Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Klengen Digitalen Täschenfotoaparat :D (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=916)


Geschrieben von LaaChkiChelChen am 25.12.2007 um 00:17:

Fragezeichen Klengen Digitalen Täschenfotoaparat :D

Majo ech hun mer mol sou iwwerluecht mer eventuell nees een klengen Fotoaparat zouzeleen fir an d'täsch ze stiechen, fir och nach gudd Fotoen (Qualiteit) kennen ouni meng Nikon D50 ze maachen.

Lo wees ech awer net genau waat eppes as? daat war et soll hun as eben een groussen Bildschirm an jo och stark an den Pixelen. Wees lo net op et een Draam as eppes anstännegen ze fannen waat ennert oder zweschend 150 - 200 euro leit?!

Kann een mer do vlait een tip gin? oder huet een een fotoaparat den awer eppes daacht? mais keng bombastech maschin großes Grinsen



Geschrieben von klex am 25.12.2007 um 20:19:

  RE: Klengen Digitalen Täschenfotoaparat :D

ech kann der just rooden, wann e klengen, dann waméiglech net dee mat de meechte pixelen, well di sensoren sin sou super kleng, do hues de direkt rauschen.
Do kriss de oft qualitaitv besser Biller mat engem apprat mat manner pixxelen.



Geschrieben von LaaChkiChelChen am 25.12.2007 um 22:56:

 

wow endlech eng äntwert smile

merci, anwaat keinste dann do sou urooden? Hun lo mol heieren sony wär dat bescht den moment, mais den problem as dei hun hier eegen kaarten... an hun keen sou een liesgerät



Geschrieben von nikel am 26.12.2007 um 02:27:

 

Hallo,

also ech soen der eierlech das ech do 0 ahnung hunn dofir hunn ech biss elo na net vill geschriwwen.
en kolleg vun mer mat deem ech haut den owent driwwer geschwaat hunn huet och eng dslr an huet sech eng compakt kaaft fir emmer matzeschllefen.
Heen soot bei Canon wirs de net schlecht mee du solls eng huelen mat opteschem zoom (daat mam opteschem zoom hätt ech der och kennen soen smile )

Mee wei gesoot do kann ech der leider net vill weiderhellefen.



Geschrieben von ploro am 26.12.2007 um 10:06:

 

also aus erfahrung kann ec h soen dat canon ixus serie genial ass als kleng täscheknips, kann nemmen dozu roden (wel awer lo net soen dat zb nikon oder sou net excelent apparater huet mee dei hun ech selver nie getest :p)



Geschrieben von Garry am 26.12.2007 um 12:10:

 

d kann ee sou villes dozou tippen... d'gin x Modeler a designen a Fierdeeler a blablabla....
am Endeffekt entscheed sech sws villes reischt wann een se bis am Grapp huet a selwer dru piddele kann....
komm mol ra gehoppst.... denke schon datt mer iergend eppes do hu fier dech Augenzwinkern
cya



Geschrieben von the_zipper am 26.12.2007 um 14:29:

 

mee gei net iwer 6mpix bei deenen klengen. well soss zevill qualiteit verluer geet. an wei gesot kuck just op den opteschen zom digital ass quatsch.



Geschrieben von LaaChkiChelChen am 26.12.2007 um 18:55:

 

mjooooooo merci iech. krut och lo den moien gesoot dass ech net iwwer 7 megapixel soll goen.

Garry kommen dann eng keier muss sws nach den klengen adapter ziips do kaafen



Geschrieben von klex am 26.12.2007 um 20:41:

 

ech géif fuji rooden, di hun di zimmlech bäscht räuschverhältnisser an fuarwlech sin se och ganz gudd. mee e genaue modell kann ech der net soen... do gin et der zevill ir den iwwerbléck ze behaalen smile

jo, am bäschte gees de bei de garry a kucks de der puer un... pass just op waat en der undréint... hien verkeeft jo och beliichte filmer!



Geschrieben von Garry am 26.12.2007 um 20:59:

 

großes Grinsen ...
also fier den Emmstand datts du selwer drop wars war de Prais awer nach fair Zunge raus



Geschrieben von LaaChkiChelChen am 26.12.2007 um 21:00:

 

mal sehen mal sehen. hun well mam garry geschwaat, ech soot ech kommen kuken, mais op ech kaafen as eng aaner saach großes Grinsen

Edit: sou schnell as en rem.. wann iwwert en geschwat get as en direkt do Zunge raus


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH