Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Maximal 2 Fotoen Funktioun ausschalten. (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=892)


Geschrieben von paulwagner am 11.11.2007 um 21:00:

  Maximal 2 Fotoen Funktioun ausschalten.

No enger laanger Paus ob photogen, wollt ech direkt emol all dei gudd Fotoen eroblueden dei ech an der Paus gemaach hun. An dun drécken ech ob de Knëpschen Nei Foto eroblueden an do gët jo net dee motivatiouns-bremsenden Message stoen.
Ech méngen déi Erklärung ass onberechteg well ech gleeven kaum dat een einfach sou 3 Fotoen pour le Fun eroblued. Wann et net geet weingst dem Server da schreivt dat dohinner, well soss gesinn ech kee Grond wisou dat sou ass.



Geschrieben von -Laurent- am 11.11.2007 um 21:12:

 

sou iwerleet een awer 3 mol waat een roplidd an waat net Augenzwinkern
ett gett och verhennert dadd een op een coup 10 fotoen vun dem selweschten motiv roplidd, hmm fannen ett ganz gudd sou wei ett ass, ass lo meng meenung ...



Geschrieben von Johny am 11.11.2007 um 21:15:

 

Daat ass ganz einfach, do ginn et puer Grënn:

1. Mir wëllen d'User, wa se puer Fotoe gemaach hun, domat derzou brengen och wirklech just déi bescht ropzelueden vun hierer Serie, an net 20 Stéck hannerdeneen, well da kréie sws nemmen déi 3 bäscht Kommentaren
2. Wann 10 Fotoen hannerdeneen vun engem eenzegen do stinn, Hun d'User och keng Loscht zu all Foto eppes ze schreiwen, an daat huet kee Sënn.

Qualitéits-secherung an Verhënnerung dass een zu 70% vun de Fotoen kéng oder bal kéng Kommentarer kritt, ech géif soen besser Argumenter fënnt een net fir iwwerhaapt iergendeppes op Photogen smile

Fir de Server ze schounen oder respektiv d'Leitung, ass d'300Kb Grenz do Augenzwinkern



Geschrieben von annemie am 11.11.2007 um 22:50:

 

Hey.
Also souu schlecht fannen ech dei Saach zuar lo net. Kuck: wann dei net waer, an puer User gengen zum Beispill 10 Fotoen mateneen eroplueden, dann ginn daat an der "Neitst Fotoen" Kategorien direkt "vill" Saiten den Daag. An Photogen soll jo do sin fir Kommentarer ze kreien... an ech gleewen éierlech gesot net drun dass vill Leit hei sinn dei Zait hun "x"-Saiten Fotoen den Daag ze kommentéiren, repektiv noo enger Woch dann och d'Loscht dorunn nach hätten.

...äusserdeem ass dei Grenz jo just 20 Stonnen. (merci Johny) Daat hënert dech net drun deng Fotoen eropzelueden, du kanns daat jo op e puer Deeg verdeelen. Sou behäls de en Iwwerbléck iwwert d'Kommentarer, kanns iwwerdenken waats de wels roplueden , an kriss héckstwahrscheinlech och mei Kommentarer wi wann lo 10 Fotoen hannereen wieren.

Vill Spaass nach hei :-)



Geschrieben von Johny am 11.11.2007 um 22:51:

 

Verbesserung: Net 24 Stonnen mee 20 Stonnen, annemie Augenzwinkern



Geschrieben von annemie am 11.11.2007 um 23:14:

 

Uuuuuuups. Augen rollen Sorry ech duet et waer einfach een Daag *ggg*
Ass geännert! großes Grinsen Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH