Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- PG Update (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=647)


Geschrieben von Johny am 09.09.2008 um 10:58:

 

Souwisou dat eenzegt wat sech do maache léisst ass banner online setzen, Logs kucken, Contests starten, News schreiwen ... net wirklech interessantes wéi z.B. User läschen oder Blocken Augenzwinkern

Do wou dee rosa Karo ass, do kënnt eppes ganz neies als Iweraschung, hehe



Geschrieben von spako am 09.09.2008 um 11:03:

 

gespaant gespaant :-)



Geschrieben von Jean-Jos am 09.09.2008 um 12:55:

wütend

... Zunge raus
sry, ech wollt op enger anerer Plaaz eppes schreiwen unglücklich



Geschrieben von Metalbambi am 09.09.2008 um 21:41:

 

Wees daat et wascheinlech net ze maachen ass weinst den Fotoen wu schon um Server sin, mee mier feelt schon ganz laang eng Kategorie 'UrbEx', well sin oft Motiver tescht Still Life an Gbaier oder guer net anzeuerdnen. An wan een well d'UrbEx Fotoen kucken muss een emmer 100 Verschidden Kategorien duechsichen. Suweit ech daat matkruut ass zu PG-Ufaeng nach baal oder guer keen UbrEx bedriwwen gin hei am Land, also bas de awer entschellegt daat se feelt.^^
Freen mech awer well ob den Update, geseit cool aus!



Geschrieben von Metalbambi am 25.09.2008 um 17:23:

 

Man schon nees ech... -.-
Eng Kommentar-Rubrik vier dei vergaangen Meetings wier och cool.



Geschrieben von gloda am 15.10.2008 um 15:50:

 

Ech wënschen mer en RSS Feed fir d'Annoncen.



Geschrieben von Johny am 15.10.2008 um 16:01:

 

Geet et och wann e kann uklicken dass een e System-Message kritt wann eng nei Annonce bäigesat ass? smile Ass net ganz dat selwecht wéi RSS, mee kënnt op dat selwecht eräus, an méi Leit wäerten wëssen dat ze gebräuchen, wéi den RSS.



Geschrieben von gloda am 15.10.2008 um 16:14:

 

Jo, ech mengen dat wier souguer méi praktesch.



Geschrieben von Johny am 15.10.2008 um 16:19:

 

Ma an dat ass scho matt geplangt geweecht Augenzwinkern



Geschrieben von n0brein am 27.10.2008 um 00:18:

 

ass RSS net zimlech verbreed? sou schwiereg ass et jo net ze handlen

btw lueden just bai mier d'fotoen vum feed 'Nei Fotoen' net oder ass daat vun der sait aus sou?
Et huet een lo nämlech net wierklech vill vum feed, et muss een trotzdem all keiers op d'sait goen fier fotoen ze kucken...



Geschrieben von Johny am 27.10.2008 um 00:34:

 

Nee sou verbreed ass RSS guer net, vill Leit wësse mol net wat ass respektiv zu wat et gutt ass, leider!



Geschrieben von n0brein am 27.10.2008 um 01:53:

 

ma dann schreiwen ech lo mol een rss tutorial fier windows an fier mac smile



Geschrieben von Charly am 27.10.2008 um 07:36:

 

Zitat:
Original von Johny
Nee sou verbreed ass RSS guer net, vill Leit wësse mol net wat ass respektiv zu wat et gutt ass, leider!

Stëmmt. Esouguer ech als Informatiker wosst daat laang Zäit net ... hun et och eigentlech nach nie gebraucht. Ech gesin allerdings den Zweck dovun an, an wees dat vill Leit daat intensiv bennotzen, just fir mech wor et einfach nees eng Äntwert op eng Fro déi kee gestallt haat großes Grinsen (enfin, dài ech net gestallt haat ...)
Ech perséinlech hun léiwer eng kleng email wann eppes geännert huet waat mech konkret interesséiert (wéi eng nei Äntwert op en thread). Daat geet mir duer. Mee vill Leit wëllen einfach wëssen wann irgend eppes neies do ass, well se zevill Saachen verfolechen an do ass RSS dann wierklech ganz flott.



Geschrieben von Johny am 27.10.2008 um 09:13:

 

Et ass och fir vill Leit emständlech, se hun dann léiwer wann se anescht bescheed kréien, wéi den Charly seet iwwer E-Mail oder eben um Site selwer, dat sinn nämlech dann Saachen déi se kennen.



Geschrieben von gloda am 25.11.2008 um 16:21:

 

Nach eemol zum Ignore, 't wier eng Iddi vun ausgewielten User keng Fotoen méi op der Startsäit ze gesin, fir dass mer net ongewollt "Zäit an Energie" verléieren wou et kee Sënn mecht.



Geschrieben von BlackPanther am 25.11.2008 um 16:44:

 

Zitat:
Nach eemol zum Ignore, 't wier eng Iddi vun ausgewielten User keng Fotoen méi op der Startsäit ze gesin, fir dass mer net ongewollt "Zäit an Energie" verléieren wou et kee Sënn mecht.

DAAT mecht Senn!! smile


*edit*
mee...wann ech sou iwerleen...wier et nik besser wann dei dei Aktiweiren sech eng Notiz maachen (där digitaler eng...weesnik) dass bei dem betraffenen User -Beschwerden- fierlaien an dann dFotoen mei stark giffen kontrolleiert gin befier se op dStartsait kommen? (Beschwerden ennert form fun PM un den Admin agereescht?odersou...XD)
daat anert kiint neemlech derzou feiren dass den Site an Rischtung -photoBUCKET- geet wann et ze heefesch fierkent...

hmmm...vlait schons (nees) fill....-ENERGIE-...fir weinesch Resultat............



Geschrieben von Johny am 26.11.2008 um 12:16:

 

Nee dat mam Notiz, Beschwéiren etc ass net gutt. Wann een engem béiss wëll, kann een een domat séier uschäissen ... an gëtt wéis de scho sees, zevill Aarbecht fir awer eppes wat net wirklech onbedingt néideg ass smile



Geschrieben von BlackPanther am 26.11.2008 um 17:04:

 

joh kann een sou gesin!Augenzwinkern

mee (hun den Ignorethema nik weider verfolescht ghaat hai...) heescht daat GUERKENG ignorefunz?oder as et awa fiergesin dass een eng perseinlech löscht huet wu dei Useren drasen fun denen een niks mei gesin well? Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 26.11.2008 um 17:14:

 

Dat wees ech nach net genee. Wann ech soueppes maachen muss ech mer als éischt genee äusdenken wéi et ze implementéiren ass smile Aner Saachen sinn fir den Ufank awer méi wichteg sws.



Geschrieben von Johny am 22.12.2008 um 17:44:

 

Favorite-funktioun ass mol komplett, d.h. Foto als Fav bäisetzen/läschen, an engem seng Favs all kucken...


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH