Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Luxembourg FREEZE (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=953)


Geschrieben von Olivier am 10.03.2008 um 20:21:

 

The FREEZE MISSION will be at the "GARE CENTRALE / LUXEMBOURG" and we will freeze for 5 minutes at 3:00pm. Meeting point will be announced tomorrow !!!!



Geschrieben von toto am 10.03.2008 um 20:23:

 

gid iech eenz , wou an wie elo genau wat as dann elo wouer böse



Geschrieben von Olivier am 10.03.2008 um 21:12:

 

daat lescht waat ech geschriww hun



Geschrieben von toto am 10.03.2008 um 22:12:

 

merci smile



Geschrieben von Rolacro am 13.03.2008 um 22:14:

 

Ech sin och dobai! An mengen ech keint soen den surf-republican och... Zunge raus
Dat get schein! *freu*



Geschrieben von BlackPanther am 13.03.2008 um 23:15:

Daumen hoch! latest news

dei leschten...an firun allem OFFIZIEL NEWS!!! :

FREEZE LUXEMBOURG ::: all you need to know

ENGLISH/// as you know the flashmob will be on saturday 15th march at 3pm. We will meet at 2pm on the parking (rue du commerce) besides the P&T building.(Map: http://joelbruecher.com/images/map.jpg) Please be on time because we will give you the latest instructions there !!! (like freeze & unfreeze sign ....)

--
Joel Brücher

www.joelbruecher.com
www.freezeluxembourg.blogspot.com




giff son et gesait een sech dann...... ;o)



Geschrieben von Rolacro am 15.03.2008 um 11:44:

 

Yes! Let's go!!! großes Grinsen
Wier zwa cool wann een eng affiche mat photogen.lu dropstoen hätt... fir bai der gruppen foto



Geschrieben von annemie am 15.03.2008 um 12:09:

 

LOL großes Grinsen
Maan mer dei dann iwerhapt?!
Cya Leit großes Grinsen



Geschrieben von Rolacro am 15.03.2008 um 12:11:

 

Oaeuh, ech wees net... wier jo awer flott... smile



Geschrieben von Johny am 15.03.2008 um 13:39:

 

Ganz eierlech gesot fannen ech d'Gare schäiss fir daat ze maachen, d'Place d'armes wir sou vill besser geweecht. Daat ass och de Grond wisou ech lo net mei grad Motivatioun hun fir dohin, eng Gruppefoto do, passt mol net wirklech, well weini geife mer schonn eng richteg Gruppefoto op der Gare maachen ... vill eischter op der Plës awer. An fir, daat wata ech wollt, Fotoen maachen nämlech, wir d'Plës och besser geweecht.

(Mee ech mengen ech wees wisou et lo d'Gare gin ass .. fir et anstänneg ze maachen op der Place d'armes wärten schlussendlech net genug Leit sech gemellt hun. Kann awer och sinn dass ech mech ieren)



Geschrieben von MarcGerard am 15.03.2008 um 17:23:

 

an? wéi woar et ?



Geschrieben von spako am 15.03.2008 um 18:18:

 

jo ech sin och scho fierwetzeg!!! :-)



Geschrieben von Surf-republican am 15.03.2008 um 19:36:

 

