Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Serieux oder net? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2044)


Geschrieben von dcastigl am 10.07.2015 um 10:28:

  Serieux oder net?

Gudde Moien,

ech vergläichen zanter enger Zäit d'Präisser vun Equipement, well ech mech demnächst nei andecken waert (mussen)

Bei weitem (awer wiirklech mat ganz vill Ennerscheed) am bëllegsten ass Purnimadigital.com virun Digiwowo.net.

Huet een Erfahrungen mat desen Ubidder?

Merci am Viraus, dcastigl



Geschrieben von OK-Photography am 10.07.2015 um 12:26:

 

hmm interessant mol eng Alternativ aus der Kategorie Preisdumping ze hunn! großes Grinsen

allerdings färten ech dass se net "ganz fair" ass: beim "qui sommes nous" steet ganz kloer: Purnima Digital est une équipe française établie à Hong Kong et Singapour, avec un relais en Europe depuis plus de 7 ans afin d'assurer un rapport qualité-prix performant et reconnu sur internet.

Domat steet (baal secher) fest dass d'Material vum ASIATECHEN Marchée kent, an domat kloer méi beleg ass (KENG TVA, steet och ennen) - allerdings get et een riesen Problem an dem Fall: wann eppes drun ass, flickt keen Canon-Reparatur-Center an EUROPA daat! si kucken dSeriennummer an paaken et mol net un wann et vir den Asiatechen Marché ass....
an dem Fall hues dann 2 Méiglechkeeten, entweder du probeiers eppes mat "Purnima" auszemaachen an et iwwert dei zrek ze schecken (get meiglecherweis komplizeiert / du muss dech komplett op hieren Service verlossen, kriss méiglecherweis keng Info'en mä just eng RECHNUNG gescheckt) oder du mess et op eegen Fauscht an schecks et an Asien (hmm...do brauchs de méiglecherweis een Iwwersetzen....ausser Googletranslate heleft der bei den Formulären etc. hihi)

Kuerz: interessant Praisser mä mengen net dass ech mech un soueppes giff runtrauen...wees net....den Risiko dass et den Site an 3 Méint net méi get an een dann mat senger chinesicher Kanoun do setzt ass mer warscheinlech ze grouss... Augenzwinkern


(Digiwowo bezidd sain Material -mengermeenung- no vum Osteuropäeschen Marché, wat keen Problem mat der Garantie ass an glaichzaiteg vir liicht méi niddreg Praisser suergt...)(Emmerhin hunn ech do well akaaf an an Reparatur gescheckt, war alles kp) Augenzwinkern



Geschrieben von dcastigl am 10.07.2015 um 12:45:

 

Merci fir d'Asiicht. Ass e beschen wat ech mer och schon geduecht hat. Mais d'Differenzen zun schon hefteg...



Geschrieben von Jean-Jos am 10.07.2015 um 22:04:

 

Genau esou, gutt Äentwert!
De Präis den een aspuert bezillt een sinnbildléch geschwaat duerno duebel.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH