Thema: Wou Photoen drécken loossen? |
|
Ech sichen e Geschäft wou ech 100 Photoen vir e minimalen Preis kann printe loossen. D'Qualitéit steet un leschter Stell vue que dat et vir eng Bastel an de Wëllefcher ass.
Huet vleit en eng Idee?
|
|
Thema: Sigma 10-20 |
|
Keen intresseiert um Objectiv (annoncen) hun wierklech mol keng 100 fotoen domadden gemaach. Wier och bereed mamm preis eroof ze goen.
|
|
Thema: Hu mer e neien Bildschiirm kaaf... |
|
Ech koum stolz mat menger Beut heem (nodeems ech a 6 butteker froen war wou se all keiers ausverkaaf woren) hun u mai computer geschloss an... beurk wei gesaitt dann dat hannergrond bild aus vill ze vill iweraarbescht.
Alles huet beemol vill manner blatzeg ausgesinn, Fotoen dei ech net sou gär haat hun beemol vill besser ausgesinn an et wor einfach génial.
An waat ass d'leier vun der Geschicht ? : Kaaft ierch all en uerdentlechen Bildschirm an net en 80euro steck aus dem Aldi (wei ech eent haat)
iwregens hun ech den samsung syncmaster 226 bw
|
|
Thema: Maximal 2 Fotoen Funktioun ausschalten. |
|
No enger laanger Paus ob photogen, wollt ech direkt emol all dei gudd Fotoen eroblueden dei ech an der Paus gemaach hun. An dun drécken ech ob de Knëpschen Nei Foto eroblueden an do gët jo net dee motivatiouns-bremsenden Message stoen.
Ech méngen déi Erklärung ass onberechteg well ech gleeven kaum dat een einfach sou 3 Fotoen pour le Fun eroblued. Wann et net geet weingst dem Server da schreivt dat dohinner, well soss gesinn ech kee Grond wisou dat sou ass.
|
|
Thema: iPod -> Wéieen hues du? |
|
Ech hun nach emmer deen ganz aalen iPod mini, deen ass nach grouss (huet sech besser an der hand) a stabil a net sou kleesper. Mais leider gi mer dei 4gb fir d'frécken net duer.
|
|
Thema: RSS geht net ! |
|
ech drécken drob : Live Bookmark feed failed to load.
vrun 3 méint ass et na gaangen, dofir mengen ech net dat et dru leit dat ech ubuntu benotzen.
|
|
Thema: Momentan Playlist |
|
ech kann net soen dat ech iergendepps de ganzen zeit lauschteren. 'T sinn Deeg do brauch ech sou endless techno, oder heavy metal an et sinn deeg do brauch ech sou raegga oder sou mega fetten hip hop mat vill Beat ^^ (et soll knuppen).
Epps waat ech awer emmer gären lauschteren ass Punk Rock (Rancid, NOFX,...)
|
|
Thema: Lëtzebuerger Geschäftswelt = Erlebniswelt |
|
Hm TopVision Online do hun ech 1 Mount an 2 Wochen ob meng 400D gewaart ob wuel se sofort lieferbar wor. An an engems haaten se ob hierem Site e Rechefeeler sou dat ech dat ganzt schlussendlech vir 500 euro mei genschteg kruut.
|
|
Thema: Tokina 16-50 F:2.8 ? |
|
Huet schon een epps mat deem Objectiv ze dinn gehaat ?
Um Internet kënnt een net ob e gringen Zweig. Enger Seits sinn Leit dei Biller weisen dei absoluten Schrott sinn an et sinn Leit dei Biller weisen dei relativ gudd sinn (lo mol vum CA ofgesinn...)
|
|
Thema: Ären Computer-Desktop |
|
Hm also ech haat souwei enner linux, mac, oder windows mier déck probleemer agebrockt wei ech wollt mei desktop sou änneren.
Do sinn emmer programmer dobei dei na net richteg ginn an dei ech weess net waat mat dengem computer man.
Ech haat lo z.b. viru kuerzem compizfusion installeiert. Wierklech cool mat dem 3d gepiddels, mat waan bis programmer net richteg ginn doweinster dann hällt de spaass ob.
Enner Mac... virun 4 joer oder sou... wollt ech den Design och de ganzen zeit änneren bis mein imac g3 vun lauter oofstierzen am eemer wor.
Enner Windows.. wollt ech dat daat ganzt e wei mac os x ausgeseit bis dat ech gemierkt hun dat de computer sou zimlech lues leeft. wou ech dunn alles wollt desinstalleiren wor neicht mei8 sou wei et wor.
|
|
Thema: Ären Computer-Desktop |
|
Hhm ech froen mech virwaat hei all Mensch un den Original Mac OS X design freckele geet.
Aus menger siicht fannen ech den Original egaalwei besser...
"Never touch a running System"
|
|
|