
|
Thema: Vun Nikon D40 op . . .? |
|
Sorry fier d'éischt mee war déi letzt deeg nawell schéin beschäftegt! Merci och direkt fier all déi gudd tipper, meng tendenz leeft och éierlech gesoot zur D300 an an 5-6 méint wärt déi och en gudden Krack méi bëlleg sin, emmerhin ass d' D40 an 12 Méint ganzer 300€ eroofgaagen!
ech sin och am mom eischter am Sportssecteur "täteg", d.h. well mer do lo mol en ruff opbaun an erfahrungen sammelen... Virun allem waat skate ugeet, an skate ass jo réischt an 6 méint wou " d'saison" rem ugeet
villmools merci, op är tipper an mathellef kann een sech wierklech verloosen!
|
|
Thema: Vun Nikon D40 op . . .? |
|
B'juer dir léif Leit!
Ech hätt do en klengen probleem, an well dir hei all sou erfahren sidd, stellen ech meng fro dann hei!
Also ech hun am Moment eng Nikon D40, an wéillt mer an spéitestens engem hallwen joer, eng nei zouleen. Mein Haaptusproch ass, dass se méiglechst vill biller an der sekonn mecht, well ech daat virun allem ganz gudd kéint gebräcuhen!
En plus ass et esou, dass ech am moment 3 Objektiver fier op meng hun an aus deem Grond och gär Nikon trei bleiwen wéilt
Ech haat do d' D90 am Aan, mam 18-55mm mat Vibration Reduction, well dann kéint ech main Fisheye-Konverter weiderhin gebräuchen. Daat géiff mech ronn 1000€ kaschten, en ganzen batzen geld also . . . Froen dei sech mir do stellen:
* Ass d' D90 hiert Geld wärt?
*Gett et vlait eng bessen éi deier déi awer en gudd stéck besser ass?
*Huet Canon oder Sony ennert Ëmstänn besserer fier manner Suen?
* KEnnt vlait een vun iech en geschäft wou ech dei sou belleg wei meiglech keint kreien, sin emmerhin just en aarmen student
Sou, ech soen merci fier d' Liesen an och lo schon am virau fier dei vill tippen dei ech jo hoffentlech kreien
|
|
Thema: Aptus |
|
*räusper räuper* wei soll ech daat verstoen ;P
|
|
Thema: Aptus |
|
Du Noss xD herllech daat wuert
mech geifen keng 199'346 pärd zu souepps kreien xD
|
|
Thema: contest |
|
Absolut onfassbar o.O ech designen seit engem mound selwer decks a hun der lo geschter 6 endgülteg färdeg gestallt kritt... leider ass meng deck.form net propper... wouhir hues dedeng schabloun?
|
|
Thema: T-shirt |
|
Yaeh, hoffen och, geing mer nach besser- dei idee an d'emsetzung ass schon super- am schwaarz mat wäisser schreft gefaalen
|
|
Thema: Night Glow @ Iechternacher Séi |
|
Kleent, du hues absolut recht! ^^ ech keint och mol keng plaatzen fräihaalen, den Séi gett lo schon belagert vun allen meiglechen Ballongsfuerer, Schaulustegen an deenen dei all daag do treppelen oder velo fueren etc. ... eng helle wull un leit, an onfair wier et och, wann een se geing steiern bei där immenser lightshow... mir keinten eis awer em eng bestemmten plaatz kuerz mol afannen, hun leider schon aaner saachen geplangt an d.h. dass ech den fotoapparat net mol wärt matbrengen, well ech den ganzen daag en shooting an der staat hun, an, an, an... hoffen daass et dreschen bleiwt an daat mat der zäit kucken mer dann nach haut ^^ beschten plaatz wier allerdengs lo schon fest an mengen aan: d' jugendherberge hannen um sei
see you there!
|
|
Thema: Photokina 2008: |
|
Ech soen lo mol: Wann dei weekends ass, an ech eng fahrgelegenheit kreien (kann der bei denger wunneng jo vläit hellefen, oshi? xD) an ech den Ticket kann dohannen mat mengem normalen Schülerausweis fier 9€ kaafen... dann sin ech gaaaanz gären dobai
|
|
Thema: Night Glow @ Iechternacher Séi |
|
YAeh, du kenns also och
daat mam meeting war am fong net sou geduecht
wollt einfach lo mol kucken ween dann alles bis elo sou iwwert den Daum geschaat kennt
|
|
Thema: Night Glow @ Iechternacher Séi |
|
Helllou people,
vu que dass ech net wees wei een en meeting op d' been stellt, maan ech en opruff am forum:
Den Samsten , 2. August, ass um Iechternacher Séi alt rem den Night Glow, als Oofschloss vun der aljährlecher Weltmeeschterschaft am Ballongfléien... Et gett eng immens Lightshow owes, mat anschliessendem Feierwierk an natierlech genug gedrénks
op allen fall ass et en event bei deem een wei ech wees immens impressionant fotoen maachen kann... Vun dohir: pilgert op den Séi, wann genug interessenten sin, dann kann ech kucken, fier dei beschten plaatzen beim séi (porbeiren, net secher!) ze ergatteren...
hoffen also bis dann
|
|
|