einfach hammergeil!! all dei dii net do waren...dir hudd eng beis verpasst!! (sorry Marc, dass ej der lo su eng laang zong man...)
also em 2 auer waren mir (Rolacro an ech) do bei daat Post-gebei...an jo...ab 2 auer sin se dann lue an lues all angetrudelt...et sin der emmer mei gin...also ech wees lo keng ganz genau zuelen...mee ech geing su em die 50-70 leit schätzen...an do kruuten mer em halwer 3 en puer läscht instruktiounen gesot.
dono sin mer dann all keier an gruppen zu 15-20 leit richtung gare gaangen...an hun eis ronderem d'garer-entrée verdeelt...fir das een an 2 min kann nach seier an d'haal kommen ouni, dass et zevill opfällt. an dann em punkt 15:10 (well dann 4 zich unkommen...eischtens well et dann net direkt opfällt, dass suvill leit an der gare sin...an 2. well dann mei leit et gesin Augenzwinkern ) ass dei gnz haal baal voll mat leit...an dann rifft een ganz haart "GEORGES!!!" (daat war d'zeechen fir ze freezen) an dei ganz haal freezt. dn romain an ech haatn is eng kleng pose iwwerluecht Augenzwinkern an do as et lassgaangen...ech perseinlech hun mech immens missen rappen fir net ze laachen...well wou firun 2 sekonnen nach decken trubel war an decken kameidi, war et lo wierklech -ganz- roueg...su roueg wei et em halwer 4 an der nuet ass! hammer...an dann all dei domm gesiichter vun deenen leit dei su ratlos do ronderem gerannt sin...ech hun se ronderem mech heiren tuschelen "soo claire...sin ech geckeg gin oder bewegen dei sech nemmi?" oder sou een jonken typ deen sech un dn kapp geraff huet an geruff huet "Vous etes tous malades!!" an dann em punkt 15:15 rifft een aaneren "ECH SIN HEI!!!" (dat war d'zeechen fir ze -entfreezen- ) an dei ganz masse fänkt rem un sech ze bewegen. an no 2 sekonnen fänkt dann jidfereen un ze jubelen an ze klappen...ech soen ierch...daat war souuuu geil!



Geschrieben von Kwitchibo am 15.03.2008 um 19:55:

 

Ech hun och net frei kritt unglücklich

hoffen war esou cool wei ech dat mengen...

mbG

MARC



Geschrieben von JADE am 15.03.2008 um 20:30:

 

daat klengt wierklech iiimmensssss ... fröhlich

an Zukunft waereten mir jo dann des öfteren "GEORGES" dorueter ze héieren kréien ... großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen



Geschrieben von Surf-republican am 15.03.2008 um 20:36:

 

@ JADE...
ech well jo hoffen!! hätt direkt nach en puer mol weider gema...op aaneren plaatzen! place d'armes oder am kino oder sou...wär meeega cool gin...et misst een soueppes nach eng keier um chreschtmaart oder sou organiseiren!



Geschrieben von JADE am 15.03.2008 um 20:54:

 

@ surf-rep ...

großes Grinsen großes Grinsen ... ech wollt awer éischter soen, dass elo jidfereen "Georges" rifft esoubaal een sech gesäit, sech trëfft oder op Plaazen ass wou e bessi méi Leit sin ... großes Grinsen großes Grinsen



Geschrieben von MarcGerard am 15.03.2008 um 22:30:

 

lo musse mer just nach waarden bis 't organisateuren déi éischt slomo-aktioun organiséieren. dat wollt ech scho virun enger zäit mat PG an engem supermarché organiséieren, mee dee joel do woar wuel méi séier wéi ech ;D all respekt, ech free mech dass et esou flott woar !

hei as de VIDEO !!!
http://www.youtube.com/watch?v=TNODdNuPtUc



Geschrieben von Johny am 15.03.2008 um 23:15:

 

Ech fannen emmer nach dass d'Gare keng immens gutt Plaz war dofir, kuck emol wéivill freezen an weivill normal sin, den Ënnerscheed ass ze grouss. D'Idee ass jo säugäil, mee net déi Plaz. ech hoffen et kennt nach eng Kéier sou eppes, an dann op enger anerer Plaz wéi eben z.B. Kino (Samschdes owes, daat wär et) oder Auchan etc, wou vill méi Leit sinn.

Schued dass zum Schluss de Video sou séier ophällt an net nach bessen weiderfilmt.



Geschrieben von Surf-republican am 15.03.2008 um 23:45:

 

den film hällt wierklech zimmlech abrupt op...

http://www.youtube.com/watch?v=KwHNLlR9R3M&feature=related

daat do wär och net schlecht gewiecht großes Grinsen großes Grinsen
mee bei sou saachen misst een et iergendwei hinkreien, fir d'reactiounen vun deenen "onwessenden" anzefänken...well daat ass emmer daat witzegsten...d'aktioun selwer ass schon cool...mee ech gief alles maachen fir nach eng keier deen ratslosen an verlueren ausdrock vun engem bopi deen su laanscht mech gaangen ass, gesin! daat ass einfach herrlech!! dann sin se wierklech völleg perplex an wessen nemmi waat se man sollen großes Grinsen -dei- misst een filmen oder knippsen großes Grinsen


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH