Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Den Ech-Läuschteren-Grad-Thread (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=451)
Geschrieben von VeloBen am 10.01.2011 um 23:46:
@nagarjuna
Se hun och Joeren lang Pause gemaach, well an relativ kuerzer Zeit dem Neal Peart seng Fra an sein Meedchen gestuerw sin. Ganz schrecklech.
Deen huet dunn 2 Joer lang een Roadtrip gemaach mam Moto duerch Amerika, Canada an Mexiko:, fier nees eng ennerlech Rouh ze fannen. Ass gut erklärt gin opp der DVD.
Geschrieben von VeloBen am 14.01.2011 um 19:49:
Rush - Circumstances
Nach een Klassiker vum Hemispheres Album. "Plus ça change, plus c'est la même chose!"
Geschrieben von Nagarjuna am 15.01.2011 um 10:36:
Sinn amgaangen Grobschnitt ze verschaffen (Tags, Coveren, etc.) an dann stoussen ech emmer erëm op Saachen déi ech schon laang net méi héieren hunn.
Hei eppes fir den Samsteg ganz Peace unzefänken:
Grobschnitt - Silent Movie (vum Album Illegal - bescht Versioun zwar Live op Last Party, awer déi hun ech op YouTube et fonnt)
http://www.youtube.com/watch?v=MedL-s7V0KY
Geschrieben von VeloBen am 15.01.2011 um 14:41:
@Nagarjuna
Ganz relax Rock Musik vun der Gruppe GROBSCHNITT fier ze entspannen. An firun allem HANDMADE. Gefällt mer.
Haat ech jo mol net kannt.
Dann nach eppes aus RUSH Diskographie:
RUSH - Limelight
Natirlech aus hirem Götteralbum : Moving Pictures.
Saucoolen Albumcover iwergens deen ech bis haut nach net richteg verstannen hun .
Esouguer mat engem (fake) Making of Pic opp der Rëcksait vun der LP.
Geschrieben von Nagarjuna am 16.01.2011 um 18:47:
Eloy - Poseidon's Creation (vum Album Ocean)
http://www.youtube.com/watch?v=xytcCjPoHLQ
http://www.youtube.com/watch?v=EQPdHmCMvKw
Eloy - Time to Turn (vum Album Time to Turn)
http://www.youtube.com/watch?v=D15aGNi4NCc
"One of the most popular German bands of the '70s, Eloy went through several stages in their long career, with the only constant member being guitarist/vocalist Frank Bornemann. Transforming from a political-themed hard rock band to a spacey progressive rock band who sounded something like a mix of Jethro Tull and Pink Floyd, the group in later formations would move toward a more accesible hard rock sound with strong progressive elements." (source - AllMusic.com)
Geschrieben von VeloBen am 16.01.2011 um 19:36:
Titelmusik aus dem italienischen Giallofilm "PROFONDO ROSSO" vum Dario Argento.
Gespillt vun GOBLIN.
GOBLIN - Profondo Rosso Theme
Geschrieben von Nagarjuna am 18.01.2011 um 17:58:
Prem Joshua - Lahore Connection - Ethno Mix
http://www.youtube.com/watch?v=XQ0NO11up1A
(ech sin zwar grad amgangen den Radio Mix ze lauschteren, Nr. 1 um Album Mudra, awer den ass net op YouTube... dat heiten ass d'Nr. 7 um Album)
Geschrieben von Nagarjuna am 19.01.2011 um 06:48:
Dat kann jo just cool sinn. Den Hancock mam Ravi Shankar sengem Meedchen!
Et ass awer net hat wat sengt well et just Zitar spillt. Interessanten Album... Merci!
Geschrieben von Shogun am 19.01.2011 um 23:07:
Herbie Hancock... grml... hun de Concert leschte Mount an der Rockhal verpatzt...
graad gelauschtert: den TOOL Cover vun No Quarter - Led Zeppelin ... klengt lo nach viiiiil mei besser gut propper op mengen neien Speakeren. Entdecke graad meng Musik ganz nei
fierun 2 Stonne gelauschtert:
It's A Beautiful Day - It's A Beautiful Day (Album) (echt geilen reimleche Sound)
Uriah Heep - Celebration (Album) (fetzt haut nach emmer, wees awer net wei daat diermols war...
)
lo glaich:
Melissa auf der Maur - Out of Our Minds (Album) (löiw... klengt wei Schnei... flockeg a verspillt)
a fier den Naga:
Focus - Moving Waves (Album)
Hocus Pocus:
http://www.youtube.com/watch?v=g4ouPGGLI6Q .... haha --- sou geil ...
sou... aeddi... ech si lo schweier beschäftegt
Geschrieben von Nagarjuna am 20.01.2011 um 09:03:
@Shogun: It's A Beautiful Day !!! Déi hat ech an der Zäit op Plack. Een Must deen ech ganz vergiess hunn, wéi sou villes wou ech meng Placken verkaf hat. Den Owend ginn ech awer op d'Sich...
Hocus Pocus hat ech och schon virun e puer Säiten gepost. Gäil! Elo wous du et sees... Ech hun een Best Of um Handy an den gëtt elo mol hei ageschmass well ech keen YouTube um Büro hunn...
Tool war mat dem Led Zeppelin Cover een Risiko agaangen. Well et muss een schon wierklech eng drop hunn wann een sech un sou Giganten wéi Led Zeppelin eruntraut, awer si hunn dat perfekt hikritt. Genau do gesäit een wéi gutt Tool awer sinn.
Ech war grad amgaangen The Wall vun Pink Floyd (awer den Original Soundtrack, net den Album) ze lauschteren.
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH