Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- PG Update (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=647)


Geschrieben von Johny am 10.04.2009 um 15:20:

 

Zitat:
Original von CHAREL
Den Johny weist just emmer rem gären ween hei den Cheff ass Augenzwinkern


großes Grinsen



Geschrieben von marischen am 10.04.2009 um 15:55:

 

giff ech a senger Plaatz och man cool



Geschrieben von Sicho am 10.04.2009 um 17:00:

 

Zitat:
Original von Johny
Wann lo do nach ee matmécht, huelen ech PG direkt ganz offline smile


beweisen gëllt großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen



Geschrieben von noname am 11.04.2009 um 08:18:

Daumen hoch! .

PG update ass cool

Kann sin dass de Probleem beim IE7 léit wees et awer net, zb exif daten gin versaat ugewissen an nach e klengen Probleem wann ech bei enger Serie op een thumbnail klicken geschitt naicht just een message " error on page"



Geschrieben von Johny am 11.04.2009 um 14:08:

 

Jo dat ass wéinst IE7, EXIfdaten dat ass awer kee problem fir et ze verbesseren, an dat anert steet och op menger Todo fir nozekucken,



Geschrieben von Johny am 11.04.2009 um 23:54:

 

- Inbox voll gëtt erem ugewisen.
- Limit ass verbessert ginn, bei Fotoserien ass net gecheckt ginn ob een seng Limit vun 2 fotoen pro 20h erreecht hat (Foto oder Fotoserie, ass hei keen Ënnerscheed, 2 am ganzen si Limit)
- Exif Daten déi net alignéiert ugewise si ginn am IE, klappt elo.
- Foto serien richteg kucken geet och am IE, wann och net sou schéin wéi an anere Browser...
- Bei Frendschaftsufroen kritt een lo och bescheed wann deen aneren se unhëllt.
- Wann een System Noriicht huet dass een en neie Comment krut, an et äntwert een direkt op deen, gëtt d'System Noriicht automatesch geläscht.



Geschrieben von JADE am 13.04.2009 um 12:28:

Daumen hoch!

und weiter geht's ... gutt, gutt Johny ! fröhlich

ech kennen nët vill aaner Plaazen (ech schwätzen elo nët speziell Forum'en un Augenzwinkern , mee zB aaner "après-vente" Servicer) wou alles eosu schnell geet an ouni Gemeuters Zunge raus



Geschrieben von Johny am 13.04.2009 um 13:59:

 

Augenzwinkern



Geschrieben von dr_kim_veis am 14.04.2009 um 04:29:

  eng klengeschkeet

hun grad gemierkt dass wann een en kommentaire oof gett kann een eng foto net mei fier d'wochenoofstemmung vierschloen - den link as dann fort. wann een dann op eng aaner foto geet an rem zreck kennt dann as den link rem do.

Waat e bessebn komesch as dass wann een eng foto an d'wochenoofstemmung gewklickt huet dass dann den link onveraennert nach do steet. keint een daat vlaich iergendwei unweisen?



Geschrieben von Johny am 14.04.2009 um 09:19:

 

Dat éischt wat s de beschreifs hat schonn ee mer eng Kéier gesot mee do hat ech eigentlech gemengt dat hätt ech verbessert. Dat anert, dass de Link anescht ass dann: jop smile



Geschrieben von Baba am 15.04.2009 um 11:47:

 

Eng Fro hun ech just

Huet eppes um system vun der Bewärtung geännert? Ech mengen domadden déi Punkten déi en kritt huet. Ech wees dat ech bei enger Fot vun mier 8 punkten haat ode woaren et esou guer 10, awer jsut vun engem user.
An elo steet do bei der Foto 4,5 (5/1)



Geschrieben von CHAREL am 15.04.2009 um 11:55:

 

D'bewärtungen gin nemmen nach biss 5. smile



Geschrieben von LP am 16.04.2009 um 09:00:

 

Wollt froen ob et meiglech ass och eng notification zekreien wann een eng foto ännert? well da keint een wan e kommentar oofgin as, gesin wei fotoen evolueiren wan ännerungen gescheien ouni emmer kuken zegoen ob da lo epes geschitt ass smile



Geschrieben von Shantideva am 18.04.2009 um 09:32:

 

Ech hun grad gemierkt dass een Deel vun den der Blend an den Exif oofgeschidden get wann d'System se automatesch iwerhellt. Ech denken dass do d'Unzuel vun Buchstawen wuel limitéiert ass. Och wann ech et manuell beisetzen get et emmer erem oofgeschnidden. Hei d'Beispill:

Aus f/5.6 get f/5.
Aus f/5,6 get f/5,

bei menger leschter Foto "Revolte"



Geschrieben von Johny am 19.04.2009 um 01:26:

 

@LP: Stëmmt, kann een nach mat abauen.

@Shantideva: Effektiv, d'Limit war 1 ze kleng. Ass geännert.



Geschrieben von Shantideva am 19.04.2009 um 08:17:

 

Merci Johny! Ech hun grad och nach gemierkt dass d'Objectif sech net méi speicheren léisst. Déi leschten Foto wou daat nach gangen ass, hun ech den 13. Abrell eropgelueden. Wann ech elo d'Objectif dobei schreiwen get et net gespeichert.



Geschrieben von Johny am 19.04.2009 um 15:50:

 

Klappt elo.



Geschrieben von deendo am 20.04.2009 um 17:54:

  Bewärtungen

Wéi schon méi wait uewen steet gin d'Bewärtungen just nach bis maximal 5/5. Wisou iwwerhaapt? Do ass et nët méi méiglech kleng Nuancen auszedrécken. Amplaaz vun 1 bis 5 häss de och kéinten :

- Ganz schlecht
- Schlecht
- Mëttelméisseg
- Gudd
- Excellent

machen kéinten. Daat géif mech manner stéieren wéi bei mengen Fotoen elo just nach esou niddreg Werter stoen ze hun. Et ass zwar just eng Klengegkeet, awer se nerft mech als User deen et gewinnt ass seng Punkten op x/10 ze interpretéieren.

Wann daat nët ze änneren ass, gëtt et keng Méiglechkeet fir meng Bewertungen ze verstoppen esou dass just nach ech se bei "Meng Fotoen" gesinn?

Merci

Deendo



Geschrieben von Johny am 20.04.2009 um 18:03:

 

Wisou? Well d'Leit d' Bewäertung net verstan hunn, an alles wat net op mannst eng 7 oder 8 war hunn d'Leit als schlecht opgeholl. Dofir lo 5, wat eigentlech genee sou agedeelt ass wéi s du et beschreiws. Just mat Wieder kanns de keng Komma-zuelen ausdrécken smile

Wisou wëlls de d' Bewäertung just selwer kënne gesinn? Oder froe mer sou: Wisou wëlls de dass aner Leit net gesinn wéi deng Foto bewäert ginn ass?

Wann ech gewollt hätt, hätt ech den Bewäertungssystem ganz staark ausgebaut, mee eigentlech ass et eppes sou onwichteges dass et net derwäert ass. E gudde Kommentar ass vill méi Wärt wéi iergendeng Bewäertung. Ech verstinn net sou richteg wéi d' Leit iwwerhaapt so sou streng kënnen drop kucken smile



Geschrieben von deendo am 20.04.2009 um 19:41:

 

Jo allerdéngs sees de et jo schon selwer: alles waat virdrun nët eng 7 oder 8 war, hun d'Leit als schlecht empfond. Elo sin sämtlech Bewärtungen "schlecht" well iwwerall héchstens eng 5 steet. Menger Meenung no hues de mat deem Changement naischt verbessert. Muss an der Statistik dann onbedéngt eng Zuel stoen? Wéi wier ët fir einfach eng Oplëschtung ze gin wéi

2x Schlecht
1x Mëttelméisseg
5x Excellent

Ech well meng Fotoen nët verstoppen (ech sin souwisou der Usicht dass d'Leit éischter en Negativen Vote ausdrécken wéi en gudden - et ass wéi iwwerall méi liicht aanerer ze kritiséieren wéi Luef auszedeelen). Ech fannen just dass meng Fotoen ob eemol méi schlecht ausgsinn mat engem vote vun 2,5 zb. Ech wéilt dofir eng Méiglechkeet meng Bewärtungen ze verstoppen.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH