Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- iPhone (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=801)
Geschrieben von n0brein am 10.08.2007 um 13:26:
iPhone
maien un jiddereen
ech wollt mol nofroen op schon iergenteen am forum een iPhone huet/ee kennt deen een huet/ugepaak huet/ drop gesabbert huet wunn en en gesin huet
ech kreie main e meindeg an wollt mol e puer reaktiounen am fierraus heiren
shalom
Geschrieben von Johny am 10.08.2007 um 14:16:
An wéi hues de welles en ze gebräuchen? Sou wäit ech wees funktionéiert e just matt Netz vun AT&T.
Geschrieben von n0brein am 10.08.2007 um 21:01:
et get eng meiglechkeet mat där een simkarte vun all provider dra maache kann, den kompletten software unlock ass och net wait weg
Geschrieben von Buba am 12.08.2007 um 12:02:
Ech kennen bis lo nach keen deen dei schein Maschine konnt unpaaken. Sin gespaant op deng Reaktioun. Du wärs eis jo bestemmt en Bericht hei oofliweren. Daat wär ganz fein
.
Sin awer och gespaant mat wei engen Moyen's de deen dann hei un d'Laafen kris, vue que dass de behaapts et gin meiglechkeeten fir d'Simkaarten vun eisen Provideren ze gebrauchen.
Probeier och Fotoen vum iphone ze maan, an dei dann hei op den Site ze klaaken. Natierlech hun schon 90 % vun den Useren hei den iphone schon gesin, net nemmen op enger Foto, waat jo naischt aussergeweinleches as, mee an deem heiten Fall, wär et schon interessant eng Foto ze hun dei vun engem PG User gemeet gin as
Du weess jo schon waat ech well soen ^^
Geschrieben von Kwitchibo am 13.08.2007 um 16:34:
ech kennen een wou en an der Hand hat!!!!
Geschrieben von gloda am 13.08.2007 um 16:46:
Wow, dierf ech deem séng Hand eng Kéier upaken?
Geschrieben von Kwitchibo am 13.08.2007 um 17:10:
@gloda : De geck kann ech och mat ma selwer maan...
Geschrieben von n0brein am 13.08.2007 um 22:41:
majo et ass am fong net extrem komplizeiert den iPhone un d'laafen ze kreien, en geet jo nemmen net mat aanere simkaarten well den iPhone nemmen at&t kaarten unhellt. Dh datt op de karten eng aart identifikatiounsnummer dop ass vun at&t, wann ech all d'daten duerch zB tango daten ersetzen ausser d'at&t identifitakiounsnummer misst et am fong klappen
@kwitchibo:
de lex?
Geschrieben von Kwitchibo am 14.08.2007 um 02:19:
yes genau deen as et...
Geschrieben von klex am 15.08.2007 um 01:16:
''misst et am fong klappen''
AM FONG
vill spaass!
Wann net hues de emmerhin dee coolsden Ipod am Land
Geschrieben von yoshi am 15.08.2007 um 15:23:
lol jo
ass schon daat, mee fir deen prais
ech kennen nach een aneren deen en aner hand haat
uuuuuh
Geschrieben von mmphotos am 15.08.2007 um 17:06:
Am fong misst de en jo lo hun
Wei as en dann?
Geschrieben von n0brein am 15.08.2007 um 23:38:
jo haut hun ech en lo endlech kritt, leider hun ech nach net alles un hardware dei ech brauch:S
bis lo ass et eben (wei de lex soot) "just" dee coolsten ipod ever
ech hoffen datt ech en su seier wei meiglech un d'goe kreien, main aktuellen handy get de geescht emmer mei seier op:S
Geschrieben von Pelz am 17.08.2007 um 11:58:
@n0brain
du hues en schon????????aah ech well och...wou hues de en dann kaaf?
Geschrieben von taichi am 18.08.2007 um 11:26:
hey da weis de mer deen awer eng keier an sees mer weis de en unlocks ...
den owend am miche ? hehe
Geschrieben von n0brein am 19.08.2007 um 23:47:
majo ech hun en indirekt bai ebay kaaf, ech haat kontakt mat engem deen der iwwer ebay verkeeft an ech sen bai deen op berlin gaang an hun mer daat ganzt ugekuckt an hun en dunn och kaaf
mee leider ass et bis lo nach nemmen een e bessen besseren iPod, mee am laaf vun der nächster woch ännert sech daat
@taichi
mär den owend gär
Geschrieben von yoshi am 20.08.2007 um 00:38:
du freak
geet zwa extra op berlin... cool awa
hoffen fir dech dass daat och wierklech klappt...
ech wert et haassen am selwechten klassensall ze setzen an ze wessen dass do an enger täsch en iphone lues firun sech hin rockt
jop... komechen saatz mee en ergett senn
Geschrieben von n0brein am 20.08.2007 um 02:39:
ech wär natierlech net nemmen weint dem iPhone op berlin, gin warscheinlech no der 13eme dohin, daat mam iPhone huet einfach gudd gepasst
Geschrieben von taichi am 20.08.2007 um 12:12:
bas de der secher dats de en geunlockt kris dat en mat tango oder luxgsm geet?
btw muss de nahcemmer den amerikaneschen kontrakt bezuelen?
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH