Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- MSN, ICQ, Yahoo, Skype, oder näicht? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=347)


Geschrieben von Johny am 12.06.2007 um 16:49:

 

Et geet em de Service, net em de Programm, daat interesseiert dei Leit dei aner Säit nämlech kee Su smile



Geschrieben von Annick am 12.06.2007 um 17:30:

 

Also ech hu just MSN! Hat den ICQ an de Yahoo well, mais iergendwéi hunn di meescht Leit di ech kennen sws nemen MSN, an jo sou waren a menger ICQ an Yahoo lescht emmer nemen maximal 5 Leit.



Geschrieben von mmphotos am 12.06.2007 um 18:05:

 

Mee johny adium as dach eng top aentert wells de do einfach alles laafen leisAugenzwinkern



Geschrieben von Johny am 12.06.2007 um 18:51:

 

Trotzdem mecht et en Ënnerscheed ob een ICQ Msn oder waat och emmer huet. Vill Spaass beim liesen:

http://www-user.tu-chemnitz.de/~ecsv/misc/jabber.xhtml

Mäin Jabber: Mysteri_lu@jabber.org Augenzwinkern

An jo ech sin nach am MSN, mee daat iwwert en Jabber Server den als Gateway geschalt ass. D.h. ech connecten just mam Jabber Account, an den Server weist mer am Jabber meng MSN Kontaker hun.AN
Jo, Adium kann Jabber smile



Geschrieben von Surf-republican am 19.08.2007 um 12:00:

 

Ma ech hun soss emmer nemmen mam MSN geschafft...mee deen huet seit dem letzten update ungefaangen deck mat mucken...verschidden messagen kommen guer net un an wann ech eng fenster zoumaachen, dann crasht deen ganzen programm...nierwenbei benotzen ech och nach ICQ...mee do hun ch net sou vill leit...en ass zua dauernd un...mee ech schreiwen kaum mat deem...an lo hun ech neierdengs bei der "Ären Desktop"-aktioun hei am forum gesin, dass verschidden leit den Adium benotzen...an jo...ech haat deen och virun enger zaitchen benotzt...mee dun haat ech keng loscht mei...alt rem zreck bei msn...an lo hun ech mer deen rem rofgelueden...alles super...alles wonnerbar angeriicht mat deenen genialen Xtras...ass wierklech en super programm...just...seit 3-4 deeg, kann ech naicht mei maachen...dh. wann ech een message fortschecken, dann kennt no en puer sekonnen dei meldung "Could not send; a connection error occurred"...ech hun mech do mol emgekuckt am internet...an do ssin vill leit dei deen problem och hun...daat ass anscheinend ausschließlech wann deen op der aanerer seit vun der leitung mam msn schafft...anscheinend huet microsoft do an hierem server sou eng "failter-aktioun" laafen...dh do gin verschidden messagen net duerchgeloos wann se bestemmten wieder enthaalen...bon...daat wier mer nach egal...dann geif ech dei wieder net benotzen...mee ech gleewen kaum , dass wieder wei "hallo", "an wei geet et?" sou verbueden sin...well bei mir kommen iwwerhaapt keng messagen op der aanerer seit un...kann een mer do flait hellefen?? well ech well och net rem zereck bei deen blöden msn...

mfg Jérôme



Geschrieben von MarcGerard am 20.08.2007 um 15:12:

 

hey! vill lei hun neierdéngs ee mac.. wéi as et mam iChat?? wee benotzt en ?



Geschrieben von Johny am 20.08.2007 um 15:25:

 

negativ smile



Geschrieben von Mano am 20.08.2007 um 16:03:

 

nemmen ganz heinsdo wann ech webcam brauch smile



Geschrieben von n0brein am 20.08.2007 um 18:14:

 

et ass zimlech witzeg datt msn an europa baal nemmen a letz erfollegraich ass, an daitschland hun di meescht icq oder skype an an amerika hun se all aol messenger



Geschrieben von MarcGerard am 20.08.2007 um 18:44:

 

as mer och schon opgefall.. méng icq-contaktlësch as voller preisen.. aol sin nemmen eng handvoll dran an dat sin amerikaner... fransouse flippen awer och op msn, oder ?



Geschrieben von Surf-republican am 20.08.2007 um 18:59:

 

ech geif den iChat jo och ganz gären benotzen...mee keen een vun mengen kollegen huet mac...vun dohier hätt ech keng leit fir dran Zunge raus an waat man ech eleng do? Augenzwinkern



Geschrieben von MarcGerard am 20.08.2007 um 19:02:

 

majo, ech hun elo mol mäin iChat ugemach!
marcgerard@mac.com

free mech op deen een oder anere contakt!


LASS!



Geschrieben von n0brein am 20.08.2007 um 19:09:

 

huet ee bai .mac lo di 10 gig speicher? also et ass jo ugekennegt an sou, mee sen se schon real do? well dann aktiveiren ech main account an sen och am iChatsmile



Geschrieben von MarcGerard am 20.08.2007 um 20:36:

 

ech hun real réicht 5 ....



Geschrieben von Johny am 20.08.2007 um 22:27:

 

@Marc: Daat kanns de iergendwou astellen, hun ech gelies. Weivill GB's de hues, an kanns eben max bis 10 goën.

iChat launched großes Grinsen

johnygoerend@mac.com



Geschrieben von Annick am 29.08.2007 um 10:16:

 

Ech hunn zwar kee Mac, mais hunn mär mol Skype ugeschaafAugenzwinkern Mein Numm: annick0606



Geschrieben von De_Julien am 30.08.2007 um 20:30:

 

Ech benotzen ICQ,YAHOO an SKYPE. Leschten awer ganz ganz seelen.
MSN wollt ech hun, awer klappt iergendwie net verwirrt



Geschrieben von Annick am 30.08.2007 um 22:21:

 

@De_Julien: hmm wéieen Computer hues du dann datt den MSN net fonctionnéiert, bzw du en net installéiert kriss?



Geschrieben von luxplorer am 31.08.2007 um 13:40:

 

Ech hun elo och meng msn Adress fraigin.
chrescht_vanreitgen@hotmail.com
Ech huelen awer ni al nicki un!



Geschrieben von MarcGerard am 31.08.2007 um 13:42:

 

fir PC: einfach trillian eroflueden (gratis!)
fir MAC: einfach adium eroflueden (gratis!)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH