Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Hu mer e neien Bildschiirm kaaf... (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=915)


Geschrieben von paulwagner am 21.12.2007 um 22:12:

  Hu mer e neien Bildschiirm kaaf...

Ech koum stolz mat menger Beut heem (nodeems ech a 6 butteker froen war wou se all keiers ausverkaaf woren) hun u mai computer geschloss an... beurk wei gesaitt dann dat hannergrond bild aus vill ze vill iweraarbescht.

Alles huet beemol vill manner blatzeg ausgesinn, Fotoen dei ech net sou gär haat hun beemol vill besser ausgesinn an et wor einfach génial.

An waat ass d'leier vun der Geschicht ? : Kaaft ierch all en uerdentlechen Bildschirm an net en 80euro steck aus dem Aldi (wei ech eent haat)


iwregens hun ech den samsung syncmaster 226 bw



Geschrieben von Kwitchibo am 21.12.2007 um 22:54:

 

apple cinema Display rockt zwa och awer 3000!!Augenzwinkern



Geschrieben von the_zipper am 22.12.2007 um 12:22:

 

Dann muss dein bildschirm kalibreieren. Dei denger sinn vun wierk sou agestallt dass se sollen am geschäft richteg knalleg riwer kommen vir dass d'leit beandrockt sinn. Mee kaaf der dann soueng spider dings am beschten vir op den bildschirm vir 100 euro domadder kanns den bildschirm dann perfekt kalibreieren.



Geschrieben von Johny am 22.12.2007 um 13:41:

 

the_zipper: Et läit awer wirklech net nemmen un der Kalibratioun Augenzwinkern Ech hu jo och scho probéiert su muench écran'en ze kalibréiren, an bei verschiddenen kënnt een einfach net op en anstännegt Resultat.

Et geet näicht iwert en anstännegen EIZO, mee déi hun hiere Präis!



Geschrieben von galileo am 22.12.2007 um 18:32:

 

RICHTEG !

Hun den Eizo S2000 - http://www.eizo.com/products/lcd/s2000/ - do gin gudd Fotoen richteg zum Genoss !



Geschrieben von paulwagner am 22.12.2007 um 21:56:

 

^^ ech sinn am moment déck ze fridden mat mengem 300 euro deiren syncmaster



Geschrieben von Irotschka am 23.12.2007 um 08:23:

 

mir hun heiheem en NEC Multisync 1990FXp,

kaaft no engem Testbericht an der - chasseur d'images "

mat déenen spyder - Denger wier ëch viersechteg, kennen éen, déen huet
an hierer Firma sämtlëch écranën domadder - DEcalibreiert !! traurig



Geschrieben von nikel am 23.12.2007 um 11:32:

 

Ech hunn der vun ViewSonic an war biss lo na emmer zefridden.



Geschrieben von klex am 25.12.2007 um 20:32:

 

Hu wi de Kwitchibo och en Apple Cinema Display...
Huet usech zimlech korrekt Fuarwen vu Fabrik aus, mee d'miirkt een awer schon en ennerscheed wann e bis richteg kalibréiert ass!
Nemmen ze empfehlen smile De Schiirm, an eng Kalibréiersonde souwisou!

Ahjo, wann de Schiirm kalibréiert as kann et gudd sin dat d'fuarwen manner gudd a knalleg ausgesinn wi onkalibréiert. D'geet jo drem dat se realistesch sin, net idealiséiert.
D'ass also keen argument vun engem gudde schiirm wann d'farwen schéin knalleg sin!



Geschrieben von paulwagner am 02.01.2008 um 11:38:

 

eng sond kënnt vir mech net a fro well ech ausschließlech linux benotzen ^^



Geschrieben von Jefferson am 02.01.2008 um 17:19:

 

yeah ech freen mech schon op mein cinema dsiaplay



Geschrieben von Johny am 02.01.2008 um 17:27:

 

Falls et lo sou geet wei et an de Rumeuren heescht, hun ech geschwenn en 23" ACD Augenzwinkern (Präis soll op 600€ falen anscheinend)



Geschrieben von klex am 02.01.2008 um 17:31:

 

da wärt wascheinlech glaich e neie Modell rauskommen wann d'Präisser sou roofgin...
Waat net heescht dat deen aalen doduerch manner gudd ass smile


Zitat:
Original von Johny
Falls et lo sou geet wei et an de Rumeuren heescht, hun ech geschwenn en 23" ACD Augenzwinkern (Präis soll op 600€ falen anscheinend)



Geschrieben von Johny am 02.01.2008 um 17:51:

 

Jop se sollen bessen verbessert ginn, stëmmt, an an engems de Präis rofgoen. Demno fir weivill een dann den alen 23" Modell nach geif kreien wir daat nach vill méi interessant großes Grinsen (sou hun ech et jo och mam Macbook gemaach wu ech 300€ gespuert hun ...)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH