Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- AV, TV, M, oder Automatik? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=669)


Geschrieben von spako am 21.04.2007 um 19:24:

  AV, TV, M, oder Automatik?

Wollt mol froen a weiengem "Programm" dir aer Fotoe maacht...

ech maache meng meeschtens am "M", wees aawer net ob daat wiirkelch emmer dei beschte Leisung ass ...

si mol gespaant wei dir et maacht!



Geschrieben von patrickr am 21.04.2007 um 19:37:

  RE: AV, TV, M, oder Automatik?

Dat hengt natierlech vun der Situatioun of.

Wat mech betrefft, ech schaffe praktesch emmer mat Zäitautomatik (= Blendefierwahl oder Av) oder M wou ech och d'Blend fierwielen an d'Zäit dann upasse mat eventuell Enner oder Iwwerbeliichtung je no Motiv. Ech sin dat esou gewinnt well ech mat ménge meeschten Objektiver a Kameraen souwisou keng aner Méiglechkeet hun (d'Blend muss entweder um Objektiv agestallt gin oder den Apparat huet keng aner Funktiounen). Fier Fotoen wou et "lues hiergeet" as déi (déng) Fiergehensweis secher di richteg wells du esou déng Beliichtungsparameteren enner kontroll hues.



Geschrieben von Maggele am 22.04.2007 um 00:01:

 

ech mache méng aus gewunecht absolut emmer op "M". domat well ech awer net soen dass ech dat jidderengem roden.



Geschrieben von Johny am 22.04.2007 um 00:19:

 

Fir geweinlech matt Av, well ech d'Blend wëll ënner Kontroll hun. Zàit geif ech jo op M sws selwer upassen dann, d.h. egal op et automatesch ass oder net, kennt op daat selwecht eräus. an dann nach kann een em jo soen e soll ennerbeliichten, waat rem op daat selwecht räuskennt weiwann een selwer d'Zäit géif mei kuerz astellen ...

Soubal den Apparat um Stativ steet, huelen ech awer nemmen nach M.



Geschrieben von CK am 22.04.2007 um 00:30:

  RE: AV, TV, M, oder Automatik?

Emmer Av, ausser wann ech Panoramaën machen oder d'Liichtverhältnisser fir den Apparat extrem imprévisibel sin, dann M.



Geschrieben von -Laurent- am 22.04.2007 um 12:37:

 

also ech haenken eigentlesch baal nemmen am av an tv wann ech normal fotoen machen gin außer fier sport an studio do huelen ech m, oder wann ech vill zeit hun

mee giff lo kengem rooden "huel nemmen m" oder "huel nemmen tv"

ass eben situationsbedingt, p ass och heiansdo ganz relax Zunge raus



Geschrieben von yoshi am 22.04.2007 um 13:28:

 

ech huelen dobaussen normalerweis Av, Automatic benotzen ech usech ni, ausser flait wann et ganz seier muss gon, den bletz drop ass, an iergenteng persoun deis de muss drop hun laanschtgeet Augenzwinkern also ni Augenzwinkern
am studio dann emmer M.



Geschrieben von paulwagner am 22.04.2007 um 22:05:

 

Ech benotzen eigentlech baal emmer P well ech de gros vu menge Photo'en spontan man. Wann ech lo awer epps geplangt man huelen ech natierlech M



Geschrieben von CANON am 26.04.2007 um 10:00:

  Meng anstellung

Ech hunn meeschtens P anstellung.....wan een sein Apparat kennt......wie en schaft an der anstellung



Geschrieben von spako am 26.04.2007 um 12:04:

  RE: Meng anstellung

pardon Canon mee ech verstinn dei COmment net sou richteg... (also lo reng schreiftechnesch gesin mengen ech mol)



Geschrieben von GrAl am 26.04.2007 um 14:12:

 

Dat hängt ganz vun der Situatioun of. Als Standardastellung hun ech Blendenautomatik an stellen mer mindestens 1/250s an. Sou hun ech den Aparat an der Posch an sin sou net grad verluer fir spontan Schnappschëss.
Wann ech Zäit hun (an dat ass meeschtens den Fall) wielen ech mer dann eng méi lanng Zäit aus fir eng méiglechst grouss Déiwteschärft ze hun.
Oder nach fir mat Ophellblëtz, do huelen ech och Blendenautomatik.

Soss ower, wann ech geziilt eng bestëmmeten Déiwteschärft wëll hun, stellen ech op Zäitautomatik.

M benotzen ech nemmen wann ech eng Serie Fotoen man an all kéiers déi selwecht Beliichtungen wëll hun oder wann ech wes, datt d'Konditiounen ronderem net änneren waerten (z.B. an der coque)

P stellen ech just an, wann meng Fra den Fotoaparat mathëllt :-))



Geschrieben von Incognito am 26.04.2007 um 14:25:

  kennt drop un

am studio benotzen ech emmer eng manuell (M) astellung ...bei bletzen 1/80 an spillen mech mat der blend ...

dobaussen tendéiren ech an leschter zeit schons bal op A ... d'matrixmessung vun der D200 fannen ech ganz effektiv ... kann mech am fong an bal all situatiounen op se verlossen ... an ass praktesch wann et muss schnell goen ... ech giff par contre seelen eng zait astellen fir dass den apparat mir d'blend astellt ... et gestalt een dach den gréissten deel vun der compositioun ivert blend ...



Geschrieben von tomdi am 20.06.2007 um 08:19:

  RE: AV, TV, M, oder Automatik?

meechtens am M Modus, ausser et muss schnell goen dann wielen ech den Av oder Tv deemno wei en Effekt ech gäaren hätt.

Ciao
Tom



Geschrieben von Garry am 23.06.2007 um 01:12:

  RE: AV, TV, M, oder Automatik?

Am Studio: emmer manuel, egal waat ett as...
Do baussen: su laang e bessiLuucht do as: Blendefierwahl mat der Enner- an Iwwerbeliichtungsfunktion an Nuets am Daischtere rem manuel well op A oder S kann ee kee Bulb astellen ^^
smile



Geschrieben von Shantideva am 23.06.2007 um 11:21:

 

Also, ech benotzen eigentlech baal emmer Av. Wann ech méi Zeit hun, oder fir Ausnahmen, wéi z.B. geschter fir d'Freedefeier fir Nationalfeierdaag, benotzen ech M.



Geschrieben von Ray am 23.06.2007 um 18:50:

 

Also ech benotzen ziemlech oft TV well eh viel Agility's Fotoen maachen daat ass jo wei dir schon gesidd heut Muppen Sport lol
Ech haat awer lo mol welles AV ze probieren mee wees net ob daat gudd ass fir schnell Fotoen vun Honn an och ob sie Scharf gin ?
Bei Freedefeier heulen ech och M ,haat daat lescht joer gudd hin kritt mee wees net ob ech et nach kann well hun schon laang net mei maat M geschafft
Ray


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH